[ www.MillyThill.net ]

Milly Thill

mtcoverfront.jpg(75 KB)

1936 - 1940 --- DEEL: Ib

13. Wéi ech fir d'éischt zu Fouss mat an d'Oktav gaange sin.
14. An der 'Banzelt' ... op der Bänk
15. Op d'Rad ... an der ‘Banzelt'
16. Zou Menster an der Wakanz
17. ... an am Karschnatz
18. Allerlee ëm Menster Quetschekraut
19. Allerlee Spaass an Eescht ëmt e Begänknes
20. Vun der Ouljer Grott
21. Ise Wéngert
22. Wéi mir zu Ouljen honnert Joër Onofhängegkeet gefeiert hun
23. 1939! Déi Ouljer feiere mat der Gemeng an am Kanton
24. Ronderëm méng Fiirmgiedel, Gott getréischt

[Index] [Home]

13) Wéi ech fir d'éischt
zu Fouss mat an d'Oktav gaange sin

D'Oktav war do. Den éischte Mëttwoch sin déi Ouljer mam Dekanat Betzder an d'Stad gepilgert.

An der Kannerléier huet den Här is e sëlleche vun der Oktav erzielt. Ech hun d'Ouere gespëtzt, well ech sollt dëst Joër fir d'éischt ze Fouss matgon. De Papp hat mir dat versprach, wéi mir op Groussherzoginsgebuurtsdag vum Fakelzuch erëmkoumen.

Dee groussen Dag stung elo vrun der Dir. Ech war vu Freed an Opregong an der héier Lut. Owes virdrun huet d'Mamm mäi sonndest Gezei prett geluegt, an ech sin an d'Bittche geklommen. De Papp huet Zoossiss- a Kéisschmiere gemat an d'Mamm huet him se an de Kabbang agepaakt. Ech si fréi schlofe gaangen, well schons ëm Hallefnuecht sollt de Wecker rabbelen.

Et war nach stackdäischter wéi d'Mamm mech waakreg gemat huet. Een Zock sin ech aus de Fiedere gesprongen, d'Trap erof an d'Kiche gelaf. Ei, do huet et gutt no Kaffi geroch! De Papp war schons ugedon. Ech hu mech déi Kéier nëmme brauchen ze wäsche wéi d'Kazen ... Am Nu war ech am Gezei, ma vu lauter Opregong konnt ech méng Schong nët fannen. D'Mamm huet s'erbäibruecht, méng héich wiertes Schong. Déi wollt ech awer nët undongen ..., haut hun et missen déi sonndes sin — déi lacke Molliären — Papp a Mamm hu mir ageriet, an dene Schong géif ech de Wee nët packen. Et war mir, fir ze pinschen. Ech sin dach an d'Stad gaangen an hat schons d'sonndest Gezei un: mäi schéine Rack, dee wäisse Béret a mäin donkelbloe Mantel mat dene gëllene Knäpp: an dobäi misst ech déi knubbeleg Schong undongen, a neen! Fir deem Gedéngels en Enn ze man, huet d'Mamm virgeschloen, de Papp sollt d'Molliären apaken an ech géif se dann am Neiduerf undongen. Domat war ech averstanen. — Huurteg hun ech méng Maufelen erageschlon. Ech hat d'Kichenauer stänneg am A. D'Zäre sin op halwer eng geréckelt, d'Zäit fir doheem erauszegon. D'Mamm koum nach séier mat méngem wäisse Schal an den Händschen a sot, ech misst se undongen, well et wir eng kal Nuecht. Dat hun ech hir gegleeft an de Schal ëm mech gewéckelt. De Papp war prett an ech och. Ech gouf der Mamm nach en décke Kuss. Si huet mech mam Aarm ugehalen a mir an d'Ouer gepëspert, ech sollt gutt bieden an der Muttergottes e schéine Bonjour vun hir mathuelen. —

Wéi mir zur Dir erausgungen, koume mir an déi däischter Nuecht. Mä, déi Säit a Knuppen hat den Alwiss Luucht. Scharels Finn, d'Mei an d'Julie hun haart virun hirem Haus geriet. Op der Syrbréck hu si is ageholl, Moië geruff a sin duerch d'Nuecht virugebëselt. Mäi Papp war nët esou prësséiert. Hie sot mir kéime gutt zur Zäit. An deër Bants war de Scharels Papp hannenun is an huet mat is Schratt gehalen. Vun der Millen erop koum de Monni Jhoss a bei Millesch huet de Marcel op is gewaart. Mir sin zesummen deen däischtere 'Kitzewee' op gaangen. A Buurg an a Knäppjës war Luucht. Och a Fiels, wou de Jhoss, d'Bertha an d'Alice elo aus dem Haus koumen. Bei Ziirden hirer Kapell huet en Trapp Jongen haart gelaacht. Iwwer d'Bréck sin e puer Leit wéi Gespenster duurch d'Daischtert gehuscht. Aus dem Museksbau huet et hell geliicht bis bei Leesch a Schneidesch. Matten an der Nuecht hun elo d'Klacken ugefaangen ze lauden. Ziirden Albert huet séng Sänger virun de Bau geruff a si hu "Wie unsere Väter flehten" gesongen. Duerno huet d'Musek eng Oktavmelodie gespillt. De Paschtouer, de Koschter an e puer Massendénger waren och elo präsang. D'Leit hu sech fir d'Pressessioun opgestallt. De Schoulmeeschter Mausen koum vir bei d'Kanner. Ma mir waren nët zou vill, esou eng Dosen, an ech war dat Jéngst. Déi aner haten dach behaapt, si géifen och matgoen. Da si si bestëmmt mat der "Heibleifskäerche" gefuer.

Den Här Zeimes huet ugefaangen haart ze bieden. D'Prëssioun koum an de Marsch, duerch d'Däischtert, d"Haardt' aus. Beim Schneider huet d'Luucht op der Trap gebrannt. D'Sisi stung am Hutt a mam Pelzerféchs virun der Dir op d'Prëssioun ze waarden. Am Ament ware mir schons, hannert Bertëssen Néckel, op der Kopp, aus dem Duerf eraus. An der Färent hun d'Lute vun der Rueder Gare geliicht. Mir si flott drop lass gaangen. Ee "Gegrüßet seist du Maria" op deen aneren hu mir an d'Nuecht gejaut. "Heilige Maria, Mutter Gottes' hun den Här an d'Leit hannenun is ofgeholl.

Schons ware mir bei denen éischten Haiser, zu Rued. Ech hun an der däischterer Nuecht, un déi d'Aë sech gewinnt haten, d'Joffer Useldéng bei hirem Haus erkannt. Si huet sech denen Ouljer ugeschloss. Bei Friedens Hari war Luucht am Stall: vläicht huet eng Kou gekalleft ... Hoffmanns hiren Hond huet wéi klorrose gebillt. D'Härenhaus war däischter a bäi der Schoul a virun der Kiirch huet sech näischt geréiert. Op alle Fall, déi Rieder hu ferm geschlof an déi Ouljer absëns haart gebiet. Op der Haaptstrooss war d'Gendarmerie beliicht: dat war alles. — Baussent Rued, esou hannert Beckesch Jhemp, gung e Geramouers duurch déi stëll Nuecht. Mir hu bieden héieren ... Iwwert d'Kopp, vu lénks erbäi, koum eng laang Rei Schietfiguren duurch d'Däischtert marschéiert. Et waren déi Menster, déi aus de 'Strachen' eropgepilgert sin. Mir hun en Ament op si gewaart. Si waren zou vill Leit: et huet een et gutt um Bieden an uecht geholl. Zesumme ware mir elo ënnerwee an d'Oktav.

Et war kal iwwer d'Glécht. Ech hu mäi Schal méi fest ëm mech gewéckelt an de Béret ferm an de Kapp gezunn. D'Händsche koume mir och elo zu paass. De Wee huet sech wäit gezu bis op an durech Nidderaanwen, wou alles déif geschlof huet. Éierenswou huet awer en Hunn gekréint.. Et gung elo lues biergop. Ënnert der Käschtebeemallee war et méi däischter, ma uewe bai 'Jäize Pol' war Lut. Do gouf opgehale mat bieden: et war Kaffispaus. — Ech hun no méngem Papp gesicht. Gläich war hie bei Hand a mir si mat engem Trapp Ouljer an d'Wiirtschaft eragaangen.

Ei, et war gutt waarm dobannen an et huet däfteg no Bounekaffi geroch! Am Nu waren all Dëscher besat an de Kaffi gouf servéiert. D'Leit hun hiren Eessproviant ausgepaakt. Ech krut eng Kachkéisschmier an en haart Ee. De Papp huet eng Zoossisschmier gees an eng Quetschendrëpp a säi Kaffi geschott. D'Leit waren hongereg. Si hun all gutt gemaufelt, geriet a gelaacht. Knäppjes Jhemp huet mech erëm gepéngegt a behaapt, ech misst do uewe beim 'Golf' en eisene Rank duurchbäissen, soss kéim ech nët an d'Stad eran. — D'Paus huet nët ze laang gedauert. Et huet misse viru goen, et war nach wäit bis an d'Kathedral. Wéi mir bai 'Jäitze Pol' erauskoumen, war et schons méi hell gin. D'Leit sin träppweis de Sennéngerbierg op getrëppelt. De Scharels Jhemp huet virgeschloen, déi laang Harëmskéier ofzeschneiden an dee fréiere Wee ze huelen. Mir si mat him gaangen iwwert e géien, knubbelegen an därege Pad, matten duurch de Bësch. Et war gutt, datt ech méng wiertes Schong unhat. Mir koumen an de Schweess a sin op eemol beim 'Poiré' erauskomm. Do gouf erëm agekéiert, well d'Maansleit haten elo en Humpen an eng Drëpp néideg. D'Wiirtschaft war struppvoll Menster Leit, déi de Papp all kannt huet. Déi meeschten Ouljer waren nach nët dee laange Sennéngerbierg erop. Hannenaus beim 'Poiré', virum Haischen, stungen d'Fraleit an der Rei. —

Et war schons véier Auer passéiert an d'Prëssioun huet sech erëm opgestallt. Hei elei, elo hate mir och Menster Jongen a Medercher bäi is: Haupesch Cëcill an Alice, dem Fiss säin Nelly, Daangels Jeanne, Schrome Maus, dem Kons säi Martha, dem Lénki an dem Monni Lou séng Medercher, Martins Änder, Méchels Norbi, Huurte Piirche säi Jong an nach eng ganz Parti. Ise Paschtouer hat se no vir gedämpt. Hie koum do bäi is an huet is gedoe kräfteg matbieden. Mir ware schons beim 'Golf', wou ech mäi Proufstéck sollt bestoen. Ech hun heemlech hanneru mech gekuckt an nom Jhemp geluusst. — D'Leit hun all esou andächteg gebiet ... Ouni dee geréngsten Tëschefall gung et flott virun, iwwer de 'Findel' op d'Neiduerf lass. Am Bësch war et zimlech frësch an ech hu mech geschuddert. D'Villercher hu monter gepaff a Schlësselblummen hun am Gras gebléit. E puer Autoe sin is elo begéint an hun is forcéiert an de Summerwee ze réckelen.

An elo koume mir bäi déi éischt Haiser am Neiduerf. Mir waren an der Stad an hate méi wéi zwanzeg Kilometer hannerun is. Ménger wärrech, lo gouf et eréischt richteg intressant fir is Kanner vum Duerf! Mir hun déi vill léif Haiser bewonnert a vergeess ze bieden. Den Här huet is elle bekuckt, a mir hun is erëm gutt dru gin an de Rousekranz hin an hier geschwenkt. — Um Trottoir stunge Stater Leit d'Prëssioun ze kucken an op den Tram ze waarden, dee gerullt koum a stall gehalen huet. Et gouf e klengen Duurcherneen, wéi e puer Fraen aus der Prëssioun an den Tram geklomme sin. Et huet geheescht, si hätte Bloderen un de Féiss. Doropshi si mir méng Schong agefall. Ech war ongehalen an nët méi bei der Saach.

Wéi gewënscht huet de Paschtouer d'Prëssioun ugehalen. Hien huet säi Surplis mat deër gehäkelter Spëtzt iwwer séng Zutang ugedon. De Gréiwe Ren koum mat der Waliss an d'Massendénger hu sech mat hire roude Kouerräckel gerëscht. De Belschen Norbert huet d'Kräiz opgeriicht. Ech si bei de Papp gelaf an hu méng Molliäre reklaméiert. Nach Fraleit waren amgaang d'Schong ze wiesselen an en Trapp Mannsleit as an eng Wiirtschaft eragebëselt. Kuurz duerno war erëm jiddereen op sénger Plaz an d'Prëssioun as viru getrëppelt. Bei der 'Foncken Haris' Brauerei huet déi Ouljer Musek ugefaangen ze spillen. Déi Neiduerfer hun hannert de Ridonge geluusst. D'Sonn koum elo eraus an op eemol stungen d'Tir vun der Kathedral iwwert der Stad, um Horizont. Is Aën hu geblëtzt vu Freed. Ëmt der Kéier war d'Kathedral erëm verschwonnen an dat laangt Neiduerf krut keen Enn. — Den Ouljer a Menster Gesangveräin hun zesumme Muttergotteslidder gesongen, déi schéi geklongen hun an deem enken Dall. Et huet is op en Neis Freed gemat, wéi d'Kathedral, méi no a méi mächteg, erëm ze gesi war. Hir Klacken hun elo feierlech a laang gelaut: et war sechs Auer an en neien Oktavdag huet ugefaangen. Dat schéint Gelauts as engem zu Häerze gaangen.

Hannert der 'Mousels' Brauerei gung et de 'Clausener Bierg' op. Den Otem gung is aus, fir ze bieden, ma d'Aën hate genuch, fir ze kucken: Brécken an Tir, Fielsen an Haiser. Beim Gilly hun ech mech erëmkannt. Is Musikanten hun elo erëm gespillt, hiirt Meescht an hiirt Bescht ... bis bei d'Kathedral. Do virdru stongen nach vill Ouljer op d'Prëssioun ze waarden: Néckels Marie, d'Ziirde Mamm, Fiels Bäbb, Schneidesch Kätt, Theis Alice mam Martha a Margot,


Zeechnong; Filipe Da Costa

d'Cëcill mam Hélène a mam Marceli: déi waren all mam 'Bommeler' an d'Oktav gefuer komm. Ech war frou, datt ech awer mat zu Fouss gaange war. De Papp huet geschmunzt, wéi hie mech mat der Hand geholl huet a mat mir an d'Kathedral eragong.

O mei, déi grouss Kiirch war schons struppvoll Leit a mir hu keng Plaz méi fond. Vu wäitem hun ech elo d'Muttergottes op engem schéinen Älter gesinn. Dausend Liichtercher hun ëm si geflackert. Ech hu Mond an Aën opgerass. An et gouf esou feierlech gesongen an Uergel gespillt. Et war wonnerschéin, ma ech wier dach gäre méi no vir komm. De Papp hat elo zwéi Still erwëscht. Wéi mir drop geknéit hun, hat ech esou vill grouss Leit viru mir an ech hun nët méi d'Muttergottes gesinn. Dat as mir nët gaangen an ech hätt am léifste gekrasch. Ech hu gerëffelt an de Papp um Mantel gezunn. Hien huet verstanen a mech op säi Stull gestallt. Aha, elo gung et besser! Ech hu gekuckt a gekuckt a konnt vu lauter Verwonnerong nët bieden. Ech hätt esou gären déi vill Häerzer ëm d'Muttergottes vu méi no gesinn. A wou war dee gëllene Schlëssel, vun deem iisen Här erzielt hat? Ech frot de Papp dat an d'Ouer. Hien huet mech berouegt a gesot, mir géifen no der Mass vir bei den Alter kucke goen. — Ech hun elo d'Hänn gefaalt an ugefaangen ze bieden ... An der Priedegt souz ech op dem Papp séngem Schouss, gouf op eemol esou midd a war ze soen entscblof. Wéi du erëm gesonge gouf, war ech erëm aläert. Op eemol huet eng Musek laudenhaart éierenswou gespillt. "Dat sin déi Märeler", sot de Papp, huet mech vum Stull geholl an as mat mir virun d'Kathedral gaangen. Et war eng laang Prëssioun an de Papp huet, wéi erwaart, séng Cousine gesinn. D'Cëcill an de Scharel hun hien och erbléckst a koume bäi is. Si waren esou verwonnert, datt ech zou Fouss mat an d'Oktav komm war. —

Mir gungen duerno bei de 'Schintgen' Kaffi drénken. Mir hate Chance, nach eng Plaz un engem Dësch ze kréien, well sou vill Leit, an och vill Ouljer, hu sech de Kaffi gutt do schmaache gelooss. De Papp huet mir Schockelaskaffi a Mëtsche bestallt. Dat war ménges.

"Elo gi mir op de 'Knuedler' ",sot de Papp. Ech si mat him gaangen a krut eng Zockerstaang, fir ze lecken. Der Mamm hu mir e Stéck Nougat kaaft an de Papp wollt nach eng gebrode Wirschtchen. Mir sin nach hin an hier getrëppelt, mä ech hat op eemol d'Féiss esou wéi ...

Ech hun de Papp un de gëllene Schlëssel erënnert. Hie gung mat mir d'Trapen of, ronderëm de 'Kolléisch', wéi hien dat grousst Gebai genannt huet, a mir koumen zu der Säit an d'Kathedral eran, vir bäi den Älter. De Papp hat sech mat mir duurch d'Leit gedréckt, mä egal, mir waren elo op der richtiger Plaz. Ech hu méng Aë grouss opgemat an dee gëllene Schlëssel gläich entdeckt. Elo war ech zefridden. — Vu lauter Verwonnerong iwwer all déi schéi Saachen, déi ech mir genee ugekuckt hun, hat ech d'Muttergottes bal vergeess. Ech hu mech awer du un der Mamm hire Bonjour erënnert an hun, wéi versprach, e ganz léif ausgeriicht. An op eemol wosst ech der Himmelsmamm nach esou villes ze soen ...

No enger Weil huet de Papp d'Kräiz gemat a gesot, mir missten elo op den Zuch goen. Ech hun nach eng Kéier op den Älter gekuckt, geknéit, a si mam Papp zur Kathedral erausgaangen. Gott sei Dank huet de Papp en Tram bis op d'Gare geholl! Méng Féiss an dene sonndësse Molliären hätten dee wäide Wee nët méi gepackt.

Am Zuch hun ech mech doudmidd an den Eck gedréckt. Zu Rued hat de Papp säi Rad am Magaséng stoen. Hien huet mech op d'Staang gesat an as mat mir laanscht d'Bunn heem gefuer.

D'Mamm hat Hong mat Räis fir is gekacht. Et huet gutt geschmaacht, well mir waren hongereg. Nom Eesse sin ech op d'Bett gaangen. Éier ech entschlof sin, hun ech der Mamm nach esou villes z'erziele gewosst an hu behaapt, et wir an der Oktav esou schéin, wéi am Himmel ...

[Index] [Home]

14) An der 'Banzelt' ... op der Bänk

Sonndesnomëttes, esou no der Vesper, da war op eemol näischt lass a méngem Duerf. D'Bauere gungen iwwer d'Gewan spadséieren an hun hir Stécker a Saachen ënnert d'Loupe geholl. D'Fraleit hun doheem en Tëmpche gehal, d'Sonndesbliedchen oder e Roman gelies. Muenech al Mimmche souz hannerwands e Kuerf voll Huesen ze stëppelen an d'Kanner hun dorëmmer gelungert, mam Hond a mat der Kaz gespillt. Méi war nët op der Tapéit. Och an de Wiirtschafte war nët vill lass. A 'Fierwesch' souzen e puer Kaartemuddere Rammi ze spillen. Jhust an 'Huemes' war e bëssche Betrieb op der Kelebunn. Do sin hai ands do laudenhaart Kreesch gefall. wann Ditze Jhoss de Kinnek mam Bauer, de Gréiwen Théophile d' Damm bannen, baussen oder dem Emil säi Jhull s'allen Néng mat enger Klatz ewechgebotzt huet.

Am Summer, wa schéi waarm Wieder war, da souzen d'Leit éierewou am Schiet, op der Bänk, ënnert hirem Nëssert, dem Scheierdaach oder virum Haus ze raschten, ze näipen, ze liesen oder mateneen ze poteren. Jhust matten am Duerf, bäim Cëcill op der Bänk, do gung et méi lieweg hier. De Buttéck war op, wann een e Stéck Schockela, eng Tiitche Kamellen oder e Pak Tubak kafe koum an do am Stamminee hänke bliwwen as. Uewen um Eck bei Knäppjes, viru Buurg hirem Haus, do war d'Bänk och besat: de Scharel, de Jhampir, de Schiltz Jhemp an de Steffessen Décken hun do matenee gesproocht a sech déi lescht Neiegkete verroden.

Am Milleneck war et wéi ausgestuerwen. A bäi is op der Barriär huet sech och näischt Absënses ofgespillt. Sonndes sin nëmmen e puer Persounenzich verkéiert: duerfir huet awer ee missten am Déngscht sin. Dat wosst de Wagenesch Jhäng a wéi gewinnt koum hie mam Gréitchen a mam Néckelchen iwwer d'Syrbréck bis bäi is getrëppelt. Do gouf et dann ëmmer eng Causettchen an der Eisebunnsbud oder virum Gardehaischen op iser Bänk. Ech war ëmmer do derbäi an hun dem Monni Jhäng gären nogelauschtert, wann hie gepolitikt an is d'Neiegkete vum Radio Beromunster gemellt huet.

No engem gudde Sträppcben hat de Wagenesch Jhäng awer kee Sëtzlieder méi. Hien huet sech gehuewen a sot: "Elo gin ech d'Autoe kucken. Wie geet mat?" Den Néckelchen as opgesprongen, mäi Bridderche koum bäi de Monni Jhäng gelaf an ech war och am Ament niewent him. D'Tatta as bäi der Mamm bliwwen a mir véier sin de 'Kéisbierg' op getrëppelt.

De Monni Jhäng hat säi schéine Canotier op a säin elegante Staf an der Hand. Den Néckela hat e liichte groe Stréihittchen opsëtzen a säi laangen, hellbäsche Summerpaltong un. Mam Daum huet hie séng Hänn zu béid Säiten uewen am Jhilli gestäipt. Duerfir konnt ee séng schéi gëllen Auerekette gesinn, déi an der Sonn geblénkt huet.

Déi zwéi Schräinerbridder hun is zwee gäre mat spadséiere geholl. Si haten ëmmer hir gellech Freed un is, hun is gutt kannt, well mir waren a Wagenesch ewéi doheem. An hirer Wierkstat hu mir vill schéi Stonne verbruecht. Do konnte mir is amuséieren, hun am Seemill gespillt an is an den Huwwelspéi gewänzelt. Esou wéi is Kanner huet dem Néckelchen an dem Jhäng dann och d'Häerz am Leif gekluckst.

An elo bei Holzen Nick si mir a Wagenesch hir Piircht eriwwer gaangen. De Jhäng huet den Drot an d'Paart kontrolléiert a gemengt, hir zwéi Mubauzen hätte geschwënn nët méi Weed genuch. E gudde Ree wir Gold wäert. — Iwwerdeems ware mir elo uewe baim Dännebësch ukomm. Mir sin derduerch gaangen ewéi op engem Teppech. Et huet esou gutt no Haarz geroch: den Néckelchen as stoe bliwwen an huet déif Otem gezunn. An der Mëtt vum Dännebësch gouf et zimlech däischter an onheemlech. De "Junges", wéi de Monni Jhäng mäi Bridderche genannt huet, as virausgelaf, huet sech dorëmmer hannert d'Dännebäm verstoppt an is erféiere gedon, wéi mir laanscht koumen. Dat war dem Néckelche sénges an hien huet matgespillt, wéi e grousst Kand. — De Monni Jhäng hat iwwerdeems en nidderträchtegt Wisel gesinn, dat hannert engem Kaweechelchen hier war, an hellewech eng Dänn op gerannt as. Wéi mir bäi de Jhäng koumen, huet hien is schéi blogesprinselecht Plaume vun engem Markollef gewisen, déi hien um Buedem fond hat. Ech hu grouss Aë gemat: du huet de Monni Jhäng gelaacht a behaapt, ech hätt e Gesiicht wéi e Markollef. — Mir koume geschwënn aus dem Dännebësch eraus a waren elo an der 'Banzelt'. Do stung déi Säit der Landstrooss eng Bänk. — De Jhäng an den Néckelchen hun is mat der Hand geholl, ënnerzeg an uewenzeg gekuckt, an een Zock mat is d'Landstrooss traverséiert. Mir sin op d'Bänk lassgesteiert an hun is drop installéiert.

Do souze mir elo ze waarde bis deen éischten Auto vu Bierg eropgefuer koum. Ruppsdeg si mir mateneen opgesprongen an hun den Takko ugestuurkst. "'t as e Ford" huet de Monni Jhäng behaapt. Hien hat recht. Dat schéint Gefier koum bäi is laanscht a mir hun zu vrecks gewénkt. De Jhäng huet de Canotier geschwenkt an den Néckelche säi Schackoklak gelicht. De Mann an d'Fra am Ford hu gelaacht a frëndlech erëmgewénkt a sin am Nu mat hirem Automobill laanscht gedosch. De Monni Jhäng huet sech d'Nummer notéiert, de Bläistëft hannert d'Ouer an den Ziedelchen an d'Jhillistäsch gestach. — Et gung nët laang zou, du koum schons deen zweten Auto vun ënnen erop. Mir sin opgesprongen an hun erëm déi selwécht Zeremoni opgefouert. Mä de Chauffeur huet nët reajhéiert a stur viru sech op d'Landstrooss gekuckt. De Jhäng war beledegt, huet vun engem agebillten Efalt a séngem Coupé geschwat a séier d'Autosnummer opgeschriwwen. De "Junges" konnt is op de Fangere weisen, datt elo schons zwéin Autoe laanscht gefuer wiren. — Geschwënn drop koum vu Rued erop e gelungent Gefier geschlach, dat vill Kaméidi geschloen huet. "Dat do as en ale Ford", sot de Monni Jhäng. Wiirklech, dat war e gakegen Auto mat héije Rieder, Luuchte wéi Lanteren an enger flappeger Mall hannendrop. Mir hun nees gewénkt wéi klorrosen an de Chauffeur huet och erëmsalutéiert. De Monni Jhäng sot is, deen doen Auto wir schons dee leschte Sonndeg laanscht gefuer, mä hien hätt nët erausfond, wien et wär ... De Bouf stung do an huet op sénge Fangeren "een, zwee, dräi" gezielt. Den Néckelche koum dem Marcellchen zu Hëllef an huet mam Staf dräi Strécher an de sandege Buedem virun der Bänk agezeechent. Et war wuel néideg, well geschwënn drop koumen zwéi Gefierer mateneen, dat heescht hannereneen, vu Bierg erop. De Monni Jhäng huet behaapt den éischten Auto wir e Chevrolet. Ménger wärrech, et war eng flott Maschin mat villem Chrom drun, deen an der Sonn geblénkt a geblëtzt huet. Déi zweet Maschin war nët manner chic a mat véier Leit besat, déi lëschteg is erëmgewénkt hun. De Monni Jhäng war begeeschtert vun dene modernen Automobillen. Hien huet vun Dausende Frang geschwat an iwwerdeems d'Nummeren opgeschriwwen. Den Néckela huet zwéi Strécher an de Buedem ageritzt an de "Junges" huet bis fënnef gezielt.


Zeechnong: Pascal Mond

An där Bants koum de Banzelter Hari mam Bengel vun hirem Haus erfort op d'Bänk zou gehëppelt. Mir sin zesumme geréckelt, fir him Plaz ze maachen. Hien huet fond, et wir haut gutt hei baussen, et géng kee Wëndchen an duerfir géif et nët zéien op der Bänk.

Schons koum erëm en Auto vu Banzelter Jhoss erfort. De Jhäng war gläich op de Been an huet geruff: "Tjëft nët nach, do kënnt eng flott Maschin!" Donnerwetzki, schons koum déi donkelrout Carrosse ouni Daach laanscht gejhitzt. Mir hun d'Aën opgerass a vergeess dem Här an der Madame, mat dene gelungene Kapen, ze wénken. De Monni Jhäng huet awer séier d'Autosnummer ofgeschriwwen a behaapt esou eng Sportsmaschin wir e Cabriolet, dee vill Suë kaschte géif. Wéi ech iwwer déi elle Kape gelaacht hun, krut ech explizéiert, dat wire Lindberghsmutzen. De Pilot Lindbergh hätt esou eng Mutz opgehat, wéi hien, als éischte Mann, a sénger Flugmaschin vun Amerika aus, iwwer den Atlanteschen Ozean, no Europa geflu koum. Zënter hier wiren déi Kapen am Moud an extra beléift bei de Sportsleit. Iwwert deem Gespréich huet den Néckelchen erëm e Stréch op dem Buedem agerëtzt an dem Bouf bäibruecbt, datt hien elo misst zwou Hänn huelen, fir bis sechs ze zielen.

Den Hari huet elo behaapt, hir Geescht ënnert dem 'Nures' wir bal zeideg, mä hir Gromperen an der 'Kazbech' wiren nach aarmséileg a misste sech nach gutt erkréien. Dës weideren huet hien erzielt, datt haut de mueren hir Sau gefierkelt hätt an datt de René duerfir nët konnt an d'Mass goen. Déi jonk Hickecht vun zéng Gissercher wiren alleguer monter op de Been. An a sechs Woche géifen déi e scheint Stéckelche Geld erabréngen. —

Iwwerdeems koumen e Mann an eng Fra op engem Tandem, laanscht den Dännebësch erof, gefuer. Si hu virun der Landstrooss kuurz Halt gemat. Et koum keen Auto. Du hu si mateneen d'Pedalle gedréit a sin op Fluesswëller zou gefuer. Mir hu si beaaft, awer hinnen nët gewénkt, well vun ënnen erop koum elo eng kleng Citroën. "Dat do as de Millerche vu Bierg", sot de Monni Jhäng. Deen hun ech och kannt, deen as ze soen all Dag bäi is laanscht gefuer. Vu wäitem huet schons säi roude Wénker no riets gewisen an op der Kräizong as hie mat séngem Won op Ouljen zou agebéit. "Dee fiert elo op séng Juegd an de 'Biwer Bësch' ", huet den Néckelche behaapt an den Hari huet bäigefléckt: "Jo, dee Schlasshär huet et eraus, dee kann en Häreliewe féieren." Komesch, déi Kéier ware mir nët opgesprongen an haten nët gewénkt! Mä den Néckelchen huet awer e Stréch agezeechent a mam Bouf elo bis siwe gezielt.

Gläich drop koum vu Maacher erop e ganzen Trapp Leit op Wëlossen, matten op der Landstrooss, niewendenee pedalléiert. Si hun haart gelaacht a monter mateneen diskutéiert. Mäi Bridderchen an ech stungen um Stroossebord an hun hinnen entgéint gewénkt. Wéi si schéi gemitterlech laanscht is gefuer koumen, hu si "Moie" geruff an den Uz mat is gemat. De Monni Jhäng war nët opgesprongen: déi op de Wëloe waren him dat nët derwäert. Vu fären huet et elo geknaddert, wéi wann e Motorrad kéim. Tatsächlech, vun uewen erof, vu Rued erbäi, koum esou eppes op d'Cycliste lass. Déi sin auserneen, no rechts a lénks, gefuer an hun dem Gefier mat der Siddekar Plaz gemat. Bäi is op der Bank as de Bouf vu Freed an d'Lut gesprongen a wollt e puer Schrëtt mam Tëff virulafen, wéi dee bäi is laanscht gejhitzt as. Mir hu Kreesch gedon an de Monni Jhang huet dem "Junges" e Fanger gemat. Den Néckelche wollt kee Stréch arëtzen, ma de Bouf huet drop gehalen a sech drugi bis aacht ze zielen.

De Banzelter Jhoss koum elo vun hirem Haus erop getrëppelt. Wéi am Takt huet hie säi Bengel iwwert dem Goe matgeschwenkt. Virun der Kräizong koum hien eriwwer op is Bänk zou. De Monni Jhang huet de "Junges" op de Schouss geholl. Ech sin opgestanen an déi dräi Maansleit sin zesummegeréckelt. Ma et gung knapps duer mat der Plaz, well de Jhoss war e schwéiere Maanskärel. Du as de gudden Néckelchen opgestanen an déi dräi Hären haten nu besser Plaz op der Bänk.

Et gung elo erëm rieds vun deem schéine gudde Summerwieder a vun deem ville Verkéier op der Landstrooss. Schons war och erëm eng schéi wäiss Maschin ënnerwee. De Monni Jhäng huet de Bouf op de Buedem gestallt, as opgesprongen, huet déi riets Hand iwwer d'Aë gehalen a gewat, et wir den Dokter Thurm vu Wuermer. Ménger wärrech, et war en! De Jhäng huet säi Canotier gelicht, den Néckelchen säi Stréihittchen, de Jhoss an den Hari hun un hire Föterhutt getippt an alle véier hu s'eng kleng Näip gemat. Den Här Dokter huet mat der rietser Hand hinnen e frëndlecht Zeeche gin an as op Ouljen zou gefuer. "Dann as ee krank dorëmmer an hien as geruff gin", hun s'alle véier matenee behaapt. "Ech wetten, 't as fir d'Matti Beeb", sot de Jhäng, "déi soll nët an der Rei sin". — Den Néckela huet séier e Stréch agezeechent. well schons koum e schéine laange Ford laanscht gedosch. "Dat do as en neie Modell", huet de Jhäng behaapt a séier säi B1äisteft hannert dem Ouer erwëscht an d'Nummer opgeschriwwen. "Déi do Maschinë gin am Michigan, an Amerika fabrizéiert. Ech hun déi Fabrik gesinn, déi as esou grouss wéi eng Stad", sot de Jhoss a war domat op séngem Thema: Jore laang war hie jo a Merika, an deem grousse Land, déi Säit dem Ozean. Hien as elo virugefuer mat erzielen, wéi d'Autoen do zesummegesat gin: Stéck fin Stéck, der Rei no, iwwert e Fléissband lafen, Aarbéchter passéieren, déi engem Auto wéi deem aneren e Capot, e Rad, eng Schrauf asetzen oder unzéien, a wéi dann, pro Dag, Honnerte vu fonkelneie Gefierer d'Fabnik verloossen. — Is zwéi Schräinermeeschteren hun d'Ouere gespëtzt. Den Hari huet de Kapp gerëselt. Wéi de Jhoss du nach behaapt huet, a fofzeg Joer hätt, uechter d'ganzt Lëtzebuerger Land, jidder Familjen hiren Auto. du huet den Néckelche protestéiert an de Jhäng huet dohinner gebaubst: "Bas du verréckt, a wou der Däiwel huelen d'Lëtzebuerger dann all déi Suën hier?" — "Abee, wette mir", as de Jhoss virugefuer, "datt deen Däbbes do" — an dobäi huet hien op ise Marcel gewisen — "datt deen enges Daags mam Auto hei duurch d"Banzelt' gerannt kënnt." — "Dat geséich ech awer gär", sot de Jhäng, huet häerzhäfteg gelaacht a sech dobäi op d'Knéie geschloe vu Jucks. — "Ech mengen". sot den Néckela, "dat erliewe mir nët méi." — "'t as och grad esou gutt", huet de Banzelter Hari geäntwert, "well da rennt jo een an deen aneren an da kënnt et wéi prophezeit as, datt d'Welt mat Feier ënnergeet." Jësëssekanner, wat e Gespréich! hun ech fir mech geduecht.

Den Néckelehen huet séng gëllen Auer aus der Jhillistäsch gezunn, genee drop gekuckt a gemengt, et wir schon halwer sechs verbäi, an Zäit, fir heem ze goen. Den Hari huet vu Fidderegoe geschwat. Elo koum deen zéngten Auto ... an anerhalwer Stonn!!! Et war erëm e schéine schwaarze Ford a mir hu gewénkt, wéi verréckt ... De Monni Néckela huet e Stréch ageritzt, bis zéng mam "Junges" gezielt an e Krees ronderëm d'Autosstrécher gezunn. De Stamminee huet sech opgeléist a mir sin de Bierg op, laanscht den Dännebesch an den 'Nures', op heem zougaangen.

D'Mamm an d'Tatta souzen nach op der Bänk ... op is ze waarden. Mäi Bridderchen an ech, mir hun hinne begeeschtert vun dene ville schéinen Autoen erzielt. De Monni Jhäng an den Néckelchen hun is mat Freed nogelauschtert a sech bal futti gelaacht ...

Dee Sonndeg drop si mir erëm mat hinne gaangen: an d'Banzelt, op d'Bänk, d'Autoe kucken ...

[Index] [Home]

15) Op d'Rad ... an der 'Banzelt'

Wéi ech am drëtte Schouljoer war, huet mäi Papp fond, ech misst elo léiere Rad fueren. Duerfir as hien enges Owes mat mir op séngem wiertësse Wëlo an d"Banzelt' gefuer. Bäi der Bänk huet hie mech iwwer d'Staang vu séngem Rad gehuewen a mech mat de Féiss op d'Pedalle gestallt. Op der Dot hun ech missten om Wëlo fueren, dat heescht. de Giddo selwer renken an d'Pedalle viijhenzeg dréien. De Papp huet mech mam Suedel fest ugehalen. Méng puer éischt Tir op de Pedalle war awer eng ganz wackeleg Affär. Doropshi sot mäi Léiermeeschter, ech sollt nët op de Wëlo an op d'Pedallen, mä riicht aus op d'Strooss kucken, Ech hu paréiert a schons


Zeechnong: Paula Antunes

gung et eng Iddi besser a méi séier op deër schéiner, riichter, breeder an eidler Landstrooss.

Sou sin ech da mat de Pedallen op an of geklunscht, hun d'Zong am Monn hin an hier och ronderëm gedréit a koum geschwënn gehéiereg an de Schweess. De Papp huet misse séier trappen a mech ferm unhalen, Schons hun ech d'Riicht gutt behalen an d'Rad as flott mat mir iwwert d'Landstrooss gerullt. Hei, du koum vu Bierg erfort en Auto mir entgéint! Gaangs hun ech gezéckt a sin hin an hier geschwänkt. Mäi Papp huet mech ferm gestäipt a gesot, ech sollt schéi roueg viru fueren: dat Gefier kéim op deër aner Stroossesäit a géif mir näischt dongen. Sou war et och. Den Auto as laanscht gejhauft an ech si weider gejabelt. Et gung elo eng Iddi biergan. De Papp huet de Giddo erwëscht, d'Rad ëmgedréit a mech op déi riets Säit dirigéiert. Ech sin erëm zréckgefuer, gouf elo méi kéng an hun de Wëlo an de Papp schéi lafe gedon.

Op eemol huet mäi Meeschter an d'Hänn geklappt: ech hu gespuert, datt ech eleng um Rad gejhitzt sin. Am Ament sin ech erféiert an hu vergeess mat de Pedalle virun ze dréien. De Rëcktrëtt huet gebremst, d'Viischtrad as ëmgeschloen, an ech si fluppsdeg d'ënnescht an d'iewescht op d'Strooss gefall. De Papp koum mir gläich zu Hëllef, huet mech ënnert deem plompe Maansrad erausgezunn a mech erëm opgeriicht. 't war gutt gaangen: ech hat jhust eng kleng Schréips um Arem. Mä, ech wollt nët méi iwwer d'Staang op deen ale Plou klammen. De Papp huet mir gefléift a versprach mech nët méi lasszeloossen.

Doropshin hun ech mech erëm drugin a sin nach eng Kéier an der 'Banzelt' op an of gefuer. Jhust bäim leschten Tour koum erëm e Gefier, op ménger Säit, hannert mir erop. De Papp huet mech an de Summerwee geleet a gedoe roueg viru fueren. De Camion as hellewech laanscht gedosch an huet mir kee Leed ugedon. "Gesäis de", sot de Papp, "wanns du schéin op der rietser Säit fiirs, dann diirf keen Auto dech iwwerrennen." — Op der Kräizong huet de Papp mech du op d'Staang gesat an as mat mir heem gefuer. Fir haut gung et dur.

Daagsdrop si mir erëm an d"Banzelt' exerzéiere gefuer. Ech hätt gäre gehat, mir sollte mam Papp séngem sonndësse Rad, sénger liichter "Securitas" fueren. Op dee Virschlag as mäi Papp awer nët agaangen: duerfir war him séng schéin, nei, hellgréng Coursemaschin mat denen hëlze Felgen a schmuele Boyauen ze schued. Du hun ech un him geseet, hie sollt mech op der Mamm hirem Rad léieren: da bräicht ech nët iwwer eng Staang ze kloteren a wir méi séier a besser vum Wëlo erof, wann en Auto kéim. Doropshin huet mäi Papp behaapt, ech misst léiere virufueren, wann e Gefier laanscht kéim. An esou bal ech eleng jauwe kënnt, géif ech der Mamm hiirt Rad kréien. Wéi ech dat gewuer si gin, hun ech mech deen Owend extra gutt drugin ... op deër eidler Landstrooss.

Op eemol huet de Papp behaapt, hie géif mech nëmme méi mat zwéi Fangeren um Suedel unhalen. Duerfir kënnt ech elo roueg eleng viru fueren. — Mäi Léiermeeschter as nët méi matgelaf ... an ech sin daper drop lass gejhitzt. Bravo! Wiirklech, ech sin eleng op der Landstrooss gerullt! Mäin Häerz huet gekluckst vu Freed. Schons gung et op d'Kräizong lass. O Mammlikanner, wéi sollt ech do un d'Hale kommen?

Abee, ech si riichtewech op de Pedalle stoe bliwwen, d'Rad huet gebremst an ech hu mech gelënd an de Summerwee fale gelooss! Ech koum mëll op a krut mech gläich eleng ënnert deem Maansjabel erausgekruewelt. Wéi de Papp bäi mir ukoum, sot hien, ech géif mar op den Mamm hirem Rad op an of klamme geléiert gin.

De Papp huet Paroul gehalen: deen anenen Owend gouf ech op isem Fraleitsrad, op der Landstrooss, an d'Gidd geholl. Zechmol hun ech misste stall halen, dat heescht, bremse léieren, eleng op an of klammen an erëm viru fueren. Ei, op der Mamm hirem Rad war dee ganze Manéiwer vill méi einfach! Do gouf et, Gott sei dank!, keng Staang a kee Récktrett. Am Nu hat ech den Trick elo eraus: krut gebremst ouni op d'Kopp ze goen an hun d'Autoe laanscht fuere gelooss, ouni mech am Summerwee ze wänzelen. Och, wéi de Banzelter René mat sénge Kéi mir entgéint koum, sin ech fein un d'Hale komm. Den Hari war ganz verwonnert, datt dem Jacques séng kleng Strutz schons Rad fuere kënnt ... an op der Landstrooss ...

Wéi mir du no heem, de "Kéisbierg" of gefuer sin, huet mäi Papp mech schéi gemitterlech bremse gedon. Dat war nët esou einfach an ëmsou méi quookleg, well de Karp-Kneip eng Woch virdrun d'Strooss frësch goudronnéiert hat an duerfir de Belag nach zimlech rau war. Ech krut d'Hänn wéi vum Bremsen ... a war frou, datt de Papp mech mam Suedel ferm zréckgehalen huet, an deem laange, géie Bierg.

Virun isem Haus stung d'Mamm sech dee Spaass unzekucken. Du huet de Papp mech heemlech lassgelooss ... Mäi Rad koum un d'Rullen ... Ech hun een Zock gebremst, sin hellewech iwwer déi knubbeleg Muselwake geschleidert an hun, wéi konnt et anescht goen, d'Koplabunz geschloen. — Ech hun e Kreesch gedon. D'Dronkenelle si mir ausgaangen. Mäi Gesiicht huet eng erwëscht, méng Hänn hu wéi gedon a méng Knéien elle gepeffert a geblutt. D'Mamm war gläich op der Plaz, huet mech opgeraf a sech iwwer de Papp giergert. Dee koum och zu Hëllef gelaf, huet mech op den Aarm geholl an an d'Haus gedron, Ech hu geblutt wéi e Rand a gekrasch wéi eng Muedeléin.

De Papp huet mech an der Kichen op e Stull gesat, koum mat der Branntwäinsfläsch gerannt an huet, een Zock, mir dat Wässerchen iwwer méng bluddeg Hänn a Knéie geschott ...

Jesëssekanner! Am Ament sin ech an d'héi Lut gefuer, hun erbäermlech Kreesch gedon an no Loft geschnaapt. D'Mamm koum erbäigelaf an huet de Papp als Onverstand ugerämpelt. "Wéi muss Wéi verdreiwen" a "Branntewäin désinfizéiert an heelt d'Wonnen" huet de Papp doropshi gejaut. Gewëss, mä et war dach staarken Tubak fir e Kand! — Ech hu mech vu Péng gediebelt ... D'Mamm wosst hirer Hänn kee Rot, wéi si gesinn huet, datt méng zerschënnte Knéie voll Kräsi a Godrong waren. De Papp koum mat Verbandsgeschir. Ouni Fisematenten ze man, huet hien eng Bausch Watt an de Schnickes gezappt an domat méng bluddeg Blessen ausgewäsch. — Ech hu Kreesch gedon, datt et engem duerch Muerch a Schank gaangen as an hun ëm mech gefacht wéi wëll. "Hal d'Kand un" huet de Papp der Mamm zougeruff. "Bäiss op d'Zänn" hun ech d'Mamm héiere soen, vu wäitem, well ech war bal vu mir. — Wéi ech erëm zou mir koum, war mäi Papp amgaang mir d'Hänn an d'Knéien ze verbannen an d'Mamm huet d'Blutt um Dësch an um Buedem opgewëscht. Ech hu geschluckst a gewéimert, well ënnert dem Verband hun Hänn a Knéien nach faméis gepëffert. Et gouf elo nach u méngem Gesiicht gepléischtert. Duerno huet de Papp mech an d'Bett gedroen. D'Mamm koum mat Zockerwaasser. Si huet mech geheemelt a getréischt bis ech vu lauter Gejéimers entschlof sin.

Deen aneren Dag konnt ech nët stoen an nët goen. Méng Knéie ware steif an hu bäi all Bewegong béis wéi gedon. Vu Schoul goen, gung keng rieds! Bäi ménge Komeroden hat et sech séier erëm geschwat, wat mir geschitt war. — Wéi ech no enger Woch mat Bëlzen am Gesiicht, mat Blessen un den Hänn a mat Heftploschteren op de Knéien an de Schoulhaff gehippt koum. gouf den Uz mat mir gemat ... — Gewëss, si hate gutt laachen, mä vun all ménge Klassekomeroden hat deemools nach kee geléiert Rad fueren. Kee vun hinne wosst duerfir, wat dat ee géif kaschten.

Mech hat dee Malheur awer al hannen dra gehäit. Et huet nämlech e gudde Sträppche gedauert bis ech erëm op der Mamm hire Wëlo geklomme sin. — Mä, eng Kéier erëm ugebass. huet d'Rad mech aus méngem Dierfchen, vun Ouljen no Rued a Menster, op Flueswëller, Betzder a Roudemen gefouert ... An ëmmer méi wäit aus méngem Nascht eraus ... iwwer Bierg an Dall, duurch d'Lëtzebuerger Land ... Ei, dat war e Genoss!

Jo, deemools huet e Wëlo engem nët nëmme Knuppe Freed gemat, mä och donieft vill Déngschter geleescht.

[Index] [Home]

16) Zou Menster an der Wakanz ...

D'éischt Schouljoër hat ech hanneru mir, a méng éischt grouss Wakanz luch viru mir. Et war deemools de Brauch, datt d'Kanner bei d'Famill an d'Wakanz goungen. Si sin natiirlech all bannen am Ländche bliwwen, an dach hu muenech Kanner gemengt, si géifen eraus an d'Welt fueren.

Fir mech war geplangt, datt ech den éischte Sonndeg am August, fir zwou Wochen, no Menster, bei de Pätter an d'Ditti an d'Wakanz goe sollt. Et waren nëmme fënnef Kilometer vun doheem ewech. — Déi kleng brong Waliss luch gepaakt an der Stuff a gouf um Gepäckdréier vum Papp séngem Rad ugestréckt. Am sonndësse Rack, mat wäisse Schong a Sportsstrëmp, e Putsch um Kapp, huet mäi Papp mech op d'Wëlosstaang gesat an as mat mir laanscht d'Bunn op Rued gefuer. Do gung et virun der Gare erduurch, laanscht d'Ernestine, beim Jakob erop e Stéckelchen iwwert d'Landstrooss an da bäim May eran an den 'Haupeschwee', no Menster.

Wéi mir do ukoumen, souzen d'Tatta Anna an hir Gevuedeschen, d'Alice, d'Mimmi an d'Kätt, virum Haus op der Trap. D'viischt Dir stung howeiden op. De Pätter war am Gaang säi Schëmmel beim Trach ze dränken. A 'Brauten' hirer Wiirtschaft hu Maansleit elle Kreesch gedon. — No enger Weilchen hun d'Nopesche sech gehuewen. D'Tatta Anna as mat mir duurch d'Kichen déi gewichsten hëlzen Trap eropgaangen. Mir koumen an den Ditti hir Kummer. D'Ditti luch schons am Bett an hat eng wäiss Hauf um Kapp. Si huet geschéngt frou ze sin, datt ech do war an huet léif mat mir gesproocht. Ech blouf bei hir an hu mech iwwerdeems an der Kummer genee ëmgekuckt. Un der Mauer war eng Tapéit mat Sträifen a rénge Blimmercher. E grousse Kräizerféx an e schéint Bild vun der helleger Familjen hung iwwert dem Bett. Um Wäschdësch stunge Käerzeliichter an zwéin Engelcher virum Spigel. E Schaf as bis ënnert d'Dunne vum Plafong gaangen. Um Buedem luchen zwéin Teppecher mat faarwege Blumme wéi Stären. Un der Fënster hung eng Stoffterideau, déi een op an of konnt zéien. Baussen op der Fënster stunge schéi rout mat wäiss Kläckelchesblummestäck. Wéi ech zur Fënster rausgekuckt hun, gesouch ech Leit mam Gebietbuch aus der Andacht kommen. Mäi Papp souz beim Pätter op der Trap. Du gung ech erof bei si.

D'Tatta Anna war déi Säit der Strooss am Stall an huet d'Kéi gestrach. Ech si bis bei d'Stalldir luusse gaangen, hu mech awer mat ménge wäisse Sonndesschong nët eragewot. — Elo koum de Monni Vic aus 'Brauten'. Ech sin him entgéintgelaf. Hien huet mech opgefaangen, op den Hutzebockel geholl, doheem nieft de Pätter op d'Trap gesat an du mat mir gezänkt. Iwwerdeems as mäi Papp mam Rad duurch d'Laangsyr fortgefuer. Ech wollt him nach äddi soen, mä et war ze spéit. Du gouf et mir komesch bannenan. — De Monni Vic huet mir déi Flause gläich verdriwwen. D'Tatta Anna koum mat engem Emer voll Mëllech an huet déi frësch gestrache Wuer an der Kiche gesiën. Am Ablack war de Kueder prësang an huet gemiaut bis hie sëng Zalättche gefëllt krut. D'Tatta Anna huet mir och eng Jhatt voll deër wootlecher Mëllech erausgeschott an en déckt Stéck Kranzkuch erofgeschnidden. Et war mäin Nueteessen, dat ech du op der Trap eragefeiert hun.

Den Haupesch Bampes koum elo eriwwer an de Stamminee. Hien huet sech op den Holzstack gesat an eng Zigarett gedréit. De Pätter huet eng rompeleg Schwéngsblos aus der Boxentäsch gekroomt, mat de Fangeren eng Prise Tubak erausgezunn an du séng äerde Päif nogestoppt. "Pppp!" huet hie mam Mond gemat an en décke Strapp Damp an d'Lut geblosen. Déi dräi Maansleit hu vu Frut, Huewer a Geescht, vu Gromperen a Rommele geriet. Op eemol huet de Monni Vic vu Fréibire geschwat a gemengt, et wir elo un der Zäit, den hëlzene Bierg opzegoen. D'Tatta Anna as mat mir him nogaangen. Si an ech gunge lues duurch der Ditti hir Kummer, dem Pätter séng Kimmerchen, no hannenaus, a mäi Schloff.

Do stung e wäisst eisent Bett an en Nuetsdësch derniewent. Dat war alles vu Miwwel. D'Mauere ware gewäisst. Um Plaffong hungen un Eisestaangen déck Hamen, Speck an Zoossiss. Lénks bei der Dir stungen zwéi Säck mat Frut- an Huewerkären. Dernieft luch eng opgespaante Mausfal mat engem Bitzelche Speck. D'Tatta Anna huet méng Waliss op de Buedem geluegt a mir dee wäiss maljéiërte Potti gewisen. — Ech hu mech eleng ausgedoen, sin a mäin neit Nuetshiem geschloff a séier an d'Bett gekroch. Et huet ganz gelunge gekréckelt ënnert deem blogesträifte Läilech, Ech hu gericht, datt ech op engem Huewerstréisak luch. Wéi bosseg! Ganz anescht wéi doheem! D'Tatta Anna koum am Nuetszack mir gutt Nuecht soen, Ech hu mech ënnert deem rout a wäiss karéierte Plaumebett verstoppt, well ech hir nët verrode wollt, datt ech Tréinen an den An hat.

Ech koum nët u mat schlofen an hat, bää, d'Nues voller Zoossissgeroch. Wéi de Pätter niewendru schlofe koum, hun ech d'Dill kréckelen héieren. De gudde Mann huet nach e sëlleche mat sech selwer haart geschwat, mä geschwënn duerno geschnaarcht wéi e Rat. — An der Stuff wollt d'Auer sech nët gi mat Schloen,.. Egal wéi, d'Ae musse mir dach geschwënn zougefall sin!

Ech gouf waakreg, wéi et nach hallefdäischter war an de Monni Vic, éier den Däiwel Schong an Huesen unhat, d'Trap erofgeplouft as, ënnert dem Schapp säi Camion ugekiirbelt


Zeechnong: Snaida Pereira

huet an op de Mëllechtour gefuer as. Duerno war et erëm roueg am Haus, mä dobaussen hun d'Hunne vum ganze Milleneck, een ëmt deen aneren, lëschteg gekréint. — Wéi et hell gouf, as de Pätter opgestanen. Hie koum a méng Kummer eran eng Kuebel voll Huewer fir säi Schëmmel fëllen, Ech hu gemat, wéi wann ech nach ferm schlofe géif. — Duerno hun ech héieren, wéi hien donidden an der Schwéngskiche Reiser gebrach, Feier am Kessel an duerno an der Kichekachmaschin ugefaangen huet. O, Mammelikanner, du koum Damp zou deër Eisendir a ménger Kimmerchen eran! Hannendru war nämlech d'Razhaischen. An elo huet et nach méi ferm no Räz gericht. Gott sei Dank, huet méng Nues och nach de Geroch vun de Schwéngsgromperen, déi de Pätter am Kessel gebrutschelt huet, gutt verdroen! — D'Tatta Anna war elo och schons op de Been. Si huet an der Kiche mat den Emere gerabbelt. Éier si d'Kéi sträiche gung, hat si de Kaffi scho gemaach an de gudden Aroma gung och duurch d'ganz Haus. — Wéi gewinnt, huet de Kontesch Heng sech fir d'Mueresdrëpp bäim Pätter an der Stuff afond, wéi dee säi Kaffi gedronk huet. Déi zwéin hu mateneen iwwer d'Paweesteng um Widdebierg diskutéiert.

Ech war opgestanen an hun zu ménger Fënsterchen erausgekuckt, op d'Millen an de 'Bréil' doropper. D'Sonn huet schons iwwer Bierg an Dall geschéngt. Du koum d'Ditti no mir kucken. Si hat e parzeläine Wäiwaasseschpatt an der Hand, huet mir en naasst Kräiz op d'Stir gemat a mat mir gebiet. Si war ganz verwonnert, wéi ech hir all méng Gebieder, ouni mech ze verrammelen, opgesot hun: de "Glaube Gott Vater, — die zehn Gebote Gottes, — die sechs Hauptstücke des Glaubens, — die fünf Gebote der heiligen Kirche" an zu gudder Lescht och nach de "Glaube festiglich".

Duerno hun ech mech diirfen an der Ditti hirer Kummer wäschen. Déi gutt Bomi hat alles fir mech prett gemat. Ech war frou doriwwer, well ech hat gefaart, ech misst mech an der Kiche bäim Waasserstee wäschen; do, wou Jann a Mann laanschtgaangen as. D'Ditti huet du mat mir Kaffi um Kichendësch gedronk. Vun deër laanger Gebeesseschmier krut ech e gehéierege Bart ëm de Mond. D'Ditti huet mir dee mat hirem schwaarze Schiirtech ofgebotzt. Dobausse war de Schëmmel schons um Teimer ugespaant. De Pätter koum nach an d'Kichen e Schotz Kaffi aus dem Biz drénken. Du sot hien, ech sollt mat him fueren. Dat hun ech mir keng zweemol soe gelooss an hu séier méng Wiertesschong ugedoen. De Pätter huet mech op den Teimer gelicht. Hie selwer koum iwwer dat héicht hëlze Rad erop geklotert an huet du de Schëmmel mat der Léngt ugedriwwen. Duerno krut ech d'Léngt an d'Hand. De Schëmmel huet op d'Wuert paréiert, wann de Pätter "hü" oder "hüo", "hodëm" an "harëm" geruff huet. Et war e Genoss, wéi de Schëmmel mat is iwwert d'Syrbréck, ënnert dene villen décke Käschtebeem erduerch, iwwert d'Barriär, laanscht d'Gardehaischen, duerch de Bësch a 'Wattholz' getrappt as. Am Stéck huet de Pätter d'Rommele geläitert a s'op den Teimer gehäit. Duerno huet hie Kléi mat der Séissel geméit. Wéi ech him gehollef hun, de Lisär erbäidroen, krut ech mäi Schiirtech voller gréng Flecken. "Dat as näischt", huet de Pätter gemengt. Méng Freed war awer elle getouft, well dat Gréngs as nët méi ausgaangen ...

Wéi mir erëmkoumen, du war d'Tatta Anna prett, fir mat der Stousskar d'Wäsch op d'Baach maachen ze fueren, Ech hun hir d'Flecken u méngem Schiirtech gewisen. Si huet mir et ausgedon a bäi déi knaschteg Wäsch gehäit. Ech si séier op d'Kummer gelaf, hun e frëscht Schiirtech ugedon a si mat der Tatta Anna bei d'Syrbréck gefuer. Do huet si hiren hëlzene Wäschkuerf op engem Steen, ze soen am Waasser, installéiert. Si fung gläich un ze sefen, ze reiwen an d'Gezei an der Baach ze schwenken. Dat gouf mir e Schaum an eng Onmass déck Seefeblosen, déi am Krees hin an hir gedanzt hun, éier si matfortgeschwomme sin: "Wann de Schaum um Waasser bleift, da gët schéi Wieder" huet d'Tatta Anna behaapt an huet sech dichteg drugin, d'Wäsch mam Bleil auszeklappen. Dat huet onheemlech ënnert der Syrbréck geschaalt. Ech gouf dronken, wéi ech an dat däischter Waasser gestuurkst hun, dat an Trëndele vun ënnert der Millen erausgeschoss koum. Ech hu mech fortgeschlach, sin iwwert d'Strooss hannert d'Mille kucke gelaf. Do as dat héicht Waasser iwwer d'Schléis gedosch an ënnert der Mille verschwonnen. Do souz de Kropemann, wéi d'Ditti ëmmer behaapt huet. Et gouf mir onheemlech ... Ech koum zréck op d'Syrbréck an hu vun uewenerof der Tatta Anna nogekuckt.

Wéi de Mëtteg gelaut huet, war d'Wäsch gemat, a mir sin heemgefuer. De Pätter war an der Scheier dru Seel ze maachen ... "fir de Karschnatz", wéi hie sot.

"Wat as dat Pätter, Karschnatz?" frot ech hien. "Dat gës du mar gewuer", huet de Pätter g'äntwërt, "da kanns du dir däi Kascht emol verdéngen ... an elo gi mir allenzwee op d'Krëpp lass".

[Index] [Home]

17) ... an am Karschnatz

Wéi gesot. de Pätter as mat mir op "d'Krëpp" lassgaangen. Virum Haus hu mir is nach d'Hänn am Komp gewäsch. Aus der Kichen huet et gehäerzt no Ham a Kapes gericht. An der Stuff huet d'Tatta Anna d'Zopp schons erausgeschäfft. Ech sin nieft de Pätter, hannert den Dësch, op d'Bänk geklotert. D'Ditti huet d'Kräiz gemat a mir hun zesummen e 'Vateronser' gebiet. Duerno as de Pätter gläich lassgefuer an huet séng Zopp erageschluppt. Mir war se ze gliddeg, Ech hu misste blosen a mäin Numm mat de Buschstafen tëschent d'Karblummen um Teller schreiwen. Wéi ech dun endlech d'Zopp eran hat, krut ech en extra schéine Mäifelche mor Ham nieft de Kapes an d'Grompere mat de Gréiwen. De Pätter huet alles mat der Forschett duurchernee getriwwelt a séng Flaatsch Ham op enger Kuuscht eragefeiert. Hie krut e puer Sabbelen u säi Schnauz. Nom Eessen huet hie se einfach mat der Hand u sénger Box ofgewëscht. Wéi gutt, dat d'Ditti mir nach Puddéng opgedëscht huet!

Knaps hate mir de Läffel aus dem Mond, du koum de Braute Vatter, Hien huet, wéi gewinnt, sech an Daangels hir Fotell hannert dem Uewe gesat a mat sénger heller Stëmm, a gebrachenem Däitsch, iwwer déi batter Hëtzt geklot. De Pätter huet sech op de Kanapee geluegt an déi zwéin hun en Tëmpche gehalen. D'Ditti huet d'Spull gemat an ageraumt.

Ech war der Tatta um Läpp, wéi si am Schwäistall de Gisse Wässech an eng Boll Gemiels an den Trach gin huet. Du hun déi Fréisser opgehale mat Quiiksen, hun an de Bräissem gefacht, datt et e Meter wäit gesprëtzt huet. — Duerno goufen d'Hénger erbäigeruff, Ech hun diirfen d'Kären op de Buedem an der Scheier streën. D'Hunne koume vun der Mëschtekaul gerannt, d'Klucken aus hiren Näschter vum Juck an der Denn geflunn an d'Pëllen duurch dat klengt Lach ënnen an der Scheierpaart gelaf. Et war eng Freed, hinnen nozekucken, wéi si déi vill Kären an hire Krapp eragepickt hun.

An der Gaass war keng lieweg Séil ze gesinn: si luchen all op der Mëttesrascht, Ech hun och missen op d'Bett goen, konnt awer nët schlofen an hun duerfir méng Liddercher genurelt. Géint dräi Auer koum de Monni Vic erëm. D'Tatta Anna huet him säi Mëttegeessen opgewiermt. Ech koum bei hien un den Dësch a krut vun him e Stéck Schockela. D'Eessen huet dem Monni nët famous geschmaacht: hie war midd an as op d'Bett gaangen. De Pätter souz schons erëm an der Scheier Seel ze maachen, Ech hun nogekuckt an hu mat him geriet ewéi en Aalt.

Op eemol koum d'Ditti mech ruffen. Si as an de Buttéck gaangen, well si hat de Kabbang am Arem hänken, hiirt Sonndesschiirtech an eng Halett un. Si huet mech mat der Hand geholl. Ech si mat hir iwwer de Pawee getrëppelt an ëm d'Kéifläpp gesprongen. Duerwéinst huet d'Ditti hire laange schwaarze Rack e bësschen héich gehuewen.

Ënnert dem Kiirfech si mir agaangen. Wéi mir d'Dir opgemat hun, huet eng Schell gerabbelt. Gläich koum d'Leëndeckesch an huet is hire Buttéck opgespaart, Ech hun hir missen d'Hand gin, well d'Ditti gesot huet, ech wir dem Jacques säi Klengt vun Ouljen. D'Leëndeckesch war doriwwer verwonnert. Si gung hannert hir Téik an huet mat der Ditti gesproocht. Ech stung mat der Nues virun dene groussen Zockerbounebokalen. — Op eemol huet déi léif Buttécksfra dragegraff a mir e Grapp voll Kamellen an d'Hand gedréckt. Du war ech zefridden, hu gläich eng Zockerboun an de Mond an déi aner an d'Täsch gestach. Elo gouf d'Ditti servéiert: d'Leëndeckesch huet e Pond Salz an e Pond Kristallszocker mat hirer Schëppchen aus engem Sak geschäfft. an eng brong Pabeiertut gefëllt an op der Wo gewiën. Duerno huet si eng Fläsch Bamueleg mam Triichter agefëllt a mat enger Fatz ofgebotzt. D'Bléi an e Stéck Marseillersäf goufen an eng Zeidong agewéckelt. Den Hiewerléngesche Kéis huet si aus engem drotene Schiefchen erausgeholl. D'Ditti huet nach e Strank gro Huesegar, e Pak Tubak, Fixfeier an e Puer Schongstréckel fir de Pätter, eng Tiitche Lakritz fir sech gefrot a mir e Stéck Kazeschockela vu fënnef Su kaaft. Dat war et. — D'Leëndeckesch huet op der Salztut mat engem décke stompege Bläistëft d'Rechnung gemat an d'Ditti huet iwwerdeems d'Suën aus der Schiirtechtäsch gezunn. D'Leëndeckesch huet d'Frangen op der Téik gezielt, mat der Hand an den Tirang geschäert an der Ditti nach e puer Su erëmgin. Si huet mir d'Hand gin an dem Marjänn frëndlech Äddi gesot. Wéi mir bei der Matant laanschtkoumen, huet déi is bei sech op d'Bänk geruff. Si wollt wëssen, wat d'Ditti akaaft hat a wat d'Leëndeckesch un Neiegkete wosst. Et war esou gutt do am Schiet, mä d'Ditti huet sech awer nët laang gesaumt. — Doheem war de Pätter ganz verspällegt: hie war am Gaang eppes wéi en hëlze Rad un der Méimaschin opzeriichten, huet d'Flaus an d'Séchelen an d'Rei gemat an du dat grousst Messer um Schläifstee geschlaff. "Dat as alles fir de Karschnatz, dee mar ugeet". sot de Pätter. Du hun ech bekäppt, ëm wat et gong.

Den anere Muerge war de Pätter schons lassméie gefuer. Nom Mëttegeesse gouf et keng Mëttesrascht. De Schëmmel krut rout a giel gesträiften Ourekapen opgedon, gouf un d'Méimaschin gespaant an as mat is duurch déi déck Hëtzt op de 'Kréckelsbierg' getrappt. D'Sonn huet gebrannt. an d'Tatta huet ënnert hirer Halett geschweest. E Gléck, datt ech e breden Hutt ophat! Um 'Krécke1sbierg' hat een eng schéi Vue op Menster mam 'Widdebierg' an iwwer de Syrdall. Ech hun esouguer iist Haus zu Oulje gesinn. Mir gouf et du esou bosseg bannenan ... ech hu verlaangert. — Mä de Pätter huet mech gläich un d'Aarbecht kritt, Hien huet mir en Aarbel voll Seel op mäin Arem getässelt, Ech hu missen hannert der Maschin goen an ongeféier all zéng Meter e Seel op de Buedem schloen. Dat war eng laangwëlleg Aarbecht an ech hun dacks no heem geluusst. D'Tatta Anna huet mat der Séchel d'Fruucht zesummegekroopt a kéipweis op d'Seel geluegt.

Géint véier Auer koum de Monni Vic mam Auto bis bei d'Stéck gefuer. D'Ditti hat him de Kaffiskuerf matgin. Ech war frou, wéi mir is ënnert eng Heck an de Schiet gesat an eng Paus gemat hun. D'Quetschekrautschmier huet mir absëns


Zeechnong: Filipe Da Costa

gutt ënnert fräiem Himmel geschmaacht. De Pätter huet dem Schëmmel den Huewersak ugehaangen, mä déi frech Mécken hun dat aarmt Päerd béis geplot. Et huet mat séngem schéine Schwanz no hinne gefacht a mat de Féiss ongedëlleg geschäert. Nom Kaffi gouf de Rescht Frut erofgemat. Duerno hun de Pätter an de Monni Vic d'Gaarwe gebonnen. D'Tatta Anna an ech hu Käscht opgeriicht, Ech hu missen déi éischt Gaarwen unhalen a soubal se beiënee stoe blouwen, hun ech gehollef déi aner Gaarwen erbäischlefen. Déi lescht Gaarf gouf tënneschtdiewëscht als Hutt op de Kaascht gestëllept. Géint der Owend stungen dräi laang Reie Käscht am Stoppelstéck. De Pätter huet se gezielt, eng Éi mat den Hänn zerriwwen a gemengt, d'Fruucht wir gutt gekäert, Hien huet doriwwer geschmunzt. D'Sonn gung elo iwwer der 'Bichel' ënner, wéi d'Tatta an ech mam Monni am Auto heemgefuer sin. D'Ditti luch schons am Bett, well si hat Kappwéi. Ech si mam Monni d'Kéi an de 'Ritt' siche gaangen. D'Tatta huet se gestrach an duerno d'Schwäi gefiddert. Elo koum de Pätter och un. Hien huet gläich säi Schëmmel gedränkt an him Huewer an d'Krëpp gin. Duerno huet hien d'Hiem ausgedon a säi Kapp ënnert de Krunn bäim Trach gestach a sech mat den Hänn grëndlech gewäsch, sou datt et no alle Säite gesprutzt huet. Mir hun is all um Dësch erëmgesinn. Et gouf Brach a gewiermte Grompere mat Kiischtercher. E Genoss! — Nom Nueteessen huet de Pätter sech op d'Trap virun d'Haus gesat a séng Päif geraacht. Gläich waren dem Feeli säi Jhängi an den Haupert och do. Ech war doudmidd, hu mech e bëssche bäim Waasserstee gewäsch, sin an d'Klapp gaangen a gläich entschlof.

Den anere Muere war de Pätter erëm lassméien. Ech si mat der Tatta an de 'Millegaart' gaangen. Si huet eng Kachecht Gromperen ausgedon. Stäckelchesboune gepléckt, Kornischongen opgehuewen an e schéine Bucki Astere mat heem geholl. Wéi de Fäipels Jenni och an de Gaart koum, huet d'Tatta him hir schéi Grompere gewisen. Ënnerwee fir heem hun ech de Monni Lou begéint. Hie frot, wéi et mir an der Wakanz géif gefalen a sot, hie giff mar, wann en Déngscht bei is hätt, ménger Mamm e schéine Bonjour vu mir mathuelen. — Du krut ech Tréinen an d'An. D'Tatta huet doriwwer gelaacht an as mat mir bei d'Alice agaangen. E Glas Framboise an e puer Petit-Beurren hu mech getréischt an um Mëttesdësch huet d'Bouneschlupp mat Paangech mir gutt geschmaacht.

Gläich nom Eesse gung et erëm an de Karschnatz: an d"Stecken'. Do war et nët esou schéin ewéi um 'Kréckelsbierg', mä d'Aarbecht war déi selwécht. Och an der 'Strachen', am 'Kranz' an um 'Floufank', wou mir déi aner Deg is ferm drugin hun an ech. wéi de Pätter mir gesot hat, mäi Kascht verdéngt hun. —

D'Ditti huet jiddefalls fond, ech hätt schons eng besser Fiseleminn, wéi ech sonndes mäi schéine Summerrack unhat a mat hir an d'Mass gaange sin. — D'Kiirch war vill méi kleng wéi déi Ouljer, mä d'Altär ware vill méi schéin. Ech souz bei Haupesch Alice, dem Fiss séngem Nelli an Dellëssen Yvonne vir an enger niddreger Bänk. D'Medercher hu sech gutt geschéckt. well d'Léierin hannerun hinne souz. De Schoulmeeschter Altwies huet um Duxall d'Uergel gespillt: duerfir hun d'Bouwen allerlee Zodi gedriwwen. Wéi de Paschtouer den Tabernakel ronderëm gedréit huet, fir d'Monstranz erauszehuelen, war ech ganz verwonnert. No der Mass huet de Pätter mech mat a 'Péitches' geholl, Hien huet mir eng Limonad bestallt. Wéi mir heemgaange sin, huet de Pätter mir vun de Menster Pompjeë geschwat.

Nomëttes haten déi e Fest op der 'Danzplaz'. D'Ditti gung mat mir dohin. Et war allerlee lass, an d'Leit waren all lëschteg a frou. Ech krut eng gutt Glace aus dem Hëlen séngem grousse "gëllene" Glacendëppen. Et war esou schmeier, an déi Menster hu vun engem Donnerwieder geschwat. Wiirklech, op eemol huet et gehimmelliicht a gläich drop fiirchterlech gedonnert! D'Leit sin erféiert an op der Dot auserneegelaf. Mir och! Mir sin nach jhust virun denen éischten Drëpsen heemkomm. Du huet et wéi mat Emere geschott. Elo war de Pompjeën hiirt Fest schéi verhonzt. Schued! D'ganz Nuecht duurch huet et viru ferm gereent. Den aneren Dag blouf et gro a sabbeleg. Dat schéint Wieder war ëmgeschlon. Um Barometer stung de Männche mam Prabbli heibaussen. De Pätter gouf ongedëlleg, wéi dat renegt Wieder ugehalen huet. Hien huet vu 'Lorenzdag' geschwat

Op esou engem verreenten Owend sin ech mam Monni op d'Steekaul um 'Widdebierg' gefuer. Hei haten d'Schoossiskläpper hire Schantchen an hun hir Kuuscht do haart verdéngt. De Camion gouf voll geluede mat Paweesteng, déi op Rued an de Waggon transportéiert goufen. — Den anere Muerge sin ech, wéi de Monni mir versprach hat, mat op de Mëllechtour gefuer. Hie koum mech géint aacht Auer sichen an et gung iwwer Beyeren, Gouschténg, Lennéng no Greiweldéng. Iwwerall huet de Monni Mëllechkanen opgelueden a mat de Leit gelaacht a gespaasst. Zu Greiweldéng hu se mech all kannt: do war ech Olseme Margréit säi Meedchen. A 'Pälen' huet de Monni en Humpen erageholl an d'Hortense huet mir eng Limonad servéiert. D'Kërech Lina a Barbele Marjänn koume gelaf an hun dem Monni Vic séier eng Kommissioun mat an d'Stad gin. An deër Leit goufen et nach eng ganz Rei. Zu Kanech as eng Parti Mëllech am 'Maas' sénger Molkerei ofgeliwwert gin. Déi meescht gung awer mat an d'Stad an déi grouss Molkerei. Do gouf et allerlee ze kucken. Honnerte vu Mëllechkane sin iwwert e Fléissband an d'Molkerei eragerullt. Wéi de Monni Vic mat allem fäerdeg war, si mir nach der Madame Jacquemart Bonjour soe gaangen. Si war frou doriwwer an huet mir eng Tiitche 'Bonboën', wéi si déi gutt Karmelle genannt huet, mat op de Wee gin. Duerno si mir iwwer all déi Diirfer zeréckgefuer, an de Monni huet erëm d'Kanen ofgelueden an d'Kommissiounen erledegt. Et war ze verstoen, datt hie midd heemkoum. Mä, fir mech war et e schéine Wakanzdag. An de Pätter war frou, datt de Lorenz keng Strenz gemat hat an d'Wieder erëm opgeschloe war.

Méng Wakanz gung elo op en Enn. De leschten Dag koum mäi Papp hëllefen, d'Fruucht vum 'Kréckelsbierg' aféieren. Ech luch uewen op dem Won an de Gaarwen. Dat war esou flott. Wéi schued, datt déi Freed elo eriwwer war! Nom Nueteesse, wéi et schons däischter war, as de Papp mat mir um Rad heemgefuer. Vu Menster bis op Ouljen hun ech him erzielt vum Karschnatz a ménger schéiner Wakanz zou Menster, an Daangels.

[Index] [Home]

18) Allerlee ëm Menster Quetschekraut

D'grouss Vakanz war deemools nët esou laang wéi hautdësdaags, duerfir gouf et awer nach méi spéit am Hierscht, je no der Géigend, eng Woch Gromperen- oder Drauwewakanz. Grad an deër Joreszäit hu s'am Duerf bis iwwer d'Oueren an der Aarbeeht gestach an d'Kanner hu misste ferm matugräifen. Dogéint gouf nët geknoutert a gegranzt, dat war selbstverständlech ... Glécklecherweis as och muenech Freed derbäi erausgesprongen. Zu Menster, bäim Pätter, war ech an deër Woch wëllkëmm. Si konnte mech gebrauchen, fir mat an d'Gromperen ze goen. — Et war schéint Hierschtwieder wéi de Papp an ech mam Wëlo dohinner gefuer sin. Mir hun is Leit am 'Haupescherwee' ugetraff. Hei elei, do hate si schons d'Gromperen ausgedon! De Pätter war am Gaang d'Gleef zesummenzeschären an d'Tatta stung op der Leder am Bam, fir Amaachquetschen ze plécken. Si sot, mir kéime grad zur richteger Zäit, well iwwermar géif Quetschekraut gekacht gin an duerfir bräichte si Hëllef.

De Papp gung gläich un d'Aarbecht, huet Sakdicher ënnert engem Quetschebam ausgebreet, as op de Bam geklommen an huet e kräfteg gerëselt. Ei, du koumen d'Quetschen zu Honnerten erofgetrollt a si lëschteg hott an har dorëmmer gebonzelt! Ech krut der e puer op d'Bomm a sin du séier op d'Säit gesprongen. Du hun ech e Schiirtech ugedon a si mat un d'Aarbeeht gaangen, déi elo vëlleg a genuch virun is um Buedem luch. De Pätter huert Kierf erbäibruecht. Mir sin alle véier op de Knéie gerutscht an hu mat de Gräpp d'Quetsche renglech opgeraf. Et gouf awer nëmme gutt Wuer an de Kuerf gehäit: eng faul Quetsch an e Baaschtert sin op d'Säit geflunn an eng extra zeideg gouf an de Mond gestach. Et war wiirklech e gutt Quetschejar, well d'Beem hunge sou voll wéi drugeklaakt. Mir doheem hate schons esou zwanzeg Zenner Quetschen an isem Gaart gepléckt. De Papp hat s'op Rued gefouert a fir dräihonnert Frang den Zenner dem Dondeléngesch Jhemp verkaaft. De Papp huet dat ganz houfreg dem Pätter erzielt, well domat hate mir deemools e schéint Stéckelche Geld gemat an et war derwäert sech fir d'Quetschen ze bécken. An där Bants hate mir och schons hei e puer Kierf schlubbervoll Quetschen do stoen. De Pätter huet se laanscht den Hiwwel bei d'Strooss gestallt. De Papp as nees eng Kéier op de Bam geklommen an huet is erëm Quetschen erofgerëselt. Elo hate mir op en Neis is Hänn voll ze dongen.

De Monni Vic koum elo mam Camion un. Hie war verwonnert iwwert déi vill Aarbeeht, déi mir schons opzeweisen haten, huet sech nieft déi gefëllt Kierf gesat a Quetschen


Zeechnong: Anne Weber (6. Schouljoer)

eragefeiert. Iwwerdeems wosst en is z'erzielen, datt haut de mueren Honnerten Zenner Quetsche bäim 'Lentz' an der Stad fir zweehonnertachzeg Frang den Zenner ofgeliwwert goufen. All déi Wuer as waggoweis no Däitschland transportéiert gin. Do konnte se deemools och Quetsche gebrauchen ...

Géint der Owend hate mir dräi Quetschebeem geplaimt. De Monni Vic huet d'Kierf opgelueden. De Papp as heem op Oulje gefuer an ech si mat op Menster an d'Hierschtwakanz geholl gin. Ech gouf erëm an der Kimmerchen, nieft dem Räzhaischen, aquartéiert. Do war nach alles bäim Ale bliwwen: de Speck an d'Hamen hungen iwwert dem Eisebett an de Sak voll Huewer stung nach op der selwechter Plaz. D'Ditti huet sech ëm mech gekëmmert, well d'Tatta hat elo am Stall hir Hänn voll ze dongen. De Pätter huet säi Schëmmel bäim Trach gedränkt an de Monni Vic huet déi schwéier Kierf mat de Quetschen ënnert dem Schapp ofgelueden. De Miller Metz koum virwëtzen, wéi d'Quetschen op der Baskil gewië goufen. Ech sin an de Stall getrëppelt. Do war d'Tatta prett, fir d'Kéi ze sträichen. Si huet der Kou hiren Auder mat waarmem Waasser a mat Stréi ofgebotzt. Du huet se sech op den niddrege Stillchen, deen nëmmen dräi Been hat, ze soen ënnert d'Kou gesat an den Emer tëschent d'Knéie geholl. Ganz flénk huet si un der Kou hire Mamen op an of gezunn a gedréckt a sträppweis d'Mëllech an den Emer gestrutzt. Mä d'Lisette wollt sech dat nët esou gedëlleg gefale loossen: si huet mam Fouss gerannt a mam Schwanz no der Tatta gefacht. D'Kou gouf gutt vernannt an de Pätter koum kucke, wat lass wir. Hien as ronderëm eng aner Kou gaangen, huet hir d'Panz ofgetaascht a gemengt, et wir drop an drun, datt de Bless géif kaalwen.

Doriwwer war hie beonrouegt, huet sech op d'Haustrap gesat a séng Päif ugemat. Gläich war de Kontesch Heng do, fir him d'Gesellschaft zu halen. Steemesch hir koume mat enger décker Fouer Grompere laanscht. Haupesch Bampes war hannendrun. D'Kätt huet vun uewen op dem Won mat enger flappeger Gromper gewénkt a geruff: "Nët emol; déi dommste Baueren hun déi déckste Gromperen!" Is Nopesch hat elo fir Geck a Spaass gesuergt.

Et gouf nu esou lues däischter an d'Aarbeeht war gemat. Mir hun is bäim Komp d'Hänn an de Mond gewäsch a koumen un den Dësch. D'Quellerlécke mat enger bronger Zapp hun is gutt geschmaacht. Nom Nueteesse gung d'Ditti gläich an d'Bett. De Pätter as nach eng Kéier an de Stall kucke gaangen, well de Bless huet him dach keng Rou gelooss. D'Spull gouf op de Waasserstee gestallt, den Dësch ofgebotzt an alleguer si mir an d'Klapp gaangen. O mei, do hat jo déi Kéier d'Ditti mir eng Schossel an e Krou mat Waasser, en Handduch a Seef op mäin Nuetsdësch gestallt! De Potti hat s'och nët vergeess.

D'Aë si mir gläich zougefall. Mä matten an der Nuecht sin ech erwächt, wéi de Pätter d'Trap of geplouft as. Am Stall huet de Bless getut an Hummesch hiren Hond huet wéi klorrose gebillt. De Pätter koum erëm an d'Kichen, huet mat den Emere gerabbelt an domat d'Tatta Anna aus de Fiedere gedriwwen. Aus dem Gerieds, dat si doënne matenee gefouert hun, krut ech eraus, datt d'Kou gekalleft hat. Wéi et erëm roueg an Daangels gouf, huet en Hunn säin éischte Kreesch am 'Milleneck' gedon. Gläich drop as de Monni opgestanen.

Ëm sechs Auer huet d'Mueresklack gelaut an d'Tatta as d'Trap of gaangen. De Pätter hat fir de Rescht vun der Nuecht an der Stuff an der Fotell geschlof. Et gouf Feier ënnert dem Schwéngskessel ugemat. A ménger Kummer huet et doropshin erëm ugefaangen no Räz ze richen. O Mamm o Mamm, wat e Betrib an engem Bauerewiesen a wat war dat fir eng Nuecht!

Ech konnt nët méi leien a si geschwënn duerno opgestanen, hun zur Fënsterchen erausgeluust an hun nëmmen d'Spëtzt vum 'Kréckelsbierg' gesinn. D',Bichel' an de ganze 'Bréil' luchen am décken Niwwel. Et war frësch dobaussen an ech hu mech deemno ugedon. Du sin ech duurch der Ditti hir Kummer geschlach, well si huet nach geschlof. Op dem Kichendësch an op der Kachmaschin stung alles prett fir de Kaffi, mä et huet ee sech misste selwer servéieren, Ech hun dat gemat a sin duerno an de Stall kucke gaangen. Do war dat neigebuere Källefchen am Gaang u sénger Mamm ze suckelen. De Bäizchen huet sech nët stéiere gelooss wéi ech e gestréilt hun. De Pätter war frou, datt déi ganz Affär gutt eriwwer gaange war, Hien huet säi Schëmmel ugespaant an as mat Méchels an d'Grompere gefuer.

D'Tatta huet mech ugestallt eng Hällewull Schosselen an äerde Geschir bäi d'Quetschen ënnert de Schapp ze droen. Och d'Kichestill koumen dohin. "Haut musse mir schaffe wéi Äerdwiirm", sot iist Anna an huet en aalt Schiirtech ëm mech gebonnen. Ech krut eng Seibecke voll Quetschen op de Schouss an et gung lass. Mam Knäip a mat de Fangere goufen d'Quetschen opgemat an d'Steng erausgedréckt. Sou gung dat elo de ganze Muerge virun.

Op den Dréit souzen déi lescht Schmuebelen an d'Sonn huet den Niwwel laanscht der Syr verdriwwen. Peppéngesch Jhemp a Steemesch Metti si mat hirer Gromperemaschin laanschtgefuer. Géint elef Auer koum d'Ditti is hëllefen, huet awer méi vun hirem Kappwéi geschwat. Et huet mir leed fir si gedon an ech hu fond, si wär al an tatscheleg gin. D'Tatta huet elo fir d'Mëttegeesse gesuergt. Et gouf Eisekuch a Bouneschlupp mat Quetschen dran. Nom Eessen as sech nët laang gesaumt gin. Soubal d'Spull fäerdeg war, goufen erëm Quetschen opgemat, Ech hun der Tatta vill Neis vun Ouljen erzielt a si gutt laache gedon. Wéi de Monni Vic vum


Zeechnong: Valérie Thoma (6. Schouljoer)

Tour erëmkoum, huet hie mir e Stéck "Jacques" Schockela geschenkt. Géint halwer dräi si Clements Alice a Stare Mimmi is hëllefe komm. Mir konnte si gutt gebrauchen, well e puer Kierf voll Quetschen hun nach missten opgemat gin.

Is Nopeschen hun elo d'Gespréich gefouert an ech hun nëmme méi brauchen nozelauschteren. Et war interessant, well zu Menster war allerlee Neis passéiert. D'Stee vun de 'Scheierkënnercher' hirem Haus a Baurewiese war jhust eriwwer, mä nach laang nët vergeess. Duerfir lauschtert emol no:

Scheier Beeb a Gréit ware kuurz virdrun, zimlech séier, eent nom anere gestuerwen. D'Kätt blouf eleng ze liewen, war awer esou schappeg, datt et op Gréiwemaacher an d'Heim koum. Am eidle 'Scheierhaus' gung et dunn nët ganz chrëschtlech zou. Vill Leit sin do an an aus gelaf a bannent kiirzester Zäit war d'Haus ze soe geplaimt. Dat vill hausmaacher Léngent, de Medereher hire schéine Porzeläin an dem Jacques séng Timbere ware verschwonnen. Mat anere Saache gouf de Spott an den Nar gedriwwen. Et war eng Schan ... Och d'Bouwen hun hire Furri do gespillt an enges gudden Daags, nun haalt iech un, hu si eng Këscht voll Säckelcher mat Gold an engem Stréisak entdeckt. Wiirklech, et war bal nët ze glewen, mä et war wouer!

Et gouf sech gefrot, wéi déi véier Gesëschter un dat Verméige vu Gold komm waren. Abee, deen eelste Brudder, de Jacques huet zu Dummeldéng op der Schmelz den Héichuewe gestoppt a vill Suën do verdéngt. Wéi hie pensionéiert gouf, wollt deen treie Kärel esouguer op séng Pensioun verzichten. Séng Sëschter Beeb war eng gutt Néidesch an e schéint Meedchen. Et gung vill op Rued a 'Péitris' a bäi déi besser Leit bitzen an huet gutt verdéngt. D'Kätt, dat schlamm gaangen as, an d'Gréit, dat 'Kënni' genannt gouf, hun de Stot gemat an dat klengt Wiese gefouert. Déi véier hun eeneg zesummegehalen. aarm gelieft an all Su gespuert ... fir hire Brudder, de Sultan, dee mat enger Lëtzebuergerin an Amerika bestued war an ee Kand hat. — Et sollen awer allem Uschäin no nët vill Goldstécker iwwert de grousse Pull gaange sin, well nämlech, wéi d'Gendaarmen an de Buurgermeeschter deem Geroofs en Enn gemat hun, war et ze spéit: dat villt Gold oder eng gutt Parti dervu war dorëmmer verschwonnen. D'Haus, d'Scheier an déi puer Habséiligketen, déi nach iwwreg bliwwe waren, goufe versteet. Vum Erléis huet d'Gemeng de Scheierkënnercher e Graf mat engem Caveau maache gelooss an d'Kätt gouf bis u säi Liewesenn zu Gréiwemaacher bäi de Franziskanerinne versuergt. — Dat as déi traureg Affär ëmt 'd'Scheierkënnercher', déi 1938 ganz Menster an Ëmgéigend an Otem gehalen huet, an och bäi is d'Haaptgespréich iwwert dem Quetschenopmaache war. — D'Ditti stung op der Hausdir wéi de Bréifdréier, de Forettes René, d'Zeidong bruecht huet. Si huet him, wéi dat Moud an Daangels war, eng gutt Drëppchen erausgeschenkt an hie gefrot wat Neis géif. De Bréifdréier sot, de Krich géif sech geschwë vu Polen aus iwwer ganz Europa ausbreden. "Da geet d'Welt ënner, well den Antechrëscht as do", huet d'Ditti behaapt, wéi si bäi is koum an d'Zeidong liese wollt. Doraus gouf awer näischt, well d'Gespréich iwwer 'd'Scheierkënnercher' war nach nët um Enn an huet d'Groussmamm och nët a Rou gelooss.

D'Tatta huet nach eng Rëtsch eidel Schosselen erbäibruecht. Si huet gekeimt a gefaart, mir géifen nët fäerdeg gin. Wéi du dem Fiss säin Nelly bäi is schwätze koum, huet si hatt mat un d'Aarbecht kritt. Géint der Owend hate mir d'Kierf all eidel. D'Tatta war berouegt. De Pätter koum aus de Gromperen an as gläich de Quetschekessel bäi d'Leëndeckesch siche gefuer. Ech wir gäre mat him gaangen, mä de Quetschesaaft huet nach u mir gepecht. Fir d'Nueteesse war ech awer erëm an der Fassong.

Mir sin alleguer mat Zäit schlofe gaangen, well mir haten nach eppes ze gutt vun deër leschter Nuet. — Den anere Muergen huet de Pätter de Kofferkessel virum Haus geschauert a gespullt an en op deem dräibenege Gestell iwwert dem klengen Uewen opgeriicht. Du koum hie mat enger décker Fäsch an engem gudden Aarbel Holz erbäi, huet Reiser iwwert dem Knéi gebrach an domat d'Feier ënnert dem Kessel ugestach. Den Damp koum hellewech duurch d'Päif. Et war keng Wollek um Himmel a Wieder wéi gewënscht. De Kessel gouf mat Quetsche gefëllt. De Grousspapp huet sech ëm d'Feier gekëmmert a mam laange Réierer ugefaangen de ganze Quascht Quetsche ronderëm ze dréien. Dat war keng liicht Aarbecht, sou laang d'Quetschen nët opgekacht waren. Ma lues a lues huet et am Kessel ugefaangen ze bruddelen. Elo huet missten dichteg geréiert gin, fir datt d'Quetschen nët ugebrannt sin, d'Gebeess nët verbrannt geschmaacht huet an de Kessel nët verfomfacht gouf.


Zeechnong: Michelle Hilger (6. Schouljoer)

D'ganz Noperschaft war mat an der Wier. Haupesch Kätt huet de Pätter ofgeléist an dichteg geréiert. D'Metzefra koum nokucken an d'Alice an d'Mimmi hun nët gefeelt. D'Ditti huet e Säckelchen Anäis an d'Quetschekraut gehäit. De Braute Vatter koum erbäigetrëppelt, huet sech op den Holzstack gesat a séng Päif gedämpt. An der Kiche war d'Tatta amgaang Quetschentaart ze baken. Dat gouf iist Mëttegeessen, well riicht duurch am Kessel gekacht gin as. Op eemol war de Johanni och bäi der ganzer Gesellschaft an huet séng Nues bal an d'Quetschekraut gestach. Duerno koum hie mam Krich gefuer an huet gemengt, mir missten elo vill bieden, soss ... De Braute Vatter as opgestanen a sénger Wee gaangen. —

Et gouf elo eng Gebeesprouf geholl, mä d'Fraleit si sech nët eens gin, ob de Moment schons do wär, fir den Zocker bäizegin. Et gouf nach viru geréiert. D'Quetschekraut huet wonnerbar gericht an d'Beie si wéi klorrose ronderëm geflunn. Dem Metti säin Thérèse an d'Matant stungen och elo bäim Kessel. Si hu fond, et wir héich Zäit, fir den Zocker bäizegin. Et gouf paréiert. Elo huet missten extra gutt geréiert gin. Mä geschwënn duerno hun de Pätter an den Haupesch Jhängi de Kessel vum Feier erofgeholl. D'Fraleit hu sich drugin, fir d'Mëllechdëpper, d'Schosselen an d'Glieser mam Quetschekraut ze fëllen. Mm, d'Gebeess war prima geroden! Et hat e schéine Luster a gouf séier steif. Ech krut d'Schär ze lecken. Ei, dat war eng Delikatess! Méi wéi eng Dose grouss Dëpper stungen an der Rei an all déi gehollef haten, waren houfereg iwwert dat schéint a gutt gerode Quetschekraut. De Pätter an d'Tatta Anna hun de Kessel gläich mat gliddegem Waasser gespullt an tipptopp geschauert, well duerno war e schons fir d',Schnäbbelche' reservéiert. Esou huet de Kessel den Tour gemat bis déi Menster hiirt Quetschekraut haten.

D'Gebräicher hun an der Tëschenzäit vill geännert. Hautdësdaags gët kee Quetschekraut méi am 'Milleneck' gekacht, mä de Menster Jonktem an d'Musek kachen all Joër Kessele voll säfteg Quetschegebeess. Is léif Leit vun deemools sin nët méi derbäi. Dat as der Welt Laf ... Duerfir loosse sech elo vill aner dat ausgezeechent Menster Quetschekraut, d'Quetschentaart, de Flued an d'Quetschendrëpp gutt schmaachen. A ganz bestëmmt huet schons déi "Prunus domestica" de Réimer ëmt de 'Widdebierg' an de 'Kréckelsbierg' d'Gloscht an de Mond gedriwwen.

[Index] [Home]

19) Allerlee Spaass an Eescht ëmt e Begänknes

Allerséile war schons e gudde Strapp erlaanscht. Um Kiirfecht stungen déi wäiss Chrysanthemen erkaalt op de Griewer. Vereenzelt hungen nach Glaspärelskränz un de Kräizer. Niwwel luch iwwer dem Syrdall. De Stuurm hat déi lescht Blieder vun de Beem gerass an d'Bëscher stungen do wéi am Trauer.

Op der Gewan hun d'Bauere sech hannert dem Plou kristillecht an d'Kueben hu freeschlech iwwert dem Flouer geschaddelt. Vum 'Tréierwee' erfort koum de Millesch Marcel mat deër leschter Rommelsfouer um Teimer an hannert isem Haus huet de Knäppjes Jhemp d'Rommelskaul mat Laf a Buedem zougestoppt. D'Millesch Giedi, d'Schottesch Mamm an d'Leeschtanti souzen nomëttes, déck agebokelt, an der Scheier oder am Schapp an hun e gehéierege Koup Rommele gebliedert a gebotzt. No der Schoul war et meeschtens un de Kanner, fir d'Kierf ze fëllen an d'Rommelen an de Keller ze schlefen.

A Schouttesch hirer Schmëdd war mäi Papp schons e puer Nomëtteger amgaang Viz ze maachen. De Kelter as gelaf an et gouf dees gudde séisse Saaft ze drénken. Ei, dat war mir eng Schlabäizchen, no deër ee sech d'Fangere geleckt huet! Mä, dat Allerflottst bei deër sëffeger Affär war, datt ech mech konnt, esou ëmt de Papp, matten am Duerf erëmdreiwen. Bis d'Nuetsklack gelaut huet, hun ech dierfe bei Theis oder bei Schouttesch am Keller derbäi sin, wou bäi enger Käerz oder engem Gäppchen d'Rommele getässelt goufen: déi Stëmmong matz'erliewen, dat war eng gellech Freed an dee Geroch vun dene Kéip Gromperen, Räinetten a Rammboën op de Stellagen, dat Schaime vum Sauermouss an der Kapesbidden an dat Hiewe vum Viz an de Fässer, dat alles anzeootmen, war en extraë Genoss. — Jo, et huet gegollt derbäi ze sin, well an deër niwweleger Hierschtzäit as eppes ëmgaangen: et war dat de Furri mat den ausgehelligte Rommelen, de Rauliichter. —

Dee Spaass huet ee sech op kee Fall diirfe laanscht d'Nues goe loossen. Déi flappegste Rommele goufen ausgehillegt, kruten e Geeschtergesiicht mat groussen huelen Aen an engem oppene Mond erausgeschnidden. Eng Käerz gouf an déi Zauberhillecht gestach an ugefaangen. D'Rommel huet dann an der Däischtert geliicht wéi en Doudekapp. Si gouf op d'Fënster oder a soss en onheemlechen Eck gestallt a sollt d'Kanner an d'Leit fäerten dongen. Fir deen Zweck z'erreechen huet sech elo eng wëllkëmm Geleënheet ugebueden. D'Péis huet gelaut ... — Wéi e Laffeier gung et duurch d'Duerf, datt déi gutt Steffesmadame gestuerwe wär. Dem


Zeechnong: Paula Antunes

Brauch no, gouf du zwéin, dräi Owender de Rousekranz fir déi Verstuerwen an der Kiirch gebiet. — Et war schons donkel wéi d'Klack ofgelaut huet an d'Leit an de Rousekranz geschlach sin. Du hat d'Geeschterstonn geschloen! D' "Doudekäpp" hun dorëmmer geliicht: op Theis hire Fënsteren, a Belschen hirer Kellerliicht, beim Simon séngem Schapp, op der Bréck, virum Wäschbuer, am Schoulhaff, beim Veräinsbau an hannert Leesch hirem Geställs. Wat en Zauber! — Am Rousekranz ware mir duerfir nëmmen hallef bei der Saach. Komesch, et war esouguer eng Grëtz onheemlech an der Kiirch! Zwar war dat grousst Kräiz hannert dem Altar hell beliicht, mä soss war dee grousse Raum hallefdäischter. D' "éiweg Lamp" an denen zwou Ampelen un de Sailen am Kouer, huet méi schéi geliicht wéi am Dag, mä déi puer Käerzen op de Säitenaltär a bei der "Helleger Familjen" hun de Schiet vun denen hellege Statuen un de Maueren danze gedon. D'Leit souzen an de Bänke wéi Schietfiguren. Den Här hat sech hannert d'Bouwe placéiert. Duerfir war et nët, fir sech ze mucksen an et huet misse kräfteg matgebiet gin. Virun all "Ehre sei Gott" as de Paschtouer en Ament aus der Bänk geklommen. Dat war d'Zeeche fir dat neit Gesetz. Wéi endlech déi fënnef Gesetzer erduerch waren, du hun d'Rousekränz gerabbelt a goufen an d'Täsch gestach. Nom "Engeldes-Hären" as et dem Cëcill séngem Norbert, dem Päifesch Jhull an dem Emile, dem Eengels Jhoss an dem Beforts Pir, dem Leesch Jhoss an dem Schmiitze Jhängi net séier genuch gaangen. Si sin duurch d'Leit gerannt an an der Däischtert verschwonnen. Ouni Zweiwel hu si sech bei hire Rommelskäpp verstoppt. — D'Medercher si wéi geckeg Hénkelen dorëmmer gesprongen, d'Fraen hun och gelaacht a gespaast a, ménger wärrech, et gouf der s Gekickels keen Enn. De Bouwen huet d'Häerz am Läif gekluckst ...

Dee Rousekranz virum Begänknesdag war d'Doudebor an der Kiirch, virun der Kommuniounbänk, bäi ise Bänken, opgeriicht. D'Altär ware schwaarz agekleet. Un de Säitemaueren, tëschent de Fënsteren, hunge laangeg schwaarz Fändele mat engem grousse sëlwerege Kräiz dra brodéiert. Iwwert dem Muttergottes- a Gehaansaltar stung, op schwaarzen Dicher, grouss PAX geschriwwen. Esouguer déi wäiss Käerze waren duurch hellbronger ersat. Je, alles war an der Kiirch op den Trauer ofgestëmmt. Dee leschten Owend gouf nom Rousekranz nach eng laang Litanei vum Här virgebiet, a mir hun am Takt geäntwert: "Bitt für sie." — Wéi mir du zur Kiirchendir erauskoumen, huet, o jeminee, e Rommelskapp lénks op deem ale Paschtoueschgraf hell opgeliicht! O mei, dee Spaass gung jo elo e Stéckelchen ze wäit! D'Ziirden- an d'Schneideschmamm hu sech opgereegt, d'Härejoffer war entsat an d'Medercher hu gekickelt. An d'Bouwe kruten am nächste Katchëssem den Efalt verdriwwen. Déi Kéier hat du dee flotte Spaass mat de Rommele fir deen Hierscht en Enn.

Wéi et Brauch war, sin d'Leit deen Owend nom Rousekranz d'Läich sene gaangen. Och d'Kanner si monter matgaangen a koumen déi éischt am Trauerhaus un. D'Läich war an der beschter Stuff opgeboort. D'Zëmmer war mat schwaarzen Dicher agekleet. Laanscht de Plafong hung eng Bordure mat gëllene Fränjhelen an am Fong vum Zëmmer war eppes wéi en Himmel mat engem grousse gëllene Kräiz opgeriicht. De Luster war mat Trauerkrepp ëmgin an huet nëmme en doudegt Liicht verdeelt. Duerfir hun awer, virun der Lued, d'Käerzen, op zwéi Liichteren, fir eng helleg Stëmmong gesuergt. D'Doudelued stung op engem schwaarz agekleten Dësch. Sou war et och deemools, bäi is doheem, wéi de Pätter vu Greiweldéng gestuerwe war ... mä, hei, bei Steffëssen, war awer — o mei — e gliesenen Deckël op der Lued an d'Läich luch do, am schwaarze Kleed, wéi wa se géif schlofen. Mir as d'Héngerhaut zur Kopp ausgaangen an dëswëidëren ... Weilands Mei, Scharels Julie an Theis Margot sin, ouni z'erféieren, bis vir bäi gaangen, Ech hu mëch hannert Schouttesch Maria an dem Cëcill säin Hëlen verdréckt. Elo koumen d'Nopeschen eran: Buurg Frida, Knäppjes Lisa, Wildges Maria an Ernestine, d'Schouttesch Mamm an d'Schiltz Giedi. Si all hun déi Verstuerwe geseent an ugefaangen de Rousekranz ze bieden. Am Gank huet Fiels Bäbb mam Steffes an dem Gabi haart geschwat. Et war elo keng Plaz méi am Doudenzëmmer. Gott sei Dank huet eent vun is d'Wäiwaasseschbiischt erwëscht! Mir hun nach eng Kéier geseent an is erausgequëtscht. Am Gank stung d'Gabi do erbäermlech ze kräischen, an de Steffes huet sech op säi Bengel gestäipt. — Baussen op der Trap hun ech no Loft geschnaapt a mech geschuddert. Am Galopp gung et deen däischtere 'Kitzewee' of, iwwer d'Syrbréck, no heem zou. — Ech war deen Owend nët gespréicheg. — Wéi d'Mamm du op eemol eraus kritt huet, wat a mech gefuer war, as si nach e gudde Strapp bei mir op der Kummer bliwwen an huet d'Luucht brenne gelooss, wéi si d'Trap ofgaangen as. Wéi ech am Bett luch, koum déi bleech Läich mir erëm an de Sënn. Op eemol huet awer de Schlof de Schreck verdriwwen, an deen anere Muerge war ech erëm monter.

Wéint dem Begriefnës hun ech diirfe mäi sonndësse Mantel undongen. D'Schoulkanner si jo a Prëssessioun mam Schoulmeeschter, de Massendénger, dem Koschter an de Paschtéier d'Läich bei d'Trauerhaus ofhuele gaangen. Do, bäi Buurg a Knäppjes, war d'Strooss voll Leit. Wiirklech, d'ganz Duerf an nach vill Friemer hu sech um Begriefnes bedelegt. Déi meescht hate sech an den Trauer gekleet. Wéi déi sechs Paschtéier bei d'Leit koumen, hun d'Männer allegueren d'Hitt ofgedon an d'Fraen hu mat is de Rousekranz gebiet.

Beim Steffes oder an 'ënnescht Schiltz', wéi d'Haus och nach genannt gouf, hungen d'Jalousiën iwwerall erof, d'Viischtdir war schwaarz ëmkleet a virun der Trap war eng ganz Rei schéi Kränz a Gerben opgestallt. Ise Paschtouer gung d'Läich asenen. Wéi hien an d'Massendénger no enger Weil erauskoumen, hun déi sechs Häre mateneen de "Miserere mei dei" ugestëmmt. Iwwerdeëms koumen d'Dréier mat der Lued bis op d'Viischtdir. Mä, do hate si, de Buurg Jhoss an de Knäppjes Jhemp, de Raue Batti an de Schiltz Jhempes, de Wiltges Ern an de Wilgees Nickela, hir bor Méi d'Läich d'Trap erofzedroen. Hannerun der Lued koum d'Trauerfamiljen, all am schwaarze Fuedem. De Steffes an de Moritz hu sech d'Aë mat engem grousse wäissen Nuesschnappesch gewëscht. D'Gabi war hannert engem laange schwaarze Wuall verstoppt an huet haart gekrasch. De Weimerskiirch vu Jonglënster huet gehollef, d'Lued a säin Doudewon ze setzen an d'Kränz baussen unzehänken. E puer grouss Medercher, Schouttesch Matill, Néckels Léonie, Rauens Martha, Ziirde Marie-Josée a Fiels Alice, goufen erbäigeruff, fir Gerben ze droen. Den Doudewon as ugefuer an d'Prëssessioun as lues op d'Kiirch zougaangen. Et gouf dichteg gebiet bis op de Kiirfecht, wou d'Graf prett war. D'Lued as dohibruecht gin, an d'Hären hun op Latäin gesongen a gebiet, hiirt Meescht an hiirt Bescht.

Et goufen nach vill Tréine gekrasch, wéi d'Leit eng leschte Kéier sene gaange sin. An der Kiirch war d'Doudevesper amgaang. Op de Säitenaltär hun de Fluesswëller an de Roudemer Här Mass gehalen. D'Doudebor war mat de Kränz an de Gerbë gerëscht. D'Kiirch war voll Leit, wéi d'Famill hannerun d'Kanner sëtze koum a wéi d'Requiemsmass ugong. De Betzder Dechen, dee Rueder an dee Menster Här hu se gehalen. Isen Här huet gesuergt, datt kräfteg matgesongen a gebiet gouf. Den "Dies irae, dies illa" as mat allen nonzéng Strophe gesonge gin. Den Affer krut keen Enn an den Ziirden Albert huet iwwerdeems, wéi e grousse Meeschter, de "Pie Jesu" gesongen. Mir hun d'Doudebiller, déi ausgedeelt gi waren, bewonnert, gelies an och alt ënnerenee gekoppelt. Bäim "Lux aeterna" gouf haart matgesongen, well et gung elo op d'Enn lass. A beim "Libera" hu mer nach misste ganz derbäi sin, well d'Paschtéier koumen elo bei d'Doudebor stoen an isen Här as ronderëm senen a bewäiraache gaangen. Et waren nët méi vill Leit an der Kiirch, well déi meescht ware schons nom Affer zur Kiirchendir erausgaangen. Elo war d'Begriefnes dann och fir is gedoen. — Mäi Gott, wat eng Affär fir e Kand vun deemools! Jo, et kann een de Kapp driwwer rëselen ... Hautjesdaags erliewen d'Kanner kee Begänknes méi: si gin dovu verschount. Nu gutt, mä op der Tëlëvisioun ... — ! —?

[Index] [Home]

20) Vun der Ouljer Grott

Déi Grott kann ech nët aus ménger Kannerzäit ewechdenken: si gehéiert derzou wéi d'Schoul an d'Kiirch am Duerf. Aus deër Ursaach muss ech dervun erzielen, an déi all, déi deemools do geschafft, gespillt, gebiet a gesongen hun, sin elo derbäi.

D'Grott steet nach hautdësdaags baussent dem Duerf, vir am 'Stackbësch', ënnert enger décker, aler Eech, laanscht dem Wee vun Ouljen op Eeschwëller.

Iwwert d'Kopp vu 'Kollwent', hannert deër sech Oulje verstoppt, kuckt si erof an de Syrdall, iwwert d'Eisebunn op den 'Nures', d'Landstrooss an de 'Widdebierg' bis op Menster an no Rued dohin.

Et as eng idyllesch roueg Plaz, déi ise Paschtouer, den Här Zeimes, 1938 fir d'Grott erausgesicht hat. An de Religiounsstonnen huet hie gewosst, d'Kanner ze begeeschtere mat deem Plang, deen hien an der Kopp hat. Gläich drop wosst d'ganz Duerf dervun: et gung rieds vu Lourdes, vu Banneux a ... vu ville Wonner. O mei! —

Am Fréijoër, nodeem den Här e Stéck Wiss vum Steffëssen Décke kritt hat, gungen d'Aarbechten do uewe bäim 'Stackbësch' un. De Paschtouer, deen och e gudden Architekt, Steemëtzer a Gäertner gi wir, huet eng al Zutang ugedoen an as selwer un d'Schubkar gaangen. De Wilgés Jhoss an de Knuppen Alwiss hun him geappert, an den Theodory huet, nom Här séngem Plang, mat Steng, sou wäiss wéi Kräid, eng Grott gebaut. Pied a Plattbande goufen ugeluecht a ronderëm Tujaë geplanzt. Wéi den Terrain esou wäit preparéiert war an et schons ausgesinn huet wéi e klenge Park ronderëm d'Grott, du huet den Här séng Schoulkanner agespaant.

Donneschdes nomëttes gouf en aalt Schiirtech ugedon, a mir hun is bäim Härenhaus getraff. Mat Wenercher, Spueden, Hälen a Reechen a mat vill Spektakel gouf op den Här gewaart. Wéi et esou wäit war, huet hien is nach allerlee op d'Wenercher gelueden, wat mir do uewe bäi der Grott gebraucht hun. D'Härejoffer as och matgaangen an hat fir de Véierauerkuerf gesuergt.

D'Honn hu klorrose gebillt, an d'Leit koumen op d'Hausdir kucken, wéi déi ganz Expeditiounstrupp mat groussem Radau duerch d'Duerf gezunn as a bäi Rauens de Wee erop bäi d'Grott ageschloen huet.

Op der Kopp hun d'Bouwe sech op d'Wenercher gesat. Den Norbert, de Pir, de Jhull an de Jhosi hu geränkelt, dat heescht, si hun den Täissel tëschent d'Been an d'Féiss geholl a si mat ëmmer méi grousser Vitesse de Bierg of gerullt. Och de Paschtouer as mat hinnen am Weenchen dorower gefluppt. Iwwerdeems sin d'Medercher gemittlech mat der Joffer zu Fouss gaangen an hun hir allerlee verzielt ...

Ënnen am 'Gröndchen' hun d'Jongen op is gewaart a gemengt d'Medercher missten elo un den Täissel goen. Abee, mir ware jo nët liddereg, hun dee géie Stouss op ferm gezunn, gedréckt a gekäicht a si schweesswaarm bäi der Grott ukomm.

D'Geschir gouf ofgelueden. Den Här huet is a Gruppen agedeelt a gläich un d'Aarbecht kritt. D'Jongen hun dorëmmer gegruewen a Steng geraaft, d'Medercher hu gekappt a gereecht. Den Här huet mam Meter gemoost, d'Ficelle gespaant a kommandéiert, wéi a wat, hier an duer, huet misse geplanzt a geséit gin. Bordurë goufe laanscht d'Plattbanden ugesat, a mat Vergissmeinnichten as "AVE MARIA" an de grousse Karo virun der Grott geschriwwe gin. Dee soss esou strengen Här war ganz spaasseg opgeluecht an huet is Witze vum Tunnes a Scheel verzielt. Mat deem Geschéck as gutt gelaacht an hellewech geschafft gin.

Ëm véier Auer gouf Paus gemat. Mir hun is Schmiere monter eragefeiert a kruten aus der Joffer hirem Kuerf en Apel, gebake Quetschen a Kichelcher. D'Bouwe si gläich drop am 'Stackbësch' verschwonnen an hun hiirt heemlecht Spill "Halli, hallo" organiséiert. D'Medercher, mir hun an deër Zäit 'op Pollesch' a Schouttesch hirem Dännebëschelche Stoppches gespillt. Wéi mir no enger Zäitchen dem Här séng Päif héieren hun, si mir séier bäi d'Grott gelaf komm. Et huet e gudde Sträppche gedauert, bis d'Jongen all aus de 'Waasserlächer' an dem 'Biwer Bësch' erëm waren. Den Hilgesch Jhosi an de Beforts Pir hate Käpp wéi Kriibsen, de Schmiitze Jhängi hat d'Knéien eraushänken, an déi aner haten d'Schong voll Bulli an hu gelaacht wéi d'Gecken.

Mir sin erëm un is Aarbecht gaangen, an d'Bouwen hun dem Här vun hiren Indianertricken erzielt an hien och gutt laache gedon. Géint halwer sechs war Feierowend. Den Här war zefridde mat iser Aarbecht. D'Geschir gouf opgelueden an et gung op heem lass.

D'Bouwe ware wéi benzeg, fir mat de Wenercher dee géie Stouss vun der Grott bis an de 'Gröndchen' erof ze rennen. Scharels Julie an Theis Margot si matgerullt. Si hun iwwerdeems Kreesch gedoe wéi déi Wëll, mä si koumen alleguer gutt déi Säit am halwe Bierg un. Doheem gouf ausgepaakt, och mat Erzielen ... Mä eng Auer siwe ware mir zeideg fir an d'Klapp. Mir hun déi Nuecht wonnerbar geschlof. — Esou flott Donneschdeg Nomëtteger hu mir nach eng ganz Parti erlieft. Mir bloufen eemol wéi d'anert begeeschtert, fir mam Här bäi d'Grott schaffen ze goen.

Ufanks Mee war alles bäi der Grott an der Rei. An der Grott selwer stung eng schlank Muttergottesstatu, déi extra aus Ierzener Steen, op d'Moos, gehae gi war. Mir hu se mat Meeréisercher gerëscht, déi mir am 'Biwer Bësch' gepléckt haten. Déi schéi Statu krut den Numm "Maria Maienkönigin" a gouf op engem Oktavsonndeg feierlech ageweit. D'ganz Duerf an och déi Roudemer Leit, déi deemools zur Ouljer Par gehéiert hun, sin nomëttes a Prëssioun mam Här bäi d'Grott gepilgert. Ënnerwee gouf de Rousekranz gebiet a bäi der Grott "Maria Maienkönigin" déi nei Litanei "Muttergottes, wir rufen zu dir" gesongen. Den Här huet eng schéi Priedegt gehalen, an d'Leit ware bäi der Saach, well déi Grott huet hinnen gefall. Et koum elo wéi ise Paschtouer erhofft hat. Vill Leit si sonndes nomëttes bäi d'Grott spadséiere gaangen an hun do gebiet. Och an der Woch hu muenech Frae sech dorobber gemat, a Baueren, déi vum Feld koumen, hun


Zeechnong: Christina Da Costa no enger Photo aus "Heimat und Mission (Febr. 1990)

d'Kap ofgedon a sin en Ablack bäi der Grott stoebliwwen. Dacks hu Käerze virun der Meekinnigi gebrannt a bis an d'Nuecht eran hell geliicht. D'Fiels Mamm huet sech hiergin, fir d'Muttergottes mat frësche Blummen ze rëschten.

Den Här Zeimes war stolz op "séng" Grott, Hien huet vill Zäit dobäi verbruecht, an an der Kannerléier as hien dacks mat is dorobber gaangen, huet do mat is gebiet, gesongen a geschafft. Keen Onkraut as an de Massiver opkomm. An der Dréchent hu mir om Weenche Kane mat Waasser bäi d'Grott geschleeft a si s'an d',Ënnescht Delen' nofëlle gaangen. Domat gouf déi schéi Plantatioun am Summer um Liewe gehalen.

Fir Léiffrawëschdag hat de Paschtouer sech eppes Besonnesches afale gelooss, Hien huet fir dee Festowend eng Liichterprëssëssioun organiséiert, wou grouss a kleng, jonk an al matgemat huet. Esou eppes Wonnerschéines hat d'Duerf nach ni an der Däischtert erlieft: déi laang Rëtsch vu farwege Liichtercher, déi sech biergan, biergop op d'Grott zou virugeschlängelt hun. Ech war bal eng Kéier op d'Nues gaangen, wéi ech ëmmer erëm hu missten hanneru mech kucken, fir dat schéint Faarwespill an der Nuecht ze bewonneren. Je, ech war begeeschtert, an deër nach. — D'Joffer Useldéng, déi extra vu Rued erofkomm war an de Jefciste-béret schif um Kapp sëtzen hat, sot no der Liichterprëssioun: "'t war esou schéin ewéi zu Lourdes" —

Am Wanter gouf et méi roueg bäim 'Stackbësch'. Den Här huet op Stänneren zou béid Säite vun der Grott zwou Lanteren opstelle gelooss, fir datt de Wand d'Käerzen nët esou séier ausblose konnt. Wéi traureg gouf den Här du enges Daags, wéi hie konstatéiert huet, datt déi schéin nei Lantere futti geschloe gi waren. An an der Keelt, wéi héije Schnéi luch, haten d'Huesen an d'Réi d'Tujaen an d'Sträicher ofgeknabbert.

Den Här huet sech awer nët gin, an d'Fréijoer drop dee klenge Park ëmt d'Grott mat Maschendrot an enger Paart anzénke gelooss. Mam gudde Wieder gung d'Aarbecht ërem u bäi der Grott, Schons hun d'Krokussen an d'Tulpen do gebléit, an d'Leit koumen och erëm eropgepilgert. Eng schwaarz Plack war elo un der Grott ugemaach. Et stung mat gëllene Buschtawen drop agravéiert:

"Maria kann helfen,
Maria wird helfen,
Maria hat geholfen."

Wéi gutt, mä, gleeft mir es, dat hat fir virwëtzeg Gespréicher gesuergt ! — Am Mee as erëm eng Liichterprëssioun bäi d'Grott gaangen. A vun Zäit zu Zäit huet den Här gesuergt, datt eng extra Feier bäi der Grott ofgehale gin as. Egal wéi, d'Muttergottes gouf virun do veréiert.

Am Krich hu mir nët méi diirfe mat der Prëssioun dohinner goen. Et gouf awer elo nët manner do gebiet. Mä, wéi schrecklech, am Juni 1942 koum den Här Zeimes an de Prisong an duerno an d'KZ. Dat war e schwéiere Schlag fir d'Grott. — Deen neien Här huet zwar och héich Stécker op d'Grott gesat, mä hat keen esou e Gäertnertalent. Déi schéi Plantatioune si lues a lues vergaangen. Enges Daags huet de Blëtz an déi al Eech geschloen an d'Muttergottesstatu béis erwëscht. Schlëmm!

Abee, no Jore koum erëm eng nei Statu an d'Grott. Si steet nach haut do, a muenech Leit fannen nach an denen heitegen Zäiten emol de Wee bäi déi Ouljer Grott.

Virun e puer Joër sin ech och eng Kéier do laanscht komm. Ech stung do, d'Grott unzestuurksen, Ech sin erféiert: Fir mech war et nët méi déi schéi Grott vun deemools. — Wat war dann nëmmen alles an dene fënnefavéierzeg Joër geschitt ... mat iser Grott, mat ménge Komeroden, mam Här a ménge léiwen Duerfleit ... a mat mir ...? O mei, wéi hat alles g'ännert: mä déi al Eech, si war nach vill méi schéin ewéi deemools ... Ech krut Tréinen an d'Aen! —

[Index] [Home]

21) Ise Wéngert

Zu Ouljen hat kee Mënsch e Wéngert. Mir haten awer een an op dee war ech nët nëmmen e bësschen houfereg. Natiirlech luch dee Wéngert op der Musel: an 'Déifert', 'op der Kéier', ënnert de Fielsen, ongeféier op halwem Wee tëschent dem 'Eyschens-Denkmal' an der 'Hëtter Millen'.

Et war dem Pätter vu Greiweldéng säi beschte Wéngert. Virun enger Rei Joren hat hien e vun engem Härewënzer gesteet. Deen Egentëmer wosst déi ausgezeechent Lag ze schätzen an huet do an extraëm Buedem, dee vum Rhäin eropbruecht gi war, mat allerlee Riewenzorten ewéi experimentéiert. Duerfir huet de Pätter och ëmmer behaapt, dee Wéngert 'op der Kéier', dat wir en "Härewéngert".

Nimools sin d'Riewen do erkaalt, ënnert denen héije Fielsen, déi d'Sonn de ganzen Dag opgefaangen an d'Hëtzt op d'Riewen an de Buedem reflektéiert hun. Duerfir sin och an dem schéine Bänkewéngert éischtklasseg Drauwe gewuess: zockerséiss rout Follecher, schéine groe Réisléng, säfteg Rulänner, gekräiderech Moschtgedeller an duuss Traminer. De Pätter huet doraus e wonnerbare Wéngche gemat, deen hien an der Stad, am "Hôtel de la Poste", ofgesat huet.

Wéi de Pätter dout war, hu mir eng Parti vu sénge Gidder verdoen. D'Mamm huet d'Hemechtshaus gehalen an de Papp war nët gewëllt d'Uebstbongerten ze verkafen. Vum Wéngert schons guer nët ze schwätzen: hien huet et einfach nët iwwert sech bruecht dee gudde Wangert, deen dem Pätter esou un d'Häerz gewuess war, a friem Hänn goen ze loossen. D'Mamm war zwar nët ganz averstanen domat, well si huet all déi vill Komplikatioune virausgesinn, déi sech doraus ergin hun. Sou ganz onrecht hat si och nët ... Et sief dann! Op déi Manéier hate mir Joren a Joren e Wéngert op der Musel. Nach hautdësdaags sin ech méngem Papp dankber fir séng Dezisioun, well ouni dee Wéngert wir mir vill Schéines laanscht d'Nues gaangen. An duerch dee Wéngert as a mir dat Gefill opkomm, datt ech vun der Musel sin ... e Gefill, dat ech glécklecherweis nach haut a mir hun. —

Nujee, wat hun ech nët alles aus deër Zäit a beschter Erënnerong! Ménger Lebbdag vergeessen ech nët, wéi ech déi éischte Kéier mat an d'Lies geholl gouf. Fir déi Geleënheet hun ech mir misste bäim Schoulmeeschter fräi froen. Dat gouf eng ganz Klabberzuel a schliisslech huet d'Mamm mir missten en Ziedel mat an d'Schoul gin. D'Saach gung du an d'Rei, mä méng Klassekomrode konnte mir déi Freed nët esou richteg vergonnen ... Si hate jo alleguer vill méi Land wéi ech, mä kee vun hinnen hat awer e Wéngert op der Musel ..., nët wouer.

Abee, deen Dag, wou mir liese goungen, gouf et Fréibiren. De Monni Vic koum is mam Auto ofhuelen. Giwesch Anni war och prett a begeeschtert, fir mat an d'Lies ze fueren. E Kabang mat Eesses an e Kuerf voll Schaffgezei goufen opgelueden a fort gung et iwwer Beyeren a Gouschténg op Éinen. Wéi mir do ukoumen, luch de ganze Museldall an déckem Niwwel. Bäi isem Wéngert stung schons e Won an uewendrop eng grouss Drauwebidden. De Speltzen Ujheen a séng Fra, déi ise Wéngert an der Rei gehalen hun, waren och schons präsang.

Vun der Musel an der Emgéigend war näischt ze gesinn. Et war eekleg fiicht a frësch am Niwwel an is Leit hu sech gutt agebokelt. D'Mamm, d'Gréit an d'Anni hun zolidd Schong an eng Schipp ugedon a sech e geblummelechte Këpp ëm de Kapp gestréckt. Den Ujheen huet Emeren a Schéieren ausgedeelt. Mir sin een nom aneren déi schmuel Stengentrap an de Wéngert eropgeklommen. Am Nu ware méng Leit an enger Rei, hannert de Riewen, am Laf verschwonnen an hu sech gläich un d'Aarbecht gin. Jhust ech stung do an hat näischt ze dongen, Ech hun nogekuckt, wéi se d'Drauwe mat der Schéier flott ewech geschnidden a gläich drop an den Emer fale gelooss hun. D'Mamm huet mir eng schéin déck Drauf an de Grapp gedréckt. Mm, déi war séiss a säfteg an huet gutt geschmaacht! Duerno krut ech nach esou eng, fir méng Gloscht ze stoppen.

Ech war frou, datt ech gutt waarm ugedoe war, well dee fiichten Niwwel as hannert mech geschlach. Déi Säit, am Preiseschen, as en Zuch laanscht gedosch. Et huet een e gutt héieren, mä nët gesinn. Nët wäit vun is waren éierens och Leit an der Lies, déi haart geriet a gelaacht hun. Den Ujheen huet behaapt, den Niwwel wir gutt fir d'Drauwen, géint der Mëtteg kéim d'Sonn eraus an da géif et e schéine waarmen Dag. " Hoffentlech", hun ech geruff, well esou fiicht a gro hat ech mir d'Drauwelies nët virgestallt, Ech hun alt nogelauschtert, wat d'Gréit der Mamm esou allerlee Neis vu Greiweldéngen z'erziele wosst; mä ... dat war dach ménges näischt.

Du koum ech op d'Iddi mol eropzekloteren, ënnert d'Fielsen, op de 'Juck'. Et huet mir geschéngt, wéi wann et do manner niwwelzeg a fiichtkal wir. De Komp war voll Waasser mat Gréngespoun, dat no Vëterjoul geroch huet. Eng Parti Wéngertsstaange stungen ënnert engem Fiels, deen ueweneriwwer hung. Dat war e feinen Ënnerdaach an eppes wéi e Schiethaischen. Dorënner hat de Pätter sech eng hëlze Bänk installéiert, fir ze raschten an a Rou sénge Gedanke fräie Laf ze loossen. Wéi schued, datt ech mech nët op d'Bänk sëtze konnt an datt deen Niwwel mir géint d'Gemitt gaangen as! Ënnert dem Juck hun ech op eemol eng Rei Stäck mat rouden Drauwen entdeckt, Ech sin drop lassgaangen an hu mir e puer schéi Gronen erausgepléckt. "Donnerwetzki, déi do waren zockerséiss!" Ech hun natiirlech viru geglannt an un de Fiissche geduecht, wéi dee gesot huet:

" Wat Kluddren, déi sin zeideg!
An d'Grone si schotzmooss ...
dat do gët eng Schlabäizchen!"

Ménger wärrech, do konnt ee sech d'Zong derno lecken! Méng Fangere goufe ganz pecheg, Ech sin s'erof an de Komp wäsche gaangen. Iwwerdeems koum et mir vir, wéi wann et géif fiselen. Dat war e gutt Zeechen: den Niwwel as gefall. Wiirklech, geschwënn duerno gouf et méi hell an aus dem Preiseschen eriwwer huet d'Sonn sech duerch den Niwwel gebuert!

Am Nu war ise Wéngert wéi an en anert Liicht gezaubert an ënnert is huet d'Musel sëlwereg geglënnert. Mir as d'Häerz opgaangen. Op der Dot goufen is Leit méi monter a gespréicheg, Ech hu mech elo vum 'Juck' erof gemat a si bal an den Ujhee gerannt, wéi. dee mat sénger Hatt um Bockel, déi strubbelvoll Drauwe war, laanscht d'Riewe geschlach koum an du d'Wéngertstrap erofgeklotert as. Ech wollt him nogoen, koum awer op dem schliwwerege Buedem un d'Rutschen. Hätt ech mech nët jhust un enger Rief ergraff, ech wir d'ënnescht d'iewescht de Wéngert erof op d'Strooss gebonzelt. O mei, du sin ech schéin erféiert an hu fir mech gegrommelt: "Elo hat's d'awer Chance!" Esou jhust hun ech nach erbléckst, wéi den Ujheen e Bockel gemat huet an een Zock d'Hatt mat den Drauwen an d'Bidden ausgekippt huet. Méi wéi virsiichteg sin ech elo de Pad erof bis bäi d'Mauer geschlach. Vun do aus hun ech an d'Bidde gesinn, déi schons hallef voll Drauwe war. Wéi den Hattendréier d'Trap erop, laanscht mech koum, huet hie behaapt, haut de Mëtteg misst ech d'Schong ausdongen an dann d'Drauwen an der Bidden


Zeechnong: Gloria Antunes

trëppelen. — Uewen am Wéngert hun is Leit gelaacht, wéi ech dat fir bor Mënz geholl hun. Ënnen op der Strooss as en Auto laanscht gedosch, op Briedemes zou. En as gläich drop am Niwwel verschwonnen. Wéi gelungen, elo hun ech eréischt gemierkt, datt mir hei 'op der Kéier' an der Sonn luchen an de 'Primerbäreg' nach am groen Niwwel verstoppt war. Et gung awer nët méi laang zou, du as d'Sonn och do Meeschter gin an huet iwwer Bierg an Dall geschéngt. Elo war et schéin op der Musel. Et konnt een och gesinn, datt nach vill Leit dorëmmer an de Wéngerten un der Lies waren. Déi Säit der Musel, ënnert der Barriär, wou nëmme Wise luchen, huet e preisesche Bauer séng Kéi gehitt.

Ech sin elo d'Träppchen erofgaangen, iwwert d'Strooss geschlach, den Hiwwel a geklotert an hu mech duurch d'Lëtschen, op d'Krëpp, an d'Musel gewot. Do stung ech an dat déift Waasser ze stuerksen, dat mech wéi verblennt huet. Viru mir huet d'Musel gekluckst a getrëndelt. 'T as mir dronkeg an onheemlech gin, Ech hu mech ewech gemat, den Hiwwel op, iwwert d'Strooss, erëm an de Wéngert. Gutt, datt d'Mamm mech nët bäi der Musel anuecht geholl hat! — Is Leit hun elo schons méi héich erop am Wéngert gelies. Si ware gudder Déng an nët méi esou agebokelt. Ech koum bäi si geklotert a krut e schéinen Drauf vum Gréit an d'Hand gedréckt. Elo gouf ech iwwer d'Schoul ausgefrot, Ech hun hinne misste beweisen, datt ech méng 1x 1 op de Fangerspëtze wësse géif. Si ware paff, wéi ech hinnen e Gedicht opgesot hun, dat ech jhust an der Schoul geléiert hat. Et huet sech ëmt en ale Wënzer gedréit, deen un d'Stierwe koum, séng Jongen u säin Doudsbett ruffe gelooss huet an hinne säi leschte Wëllen un d'Häerz geluecht huet:

"Grabt nur, grabt nur,
in unserm Weinberg liegt ein Schatz ..."
"Wou, Papp?", hun d'Jongen hien ugebiedelt. Si krute keng Äntwert méi, well de Papp war schons versched. — Knapps war de Wënzer begruewen, du si séng Jongen an de Wéngert gerannt, hu mat Spuet an Heel do gegruewen a gekappt, gewullt a gebuddelt. Wéi verréckt hu si no deem Schaz gesicht: no Gold, no Sëlwer. — Vergiewes! Mä si hate sech nët ëmsoss ofgerackert. Dat Joër drop huet de Wéngert gebléit an Drauwe gedron ewéi nach ni, an d'Jongen hun hirem Papp säi leschte gudde Rot elo verstanen. —

"Bravo", hun is Leit matenee geruff. D'Anni huet mir op d'Schëller geklappt, d'Mamm war houfereg an dem Papp hat ech d'Waasser op d'Mille geleet. Hie koum op de Pätter ze schwätzen a wosst e sëlleche vun him z'erzielen, Ech hun d'Oure gespëtzt a sin eppes Interessantes gewuer gin:

Nämlech wéi de Jacques op Greiweldénge bäi Olsems Margréit freie koum, huet de Pätter hien enges Daags mat a säi Keller geholl a mat him allerlee Zorte Wäi geprouft. De jonge Borscht huet sech déi Gliesercher gutt schmaache gelooss a gouf ganz gespréicheg. Wéi si zwéi schliislech aus dem Keller erauskoumen, hat dem Margréit säi Freier eng kleng hänken. Hien huet sech mam Pätter virun d'Haus op d'Bänk gesat, gouf esou lëschteg an huet ugefaangen ze sange wéi eng Nuechtegäilchen. Geschwënn hat hien d'ganz Noperschaaft ëm sech erëm an et gung lëschteg hier. Owes wéi de Jacques om Wëlo heem gefuer as, huet hien de Bësch aus nach monter drop lass gesongen. "De Jong huet keen uergen Dronk", huet de Pätter doropshi behaapt. D'Prouf war gutt bestanen. Dee gudde Kärel huet diirfe viru freie kommen an d'Meedche bestueden. A la bonheur. —

Vu Palzem eriwwer huet 'Drengeldeshäre' gelaut. Et gouf Mëtteg bäi is am Wéngert gemat, ënnert deem schéine Fiels, um 'Juck'. Is Leit hu sech d'Fanger am Komp gewäsch. De Papp koum mam Eesskuerf, mat enger Konkel Viz an enger Fläsch Wäin. D'Mamm huet Zoossiss- an Hameschmieren op en Duch ausgebreet an et gung gläich lass mat Bauwen. Et huet is gutt geschmaacht ënnert dem fräie bloen Himmel, op deër schéiner Musel. Den Ujheen huet elo mam Fanger op däischter Lächer an de Fielsen, déi Säit am Preiseschen, gewisen. Dat wiren d'Bunkere vun der Siegfriedslinn. Vun do aus géifen d'Preise mat hire Kanounen an d'Lëtzebuerger Land eraschéissen, wann de Krich géif lassgoen. O Mamm o Mamm, ech hu mech geschuddert, obschongs d'Sonn is schweesse gedon huet ...! — Et as weider iwwert de Krich gemonkelt gin, sou datt mir den Appetit bal vergaangen as. — No der Mëttespaus hun is Herreschtleit sech erëm vif un d'Aarbecht gin. Si koume geschwë mat der Lies bis un de 'Juck' erun. Do war elo, wéi d'Gréit behaapt huet "eng Hëtscht, fir ze stäerwen" an den Ujhee sot: "Dréchen Hëtscht am Herrescht as dem Bauer säi Verdross an dem Miseler séng Fräd." — En Trapp Spréiwen as aus den Hecken iwwert de Fielsen opgeflunn. De Papp huet an d'Hänn geklappt a vun Zatzevéi geschwat, déi am Ament e ganze Wéngert pleime kënnten. —

D'Mamm koum elo mam Hänkelskuerf a mat eidle Schongkëschten. Dora sollte schéin Tafeldrauwe geschnidde gin, déi mir un is gutt Frënn dorëmmer ausdele géifen. Wéi d'Mamm du anuecht geholl huet, datt d'Follecher béis zerpléckt waren, an datt ech et war, dat se esou verschampléiert hat, krut ech gutt gejaut. De Papp huet Hand iwwer mech gehalen a gemengt, dat wir nët esou schlëmm, et héngen nach vill schéin Drauwen un de Stäck an d'Mamm kréich nach genuch deër éischtklasseger Wuer mat heem. Iwwerdeems huet hien déi zerpléckten Drauwe gelies an domat war de Fall erledegt.

Eng Auer véier war ise ganze Wéngert gelies. D'Bidde war schlubbervoll Drauwen an d'Harespele si wéi klorrosen drop an drëm geflunn. Speltzen hir Jongen, den Edi an de Kamill, koumen elo mam Päerd erbäi an hun et un de Won gespaant. An deër Bants as de Monni Vic och komm. D'Mamm, d'Gréit an d'Anni si bäi d'Musel erofgeklotert an hu sech do e bësschen an d'Rei gemat. Et gouf alles agepaakt an d'Maansleit si mat der Drauwebidden um Won elo fortgefuer. De Monni Vic huet d'Fraleit am Auto mat an d'Kellerei geholl.

Jëmmen a jomen, do war mir e Betrieb! D'Päerd koume mam Won an d'Kellerei eran, si mat vollen an eidlen Drauwebidden op enger grousseger Baskill, déi am Buedem luch, hin an hier gefuer. D'Maansleit hu Kreesch gedon a mat Gräfen d'Drauwen aus de Bidden an en immense Kelter gehäit. Dora gouf dee ganze Quascht ausgepresst. Dee gudde Saaft as am Keller a Bidden an a Fässer opgefaange gin. De Monni Vic as mat mir dorowwer kucke gaangen. Äää, wéi huet et do sou elle geroch.. ! "no Moscht", wéi ech vum Kellermeeschter gesot krut. Dee frëndleche Mann wollt mir e Gliesche dees brongen Drauwesaaft ze drénke gin. Mä, ech hu gezéckt ... Schliisslech sin ech awer dru gaangen an hu fond, datt et eppes Guddes wir.

Mir hun elo en Tour duurch dee groussen, hallefdäischtere Keller gemat, Ech hu Mond an Aen opgerass, wéi ech déi risig, hëlze Fudderfässer gesinn hun. Een Zock hat de Monni Vic mech mam Schlawittchen erwëscht an huet mech mam Kapp duurch d'Lach vun esou engem barbaresche Faass eragestach. D'Dronkenelle si mir fir en Ament ausgaangen. Wéi ech erëm op de Bee stung, hun ech misste fatzeg houschten. D'Maansleit hu sech kromm gelaacht a vu Schwiewel geschwat ...

Wéi mir erëm uewenop an der Kellerei waren, koume se mat isen Drauwen un. Déi goufen och op der Wo gewiën. Gläich drop as den Oechslegehalt gemooss gin. Is gutt séiss Wuer huet all Rekorde geschloen an de Jacques war stolz wéi Oskar.

Hannerun is hu schons déi nächste Wënzer mat hire Bidde voll Drauwe gewaart. De Papp huet mech mat an de Biro geholl. Do souz den Här Gretsch hannert engem groussen, décke Regëschter, huet gerechent an notéiert. De Papp krut vun him eng Fiche, déi dee ganz genee studéiert huet. De Gretsch sot eppes vun "Zockerwuer". Iwwerdeems huet de Papp mat den Ae geblënzelt ... Mir haten elo alles an der Kellerei erledegt an si mam Monni Vic a 'Pälle' gefuer. Do huet de Papp sech nët huele gelooss an der ganzer Stuff eng Turni spendéiert. D'Rina as hin an hier gelaf, huet haart geriet an iwwerdeems d'Pättercher zervéiert. Et gung elo héich hier. An deër Bants as d'Mamm mat mir heem, an iist Haus, gaangen. D'Madame Rico huet is mat an de Gaart, hannert d'Haus, geholl an is déi schéi Biren um ale Birebam gewisen. Déi gutt Fra hat schons eng Tut voll deër gudder Wuer fir is prett.

Géint der Owend si mir du mam Monni Vic heemgefuer. De Papp war a gudder Stëmmong. Zu Menster hu mir e Kierfchen Drauwe bäi der Ditti ofgin. Doheem huet d'Mamm dem Anni eng Këscht voll Follecher, Réisléng an Traminer fir d'Tanti an de Monni Giwer matgin. Deen aneren Dag gouf weider ausgedeelt. Vill Leit si frou gemat gin. Wéi all Joër as d'Mamm an d'Stad gefuer, der Madame Jacquemart eng Schongkëscht voll deër schéinster Drauwen droen aus dem Här Olsem séngem gudde Wéngert", wéi déi léif Stater Dame behaapt huet. Si hat recht. Sou war et.

[Index] [Home]

22) Wéi mir zu Ouljen honnert Joër Onofhängegkeet gefeiert hun

1939! Wien dat groussaartegt Jubiläumsjar materlieft huet, dee kann et säi Liewe lang nët vergeessen. An all Dierfchen a Stiedche vum Lëtzebuerger Land gouf drop an derwidder gefeiert. E Féiwer vu Patriotissem hat jonk an al ergraff a matgerass.

Och an der Betzder Gemeng gouf dichteg gefeiert, an déi Ouljer hu flott matgemat. D'Schoulkanner waren déi éischt um Dill. De Schoulmeeschter huet mat hinnen e lëschtegt Fest organiséiert. Thiater gouf geplangt an nach esou allerlee Ëmgeréits. Et gung duerfir wochelaang ganz labber bei is an der Schoul erof. Rechnen, Däitsch a Franséisch waren Niewesaach an et goufe Festprogrammer gemoolt: alles am Rout-Wäiss-Bloen: d'Lëtzebuerger Land mat Fändelen a Fräiheetssonn, de Wope mam roude Léiw, Bouquetë mat Klatschrousen, Margréidercher a Karblummen. Ech war a méngem Element. D'Mamm hat mir e groussen Zeecheblock kaaft, an ech hun an der Schoul an doheem drop lass gemoolt. Méng "Konscht-Reliquiën aus deër Zäit hun ech wéi Gold am Schaf versuergt. Si doë mech nach hautesdaags schmunzelen an erënnere mech u glécklech Stonnen aus der Kannerzäit.

Weider gung et an der Schoul mat Lëtzebuerger Lidder, déi mat alle Strofen auswenneg geléiert goufen: virop "Lëtzebuereg, Lëtzebuereg", de "Feierwon", "Zwee Kinnekskanner" an "d'Hemecht". De Schoulmeeschter huet sech elle mat der Gei geplot, fir dat neit Lidd "Et kléngt e Wuert duerch d'Land erfort" mat is anzeüben. Mäi Gott, wat konnten déi Wierder wéi "Stuurmakkord" a "Sklaveketten" is Kanner da bedeiten! Den Här Mausen huet sech drugin dat z'erklären. Wéi mir schliisslech den Text wéi de Vateronser wossten, koum d'Weis is nët méi aus dem Kapp. No der Schoul hu mir duerch d'Duerf gesongen, datt et geschaalt huet bis an d'Haiser eran.

"Fir d'Fräiheet si mir all gebuer,
der Fräiheet hu mir Trei geschwuer ...
mir wëlle fräi sin duerch, an duerch,
heiheem an onsem Lëtzebuerg."

Wiirklech, vu Fräiheet, Onofhängegkeet an Neitralitéit gung deemools rieds uechter d'ganz Land. Fir eng Iddi vun all dene patriotesche Begrëffer ze kréien, gouf elo Politik an der Schoul gedriwwen, dat heescht, et gouf grëndlech Geschicht geléiert. Et gung rieds vum Siegfried a séngem Schlass um Bock, vum Jhang de Blannen a sénge ville Schluechten, vun der Ermesinde an hire Fräiheetsbréiwen, vun de Spuenier, de Fransousen, de Preisen an den Éisträicher, déi Jorhonnerten duerch sech ëm is Festong gerangelt hun. Et musse schrecklech Zäite gewiescht sin, well nieft de Kricher hun Hongersnout a Pescht d'Leit masseweis stierwe gedon. Ganz entsat hun ech doheem vun denen uergen Zoustänn erzielt. D'Mamm wosst doriwwer Bescheed an huet mir ganz Passagen aus hirer "Vaterlännescher Geschicht" vun der Maria-Theresia an dem Josef II. auswenneg opgesot. Sou Saachen hun ech gären nogelauschtert, dat ware fir mech spannend Geschichten.

A wéi d'Franséisch Revolutioun an isem Land geroost huet, du siefen d'Bauere mat Séisselen a Klëppelen drop lass gaangen. Isen Här huet esouguer behaapt, d'Franzousen hätten an de Kiirchen den Hellegen d'Käpp erofgeschloen. — Jo, an a Schouttesch hirem Keller huet de Monni Fos is d'Plaz gewisen, wou e Paschtouer an der Revolutiounszäit verstoppt war an do heemlech Mass gehalen huet. Duerch eng stenge Plack, déi ee konnt am Hausgank ophiewen an déi zu iser Zäit och nach nët zougemauert war, krut deen aarmen Här d'Eessen dorower gereecht. — Wat Saachen! A wéi ech ménger Mamm vum Napoléon erzielt hun, sot si mir, datt hiren Urgrousspapp ënnert dem Napoleon agezu gi war an a Russland am Krich luch. Hie war do laang Zäit ageschneit, huet bäi enger aarmer, aler Fra am Geessestall gehaust, op enger Kaffismillche Weeskären zu Miel gemuel, dovu mat Schnéi Bräi gekacht an esou sech um Liewen erhalen. Wéi hien no laange Jaren erëm heem op Greiweldéng koum, hun d'Gesëschter hien nët méi erëmerkannt. Séng Habséilegketen hate si ënnerenee verdeelt, well si gemengt haten, hie wär dout. O Mamm, wat eng traureg Affär!

An iser Schoul gung et virun der Onofhängegkeetsfeier weider mat der Geschicht. Den Napoleon souz verbannt op der Insel Elba. Ech hu fond, dat war him gutt op der Nues. — Mä elo koumen d'Zäiten, wou verhandelt a gehandelt gouf a wou et dem Herzogtum Lëtzebuerg nët ze vill gutt ergaangen as. Sou goufe mir dann 1815 um Wiener Kongress méi kleng gemat a gelungenerweis zu engem Groussherzogtum erhuewen, dat den hollännesche Kinnek matregéiert huet. Leider huet de Wëllem I. d'Lëtzebuerger wéi Stéifkanner behandelt: déi wichteg Poste mat frieme Leit besat an is mat allméigleche Steieren drangsaléiert. Dat huet béis Blutt gemat, a vill Lëtzebuerger — och Ouljer — sin no Brasilien ausgewandert. Heiheem koum et zur Belscher Revolutioun. Dat war eng schlëmm Zäit fir iist Land. Duerch de Londoner Vertrag gouf du décidéiert, datt mir hu missten en décke Batz vum Groussherzogtum un d'Belsch oftrieden. Als Entschiedegong goufe mir onofhängeg erkläert. Aha, do ware mir endlech bäim Gebuurtsjar vun iser Onofhängegkeet ukomm! 1839! Bravo!

Bong, et gung nach viru mat der Geschicht! Vun elo u sollte besser Zäite fir iist Ländche kommen. Si koumen awer eréischt mam Wëllem II. Hien huet mueneches erëm gutt gemat, wat säi Papp bäi is verduerwen hat. Duerfir sëtzt hie jo och op séngem Päerd um Knuedler. An ënnert dem Prënz Hari an der Prinzessin Amalia huet Lëtzebuerg gëllen Zäiten erlieft. Fir is Onofhängegkeet gesouch et op eemol awer erëm brenzeleg aus, wéi de preisesche Keser an de Bismarck sech mat de Fransouse kritt hun. Du as de Prënz Hari ganz energesch fir Lëtzebuerg agetrueden an huet erreecht, datt nieft iser Onofhängegkeet mir nach zu engem neutrale Stat erklärt goufen. Déi preisesch Zaldoten hun d'Stad misste verloossen, an d'Festong gouf ofgerass. Dat war 1867. Am siwenzeger Krich si mir du wéint iser Neutralitéit zimlech gutt échappéiert. Du hat et sech schons rentéiert, neitral ze sin. Mam Adolf vun Nassau krute mir eng egen Dynastie. Elo ware mir endlech Meeschter an isem Land. Mir wollten näischt méi mat Arméi a Krich ze dongen hun. Dat war alles schéin a gutt, mä wie kann a Fridde liewen, wann de Nopper en nët a Rou léisst. 1914 as den éischte Weltkrich ausgebrach, an d'Preisen hun is Neitralitéit mat Féiss getrëppelt. Si hun iist fräit, onofhängegt Ländche besat, ise Leit an hirer jonker, léiwer Groussherzogin Marie-Adelheid vill Misär gemat. Wéi dunn 1918 d'Amerikaner iist Land vun den däitschen Truppen befreit haten, koum 1919 d'Groussherzogin Charlotte op den Troun. Voilà, déi schéi Fra hu mir kannt! Hire Portri an dee vun hirem Mann, dem Prënz Félix, hunge virun is am Schoulsall, Ech hat si och schons mat hire sechs Prënzekänner nom Fakelzuch um Balko vum Palais gesinn. An dëst Jar am Januar gouf de Prënz Jhang groussjäreg. Dat war dichteg gefeiert gin, well hie war elo isen Ierfgroussherzog. Nu ware mir da schliisslech bäi is an der Geschicht ukomm. Et war e laange Wee bis dohin. Mä mir waren elo villes iwwert iist Land gewuer gin. Wat Fräiheet, Onofhängegkeet an Neitralitéit fir Lëtzebuerg bedeit huet, konnte mir nun e bëssche verstoen. An elo war et un is, déi wäertvoll Saachen, déi esou deier erkaaft gi waren, an Éieren ze halen. Dobäi hate mir déi grouss Chance, dat Jubiläum vun honnert Jar Onofhängegkeet z'erliewen. Et war also selbstverständlech, datt d'ganz Vollek drop gehalen huet, dee ronne Gebuurtsdag mat iser Groussherzogin an hirer Famill grouss ze feieren. Mä sécher! An duerfir hun d'Kantonen, d'Gemengen an d'Dierfer matenee rivaliséiert, wien de gréisste Cortège an dat schéinst Fest géif op d'Bee bréngen. Je, d'Leit ware begeeschtert, an d'Feierlechkete sin op vollen Toure gelaf. Leider luch dach e Schiet vun Aangscht a Suerg iwwer deem schéine Jubiläum. Nämlech bäi isen däitschen Noperen huet et elle ramouert. Do war den Hitler um Rudder an amgaang, e grousse Krich virzebereden. Dat hun d'Lëtzebuerger 1aanscht der Our, der Sauer an der Musel gutt gemierkt, well déisait gouf d'Siegfriedslinn opgeriicht. Vill Leit waren doriwwer staark beonrouegt. An et war gewosst, datt is Neitralitéit, Onofhängegkeet a Fräiheet a grousser Gefor waren. Grad duerfir wollt d'ganz Natioun duerch déi immens Feierlechkete beweisen, wat d'Onofhängegkeet is wäert war, a wéi trei mir zu iser Dynastie sténgen. A mat iser Devise, déi iwwer alle Festlechkete stung, wollte mir ausdrécklech isen Noperen an der ganzer Welt soen: "Mir wëlle bleiwe wat mir sin."


Zeechnong: Laurinda Coelho

Sou stung och iwwer der Theaterbühn an iser Schoul geschriwwen, a mir ware prett, fir ze feieren. Wochelaang hat d'Joffer Lucie an der Stréckschoul d'Rollë mat is astudéiert. Al Klamotte koume vun de Späicheren erof a goufen an d'Rei gemat. D'ganz Duerf as mat an d'Wier geroden. Owender virum Fest goufen an der Schoul rout-wäiss-blo Papeierrousen a Girlanden gedréit. D'Madame Mausen huet déi Entreprise geleet. Eng Bühn gouf vum Gréiwe Franz an de Gemengenaarbechter opgeriicht. De Raue Batti hat schéi Kulisse gemoolt. Hannert der Bühn an den Tafele war d'Garderobe. Do gung et héich hier an de Prouwen. — D'Schoulbänke goufen op d'Säit geraumt, an déi niddreg Bänken aus dem Veräinsbau goufen an d'Schoul geschleeft. Girlande sin opgehaange gin. De Schoulmeeschter huet de roude Léiw an d'Lëtzebuerger Land, mat 1839-1939, am Rout-Wäiss-Bloen op d'Tafele gemoolt. A schliisslech goufen d'Portrië vun der Groussherzogin a vum Prënz Félix mat Rousen a Fändele gerëscht. De Schoulsall huet elo houfeschtlech ausgesinn. Wéi d'Feststonn endlech do war, hungen d'Fändelen am Duerf eraus. De Schoulmeeschter, d'Madame Mausen an den Här stunge virum Schoulhaff, fir d'Gäscht z'empfänken. De Wildges Jhempi koum mat isem Schäffen erbäigetrëppelt. De Buurg Jhampir hat sech a Galla gehäit, dat heescht, hien hat eng rout-wäiss-blo Schärp unhänken. De Schoulinspekter Roden vu Gréiwemaacher koum mam Wëlo un. Den Deche vu Betzder an d'Léierpersonal aus der Gemeng, de Malget vu Rued, den Altwies vu Menster an de Kréimer vu Betzder sin zu Fouss erbäikomm. Déi Roudemer Léierin an hire Mann, den Dondeléngesch Jhemp, koume mat hirem Auto. Och de Millerche vum Bierger Schlass an nach e puer dichteg friem Leit hu sech afond. Den Här Mausen an den Här Zeimes haten d'Hänn voll ze din, s'all frëndlech z'empfänken. Och d'Duerfleit waren ze soen alleguer op de Been, a sonndes ugedon. Op eemol huet en Auto haart getut a koum bäim Veräinsbau ëm d'Kéier geschlach. Dat war ise Buurgermeeschter vu Menster. Gläich waren all Bouwen um Dill, fir dee schéine Ford ze bewonneren. Deen dichtegen Här Barthel as gemittlech erausgeklommen an huet mat sénger Dunn frëndlech gewénkt. Den Här, de Schoulmeeschter an den Schäffe si bäi hie gerannt an hun en empfaange wéi e Prënz. Hien huet den Tour bäi d'Leit gemat a jiddferengem gekléckt. De Schoulmeeschter huet is eran an de Sall gedriwwen, a mir hun is op d'Bühn gestallt. Et gouf dobäi esou vill Kaméidi a Gedeesems, datt de Lärer nach huet misse ferm draschloen. Du war et gläich roueg. Wéi den Här mam Buurgermeeschter, d'Madame Mausen mat de Gäscht an de Leit erakoum, hu mir mat Schmass gesongen: "Et kléngt e Wuert duerch d'Land erfort". D'Leit hun hir Plazen ageholl an hun is elo mat Freed bekuckt, nogelauschtert an déck applaudéiert. Mir goufe stolz wéi Pohunnen. Schons stung den Hilgesch Jhosi eleng op der Bühn mat engem décke Schnurri, enger Dunn a bloer Schipp an huet e lëtzebuergesch Gedicht opgesot. Duerno hun déi Kleng: Mausens Denise a Juliette, Leesch Feemi, Schouttesch Rosi an Néckels Norma eng 'Ronde', wéi d'Joffer Lucie dat genannt huet, opgefouert. Si haten all en décke rout-wäiss-bloe Putsch um Kapp an hun hir Saach gutt gemat. Nom "Lëtzebuereg, Lëtzebuereg" koum ech un d'Rei, Ech hat eng donkelblo plisséiert Jupe, eng wäiss Bliissen an e roude Këpp un. D'Mamm hat mir mat der Krauselzaang de Kapp schéin an d'Rei gemat. Néckels Léonie hat mir hannert der Bühn d'Bake rout gefierft. Ech hat d'Häerz gespaant, wéi ech virun de Leit stung, mä krut awer mäi laangt Gedicht, ouni hänken ze bleiwen, erof. D'Leit hu gutt geklappt an ech war frou. Belschen Norbert a Beforts Pir koumen elo op d'Bühn Spiichte maachen an d'Leit laachen dongen. Du hu mir de "Feierwon" gesongen, an de Schoulmeeschter huet Gei gespillt. Elo gung et lass mam Thiater. — "D'Joffer Marie-Madeleine" huet d'Stéck geheescht. Rauens Martha war déi vermengte Paräisser Joffer, déi mat hirer Gouvernante op Lëtzebuerg eng Mod dange koum. Wéi Néckels Léonie, d'Leesch Sisi a Weilands Meis sech der Rei no virstelle koumen, as et schéin op der Bühn gin. Et gouf Kaffi gedronk, an ech hun och nach eng Kéier missten e puer Sätz schnaddere kommen. Et as vill gelaacht gin am Sall, a schlussendlech gouf der Joffer Marie-Madeleine hir Gouvernante hei no Lëtzebuerg op e Bauerenhaff abestued. Scharels Julie gouf Gouvernante zu Paräis. Et muss e schéinen Thiater gewiescht sin, well d'Leit wollte sech nët gi mat klappen. Duerno stunge mir alleguer op der Bühn an hun d' "Hemecht" gesongen. D'Leit sin all opgestanen an hu matgesongen. De Buurgermeeschter huet du nach eng laang Ried gehalen iwwert iist Land, an is Groussherzogin. Duerno kruten d'Kanner merci gesot ... mat enger décker Tablette Schockela. An als Clou vun deem schéine Fest huet den Här Barthel is en Ausflug no Veiane versprach.

Déi Woch drop si mir mat engem Bus dohi gefuer, Ech hun du fir d'éischte Kéier déi héich Éislécker Bierger gesinn. Zu Rouderssen, wou isen Här virdru Paschtouer war, hu mir gutt zu Mëtteg geess. Do krute mir d'Bunker déisäit der Our gewisen, déi d'Preisen amgaang waren ze bauen. Et gouf vill vu Krich geschwat, an et gouf engem Aangscht am Leif. Zou Veianen op deër schéiner Buurg hu mir déi Suergen erëm vergeess.

Wéi mir owes heem koumen, hun d'Maansleit virun Theis d'Schëff vu Brasilien opgeriicht. Domat waren déi Ouljer dee Sonndeg drop am Cortège duerch d'Gemeng an duerno zou Gréiwemaacher derbäi.

[Index] [Home]

23) 1939! Déi Ouljer feiere mat an der Gemeng an am Kanton

Ënnert Wëllem I. si vill Lëtzebuerger Familjen ausgewandert. Si haten ës sat, sech heiheem ofzerakkeren, fir dach zu näischt ze kommen. A grad elo nees hun d'Hollänner si mat allméiglechen neie Steiere kujenéiert an hinnen d'Blutt ënnert den Neel erausgesuckelt. Duerfir hun och 1828 eng Parti Familjen zou Ouljen hir puer Këppen a Béischte verkaaft, de Bëndel gemat a sin no Brasilien ausgewandert. Et muss eng traureg Affär gewiescht sin, wéi si mat Sak a Pak, mat Kand a Kënn, hiirt Hemechtsduerf verlooss hun, an iwwer d'Musel an de Rhäin op d'Mier zougefuer sin. Och déi heiheem bliwwe sin, waren zu Doud traureg doriwwer. Si krute kaum nach e Lieweszeeche vun hire Kanner a Gesëschter, Koséngen a Kusinnen aus der Friemt. Laange Jaren duerno, wéi een oder den aneren, aarm wéi eng Kiirchemaus, erëmkoum, hu si mol eng Nouvelle vun dësem oder deem kritt. An den Uuchte gong da Rieds vum Néckel a Klos, vum Gréit an dem Anekätt aus Brasilien. Sou koum et, datt si Generatiounen duerch heiheem fir Gespréich gesuergt hun an op déi Manéier an d'Duerfchronik agaange sin.

Duerfir luch et op der Hand, datt déi Ouljer bei de Feierlechkete vun der honnertjäreger Onofhängegkeet dat deemolegt Duerfereegnes opliewe gelooss hun. E Schëff gouf elo a Wagenesch hirer Schräinerei gebaut. De Jhäng an den Néckelchen hu sech vill Kappzerbrieches doriwwer gemat, mä si kruten et ronn. D'Schëff stung elo matzen am Duerf, virun Theis, op engem Won, an de Raue Batti huet no Feierowend drun ugestrach. D'Maansleit aus der Noperschaft stunge ronderëm nozekueken an ze räsonnéieren: den Theis Jhoss an de Schouttesch Foos, den Néckels Pitt, de Weltesch Papp an de Belsch. Schliisslech koum och nach den Ziirde Pir, mam Kluef am Grapp, erbäigetrëppelt an huet säi Pefferkäerche bäigeluegt. Séng Jongen, den Alwiss, de Jhempi an den Emil, hun d'Aarbecht an de Ställ gemat: d'Päerd gedränkt, d'Kéi gemëscht an dobäi gesongen, datt et eng Freed war hinnen nozelauschteren. Nom Nueteesse koume si an de Stamminee, bäi d'Schëff. Si hun du mat Fiels Jhoss, Néckels Fons, dem Emil séngem Zénon, mat Millesch Marcel, Weltesch Jhoss, Ditze Jäng an dem Miller um Cortège geplangt. Alleguer hu s'an der Musek an am Gesank matgemat a ware prett, fir mam Schëff matzefueren.


Zeechnong: Laurinda Coelho

Wéi d'Feierstonn geschloen hat, huet ee si bal nët méi erëmerkannt mat hire Koteletten a Schnauzen, hire bloe Schippen, Stréihitt oder Dunnen a mat deem rout-wäissen Nuesschnappech ëm den Hals. Och d'Fraleit waren um Dill a gerëscht wéi fréier. Virop Knäppjes Lisa a sénger schéiner aler Truecht, Ditze Rosa mat enger pelzbesate Kapuzekap, Schneidesch Maria an d'Schneider Sisi mat décke Blummen op engem breden Hutt, an Heenzen Anni mat Rüschen a Wolangen erausgefiizt. Theis Alice, Schiltz Bäbb, Millesch Marie, Pitzen Augustin an Huemes Julie waren echt Bokemimmiën a geluede mat Kabbangen, Kofferen, Mallen a Prabbliën. Theis Martha a Margot hun hiren Hond un der Léngt gehalen a Schiltz Nathalie hat e Wéckelkand um Aarm. Leesch Jhoss a Päiffesch Jhull hu sech ëmt hir Päerd gekëmmert. Wéi si bäi is 1aanscht gefuer sin, huet déi ganz Gesellschaft lëschteg gewénkt. Mä déi véier Päerd hu misste ferm zéien de 'Kéisbierg' op, iwwert d'Banzelt, no Bierg.

Do huet de Cortège sech opgestallt an as vun hei aus duurch d'ganz Gemeng gefuer: vu Betzder, iwwer Ouljen no Rued op Menster.

Gläich nom Cortège sin ech an de Papp mat de Rieder 1aanscht d'Bunn op Rued an iwwer den 'Haupeschwee' no Menster gefuer. Mir hun is Weloën bäi Daangels an is Scheier gesat. D'Hausdir stung howeiden op, mä et war awer keen dorëmmer ze fannen. Jhust de Monni Vic luch am Bett ze schlofen, well fir hie goufen et muerges ëmmer Fréibiren. De Papp gung mat mir d'Duerf aus op d' 'Danzplaz' zou. Bäi Bouferdéngs Marie hun ech d'Ditti an d'Tatta Anna erëmfond. Si hate sech do schons eng gutt Plaz reservéiert, well vis-à-vis war d'Tribün an den Danzbuedem opgeriicht. D'Beem ware mat Girlande gerëscht a iwwerall 1aanscht d'Stroosse stungen Dännebemercher mat rout-wäiss-bloe Pabeierrousen. Och d'Haiser ware gerëscht an d'Fändelen hungen am ganzen Duerf eraus. Esouguer d'Hëlen hat säi Glacëweenche mat deem blénkege Kofferdeekel rout-wäiss-blo garnéiert. De Papp gung mat mir eng Glace kafen. Wéi ech erëmkoum, souzen Häupesch Kätt, Clements Alice, Stare Mimmi a Keser Marie och beim Léontine op de Still, Ech hun un deër gudder Glace geleckt an iwwerdeems der Ditti vum Cortège, deen ech jo schons gesinn hat, erzielt. Op eemol hu si mir alleguer ganz virwëtzeg nogelauschtert a gutt gelaacht. Op der 'Danzplaz' war schons décke Betrieb an allerlee Gejubels. Vu wäitem hun elo Trompettestéiss d'Strooss erop geschaalt. "Si kommen" hun d'Leit geruff an a Jo an Amen stungen iwwerall Virwëtzeger virun den Haiser a 1aanscht d'Strooss.

En "Herold" koum um Päerd, un der Spëtzt vum Cortège. Hien hat eng feierleeh Uniform un a e blénkegen Helm um Kapp. D'Päerd hat e rout-wäiss-bloe Blummekranz ëmt den Hals hänken a säi Reider huet stolz salutéiert a kräfteg a séng Trompett geblosen. "Wien as de stramme Kapphär?" hun déi Menster sech gefrot. —

Et huet e Sträppehe gedauert, du koum dem Jakob vu Rued säi Wëlosclub "Paloma": e lauter jonk Courreurën a rout-wäiss-bloen Tricotën, déi lues a lëschteg op hire liichte Coursemaschinnen "trainéiert" hun.

Duerno koum e Won mat enger "réimescher Villa". De Peppéngesch Jhemp a Lisë Maria waren, als "Réimesch Patrizier", vun hire stolzen Zaldoten ëmgin.

No hinnen hun d' "Schlasshäre vu Betzder" sech de Leit präsentéiert. An duerno war et um Knäppjes Péitchen als "Marschall Créqui", deen a sénger "Buurg um Kréckelsbierg" regéiert huet. Séng daper Zaldoten, de Wëllems Freed, de Baache Marcel an den Dondeléngesch Jacques goufe stramm vun him kommandéiert.

An enger "aler Kaross" huet eng lëschteg Band sech gutt amuséiert. Hannendru koum "d'Ouljer Musek". Ménger wärrech, déi hun ech jo all gutt kannt: de Miller Jhoss, de Banzelter René, de Bertësse Camille an Néckel, de Waals Nick, de Päifesch Néckel, den Ziirden Emil, de Weltesch Jhoss, de Pitze Jhull an déi ganz Gesellschaft! Wéi ware s'all sou flott a wéi monter hu se drop lass gespillt. Mä, hir "Auswanderer no Brasilien" ware ganz traureg. Si hu Krokodillstréine gekrasch a mat hire rout-wäiss a blokaréierten Nuesschnappercher de Leit Äddi gewénkt.

Wéi déi "al Bauerenhochzäit" un der Rei war, hun d'Leit Mond an An opgerass. Virop ware Piirchens Georgette a Schneider Emile als flott Brautkoppel. Hannerun hinne koum eng Hällewull interessant a schei Këppelcher: Péitches Anna mam Neiens René, Meiesch Ugenie a Streff Jhoss, Brauten Abbes a Schlass Léontine, Keser Maria a Staren Hans, Wiirtz Finnchen a Peppéngesch Misch an de Schmatts Vic mam Waals Yvonne vun Ouljen. Si hate sech all groussaarteg erausgefiizt. Wou hate se nëmmen all dat schéint Gezei aus der aler Zäit opgedriwwen? Déi Crinolinen a Spëtzenhauwen, d'Kasewecken an d'Kartubbelen, déi schéi Schëppenhitt an al Boken. Gardehaischens Yvonne huet ganz vermengt säin tafte Rack opgehuewen, fir séng schéi brodéiert ënnescht Box mat dene laange Spëzebeen ze weisen.

D' "Kadette vun der Sprëtz" haten näischt dogéngt an déi ganz Équipe ëmt de Marres Misch hu méi mat Béier geläscht wéi mat Waasser.

Selbstverständleeh huet d' "Bichelgréitchen" nët am Cortège gefeelt. De Scholtëssen Emile aus der Hullemillen huet et repräsentéiert, wéi verhext, an der Bichel bei der Syr zu vrecks gewäsch a mam Bleil geklappt an dobäi d'Leit gesprëtzt, datt et de réngste Gaudiom war.

Duerno hun déi rout-wäiss-blo "Wënzer a Wënzerinnen" an hiren Haletten, mat Schéieren an Hatten d'Leit drun erënnert, datt et bis an déi zwanzeger Jaren och nach Wéngerten zu Menster 'um Wangert' gouf.

Ouni d' "Paweekaul vum Widdebierg" hätten déi Menster et nët gedoen. Matten an hirem schéine Biergbësch souzen d'Stengkläpper: de Weier Metz, de Kontesch Heng an de klenge Jhosi. Si hun drop lass geklappt a Kéip voll Paweesteng opgetässelt. Nieft hinne stung d'Branntewäinsfläsch an de Kareli, a si hun nët vergeess, sech erauszeschenken. Lamesch Addi huet hinnen an engem Deckelskuerf d'Zopp am Dëppchen op d'Kaul bruecht.

"An der Uucht" huet Anegréits Aani d'Spannrad jurre gedon an Daangels Thérèse a Schmidde Marie hu Waasser aus dem Pëtz geschäfft.

Bäim "Gaart an Heem" war Steemesch Josephine d'Rousekinnigin. De Wiirtz Norbert, dem Piirche säi Jhang a Martins Änder mat hire schéine Stréihitt, hire roude Këppen, wäissen Hiemer a bloe Gaardeschiirtecher waren aartlech Kadetten. Si hun dee prachtvolle Blummeweenche gezunn, wou och d'Nationalfaarwen d'Tromp waren. Och de Schoulmeeschter Altwies mat engem Grupp Schoulbouwen an d'Joffer Hoffmann mat hire Medercher waren all am rout-wäiss-bloen. Déi meescht vun hinnen hun ech kannt: Schrome Maus a Lénkis Milène, Fiewesch Yvette, Seils Marechen, Keser Margréit an dem Kons säi Martha. Och méng Nopeschen aus dem Milleneck, Haupesch Cëcill an Alice an d'Nelly aus dem Gardehaische waren derbäi.

De "Menster an Ouljer Gesank" hun zesummen ee patriotescht Lidd um aneren zum Beschte gin.

Elo koum ganz stolz de Buurgermeeschter Barthel am Frack an Zylinder. Niewent him sin de Schrome Bärent, de Schneider Klees, de Buurg Jhampir vun Ouljen an all déi aner aus dem "Betzder Gemengerot" absëns feierlech mat hire rout-wäiss-bloe Schärpe getrëppelt.

Hannerun denen dichtege Gemengepäpp koum als groussartegen Ofschloss "de Fräiheetswon". De Streffs Jhoss hat dee prächtege Won gemat an de Rausch an de Lemmer haten e gemoolt. Keser Anna war d'Kinnigin a Wiirtz Yvonne, Lisen Anna a Pippe Clemi waren d'Éierejofferen. Déi schéi flott Medercher hate laang Kleder un a seiden Händsche bis iwwer d'Ielbéi. Si ware mat Rouse gerëscht wéi am Märchen. Si hu frëndlech gewénkt an d'Leit hu s'applaudéiert. D'Fräiheetssonn huet iwwert d'Lëtzebuerger Land gestraalt an a gëllene Buschtawe stung grouss geschriwwen: "Mir wëlle bleiwe, wat mir sin."

Op der 'Danzplaz' koum de Buurgermeeschter elo op d'Bühn an huet eng feierlech Ried gehalen: iwwert d'Onofhängegkeet vum Lëtzebuerger Land an iwwert is Groussherzogin Charlotte an hir Famill. D'Leit hu "Vive, vive" geruff an duerno doudeescht "d'Hemecht" gesongen.

Dat wonnerschéint Fest war elo eriwwer. Op der 'Danzplaz' gouf Fräibéier verzaapt, Bréidercher mat Wirschtercher a Glacën ausgedeelt. D'Jongen hu wéi verhext mat de Medercher gedanzt. Och a 'Bolesch' a bäim 'Philipp' war Danzmusek bis spéit an d'Nuecht, Ech hun an all deem Gewulls op eemol mäi Papp erëmfond. Wéi mir heem bei d'Ditti gungen, koumen e puer Maansleit aus 'Braute' getrollt, déi schif gelueden haten. Dat huet och zu Menster zum 9. Juli 1939 gehéiert.

Geschwënn duerno huet enges Sonndes de ganze Kanton zu Gréiwemaacher honnertjäreg Onofhängegkeet gefeiert. Do waren déi Ouljer mat hirem Schëff an hirer Musek och erëm derbäi. Mir hu si ënnerwee op der Landstrooss begéint, wéi de Papp, d'Mamm an ech mam Rad op de Cortège gefuer sin. Zu Gréiwemaacher hu mir is Rieder beim Bäcker Letall ofgesat, mä konnte mat knapper Nout duurch déi Wull vu Leit bis op d"Maartplaz' kommen. Do huet de Papp mech bäi 'Kontesch' op d'Fënsterbänk gestallt. Vun do aus hun ech iwwer déi vill Leit ewechgesinn. Wéi d'Groussherzogin an hir ganz Famill ukoumen a vis-à-vis op deër schéiner Tribün Plaz geholl hun, konnt ech si déi ganzen Zäit bewonneren. Och vun deem wonnerschéine Cortège as mir näischt entgaangen. Ech gouf zwar midd esou zwou Stonne riicht do ze stoen, ma et war mir dat wäert.

Nom Cortège hu Papp a Mamm kënneg Leit ugetraff. Mir sin zesummen an eng Wiirtschaft gaangen. Déi war struppvoll Leit an ech war bal erdiischtert bis ech eng Limonad krut. Iwwerall gouf matenee geried, gelaacht, gesongen a gedanzt ...

Op dem Heemwee, wéi mir uewen um Maacher Bierg duerch déi gelunge Stroossebefestigung gefuer sin, huet de Papp mir vun der "Schusterlinie" geschwat. Domat wollten d'Lëtzebuerger sech géint dem Hitler séng Panzer wieren, wann déi géifen iist Land iwwerfalen a Krich maachen. Mäi Gott, wat sollt dat da bedeiten!? ... Lëtzebuerg war dach en neitraalt, onofhängegt Land, mat deër schéiner Devise: "Mir wëlle bleiwe wat mir sin."

[Index] [Home]

24) Ronderëm méng Fiirmgiedel, Gott getréischt

Et war méindes, de 6. Mee 1940, wéi ech zu Betzder an der Dekanatskiirch gefiirmt gouf. Wann ech mech déi grouss Feierlechkeet nach esou absëns gutt erënneren, dann hun ech dat, zum gréissten Deel, ménger Fiirmgiedel ze verdanken.

Jhust deen Dag virdrun hun ech déi zweet Kommunioun an iser Kiirch zu Oulje gemaach. Ise Paschtouer huet d'Kommuniounskanner ëmmer extra gutt op dee wichtegen Dag virbereet. Mä, dëst Joër gouf hie sech duebel Méi, well d'Fiirmung koum gläich hannendrun. Wochelaang viraus hu mir un de Katchëssemfroë geknat, d'Masstexter vu vir bis hannen duerchgeholl, en extra Religiounsheft voll geschriwwen a gemoolt an eng ganz Rëtsch Gebieder auswenneg geléiert. Dobäi huet den Här verlaangt, datt mir ëmmer zur Zäit an d'Wiertesmass komm sin, virun an nom Eessen, mueres an owes, doheem gebiet hun, d"Drengeldeshären' an eng "Besuchung" an der Kiirch dës Daags iwwer nët vergeess hun. Dat alles stung och an isem Beichtspigel an den Här am Beichtstull, wou mir ze soen all samschdes hu misste passéieren, wir nët zefridde gewiescht, a mir selwer hätte kee rouegt Gewësse gehat, wa mir dat nët agehalen hätten. Tatsächlech, esou goufe mir deemools gezillt an, wéi gesot, op d'Fiirmung virbereet.

Mä, eppes vun deër feierlecher Saach hu mir nët diirfe gewuer gin: nämlech, wien de Medercher hir Fiirmgiedel an de Jongen hire Fiirmpätter géif gin. Dat war e grousst Geheimnis, vun deem Pätter a Gued kee Pippcheswiirtche verlaude gelooss hun an iwwer dat d'ganz Duerf méintelaang gerätselt huet. Jiddefalls déi zwee Duerfleit, déi den Här fir wiirdeg fond huet, hu missten, no denen deemolege Begrëffer iwwer Religioun a Kiirch, ferwent Chrëschten a respektabel Leit sin. Si ware meeschtens schons eeler Persounen, déi sech nët schlecht stungen, well déi grouss Éier huet deemno eng schéi Staang Geld kascht.

Abee, méng Fiirmgiedel, déi dës Konditiounen ze soen erfëllt huet, war déi Kéier d'Madame Leonardy oder villméi Fiels Bäbb, wéi se zu Oulje genannt gouf. Si war eng apaart Perséinlechkeet, iwwert d'Duerf eraus an der Ëmgéigend gutt bekannt. All Woch as si mat zwéin Deckelskiirf voll Botter an Äer an d'Stad, op de Maart, gefuer an huet do hir gutt frësch Wuer u Stater Madämmercher verkaaft. Si hat e gutt Mondstéck an e raffinéierte Witz, blouf kengem eng schëlleg an huet et fäerdeg bruecht, d'Leit säfteg laachen ze dongen. Am Duerf huet si gären de Rudder gefouert, war ëmmer um Courant vun dene leschten Neiegketen an huet kaum verfeelt, hire Pefferkäerche beizeleën. War enzwousch een an Nout, as si dohi gerannt an huet mat Rot an Dot bäigestanen. Doheem an um Feld huet si vill gewuddert, haart geduddert, wann d'Schwäin hir fortgelaf sin, d'Kéi nët paréiert an d'Kluck mat den Hénkelcher hir allerlee zum Onwee gemat hun. Hiirt grousst, schéint Bauerenhaus hat si ëmmer gutt an der Rei, extra schéi geridot an hir kleng Kapell mat Blummen a Käerze gerëscht. Huet d'Klack zweet gelaut, da war si ënnerwee fir an d'Kiirch: en déckt Gebietbuch ënnert dem Aarm, e schéinen Hutt um Kapp, eng déck seide Blumm um Kleed ugespéngelt oder e pelze Fox iwwert den Trois-quarts hänken. Jo, si war eng houfereg Fra, hat e spezielle Goût a Sënn fir esou allerlee kleng Extravaganzen.

Aus deem Grond war dann all Mënsch am Duerf gespaant, wéi d'Fiels Madame géif als Fiirmgiedel optrieden. Abee, fir et gläich ze verroden, si hat d' "grande dame" gespillt. E puer Deg virun deër grousser Festlechkeet huet si ze wësse gedon, datt hir Fiirmkanner géifen an hirer Päerdskutsch op Betzder gefouert gin. Duefir stung dann um Fiirmungsmuergen d'Kutsch prett virun hirem Haus. Si huet wéi nei geglënnert, well d'Bertha an d'Alice hate stonnelaang dru gebotzt a geschauert.

Wéi mir laanscht koumen, fir an d'Kiirch ze goen, war den Néckel amgaang, säi bescht Päerd un d'Kutsch ze spanen. Hien hat him d'Zabboë schéi blénkeg gewichst, an de Jhoss as ronderëm gerannt an huet der Mier de Schwanz an d'Munn gekämmt. De Knäppjes Jhemp stung do, d'Hänn an den Täschen, nozekucken a séng Glossen ze maachen. Wéi hie mech am Kommuniounsrack gesinn huet, sot hien zu mir: "Aha, Modi, haut kriss d'eng gutt vum Bëschof op de Bak!"

D'Klacken hu feierlech ofgelaut, an d'Fiirmkanner souzen all schéi brav an der Kiirch. D'Mederchen haten alleguer hire wäisse Kränzchen a Kommunionsrack an d'Bouwen hire schwaarzen oder donkelbloë Kostüm un. Déi puer méi grouss Massdénger koume mam Här aus der Sakristei. De Paschtouer hat säi beschte Chouermantel un, an d'Chouerjonge waren an hire schéinste Räckelen, spëtzen Zürpliën a pelzbesate Mäntelcher. Ise Koschter, de Gréiwe Rënn, stung prett mam Wendelinusfändel an ise Schwäizer, de Wilgés Jhoss, koum a vollem Ornat bis bäi d'Kanner getrëppelt. De Belschen Norbert huet de Gong geschloen, an de "Veni Creator Spiritus" gouf vum Gesank ugestëmmt. Duerno si mir an der Prëssioun bis bäi Fiels gaangen. Do huet d'ganz Duerf op is gewaart. D'Leit haten all hire beschte Fuedem un, an de Fiels Néckel stung am schwaarze Kostüm, eng Dunn um Kapp, nieft séngem Päerd bäi der Kutsch.


Zeechnong: Laurinda Coelho

D'Madame Leonardy koum elo aus dem Haus eraus. D'Leit hun d'Aen opgerass a mateneen "oooh" gepëspert. Is grouss a schlank Fiirmgiedel hat e laangt, schwaarz tafte Kleed u mat engem flotte Pliëplausch zur Säit, en héije viouleche Rüschekol an eng laang Rëtsch reng Knäppercher de Réck erof: e Modell "haute couture", vun der Duerfnéidesch, der Madame Ernster oder d'Heenzemamm, wéi si och alt genannt gin as, gebitzt. E brede schwaarze Panamashut souz op der Fiirmgiedel hirem décken Tuppi. Op der Kopp vun zwéi Stäck huet e schéine Paradis geschwänzelt, an eng reng Voilette hung iwwert d'Gesiicht vun der Fiels Madame. Schwaarz seiden Händschen an eng dräitireg laang gëllen Auerekette waren den Tëppelchen um i an hun aus dem Bäbb eng "Baroness" gemat. — Ouni e Wuert ze plädéieren, huet d'Fiirmgiedel hiirt laangt Kleed e bësschen an d'Lut gehuewen, dobäi hir apaart Gamascheschong verroden, a ganz ëlegant sech an der Kutsch placéiert. Hir Fiirmmedercher goufen erbäigewénkt. Déi vun der éischter Kommunioun: Schiltz Nathalie, Scharels Lucie, Tärens Martha an dem Cëcill säi Marceli, sin eent nom anere vum Fiels Jhoss an déi héich Kutsch eropgelicht gin. Duerno war d'Rei un Theis Martha a Margot, u Buschens Mia an u mir. D'Musikanten hun elo en Tusch gespillt. D'Fiirmgued huet de Leide gewénkt a war gléckséileg. A mir, hir Fiirmkanner, hun is mat hir gemengt an hu ganz vermengt op d'Bouwen erofgekuckt. Den Hilgesch Jhosi, als Éischtkommunikant, mat sénger schéiner wäisser Brassière um Aarm, den Tärens Jhull, de Päiffesch Emil an de Leesch Jhoss, si stunge ganz verschotert do: hire Fiirmpätter war wieder bäi nach no.

No deem Opzoch huet de Schwäizer d'Prëssessioun erëm a Marsch gesat a fir Uerdnung gesuergt. Et gouf gebiet. Is Fiirmgiedel huet hire laange Pärelsrousekranz aus hirer schéiner Pompadourposch gezunn an huet, wéi ëmmer, haart a breet matgebiet. Doropshin as Theis Martha un d'Kikkele geroden. Sapristi, elo war et dach nët un deër Lo! D'Kickelesch huet is ugestach an et huet Krämpes kascht, fir erëm eescht, brav a fromm ze sin. D'Prëssioun as hellop laanscht de 'Bidderwee', d"Weid' of gezunn. Et war e wonnerschéine Meeméindeg, an d'Sonn huet um bloen Himmel gelaacht. Iist Gebiet huet en Hues aus der Griecht bei der 'Steekaul' opgejot. Hien as hellewech iwwer d',Buusbech' op d'Betzder Schlass zougelaf. Bei der Syrbréck as den Néngauerzuch iwwer is ewechgedauscht. Wéi mir vir a Bëtzder beim "Hues" ukoumen, gouf eng kleng Paus ageluegt.

Eng ganz Parti Maansleit si gläich an d'Wiirtschaft gelaf. An där Bants as de Bertësse Jhäng mat séngem Auto ukomm. Hien huet de Freiléngesch Batti, de Bouwen hire Fiirmpätter, matbruecht, well deem eeleren Här war et ze wäit zu Fouss. D'Jonge waren elo getréischt: hire Fiirmpätter war dann elo och bei hinnen. Den Här Freilinger, Schneidermeeschter vu Beruff, hat sech an de beschte schwaarze Schnëppel gehäit. Säin héije gesteifte wäisse Koll, séng Méck, säin Zylinder a séng Glacishändschen, säi Staf mat deem sëlwer Knuef, säi wäisse Bockbäertchen a säin Zwicker op der Nues hun e ganz distingéierten Här aus him gemat. Ménger wärrech, et huet een de Batti bal nët méi erëmerkannt! Den Hilgesch Jhosi huet e ganz verwonnert bekuckt, an séng Fiirmkomeroden hu schallékseg geschmunzelt.

De Schwäizer huet d'Prëssioun erëm an d'Rei kritt. D'Musek huet schéin haart a Betzder eragespillt, wou all Haiser d'Fändelen ophänken haten. Bäi Nikoläis war eng prächteg Éirepaart opgeriicht. Eng Hällewull Leit stungen do mat dem Betzder Dechen an dem Wecker Kaploun op is, neen, op de Bëschof, ze waarden. Déi Ouljer an déi Roudemer Fiirmkanner goufe bei déi vu Betzder a Bierg, vun Haastert a Wecker, virun d'Leit, opgestallt. Et huet nët ze laang gedauert, du koum e schéinen Auto mam Bëschof un. Direkt huet is Musek mat Spillen ugesat. Schons war dem Bëschof säi Begleder aus dem Auto, huet d'Dir opgerass an deem mächtegen Här aus dem Won gehollef. Wiirklech, do stung de Bëschof vu Lëtzebuerg leifhafteg virun is! Sou no hate mir en nach ni ze gesi kritt. Iwwert enger mofer Zutann hat hien e prächtege spëtzen Zürpli un. Zwou violett Flätschen hu säi brede Fränjhelenhutt garnéiert. Den Dechen Hary, isen Här Zeimes an de Wecker Kaploun hu virun dem Monseigneur Philippe geknéit a säin décke Bëschofsrank gekësst. Duerno gouf de Buergermeeschter vu Menster an de ganze Betzder Koossel deem héijen Här virgestallt. D'Musek huet mat Spillen opgehalen. Nikoläis Maria huet dem Bëschof e Bucki iwwerreecht an dem Schoulmeeschter Kremer säi Jhong huet de Sproch gelies. Den Ouljer an de Betzder Gesank hu feierlech zesumme gesongen. Duerno huet d'Musek d'Prëssioun duurch déi schéi Käschtebeemallee op d'Kiirch zougeleet. Kleng Dännen, déi mat wäissen a giele Pabeierrouse gerëscht waren, stunge laanscht d'Strooss. Virun der Klouschterpaart huet e prächtegen Teppech aus liewege Blummen de Bëschof geéiert. D'Kanner aus der "Anstalt", déi mat is d'Fiirmong gemat hun, stunge bei de Schwësteren an hun de Bëschof eng zwete Kéier wëllkomm geheescht. D'Prëssëssioun gung virun, laanscht d'Schoul, iwwert de Kiirfech an d'Kiirch eran. De blanne Jhang huet is do mat Uergelmusek empfaangen. Ech war ganz verwonnert iwwer déi Betzder Kiirch, déi ganz anescht war wéi déi Ouljer: vill méi kleng, mä méi hemeleg. Zwar konnt ech elo nët dorëmmer afen, hun awer viru mir déi geschnëtzten, hëlzen Altär mat dene schéine Statuën an dene léiwen Engelcher bewonnert, Schons huet de Bëschof op engem samette Bietstull virun is geknéit. Hie krut elo eng Mitra opgesat an e Staf an d'Hand gedréckt. Du huet hien eng laang Priedegt gehalen. D'Kiirch war struppvoll Leit, a mir souze ganz no openeen an denen niddrege Bänken. Et war schrecklech dompeg dobannen an et huet ee bal keng Loft kritt.

Endlech war et elo esou wäit. Mir sin an der Rei bäi de Bëschof gaangen. Is Fiirmgiedel stung nieft him a war stolz wéi e Pohunn. Et gung elo een, zwéin Trepplécker erop. Ech hu mech mam Schong a méngem Kommuniounsrack verfaangen a war op en Har no dem Här Bëschof op de Schouss gefall. Ech war du esou opgereegt, datt ech kaum gemierkt hun, wéi den Här Bëschof mech ganz douce mat zwéi Fangere gefiirmt huet. Mir kruten e Bild: méi weess ech nët méi vun deër feierlecher Affär. No der Fiirmung si mir bal an der Wull verluer gaangen. E Gléck, datt is grouss Giedel ënnert alle Leit opgefall as! Si huet is erëm an der Kutsch mat heem geholl.

Beim "Hues" gouf Halt gemat. Mir kruten eng Limonad ze drénken. Gott sei Dank, well mir ware bal erdiischtert! Et war décke Betrieb an der Wiirtschaft. Bertësse Jhäng huet d'Musikanten an d'Bouwe mam Camion mat heem geholl. Wéi is Fiirmkomeroden du laanscht is gejhauft sin, hu si is op der Kutsch ausgelaacht.

Nomëttes souz ech mat der Mamm op der Bänk ënnert isem Schiethaischen am Gaart. Ech war dätsch ... D'Mamm war och midd, well si war jo mat hin an hir zu Fouss gaangen. Bertësse Sophie koum bäi is an de Schiet. Wat wosste mir him elo nët alles vun der Festlechkeet a besonnesch vu ménger houfreger Fiirmgiedel z'erzielen!

Déi ganz Fiirmongsaffär war nach nët um Enn. Fir de Sonndeg drop hat d'Madame Leonardy hir Fiirmkanner op e Kaffiskränzchen agelueden. Dorop hu mir is terribel gefreet. Mä, an déi flott Saach hat wéi en Donnerwieder mat Blëtz ageschloen. Freides drop, den 10. Mee, hun dem Hitler séng Zaldoten iist Lëtzebuerger Land iwwerfall. Dat war esou e schreckerlecht Ongléck, datt d'Fiirmongseessen ze soen an de Vergeess gerode war. Is Walisse ware gemat, a mir wossten nët, ob mir sonndes nach doheem, an isem Duerf, wären. Déi däitsch Zaldote sin a Kolonnen a Regimenter, zou Honnerten an Dausenden, mat Päerd, Gefierer a Kanounen duurch is Stroosse gezunn an hun d'Schäpp, d'Scheieren an d'Ställ belagert.

An nawell gouf de Fiirmongskaffi a Fiels ofgehalen. Mir souzen ëmt is Fiirmgiedel, an hirer beschter Stuff, bei Schockelaskaffi, Ham a Kuch, Streisel, Taart a Bond. Dee beschte Service an dat schéinsten Dëschelduch waren aus dem Schaf erausgeholl gin. A fir de Kaffiskränzche perfekt ze man, sollt Glace aus der Stad kommen. Fiels Maria, dat do e Geschäft hat, géif se mam Auto an der Glacemaschin bréngen. Wéi et geschéngt huet, haten déi preisesch Zaldoten dem Maria d'ganz Epicerie auskaaft. Och d'Lëtzebuerger géifen an d'Geschäfter rennen a Kéip Wueren akafen. Dat alles wosst d'Fiels Madame der Schouttesch- an Ziirde-Mamm, dem Knäppjes Gréit, der Schiltz Giedi, der Heenze Madame an der Härejoffer, déi och op de Kaffi invitéiert waren, z'erzielen. Si alleguer hun de Kapp gerëselt a mateneen iwwer déi preisesch Zaldote räsonnéiert. Déi si mat hiren héije Stiwwelen, am Schratt, iwwert d'Duerfstrooss marschéiert an hun zackeg an haart gesongen: "Denn wir fahren, denn wir fahren gegen Engeland".

O nondikass, an duerfir krute mir keng Glace, mä e schéint Gebietbuch an e Rousekranz. Wéi mir owes heem goungen, sot d'Fiirmgiedel zu is: "Kanner, kauft Kämme, es kommen lausige Zeiten!"

Is gutt Fiirmgiedel hat recht ...

mtcoverback.jpg(67 KB)

©

by Éditions de l'Imprimerie Saint-Paul s.a.
Luxemburg 1990
ISBN 2-87963-104-1

[ www.MillyThill.net ]