Wéi ass déi sympathesch, frëndlech an ëmmer lëschteg Schouljoffer op d'Schreiwe komm? D'Milly Thill huet hir Kanner- a Jugendzäit vun 1932 bis 1949 zu Ouljen am Syrdall verbruecht an op Menster ass se dacks an Daangels bei de Pätter a bei d'Ditti an d'Vakanz gaang. A wéi et esou geet, op eemol koum d'Iddi, fir all dat nidderzeschreiwen, wat se do erlieft hat, well d'Milly Thill wor schon ëmmer eng Persoun, déi sech gär matgedeelt a gär mat deenen anere gesproocht huet. Fir de 40. Joresdag vun der Rundstedtoffensiv huet se dunn hir Erliefnësser op „Helleg Owend 1944" am „Sonndesblad" publizéiert, an di positiv Reaktiounen, besonnesch vun hirem fréiere Léiermeeschter, dem Prof. Nicolas Heinen, hu gemaach, datt se weider geschriwwen huet, a well se Schouljoffer war, huet se eben „aus der Schoul geschwat".
An aus där enger Geschicht sinn der am Laf vun de Joere méi wi fofzeg ginn, déi am „Sonndesblad" oder am „Wort" erschénge sinn. An 1990 ass déi Sammlung ënnert dem Titel „Vun déi Säit der Syr – aus der Schoul geschwat (1936-1945)" an den Editions Saint-Paul als Buch erauskomm.
D'Milly Thill huet et doranner fäerdeg bruecht, e plastescht Bild ze mole vun de Virkrichs- a Krichsjoren an engem klenge Lëtzebuerger Duerf, e Bild, dat iwwert di perséinlech Erliefnësser an di enk Grenze vum Dall eraus e Spigelbild vum Liewen a vun de Leit vun deemools ass. An dat an engem einfachen, liewegen, deftegen, faarwege Lëtzebuergesch, dat eng gellech Freed ass ze liesen.
Well d'Milly Thill huet sech virgeholl, onser Lëtzebuerger Sprooch, déi sou dacks malträtéiert gëtt, en neien, och literareschen Opdriww ze ginn. Si wëll weisen a beweisen, datt et och op gutt Lëtzebuergesch geet.
Mee d'Milly Thill huet net nëmmen an d'Vergaangenheet gekuckt, si steet och mat béide Féiss an onser Zäit a mécht sech hir Gedanken iwwer dat, wat se do gesäit. Besonnesch huet d'Reesen hir et ugedon a gär deelt se mat (am dueble Sënn vum Wuert), wat se u Schéines a manner Schéines an der Welt erlieft huet. A well se vu sech weess, datt en Tourist gär zerguddst wëllt informéiert ginn a se hir Freed um Schéine, wéi gesot, gäre matgëtt, huet si sech bäi der Stad Lëtzebuerg als Touristeguide gemellt. Do ka se hiert grousst Wëssen an hir Léift fir Stad a Land un de Mann bréngen.
Elo hu mer genuch aus der Schoul geschwat. Et sief just nach gesot, datt d'Milly Thill hire 70. Gebuertsdag zesumme mat Frënn a Bekannte um Schëff „Musel III" gefeiert huet an datt do eng schéi Well vu Solidaritéit entstanen ass. Well bäi enger Kollekt sinn net manner wéi 120 000 Frang zesummekomm. Net vun ongeféier ass deen décke Scheck unn d'„HUK („Hëllef fir ukrainesch Kanner asbl") iwwerreecht ginn: Et ass dat déi ONG, déi aus den éischte Kontakten entstanen ass, déi d'Milly Thill 1990 mat hirer Schoulklass mat Kanner vu Chotow, no bäi Kiew, opgeholl hat ...
Fir de 70. wënscht d'„Lëtzebuerger Wort" dem Milly Thill, datt
se den Iddi fir ze schreiwen net verléiert, a nach vill Iddien derbäi, fir
datt mir nach dacks kënne liesen: „erlieft an erzielt vum Milly Thill". Ad
multos annos!
© | "Copyright Luxemburger Wort" --- http://www.wort.lu |