[ www.MillyThill.net ]

1940 - 1945 --- DEEL: IIa

Milly Thill

mtcoverfront.jpg(75 KB)

25. Den 10. Mee l940 bäi is doheem
26. Am leschte Krich... wéi gutt Wuer rar gin as
27. Zwéi Fransouse klappen un is Dir
28. Vun engem flotte Balkleed am leschte Krich
29. Am leschte Krich... wéi d’Letzebuerger
sech anzeschränken an ze hëllefe wossten
30. Vun der Moud an dem Houfert... am leschte Krich...
31. Zur Zäit vun der Gestapo mat enger Affär ëm d’"Arche Noah"
32. Zu Ouljen, den 29. Juni 1942! en Zuch entgleist
33. Vun deër aler Rueder Kiirch... am leschte Krich...
34. Ëm eng Seefegeschicht am Wanter 1943
35. "Schwaarz" geschluecht... am leschte Krich
36. Vun engem Schwéngskapp, deen näischt weit, an engem Schwäi mat zwéi Schwänz
37. Ëm "den Englänner" op der Ouljer Millen
38. Verstoppt... op der Ouljer Millen
39. Vun de Kanéngercher... am leschte Krich
40. Nët nëmme vu Schippelcher... am leschte Krich

[Index] [Home]

25) Den 10. Mee 1940 bäi is doheem

D'ganz Duerf luch nach an déiwem Schlof, wéi d'Mamm dee Freideg muergen, e Véierel op véier, hiren Déngscht ugefaangen huet. Wéi gewéinlech huet si sech iwwer Tëlefon an der Rueder Gare gemellt. Géint halwer fënnef koum du fahrplang-méisseg deen éischte Gidderzuch vun uewen erower bäi is laanscht. Geschwënn drop sollt de 'Bommeler' kommen, deen éischte Persounenzuch vu Waasserbëlleg aus.

Deen huet awer haut op sech waarde gelooss. Duerfir krut d'Mamm du vun der Wecker Gare aus tëlefonéiert, datt de 'Bommeler' nach nët zou Waasserbëlleg fort wär: do géif eppes nët stëmmen an d'Tëlefonsverbindong wir ënnerbrach. D'Mamm koum daat dem Papp, deen nach am Bett luch, op d'Kummer mellen. Ech gouf waakreg vun deem Gerieds. De Papp war iwwer déi gelungen Nouvelle ganz verwonnert an huet sech gefrot, wat dann zou Waasserbëlleg lass wir.

Den Tëlefon huet erëm geschellt, an d'Mamm krut weidere Bescheed. Wecker huet nämlech der ganzer Streck, vu Biwer, Haastert, Betzder, Oulje bis op Rued gemellt, datt d'Preisen zou Waasserbëlleg iwwer is Grenz erageréckt wären an datt den Eisebunnsfahrplang nët méi géif fonktionnéieren. Jidderee misst op séngem Poste bleiwen a sollt sech op allerhand Saachen, déi nët viraus ze gesi wiren, gefaasst halen.

Ganz opgereegt koum d'Mamm déi ongeheier Noriicht dem Papp matdelen. "Wat der Däiwel, dann as de Krich elo do!" sot de Papp a wor een Zock op de Been. Am Nu sin ech och aus dem Bett gesprongen, hun d'Kummerfënster opgerappt an de Kapp erausgestreckt. "Wéi, Krich, wou? Neen!"

Den Himmel war hell a klor. D'Sonn as grad iwwer dem 'Nures' opgaangen an hir éischt Strale si flang a méng Kummer gefall. Op der Gewan war alles roueg. Néierens war eng lieweg Séil ze gesinn. Keen Hond huet gebillt. Jhust Scharels hiren Hunn huet gekréint, an d'Vigelcher hun äerdeg dorëmmer gesongen a gepaff. E frësche Meedoft koum zou ménger Kummer eran. Do luch dach nët déi mannste Spuer vu Krich an der Loft...- D'Mamm koum bäi mäi Bett a sot mir och, datt d'Preisen am

Land wiren. Op all méng Froë wosst si keng Äntwert, mä si war der Menong, ech sollt erëm an d'Bett goen. Ech hun hir gefollegt, konnt awer nët méi schlofen.

Papp a Mamm sin d'Trap of gaangen. D'Mamm huet de Kaffisbiz opgesat, an de Papp as sech an d'Wäschkichen an d'Rei maache gaangen. Op eemol hun ech en terribelt Gedäisch vu wäitem kommen héieren. Schons huet de Papp Kreesch gedoen: "Well komme se, Margréit, komm séier kucken, d'Preise kommen, si sin do!" D'Mamm as virun d'Haus gelaf, ech sin aus dem Bett gesprongen an hun de Kapp zur Fënster erausgestreckt. "Jëses Maria Jousebett!" Do koum eppes an enger laanger Rei, wéi riseg Häsprénger, een hannerun deem aneren, vu Betzder erop, laanscht d'Bunn, iwwer den 'Tréierwee', duurch d'Lut geflunn, poulriicht op iist Haus zou. Ech hun no der Mamm gejhaut. Mäi Brudder koum a méng Kummer gerannt an huet mat mir Kreesch gedon. Schons sin déi Ongeheier iwwert iist Haus gedosch an hun en onheemleche Spektakel geschloen. Iist Gardehaischen huet geziddert an all Fënsteren hu gerabbelt. Ech sin an den Eck gelaf, ise Marcel as a mäi Bett gesprongen an huet sech ënnert der Decke verstoppt. D'Mamm koum d'Trap erop bäi hir Kanner gerannt an huet eppes vu preisesche Fliger geruff.

Een Ament huet dat terribelt Gedäisch nogelooss. D'Mamm an ech hun zur Fënster erausgekuckt. De Papp stung um Eck vun isem Haus an de Knuppen Alwiss op hirer Trap. D'Joffer Lucie huet een Ablack de Kapp zur Fënster erausgestreckt a gläich erëm eragezunn. De Schreck hat is all geschloen.

Schons koum deen nächsten Trapp Héibeen op iist Haus zougeflunn. Virun der elektrescher Leitung, déi Säit vun der Strooss, hu si sech gelicht. Et huet een d'Käpp vu Piloten an Zaldoten am Fliger gesinn. Grad erëm wéi d'éinescht gouf et


Zeechnong: Milly Thill

nees e barbaresche Radau iwwert an ëmt is. Ech hu mir d'Oueren zougehalen a mech hannert der Mamm verstoppt. De Marcel huet sech erëm ënnert d'Decke verkroch. Eng Minutt drop koum nees en nächste Stouss vu véier, fënnef Brommerten. D'Häerz as engem bal an d'Féiss gerëtscht, wéi dat keen Enn kritt huet.

Endlech, no enger gudder Véierelstonn, war déi ganz Rëtsch vu Storch-Fliger erduerch. Mir koumen is es nët zou an hun is gefrot, wat dat bedeide sollt. De Papp wosst eng Explikatioun. "Déi do, déi besetzen iist Land." Hien hat recht. De Bertësse Jhäng koum de Bierg erof bäi mäi Papp gerannt. G1äich drop stung den Haff och bäi hinnen. Déi dräi Maansleit hu ganz opgereegt mateneen diskutéiert. D'Mamm huet gemengt, de Marcel an ech, mir sollten is sonndes undongen, well et kënnt een nët wëssen, wouhi mir nach haut lafe missten. Andeems fung si un déi grouss Walliss mat Gezei anzepaken.- Ech frot si, wat dann elo géif geschéien... am Krich. D'Mamm krut Tréinen an d'Aen a sot, ech sollt gutt bieden.- Wéi ech mech du wollt prett maachen, fir an d'Mass an an d'Schoul ze goen, war si awer der Menong, ech misst haut heiheem bleiwen.

De Papp koum op den Tëlefon a wollt no Rued an d'Gare uruffen, fir vläicht eppes Weideres gewuer ze gin. Mä hie krut keng Verbindong. D'Leitung huet geschéngt ausser Betrieb ze sin. Dat war schons eng weider preisesch Krichsoperatioun: Nouvellë sin also nët méi durechgaangen.

Iwwerdeems koum den Haff an iist Haus eragerannt an huet geruff, et kéime Gefierer wéi Motorrieder vun der 'Kazbech' erop iwwert den 'Tréierwee' gerannt. Hellewech as hie laanscht d'Gargull heem a Scharels gejhauft an de Bertësse Jhäng huet sech och, een Zock, aus dem Stëbs gemat. Mir stungen hannert der Trapefënster ze stuurksen an hun, ménger wärrech, gesinn, wéi e ganze Schwadroun Zaldoten op Motorrieder mat Siddekar ugedosch koumen. Si hu virun der Barriär gehalen a Landkaarte studéiert, déi s'un enger Schnouer ëm den Hals hänken haten. O mei, wéi grujheleg hun déi Preisen ausgesinn an hire grogréngen, laange Mäntel, hire Schakoën a mat hire flappege Motorradsbrëllen...! Am Nu si se virugerannt, hannert isem Haus erduerch, iwwert de 'Poffeléckswee'.

Mä, a wann s de nët geess, ee Preis koum bäi is eran, d'Gewier iwwert der Schëller.- Mir stungen do wéi ugewuurzelt. Ech hu bal an d'Box gemat vun Angscht. Mäi Brudder as bäi d'Mamm gelaf a fung un, erbäermlech ze kräischen. Den Zaldot gung op de Papp zou an huet mat him geschwat. Mä mir hu kee Wuert verstanen, well de Bouf Kreesch gedon huet, wéi wann en e Messer am Hals steechen hätt. D'Mamm as mat him an d'Stuff gaangen an huet d'Dir ferm zougemat.

De Preis frot nom "Ortsvorsteher". De Papp huet de Mond opgerass a wosst keng Äntwert ze gin. Op eemol sot hie ganz verdaddert: "Wie, wer... Ortsvorsteher? - Der Pfarrer?" - Den Zaldot huet de Papp ugeglotzt a schamper g'äntwert: "Was, Mensch, ein Pfaffe?" - Iwwerdeems as dem Papp d'Späicherliicht erëm opgaangen an hie sot: "Ah, de Gemengeschäffen, de Buurg Jhampir!' "Jawohl, der Gemeindeschöffe!" huet de Preis gejhaut. De Papp as mat him zur Dir ausgaangen, huet op Millesch gewisen a gesot: "Das erste Haus nach diesem, da hinten, rechts, es ist eine Schmiede." De Preis huet "Danke" geruff, as op säi Motorrad gesprongen an hellewech iwwert d'Syrbréck gerannt.

D'Mamm koum aus der Stuff mam Bouf, deen nach ganz verängschtegt dragekuckt a gemëffert huet. Ech hu versicht en ze tréischten, wéi de Papp der Mamm verzielt huet, datt hien iwwerrompeit gi war a sech esou topech erausgezunn hat. D'Mamm huet keng Minn verzunn a ganz besuergt gesot: "Wat der Jomer kënnt elo nach alles op is duer!" "Der Däiwel", huet de Papp der Mamm geäntwert an allenzwee hu se d'Läppen al hänke gelooss.

De Papp wollt a Wagenesch goen, fir ze héieren, wat de Jhäng géif elo zur politescher Situatioun soen an ob si näischt iwwert hire Radio gewuer gi wären. D'Mamm war nët d'accord, datt hie sollt vum Haus fortgoen, well et kënnt een nët wëssen, wat... Si hat recht, geschwënn drop koumen zwéi Preisen an enger Dräsinn vu Betzder erfort iwwert d'Schinne gerullt a sin op Rued zou gefuer. Si hun is stramm bekuckt an haten hir Karabiner schossbereet. Mir hun is roueg verhalen. De Bouf an ech sin awer an d'Haus gelaf.

Eng Weil duerno huet de Saubesch Nicki dem Papp erof geruff, d'Strooss laanscht der Betzder 'Steekaul' wir schwaarz voll Militär. Vun hirem Haus aus géif een déi kilometerlaang Schlaang gutt gesinn. Tatsächlech, vu ménger Kummerfënster aus konnte mir déi Karawann, ouni Enn, déi op der Strooss no Oulje sech lues virubeweegt huet, och gesinn. "O Donnerwieder, wat gët dat do!" sot de Papp.

Hien hat sech dat nach nët zerguttst gefrot, du huet d'Mamm e Kreesch gedon an op den 'Nures' gewisen. Jësësse Kanner, do koumen d'Preisen op de Päerd laanscht de Bësch, iwwer den 'Tréierwee'! Et huet ee gegrujhelt wéi, geschwënn drop, dee ganzen Trapp bäi is iwwer d'Barriär gerannt koum. D'Kärelen op de Päerd hun esou däischter ënnert hire Stolschakoën, déi mat Liederrimmen ëmt de Kënn festgebonne waren, erausgekuckt, datt et engem elle gin as. D'Päerd ware mat schwéiere Suedeltäsche belueden. Am Nu ware se de 'Kitzewee' aus, an Oulje war elo vun de Preise besat. Duerno koume se nach zu Honnerten iwwer den 'Tréierwee' gerannt a getrappt. Mir hun is gefrot, wien der Däiwel hinnen d'Weën duerch Feld a Bësch verroden hätt. Eng Auer aacht sin déi éischt Infanteritruppe mat hire Gefierer bäi Beforts an d'Duerf agezunn. D'Stroosse ware gläich voll Zaldoten, Päerd, Ween, Kanounen, Flakgeschëtzer, Lazarettween a Feldkichen. Zu Dausende si se den 10. Mee duerch Oulje marschéiert.

Géint Mëtteg koum eng laang Kolonn vu 'Banzelt' aus, de 'Kéisbierg' erof. Een Zaldot as racksdeg an is Kichen eragestiirmt an huet, ouni ee Wuert ze soen, säi Feldbidong mat Krunnewaasser gefëllt. Mir hun e grouss bekuckt mat sénger feldgroer Uniform, séngen héijen, schwaarze Stiwwelen a séngem schwéieren Hellem. De Papp hat de Kuraasch hien ze froen, wéini a wou si dann an iist Land erakomm wären.

Doropshi krut de Papp ganz zackeg g'äntwert: "Was hinter uns liegt, das ist vorüber, wir streben nur nach vorwärts." - An op der Block vu séngem Liederriem hat d'Mamm gelies: "Gott mit uns" - ! - ? -

[Index] [Home]

26) Am leschte Krich...
wéi gutt Wuer rar gin as

Nom 10. Mee 1940 sin deeglaang Dausende vun däitschen Zaldoten zu Fouss an zu Päerd, op Motorrieder a Siddekaren, mat Flak a Kanounen, Feldkichen a Lazarettween iwwert d'Lëtzebuerger Stroossen an d'Belsch an no Frankräich gezunn.

Kilometerlaang Infanterikolonne sin a Rei a Glidd och duerch Oulje marjhéiert. Am Takt hun d'Zaldoten d'Been an d'Äerm geschwenkt. Dobäi hu si op Kommando, wéi aus engem Mond, laudenhaart schmasseg Lidder gesongen. Nach haut hun ech dee Refrain an den Oueren, deen ëmmer nees an den Duerfstroosse geschaalt huet: "denn wir fahren gegen Engeland".

Et war aussergewéinlech schéi waarm a sonnegt Meewieder. D'Duerfleit stungen a souze virun hiren Haiser an hu méisseg an driibseg deem traurege Schauspill nogekuckt. Si ware geschloen, well de Krich, vun deem schons jarelaang rieds gung, war elo och iwwert iist Land eragebrach. Um Radio si keng Noriichte méi duurchkomm. D'Tëlefonsverbindonge waren ënnerbrach. Kee Mënsch konnt op séng Schaff goen, well et luch alles brooch: Et gouf gemiirwelt d'Lëtzebuerger Regéierong an d'Groussherzogin hätten iist Land verlooss. Dat konnt dach nët méiglech sin... et war jo nët ze begräifen...- A wéi sollt et dann elo virugoen?

Jiddferee war op dat Schlëmmst gefaasst. Déi meescht hun op d'Fransouse gewaart, déi dach ganz gewëss misste réajhéieren: da géif de Krich sech an isem Land ofspillen, mir géifen evakuéiert asw... Wann ech dat nogelauschtert hun, as d'Héngerhaut mir ausgaangen. Ech wosst, datt doheem d'Walissë fäerdeg gepaakt an der Stuff stungen, an datt mir Kanner Passfotoë gemat kritt haten, fir op is nei Identitéitskaart. Wa mir evakuéiert géifen, hätte mir déi un enger Schnouer ëm den Hals gehaange kritt, fir nët verluer ze goen.

Virun esou eppes war et mir angscht. Ech hun alt nuets dovu gedreemt. Duerfir hun ech mech an denen Deg meeschtens no bei méngen Elteren opgehalen.

Derzou koum nach, datt ech déi preisesch Zaldote richteg gefaart hun: si waren esou onheemlech mat hire feldgroen Uniformen, hiren héije Stiwwelen, hire schwéiren Hellem an hire laange Flënten. An Ziirden hirem Wues hate si hir Feldkichen opgeschloen. Géint der Mëtteg hu ganz Schwadrounen Zaldoten do eng Rascht ageluegt. All méng Schoulkomerode stungen do ze afen. Op eemol konnt ech dem Virwëtz nët widerstoen, hu mech och dohinner riskéiert, an hun och, wéi déi aner Kanner, Mond an An opgerappt.

Wa Mëtteg gemat gouf, sin d'Zaldoten an enger laanger Rei, een hannert deem aneren, mat hirer Gamell ugeréckt a kruten hiren "Eintopf" doran zerwéiert. Dono hu si sech, a klengen Träpp, an der Wiss, am Schiet ënnert de Beem, laanscht der 'Roudemer Baach' oder am Stréi vun Ziirden hirer Feldscheier niddergelooss. Si hun hire Bulli eragefeiert a matenee geschwat a gelaacht. Mir hun is doriwwer verwonnert: mir kleng Kesselen hun d'Ouere gespëtzt, konnten awer nët ze vill ewechdroen. Niewent den Zaldote louchen hir Hellem, Gewierer a Rimmer mat de Patrounen. Et ware muenech jong a flott Borschten ënnert hinnen a si alleguer hun esou ënnert sech vill méi mënschlech ausgesinn. Sanitäter, déi een un engem wäisse Band mat engem roude Kräiz ëmt dem Arem erkannt huet, si bei hinne passéiert. Vill Zadoten hun duerfir hir Stiwwelen ausgedoen a kruten hir Bloderen un de Féiss gepléischtert. Elo ware si erëm besser zu Fouss fir déi nächst Strapaz vun 20-30 a méi km.- Beim Wäschbur war och allerlee lass. Do hun der eng Onmass sech gepuddelt an hir Feldbidonge mat killem Waasser gefëllt.- Bei Buurg hirer Schmëdd goufen d'Päerd soignéiert: vill kruten nei Houfeisen opgeluegt. Virun de Bauereställ si se beim Trach gedränkt, gebiischt a gestréilt gin a kruten den Huewersak ugehaangen. Am ganzen Duerf huet et no Päerd an no Zaldote gestonk. Jësëssekanner, wat war dat e Rummel!

An dene Mëttespausen an owends, wann d'Zaldoten an de Bauerenhaiser an an de Scheieren aquartéiert waren, hu vill vun hinnen d'Duerfépicerën opgesicht a sin iwwert déi gutt Wueren hirgefall. Mir hu gesi wéi si, vis-à-vis vun is, aus Knuppen hirer Epicerie a Mercerie mat Tute voll Kaffi, Zocker, Schockela, Toiletteseef, Tubak an Zigaretten erauskomm sin. Esouguer Woll, Kotténg an Zwir, Ënnerwäsch a Stëfter waren hinnen ustänneg. An de Parfum "Soir de Paris" war eng extra begiirte Wuer. Si konnten alles mat Lëtzebuerger Suë bezuelen a mat "Feldpost" der "Mutti" an "Oma" no Däitschland schécken.


Zeechnong: Vito Lombardi

Op déi Manéier hun d'preisesch Zaldoten is léif Duerfépicerie virun isen An, bannen etlecher Deg, gepleimt. Méng Mamm huet sech doriwwer geiirgert, wollt och akafe goen, huet awer gemengt, wa mir géifen evakuéiert gin, wir et besser Borgeld an der Täsch wéi Wueren doheem am Schaf ze hun.

Op eemol as et den Hausfraen dach ze bont gin, si sin a Panik geroden an och an d'Buttécker gelaf. Mä si koume schons ze spéit. A Knuppen, beim Cëcill an a Molléngs waren d'Gefaacher ze soen eidel.- Mäi Papp as duerwéinst mam Rad, laangscht d'Bunn, op Rued gefuer. Beim Gaffinets Lisa, beim Bina an och beim Jakob war et nët vill besser. D'Leit stungen an der Schlaang virun der Téik. D'Wueren aus der Reserv goufen nëmme méi u Stammkonnschaaft verkaaft. E gudde Kliênt huet eventuell nach een, zwéi Liter Bamueleg, ee Pond Kaffi, ee Kilo Zocker, etlech Stécker Marseillerseef, e puer Päckelcher Zigaretten an Tubak erwëscht. Mat ganz vill Chance konnt een nach vu Jakobs Anna en Ënneschtkleedchen, Kallzong, en Hiem an eng Box, e Puer Huesen an etlech Stränk Gar ergadderen. D'Buttécksleit hu gemengt, d'Grossiste géifen oder missten an den éischten Deg nei Wueren noliwweren, mä dat war déi rengsten Illusioun. Nët de Geiben an nët den Eschbuerg koumen erbäi, an d'Epicerië goufen ëmmer méi eidel.

An der Zwëschenzäit sin déi éischt Evakuéierten zu Ouljen agetraff. Si koume vu Betebuerg a vun Elwéng bei Munnerëf. Si hun ze wësse gedon, datt hir Uertschafte vun de Franzouse mat Granate beschoss si gin, an datt d'Leit sech hu missten aus dem Stëbs maachen. Zou Esch an zou Diddeléng géif et schlëmm ausgesinn, an d'Awunner wiren an d'Frankräich fortgelaf. All déi schlecht Noriichten hun d'Duerfleit nach méi bedréckt. An e puer Deg waren ze soen all Haiser mat Evakuéierten a mat preiseschen Zaldote vollgestoppt. Dacks hun zwou Familjen an enger Kiche gekacht. Aner hun ee Stot zesumme gemaach. Op déi Manéier sin d'Provisioune séier zesummegeschrampt. Vun der Gemeng aus goufen och alt Liewensmëttel un déi evakuéiert Leit verdeelt. Vill vun den Evakuéierten hu sech beméit, allerlee Wuere fir an de Stot opzedreiwen. Muenecher haten nët vill flësseg Suen an hun als Entschiedegong de Baueren am Stall an um Feld gehollef. Et koum awer och alt vir, datt dër op d'Käschte vun dene Mëtschgiewege gelieft hun. Dat krut duerfir nët iwwerall e gutt Enn. Muenech Familje sin dorëmmer am Sträit ausernee gaangen.

Fir is Kanner hat déi Zäit vun deem Duercherneen dach muenech frou Stonnen. Déi evakuéiert Kanner goufen is nei Komeroden. Si wossten eent oder dat anert flott Spill, an trotz all deem Trawolt hu mir nach ëmmer en Eckelchen am Gaart oder an der Wiss fond, fir mateneen ze spillen.- Eng Kéier owends hu mir op Theis hirer Bänk den Zaldoten an der Stuff nogekuckt, wéi den Hans, de Klaus, de Peter an den Hermann hire Baart gemat hun. Op eemol huet ee vun hinnen Theis Leo d'Gesiicht ageseeft. A wéi si hir schwaarz Schmiere mat Bluttwurscht ze nuet gees hun, wollte si is nawell matgin. Deemools hun ech dat éischt Kamëssbrout gesinn, gericht, geschmaacht an... bää. gläich aus dem Mond erausgespaut ...-!

Ongeféier no sechs Woche waren nët méi esou vill däitsch Zaldoten am Duerf, an déi evakuéiert Leit hun erëm diirften heemgoen. Och déi Escher si lues a lues erëmkomm.

Déi meescht vun hinnen haten awer vill Schued opzeweisen. Uechter d'Lëtzebuerger Land war et zimlech roueg.- D'Preisen hun a Frankräich gekricht. D'Maginotlinn war schons laang vun hinnen ageholl gin. Paräis as gefall a geschwënn duerno huet Frankräich kapituléiert. Dat haten déi meescht Lëtzebuerger sech nët erwaart. Si ware getouft...

Fir d'Preise war dat e grousse "Sieg". Si ware begeeschtert an hu gemengt, si hätten och schons England an der Täsch. Si hu getéint vu "Blitzkrieg" mat "Endsieg". Mä do hate si awer d'Rechnong ouni den Churchill gemat.

An deër Bants war zou Lëtzebuerg, aplaz vun iser Regéierong, de "Gauleiter Gustav Simon" un d'Rudder koum. Am "Führer" séngem Numm huet hien déi éischt "Verordnungen" erausgin. D'Lëtzebuerger sin doriwwer zerguttst erféiert...-

Wéi am September 1940 d'Schoulen endlech erëm ugefaangen hun, huet kee Franséisch méi diirfte geléiert gin. Et koume preisesch Bicher mat lauter hitlereschem Gedeessems an ise Schoulsak. Mir hu kee Berri méi diirften opdongen. Is Nimm goufen ëmgeännert. Ech war en "Emilia" a mäi Brudder e "Marzellus" gin. An der Stad gouf d' "Gëlle Fra" ëmgerappt. D'Lëtzebuerger Lidder, wéi "de Feierwon", "zwee Kinnekskanner", "d'Hemecht", "Lëtzebuerg de Lëtzebuerger" asw. goufe verbueden. Is Lëtzebuerger Frange sin an däitsch Marken ëmgewiesselt gin. An iist Lëtzebuerger Vollek hat näischt méi ze soen. D'Preise ware Meeschter an isem Land. D'Eesswueren, déi ëmmer méi rar goufen, si rationéiert gin. Duerfir huet dem Gauleiter säin "Amtsschimmel" d'Liewensmëttelkaarten agefouert. Dat war nach nët esou schlecht, well doduerch konnten d'Wuere méi gerecht verdeelt gin, an et huet ägentlech kee Lëtzebuerger brauchen am leschte Krich uergen Honger ze leiden.- Mä et konnt keen am Floribus liewen, well et war alles ganz knapp bemooss: besonnesch Fleesch, Fetter, Botter, Miel, Seef, Kaffi, Tubak an Zigaretten. Dobäi as d'Kalitéit vu ville Liewensmëttel ëmmer méi schappeg gin. Fir esou vill Saache gouf "Ersatz" ugebueden. "Spitzböhnchen" aplaz vu Kaffi, Rapsueleg aplaz vu Bamueleg, zacharinséisse Puddéng a kënschtlech gefiirfte Gebees oder "Kunsthonig" mat lackelegen Nimm. Wäiss Brout war extra rationéiert a vun deem knätschege, rimmege Kamëssbrout hu ganz vill Leit Moschwirer kritt. Orangen a Bananne sin et keng méi ze gesi gin. Fir Chrëschtdag gouf ët als "Weihnachtszulage" e Stéck Schockela vun Eupen. Et war méi faarweg zéi Crèmefëllong wéi Schockela, mä et war egal, mir hun is d'Fangeren derno geleckt. Mir waren eben nët verwinnt am Krich. D'Glottheet war dene Groussen esougutt wéi dene Klenge vergaangen.

Kleder, Stëfter a Schong waren och rar gin. Déi Artikele krut een nëmme mat engem "Bezugschein" ze kafen. Dat war keng einfach Affär.-

Trotz all dene Suergen an Aschränkungen hun d'Lëtzebuerger sech ze hëllefe gewosst an heiandsdo d'Preisen nach derbäi op d'A gedréckt.-

[Index] [Home]

27) Zwéi Fransouse klappen un is Dir

Et reent dobausse wéi mat Emere geschott, an et stiirmt ëm d'Haus an iwwer d'Gewan. Je, et as Wieder, fir keen Hond erauszejon! Op esou engem ausgerëselten Owend am November 1940 klappt et un is Viischtdir.

"Wéi, as een un der Dir?" freet d'Mamm "T as de Stuurm", äntwert de Papp.

Mir si jhust fäerdeg mat z'nuechteessen a sëtzen nach ëm den Dësch. Mä mir spëtzen elo d'Ouren.- Ménger wärrech, et klappt eng zwete Kéier un is Dir! "Herein", ruffe Mamm a Papp wéi aus engem Monn. Et kënnt awer keen eran. De Papp hieft sech a mécht d'Dir op. Hie streckt de Kapp eraus, trëtt no riets a verschwënnt virum Haus. Vun dobanne stiirkse mir an d'Däischtert, ma huelen awer keng lieweg Séil anuecht.- De Stuurm klaakt d'Dir zou an deet is zerguttst erféieren. Et muss dach een dorëmmer sin... Is allen dräi gët et onheemlech. Mir réiere keng Oder am Leif a lauschtere gespaant an de Stuurm.

No engem Sträppche geet d'Dir erëm op. De Papp kënnt era mat zwéi Maansleit, déi erausgesin ewéi Strauchmäerder. Mir si wéi entsat, an déi zwéi si ganz genéiert. Si hu kee Baart gemach, si schappeg gekleet a plätschnaass ewéi eng Zopp. Gelungenerweis hu se preisesch Stiwwelen an de Féiss an eng Stukaskap um Kapp. Wat heescht dat do?

Mir gin d'Schuddréngen d'Kopp aus. Mäi Brudder réckelt ganz no un d'Mamm erun. Vu lauter Opregong stéisst si hir Jhatt ëm, an de Kaffi leeft iwwer den Dësch. De Papp explizéiert der Mamm, datt et Fransouse sin, déi aus der preisescher Gefaangeschaft fortgelaf sin. Si schloe sech heemlech nuets laanscht d'Bunn no Frankräich zréck. Mäi Gott, eng geféierlech Affär! A wat man se dann elo bei is? Schons weist ee vun hinnen op iist Brout um Dësch a seet ganz verschotert: "Un morceau de pain, s'il vous plaît, nous avons faim."


Zeechnong: Silvio Marques

Papp a Mamm hu verstanen... an ech och, well esouvill franséisch hat ech schons virum Krich geléiert. D'Mamm bitt hinnen e Stull un, mä si wëlle sech nët sëtzen. De Papp schneit séier e puer Kuuschte Brout erof, an d'Mamm schmiert Botter drop. Gekachte Kéis as ze soe kee méi an der Zalättchen, a vun de Coquejeesäer leien nëmme méi Schuelen um Dësch. De Papp rappt de Kicheschaf op, erwëscht den Zoossisswupp a schneit en décke Koup Rondelen erof. D'Mamm schëtt hinnen allenzwéin eng Tas waarme Kaffi eraus. Si bitt hinnen nach eng Kéier e Stull un. Du sëtze si sech dach endlech un den Dësch. Ouni ze schwätzen, schloe si d'Zoossisschmieren eran a schluppen de Kaffi erof. Iwwerdeems schléit d'Mamm séier e puer Äer an d'Pan. De Kaffisbiz gët eidel gemat, an déi säfteg Spigeläer schmaachen isen hallef erhéngerten, aarme Kärelen extra gutt. Si bedanke sech mat, "merci, merci, merci, madame". Ee vun hinne bekuckt mech a mäi Brudder a seet ganz traureg: "Moi, papa, j'ai trois enfants à la maison." Ise Papp steet do a fënt keng Wierder méi, an is Mamm kritt Tréinen an d'An.

Déi zwéi Fransouse saume sech wiirklech nët. Mä jhust wéi si wollte fortgoen, weist deen een op séng Stiwwele vun de "boches". De Papp hält si mat der Schëller un. An engem Nu wullt hien e Koup al Schong aus dem Schiefchen ënnert der Trap eraus. Déi zwéin aarm Schluckerte räissen d'Ae grouss op a gi sech gläich dru mat umoossen. Si sin nët kriddeleg a sin ze soen mat dem éischte beschte Puer Wiertesschong zefridden. Wéi d'Mamm du hir fatzeg, mëschtnaass Huese gesäit, leeft si séier an d'Stuff a bréngt jidderengem e Puer gutt wëlle Strëmp erbäi. Am Ament hu si elo dréche Schong an Huesen an de Féiss a si prett fir erëm lasszemarschéieren. Du erwëscht de Papp nach hir preisesch Kapen, geheit se an d'Kachmaschin a reecht hinnen zwou vu sénge Wierteskapen, déi um Mantelbriet hänken. D'Mamm wéckelt de Rescht Brout an Zoossiss an eng Tut a stécht hinnen s'an d'Misett. D'Fransousen drécke Mamm a Papp d'Hand a wëllen zur Dir eraus. De Papp seet "attention" an dréit d'Luucht aus. Déi zwéi verschwannen an der Däischtert... an deem Schwäiwieder.

De Papp mécht d'Dir lues zou a fänkt d'Luucht erëm un. Mir sti wéi ugewuess ëm den Dësch. De Wand hault am Kamäin, an déi preisesch Kape brennen nach lëschteg an der Kachmaschin. Kee vun is wot e Pippcheswiirtchen ze schwätzen. Op eemol rëselt d'Mamm de Kapp a seet: "Déi aarm Kärelen, wann d'Preise si nëmmen nët erwëschen... soss geet et hinne fir de Kapp! An et as nach wäit bis an d'Frankräich." - Doropshi geet is Kanner och de Mond op, a mir stelle Froen iwwer Froen. Mir kréien Äntwert iwwer Äntwert: virun allem gët is schaarf ubefuel, kengem Mënsch, besonnesch kengem Kand, eppes vun denen zwéi Fransousen ze verroden..., well soss kéime Mamm a Papp an de Prisong.- O, Mammelikanner, beileiwen nët!

Et as bal aacht Auer: héich Zäit fir d'Kanner, an d'Bett ze goen. Gewëss, mä vun all deër Opregong as de Schlof wäit ewech geréckt. Duerfir muss d'Mamm den Owend nach laang bäi is uewenop bleiwen. Si biet mat is fir déi zwéi Fransousen. Wou solle si ewell schläichen? Zu Rued oder schons zu Menster? Déi Fro an nach vill aner Froe loossen is nët aschlofen. De Stuurm roost un ise Lueden an dréit méng schwaarz Gedanke weider op. Je, et as eng ellen a laang Nuecht!

Déi Deg duerno kënnt is d'Fransousenaffär nët esou liicht aus dem Sënn. Et rullen dacks nach vill Zich mat franséische Gefaangene laanscht is Dir. Wéi Véi sin déi aarme Mënschen an de Waggoen agepiircht. Si kucken all verzweiwelt an traureg dran a gläichen "isen" zwéi Fransousen... Mir géifen hinne gäre wénken, mä dat as fir is a fir si méi wéi geféierlech, well si sin uerg bewaacht, vu Preise mam Gewier.

Wann esou en Zuch laanscht war, hat een d'Häerz déck an huet ee sech gefrot, wéivill vun dene Jongen nach hir Hemecht lieweg géifen erëmgesin.

Op alle Fall, laanscht d'Bunn, aus dem Preiseschen erop, koum kaum nach e Fransous geschlach...

[Index] [Home]

28) Vun engem flotte Balkleed am leschte Krich

Op engem frëndleche Meedag 1941 luch stënter1ech eppes wéi eng orangefaarweg Flaatsch Pabeier oder Duch matten am Eisebunnsgleis, esou honnert Meter uewen un isem Haus. Mam Baach Jhäng, deen Déngscht op der Barriär gemat huet, hu mir is gefrot, wat der Däiwe1 daat kënnt sin. Schliisslech as ise Marcel doropper virwëtze gelaf. Mir hun him nogekuckt, wéi hien déi ganz Saach zesummegeraf huet an dermat zréckgelaf koum. Ausser Otem huet en de Plonner der Mamm virun d'Féiss trëlle gelooss. Dee sënnerleche Fond huet geschéngt eng Onmass Stoft aus gelleger Seid ze sin. De Baach Jhäng huet vun engem Fallschiirm geschwat, mä wéi d'Mamm déi schéi blénkeg Wuer auserneegezunn hat, luch e prächtegt, laangt Kleed virun is.

Mir hu Mond an Aen opgerass. Ech hu gemengt, et wir en Hochzäitsrack, mä d'Mamm huet et fir en houfestlecht Balkleed gehalen, well et hat weder Äerm nach Koli, mä e richtegen Dékolti, wéi ech si verstanen hun, dee mat enger wonnerschéiner Rous aus deem selwéchte Stoft garnéiert war. D'Mamm huet dat deiert Material mat de Fanger ofgetaascht a behaapt, et wir en taftas Kleed, dat sécher enger schmocker, räicher Dämmche gehéiert hätt, déi eng Taille hat wéi eng jonk Spréif. Wéi si dat prächtegt Kleed héich gehalen huet, hu mir anuecht geholl, datt et hannen eng chic laang Schleef hat, déi leider mat schwaarzem Ueleg vun de Bullonge besuddelt war. O mei, wéi schued! En Ament drop huet d'Mamm bannenzeg an der Taille e franséischt Markeschëldchen entdeckt. Daat huet is verroden, datt d'Kleed aus Frankräich kéim.

Wéi konnt et och anescht sin, well jhust virun enger gudder Véierelstonn war en Zuch erofgefuer, vollgestoppt mat "Kriegsbeute" a "Feindesgut" aus Frankräich. All méiglech Wueren aus Geschäfter, Hab a Gutt aus Schlässer a räichen Haiser, Fässer mat Wäin a Këschte voll Schampes hun d'Waggoë bis uewen ënner gefëllt. Däitsch Zaldote stungen a souzen an de Waggosdiren, fir all déi geroofte Wuer ze bewaachen an no Däitschland ze begleden. Sou war dann och dat schéint Balkleed ënnerwee, fir e "preisescht Gréidel" glécklech ze man. Nu war dee schéine Rack awer op voller Fahrt aus der Wull gefladdert a bäi is gelant. Wat sollte mir elo dermat ufänken?

Vu Rechts weën hätte mir d'Kleed missten zu Rued bäim Ortsgruppenleiter ofgin. Papperlapaa, dat koum nët a Fro, vill léiwer hätte mir et gläich am Uewe verbrannt! Da blouf is elo awer soss näischt iwwreg, wéi de Mond ze halen an d'Kleed hannerwands ze bréngen. De Baach Jhäng war och deër Menong, an d'Mamm as mam Rack am Haus verschwonnen.

Nach dee selwéchten Owend si mir dermat a Giwesch gereest. Do gouf déi schéin "Toilette", wéi d'Tanti d'Kleed genannt huet, bewonnert. D'Anny huet vun "Haute Couture" geschwat a gouf nët fäerdeg deen deire moiréierten Tafta ze stréilen an déi schéi Fassong genee z'ënnersichen: esou en Dram vu Galarobe konnt nëmmen aus engem räichen Haus, aus engem Schlass, vun adelege Leit, hierkommen. D'Anny konnt nët widderston, as mam Kleed an d'bescht Stuff gaangen a koum geschwënn drop wéi eng chic Prinzessin erëm. Mir koumen is es nët zou. D'Anny huet sech am Spigel bewonnert a war bal ausser sech vun Houfert. Wann deen ekelegen Uelegfleck daat exklusiivt Balkleed nëmmen nët esou verfompacht hätt, dann...- !? Tja, an d'Mamm hätt gäre gewosst, ob hiirt Milly kënnt nach e sonndësse Rack aus deem schéine Kleed gemat kréien. D'Anny war nämlech méng gutt Néidesch, déi et fäerdeg bruecht huet, mech de ganze Krich duerch mat Wéinegem fein ze kleeden. D'Mamm war also iwwerzeegt, d'Anny géif och dës Kéier e Meeschterstéck aus deem Balkleed fäerdeg bréngen.

Is "Prinzessin" huet dee prächtege Rack ongär ausgedoen. Schliislech koum d'Anny mam Kleed um Aarm erëm an d'Stuff an huet hin an hier gemoosst a gerechent. D'Kleed war a Godeë geschnidden, wat d'Saach komplizéiert gemat huet. Op eemol huet méng geschéckerlech Néidesch awer geméngt, et kënnt esou jhust erausgoen.

Sou war et och. Géint Päischte gouf ech an déi éischt Umooss bestallt. Ech hu grouss gekuckt wei ech mech an deem delikate rosa-orange Stoft am Spigel gesinn hun De Rack hat zwar nach nët déi richteg Fassong a méng Wiertesschong hun derzou geflucht. E puer Deg duerno koum ech mat ménge sonndësse lacke Molliären an déi zweet Umooss. Du krut déi ganz Saach schons eng aner Nues: och de Rack, deen elo e léiwe Kol mat enger schéiner Rüsch hat an deen hanne mat engem flotten, décke Putsch gestréckt gouf. D'Anny sot et hätt vill Kappzerbreeches kascht, fir dee schéine Modell aus deem komplizéierte Balkleed erauszeschloen.

Wéi ech du déi kuurz Puffäerm agesat kritt hun, sin ech erféiert. Ech hun un ise strenge Paschtouer geduecht a sot zum Anny, ech diirft net mat esou kuurzen Äerm an d'Kiirch goen. Méng Néidesch war doriwwer am Bild. Mä si sot mir, datt laang Äerm dee schicke Rack géife verhonzen, datt nët méi genuch Stoft duerfir do wir an datt mir et géifen drop ukomme loossen. Dat konnt, ménger wärrech, awer eng domm Saach gin. Ech hun doheem de Fall mat der Mamm diskutéiert a si huet mam Anny driwwer geschwat. Et gung rieds vun enger klenger wäisser Jaquette, déi ech nët hat an déi an deër spatzer Krichszäit néierens opzedreiwe war. Nu gutt, mir hu gehofft, den Här géif vläicht eng Kéier duerch d'Fangere kucken. Souwisou war ech schons wéint ménge Sportsstrëmp bei him am schwaarze Buch... also géif et nët op e bësschen ugon.-

Päischtsamschdeg war de Rack fäerdeg. D'Mamm as mat mir en ofhuele gaangen. Ech hun nach eng Kéier ugemoosst. De Rack war tipp-topp geroden an d'Anny war frou doriwwer. Mir natiirlech och. An esou e wonnerschéint, neit Kleed, matten am Krich, dat war Grond genuch glécklech ze sin. Dobäi wosste mir och, datt dee schicke Rack géif fir allerlee Gespréich am Duerf suergen. Mir hun is duerfir iwwerluecht, wat mir op déi virwëtzeg Froën äntwere géifen. D'Wourecht hu mir op kee Fall diirfe verroden.-

Päischtsonndeg war dat richtegt Wieder, fir deen neie Rack unzedongen. Et war mir awer allerlee baang, wéi ech zur Kiirchendir eragong. D'Mass war nach nët un, an den Här as virun der Kommuniounbänk hin an hier getrëppelt. Wéi hie mech gesinn a genee bekuckt huet, krut ech schnupsdeg mam Fanger en Zeeche gemat, dat geheescht huet, ech misst aus der Kiirch goen. Ech si wéi ugewuess stoe bliwwen. Du koum isen Här op mech dur, huet u méngem kuurze Puffaarm gerappt, mech racksdeg ëmgedréit an a strengem Toun gesot, ech misst zerguttst ugedon an d'Kiirch kommen.- Do hat ech méng Britt mat deem schéinen neie Rack. D'Tréine ware mir ganz no. Ech si virun der Kiirch laanscht e puer Leit gebëselt, déi mir nogekuckt hun. Hannert Tärens sin ech d'Bunn of heemgaangen.

"Geseis de, ech hat dir et jo viraus gesot", hun ech bäi der Mamm gekrasch. Si huet de Kapp gerëselt, koum mat enger Jaquette, déi op d'Kleed gepasst huet, wéi der Kou de Suedel. Ech hu viru gekrasch a sin dee Sonndeg nët méi an d'Houmass gaangen: iwwregens hat ech jo schons eng Fréimass kritt.

Is Nopesch koum bäi is laanscht. D'Mamm huet hir verzielt, wat geschitt war. D'Sophie huet mech mat an hiirt Haus geholl a mir laang wäiss Händschen ugedon, déi si eng Kéier zou engem Hochzäitskleed gedroen hat an déi mir bis un d'Schëllere gaange sin. Mir hun dru gediebelt a gedruddelt bis méng plakeg Äerm verstoppt waren. Natiirlech waren d'Fangere vun den Händsche mir och vill ze grouss, an déi ganz Saach huet sech méi wéi bosseg ugesinn.

Et gouf gutt gelaacht, wéi ech esou erausgefiizt an d'Vesper gaange sin. Op en Neis huet den Här mech ganz schaarf bekuckt, huet sech awer elo missten zefridde gin. All Kéier wann ech an deem Rack an d'Kiirch gaange sin, hun ech dee selwéchte blanne Manöver opgefouert, mat dene vill ze groussen Händschen.

Egal wéi, d'Balkleed aus dem Frankräich huet mech am leschte Krich zwéi Summer laang schéi gekleet. Ech hun deen houfrege Rack ni vergeess an iech séng Geschicht mat Freed verzielt.

[Index] [Home]

29) Am leschte Krich... wéi d'Lëtzebuerger
sech anzeschränken an ze hëllefe wossten

Et huet dene meeschte Lëtzebuerger an de Krichsjoren nët u boer Mënz gefeelt, mä si hun nët vill fir hir D-Marken ze kafe kritt. Gutt Wuer war, wéi gesot, rar gin.

All Mount goufe Liewensmëttelkaarten ausgedeelt, déi d'Ratioune fixéiert hun. Sou hat een op de Kapp pro Woch ongeféjer 500 g Kamëssbrout, 100 g Wäissbrout, 200 g Fleesch, 125 g Botter, Zocker, Miel, Deegwueren a Kaffi-Ersatz ze gutt. As een z.B. en zweepënnegt Brout bäi de Bäcker kafe gaangen, dann huet ee missen zwéi Brout-Tickeë vu 500 g ofgin. Dee selwéchten Zisteem huet an der Epicerie a bäim Metzeler gegolt. D'Geschäftsleit ware schéi gehäit mat all dene knätzelegen Tickeën, fir se an hire Ratiounsbicher anzekliewen, ze verrechnen a mat hire Liwwerongen iwwereneen ze bréngen.

Et as liicht ze verstoen, datt mat dene schmuele Ratiounen nët vill Stot ze maache war. D'Hausfraen hu missten absëns geschéckerlech sin, fir dagdeeglech e passabelt Mëttegeessen opzedëschen.

Um Duerf war dat nach nët esou problematesch. Jiddfer Stot hat säin egene Gaart, wou Gromperen a Geméis gezillt goufen. An domat hun is Mammen, speziell am Summer, muenechen hausmaacher Menü fäerdegbruecht. Sou gouf et dacks deër gutt stäifer Geméiszoppen a Kniddelen, Äeromelett, Paangech an Eisekuchen derbäi. Dat huet als e komplett Eesse gezielt, well Fleesch koum nach laang nët all Dag op den Dësch. A grad zur Summerzäit war frësch Fleesch en zimlech raren Artikel. Et hat jo keen Haus en Äisschaf oder e Killschräin, an duerfir gouf et meeschtens gedréchent Fleesch, wéi duerchwuessene Speck, Kënnbak a Judd. D'Kanner waren nët zevill frou domat a kruten en Ee amplaz. Koum awer eng Ham an de Schnatt, dann hu mir is d'Lëpse geleckt, mä d'Mamm as ganz knéckeg mat deër Delikatess ëmgaangen. Poulet, mir hun dat deemools en Hinnchen oder Hong genannt, war fir de Kiirmesdag reservéiert. Kanéngchen huet dacks sonndes zum komplette Menü gehéiert, well déi Déiercher hun nët missen ugemellt gin, an ze soen all Famill huet der gezillt. A well et dat Fleesch esou dacks z'iesse gouf, hate vill Leit sech d'Leed dra geess. Meeschtens hun is Mammen d'Fleesch preparéiert mat Zooss, déi erlängt huet. Dat war déi faméis "Tunke", e preisescht Wonnermëttel fir "Fettersatz". Wiirklech: Fett, wéi Speck, Schmalz a Botter, war apaart knapp. Aus deem Grond krute mir och nët dacks Fritten, mä emsouméi rioulten a gequellte Grompere mat Zapp. Iwwerhaapt hu mir am Krich vill Gromperen eragefeiert. Si waren de "plat de résistance". Och owes gouf et an allen Häiser eng Pan voll gewiirmte Grompere mat Speck a Kiischtercher an derbäi eng Jhatt voll Mëllech oder Brach. Dat huet besser geschmaacht wéi Kamëss-Schmieren a suddelege Kaffi-Ersatz. Et kënnt een elo mengen, mir wiren all déck bratscheg gi vun deem flappege Kascht. Ma neen, déi meescht Leit haten an de Krichsjoren absolut keng "Figurproblemer". Dat louch gréisstendeels dorunner, datt mir ze soe keng Séissegketen z'iesse kritt hun an is méi un d'Haaptmoolzechte gehalen hun. Och déi meescht Maansleit bloufe schéi schlank. An der Wiirtschaft krute si nëmme sabbelege Béier an heiandsdo, heemlech, als gudde Client, e Pättche Wäin ze drénken, well d'Wiirt goufe knapp mat Gedrénks beliwwert. Jus'en hu mir deemools nët kannt. Et gouf wuel zacharinséisse Limonad, mä de Kanner hiirt deeglecht Gedrénks war Waasser a Mëllech.

'Tas bal nët ze glewen, datt och um Duerf d'Mëllech rationéiert war. D'Baueren hun Dag fir Dag pro Kou eng bestëmmt Quantitéit Mëllech missten un d' "Genossenschaftsmolkerei" ofliwweren, an et war hinne verbueden, Mëllech privat ze verkafen. Nëmmen ee "Milchverteiler" pro Duerf hat d'Erlaabnes, owes, nom Sträichen, en halwe Liter op de Kapp un déi Leit ze verdelen, déi keng Kéi haten. Dat war eng kleng Ratioun fir Stéit mat Kanner. E Gléck, datt is Nopesch, d'Millerin, nët gezéckt huet, is eng zweet Kan ze fëllen. Vun deër Mëllech konnt méng Mamm gudde Schmant ofschäffen a wäisse Kéis maachen. De Rescht huet is déi gutt Brach geliwwert. Mä déi Mëllech hu mir missten heemlech an der Däischtert siche goe, well daagsiwwer waren dacks däitsch Patrullen ënnerwee.

Iwwerhaapt, déi preisesch Kontrollen, dat war eng schlëmm Plo am Krich. D'Bauere sin och vun hinne kujhenéiert gin. Vun Zäit zu Zäit as onerwaart esou e "Wachtmann" op den Haff komm, huet d'Véi an de Bicher an am Stall gezielt, a kontrolléiert, ob genuch Fruucht, Geescht, Huewer, Ierzen, Feldbounen, Gromperen, Mëllech an Äer ofgeliwwert si gin. Wann nët, hun d'Bauere Protokolle kritt a koumen op déi schwaarz Lëscht: dat konnt bis zur Emsiidlung féieren. Mä esou ganz genee huet e Bauerenhaff sech dach nët kontrolléiere gelooss. Am Pesch sin dacks Hénger gelaf, déi nët ugemellt waren, um Späicher stungen e puer Balle Weess, déi "schwaarz" gemuel goufen, an éirens am Schapp luchen e puer Gussen an e Bäizelchen, déi am Hierscht an am Wanter "schwaarz" geschluecht si gin.- Ménger wärrech, d' "schwaarz Schluechten", dat verdéngt e Kapitel fir sech!

Jiddefalls, d'Bauere kruten och hir Produkter fir hiren egene Verbrauch bemooss. Sou goufen hinnen d'Fleeschtickëen ze soen d'ganzt Joër gespaart, well si selwer geschluecht hun. Et war och esou fir d'Brout, dat si selwer, eng Kéier an der Woch, an hirem Bakuewe gebak hun. Wéi gäre war ech dann a Schouttesch wéint deër frëschgebakener Bootsch! Dat war deemools eng Schnekerei, well mir Kanner waren nët mat Séissegkete verwinnt. D'Mamm huet is schons eng grouss Freed gemaach mat Puddéng a séissem Bräi, mat Äppelschnëtz a gebakene Quetschen. Fir Niklosdag huet si Marzipan a Caramelzockerboune gemaach a Liefkuch gebak. Dat war d'Evénement vun deem Festdag. Op soss engem gudden Dag gouf et awer och alt e Streisel oder eng Taart. Da ware mir gléckiech an zefridde Kanner.

Wat de Krich awer méi laang gedauert huet, wat alles méi knapp gin as. D'Provisoune waren agaangen, a vill Wuere wéi Seef, Kaffi, Zocker a Miel, Tubak, Neel a Lieder, Zwir a Woll, Schong a Gezei hu gefeelt. Ouni Zocker konnt kee Quetschekraut gekacht an ouni Seef keng Wäsch gemaach gin. Elo gung et da mat Tauschen un. Méi wéi eng Zoossiss huet missten hierhale fir Gewiirzer, well ouni Peffer a Salz konnte keng Hamen agesolpert gin.

Mat wiem konnten dann d'Leit vum Land, speziell d'Bauereleit, tauschen an handelen, focken a maarten? Ma, mat de Geschäftsleit aus der Stad. Déi koumen heemlech mat Seef a Kaffi, Stëfter a Woll, Ënnerwäsch a Schong ugeréckt an hun duerfir Liewesmëttel agehandelt. Mueneche Bauer huet sech och op déi Manéier Zigaretten an Tubak verschaaft. Déi zwee rar Artikelen hun am Krich de Maansleit d'Liewe sauer gemaach. Vill hun alt Meekräitche gedréchent an domat d'Päif gestoppt. A muncheeren huet Wucherpräisser fir eng Tubakskaart bezuelt.

Elo denke mir awer och un déi vill Stater, déi keng Geschäftsleit waren a keng Wueren ze verkoppelen haten. Dat waren d'Leit, déi nët vill ze räissen an ze bäissen haten, déi dacks hu misste "blann" Gromperen eessen a "blo" Mëllech drénken...


Zeechnong: Pascal Reimen

A wéi den Honger de Wollef aus dem Bësch dreift, sou huet d'Nout d'Stater op d'Land gedriwwen. Si koumen hamsteren: zu Fouss, mam Zuch a meeschtens mam Wëlo. Frënn a Famill, déi schons heiandsdo an de Vergiess gerode waren, hu si erëm opgesicht en ëm Liewensmëttel gebiedelt. D'Bauereleit konnte se nët all an nët ëmmer zefriddestellen, obschons si meeschtens deier Präisser fir Miel, Botter an Äer ausgesat hun. Muenech Baueren hun och de preisesche Marken nët getraut an hir Wueren nët mat Geld bezuele gelooss. Si hun Aarbechtsleit gebraucht, well e Kniecht an eng Mod waren och rar gin. Duerfir huet muenecher Stater Papp a séngem Congé méi wéi engem Bauer am Hee an am Karschnatz gehollef, a muenech geschéckerlech Fra koum am Wanter an d'Bauerefamilje Gezei bitzen.

Nu gouf et awer och nach Stackstater, déi keng Relatiounen um Land haten. Déi waren ze bedaueren... Vill vun hinne sin op gutt Gerot an honnsfriem Bauerenhaiser hamstere komm. Wann se Chance haten, da koume se mat gefëllten Hamstertäschen rëm doheem un. De Bauereleit sin déi vill friem Hamsterer op d'Nerve gaangen. Et gouf der leider ënnert hinnen, déi d'Leit vum Land ausgenotzt hun an déi gehamstert Wueren zu Wucherpräisser weider verhandelt hun. Och d'Bauerefrae sin dacks verdrësserlech gin, wéi eng Zäit vill Stater Madamë vun Dir zu Dir gepilgert koumen an ëm een Ee gebiedelt hun: Si hun duerfir fofzeg Fenneg ugebueden, well si wollte keng Heescheleit sin. Da gouf et och nach Mënschen, déi hu misse fir krank Leit hamstere goen. An esou enger Nout koum et vir, datt Trousseauën a Konschtsaache verkaaft si gin, fir Liewensmëttel opzedreiwen.

Uechter d'Land gouf et och vill Jongen a Resistenzler, déi dorëmmer verstoppt waren an denen hir hongereg Mailer hu misste gestoppt gin. Dat war eng riskéiert Affär, well mir dierfen nët vergiessen, datt d'Hamstere verbuede war an datt vun Zäit zu Zäit streng Kontrollen duerchgefouert goufen. Duerfir hu grad déi, déi fir d'Jonge gehamstert hun, missten duebel virsiichteg sin. Si hun allerlee Tricken erfond a si meeschtens nuets op Schläichweën dorëmmer gejhabelt. Leider goufen der och geschnappt. Si hun da Protokollen erwëscht a kruten d'Saache beschlagnahmt. D'Preisen hun dann nogefuerscht, vu wou déi Wuere kéimen a fir wie se bestëmmt wären. Doduerch koume vill Leit an d'Labrenten. Méi wéi een as op déi Manéier verhaft gin an am Prisong gelant. Wat waren dat fir Zäiten! Mir kënne se nët vergeessen.

Bis haut hun ech dee Mann nach am Gediechnes, deen op engem gliddege Sonndegnomëtteg mat dem Wëlo bäi is de Bierg erof, iwwert d'Barriär, gerannt koum a säin Hamsterkuerf verluer hat... Giel Fläppercher sin duerch d'Lut gesprëtzt an um Buedem leie bliwwen... Ech war gläich op der Plaz, fir ze virwëtzen an hu ménger Mamm geruff: "Komm kucken, Mamm. 't as Puddéng!" An däerbants koum deen ongléckleche Mann no séngem Kuerf mat de gebrachenen Äer an deem geschmolzene Botter kucken an huet ganz verdrësserlech geäntwert: "Jo, jo, 't as Puddéng an eng Omelett derbäi... an duerfir sin ech vu Luerenzwëller bis op Nidderdonwen hamstere gefuer a kommen elo mat näischt doheem un."

[Index] [Home]

30) Vun der Moud an dem Houfert...
am leschte Krich

Wéi déi däitsch Zaldoten is Buttécker a Geschäfter uechter d'ganz Land gepleimt haten, hun d'Lëtzebuerger ze soen néierens méi Schong, Ënnerwäsch, Stoft a Gezei ze kafe kritt. An der Stad waren déi bekannte Geschäfter wéi d'Renommée, d'Maison Moderne, d'Bourse, d'Jenny Grünstein, de Gilly an de Rosenstiel vun de Preise beschlagnamt gin. Déi aner Konfektiounsbuttécker a Schonggeschäfter krute keng nei Wuere méi eran. D'Rayonë bloufen iwwerall eidel. Mam Houfert war et eriwwer. Sou hätt een unhuele kënnen...-

D'Lëtzebuerger hun hir al Klamotte missen undongen, opzerräissen a sech domat duerch d'Krichsjore schloen. Mä lues a lues as déi Situatioun dach ëmmer méi kritesch gin. Besonnesch d'Kanner, déi alles verwues hun, haten op eemol keng Schong méi fir an d'Féiss a keng Fatz méi fir unzedongen. An der Tëschenzäit hat dann déi preisesch Zivilverwaltong Klederkaarten a Bongen agefouert. D'Geschäfter kruten erëm Wueren, déi ee géint Tiketën ze kafe krut, mä déi näischt gedaacht hun. D'Konfektiounsgezei war zwar nom preisesche Wand geriicht, mä d'Qualitéit war "preiseschen Dreck", wéi d'Leit déi Wuer genannt hun. Kee Fiedemche Woll war an de Stëfter. Et war "Zellstoft", dat heescht Stoft aus "Planzefasern", wéi Brennesselen a Gromperegleef. Kee Pli huet an dene Räck a Mäntel gehalen, déi sech verzunn hun, blénkeg a rampeleg goufen an op eemol laanscht d'Leit eranhungen, ewéi wann et hir nët wären (Déi Zäit huet nach jiddereen dropgehalen ganz exakt a genee op d'Mooss gekleet ze sin). Gouf dat Gezei gewäsch, dann as et steif wéi e Briet gin - de Stoft as agaangen, war verzunn - an et konnt een de Rack, d'Blus oder d'Schiirtech nët méi undongen. Sou war et och mat de Schong, déi mir ze kleng gi waren, krute vum Här Giwer d'Nuesen erausgeschnidden an hun dun erëm eng gutt Zäitchen hiren Déngscht versinn.

Nët grad esou einfach war et fir mäi Brudder Gezei ze fannen. Härestoft a Maanskostümer waren néierewou opzedreiwen. Du hu missen ëm Papp séng Klamotten hierhalen. Aus deem sénger aler Box huet de Freyléngesch Batty dem Bouf eng modern "Pumphos" an aus dem "demi-saisons"-Mantel eng "Windjack" gezwafft. Du war ise Marcel erëm sonndes flott a fei gekleet.

Mä, wat hate mir Krämpes, fir säin Éischt-Kommiounsgezei opzedreiwen. Fir déi Geleënheet gouf op der Millen e Källefche "schwaarz" geschluecht. D'Fleesch as mat enger Ball Miel op Déifferdang an den "Hondsbësch" heemlech verfracht gin. Duerfir luch dun op eemol schéinen donkelbloe Wollstoft bäi der Giedel um Dësch. Den Tin huet dovun dem Emil an isem Marcel de Kommiounskostüm geschneidert. A fir déi Lackmolliären an déi schéi seiden Aarmflätsch hu missten Hénger an Inten hiirt Liewe loossen. An d'Madame Nelly, d'Modistin an der Stad, krut eng Kanéngchen, Äer a Botter, fir der Millerin a ménger Mamm hiren neie Feuterhutt mat deem schéine Vigelchen drop.

Esou gouf sech iwwerall organiséiert an derduerch geschlon. Einfach war et gewëss nët a vu groussem Houfert gung keng rieds méi. An trotzdeem war deen dach nach nët vergaangen, well um Liberatiounsdag hu vill schéi Lëtzebuerger Medercher a rout-wäiss-bloem Fuedem ganz houfreg a begeeschtert d'Amerikaner begréisst.

[Index] [Home]

31) Zur Zäit vun der Gestapo mat enger Affär ëm d' "Arche Noah"

19. Juni 1942! Zou Ouljen, wou ech an d'Primärschou1 gaange sin, war eppes Schreckleches geschitt. Den Här Zeimes, ise Paschtouer, war vun der Gestapo festgeholl gin. Ech erzielen, wat dat mat der Schoul ze dongen hat, a wéi ech déi Affär erlieft hun.

Zënter Ouschteren 1942 hate mir e preisesche "Schulleiter" kritt. Ise Lëtzebuerger Schoulmeeschter, een décke Frënd vum Kratzenberg, war an Däitschland promovéiert

Ufanks gung et bei dem "Schulleiter" Gierens wuel méi gemittlech erof. Mir Kanner hätten hien nawell akzeptéiert, wann hien nët en Nazi gewiescht wär. Et huet sech nämlech geschwënn erausgestallt, datt séng pädagogesch Missioun dora bestong, de Lëtzebuerger Jonktem ëmzeschoulen: en ze begeeschtere fir de "Führer" Adolf Hitler an e fir säi "Großdeutsches Reich" ze gewannen.

De "Schulleiter" war a Kascht a Logement an enger däitscher Famill, déi sech schons virum Krich zu Ouljen ugesidelt hat, an déi am Krich hir preisesch Roll am Duerf gespillt huet.

An der Schoul goufe mir Kanner an engem Stéck vun dem Här Gierens mat preisescher Propaganda "berieselt". Keen Dag ouni "Wehrmachtsbericht", kee Schoulufank a -schluss ouni den "Heil Hitler"-Grouss. Mä "die blöden Luxemburger" hun dat nimools richteg bekäppt. Duerfir krute mir ëmsouméi d'Mendels-Verierwungsgesetzer a -regelen agetriichtert a, mat grousser Begeeschterung, vum "Schulleiter" Gierens, iwwert den Hunnekinnek Attila, "die Gottesgeißel", de Friedrich Barbarossa a säi "Gang nach Kanossa", an dem "Karl dem Großen" säi "Blutbad" erzielt. Komescherweis hat den Här Gierens och mat der Bibel, apaart mat dem Alen Testament, ganz vill Spaass. Sou as hien enges Daags iwwer d' "Arche Noah" hiergefall an huet déi Geschicht als e grousse "Quatsch" bezeechent, deen d' "Pfaffen" is géife glewen doen. Ganz schaarf as hien drop lassgaangen, fir is ze beweisen, wéi onméiglech dat deemools gewiescht wär, esou e groussen Naachen ze bauen, vun all Zort Déieren eng Koppel an deem Aacher opzehuelen, si ze fidderen an ze pflegen, déi Mëscht opzekéipelen an all dee Gestank ze erdroen.- "Jawohl", lauter esou Ligekroom géif is an der Kiirch an am Religiounsunterricht erzielt gin.


Zeechnong: Laurinda Dos Santos

Et versteet sech vum selwen, datt déi geféierlech Behaaptonge vun dem preisesche Schoulmeeschter isem Här gaangs zu Ouer koumen. Sonndes virun der Vesper, an der Kannerléier, huet ise Paschtouer d'Affär vun der "Arche Noah" opgegraff. Temperamentvoll wéi den Här da war, huet hien is feireg bewisen, wéi wichteg déi Schrëfte vum Alen Testament fir d'Katholike wären. Iwwer d'Menong vu Fräidenker a Kiirchegéigner as hien an den Äifer geroden...

Doropshi gung et den aneren Dag erëm an der Schoul lass. Ise "Schulleiter" war fochswëll an huet e gellecht Donnerwieder iwwer d'Schoulkanner ergoe gelooss. "Dieser Pfaffe, der schwarze Maulwurf, muß endgültig erledigt werden, dieser Deutschhasser und Hetzer hat bald ausgelebt.- Dieser Quatsch, gestern in der Kirche, für wen war der gemeint?" - Noeneen hu mir him misste Ried an Äntwert stoen. Ech hat him versaat, "ich weiß es nicht", wouropshin ech "dumme Gans" vernannt si gin. Hien huet Notizen op en Ziedel gemaach, mä der Däiwel weess, wat e wiirklech opgeschriwwen huet. De ganze Muerge war déck Loft an der Schoul. Mir waren all esou verängschtegt, keen huet sech méi gerouert. An engem viru si mir vernannt gin: "Nashorn, Nilpferd, Schaf mit Ohren, mit Eichenlaub und Schwert" etc.

Natiirlech kruten is Eltere mëttes de Rapport vun hire Kanner gemat: d'ganz Duerf as an Onrou geroden. Eng béis Anong as an alle Leiden opkomm a jidderee wosst, datt de Gierens nët eleng an deër Affär séng Hand am Spill hätt. An domat hate si recht.

Freides muergens koum d'Härejoffer bei méng Mamm a sot: "Et as de Kanner hir Schold, wann den Här an de Prisong kënnt. Et misst dach een op Rued/Syr goen an der Polizei ze wëssen din, wat den Här wiirklech gesot hätt, well hie wir mat lauter Lige beschëllegt." Doropshin as nomëttes méng Mamm mat mir op d'Polizeistatioun gaangen. Ech klengt Meedchen, vun elef Joër, hun dem "Wachtmeister" riicht eraus erzielt, wat an der Schoul an an der Kannerléier gesot gi war. Hien huet alles notéiert a behaapt, hie géif et weiderleden. Op isem Heemwee laanscht d'Bunn hu mir, bei Täerens op der Barriär den Här Zeimes begéint. Mir wollten him erzielen, wéi et is op der däitscher "Wacht" ergaange wär. Den Här huet is nët schwätze gelooss a sot, hien dierft sech nët mat is ënnerhalen, well hie sting ënnert stänneger Kontroll, misst gläich heemgoen, d'Gestapo wir schons zënter zwou Auer am Duerf a géif ganz sécher op hie waarden...

Wiirklech, esou war et och. Wéi mir bei is doheem ukoumen, war déi Hiobsnoriicht schons wéi e Laffeier duerch d'Duerf gaangen. Is Nopesche soten is: "D'Gestapo huet Hausdurchsuchung am Härenhaus gehalen, den Här Zeimes festgeholl an am Auto mat ewechgeféiert."


Zeechnong: Joâo Gomes

E fiirchterleche Schreck as duerch mech gefuer. Ech sin op méng Kummer gelaf, hu mech op d'Bett gehäit an hun erbäermlech gekrasch. Méng Mamm huet versicht, mech ze berouegen, mä et huet alles näischt gedéngt.- D'Kanner, d. h. also ech och, mir ware schold drun, datt den Här an de Prisong koum.- Bannen a mir as wéi eng Welt zesummegefall. - Wéi dacks hat den Här is esou Beispiller vu Verrot, Luch a Bedruch erzielt, déi ni e gutt Enn kruten. An elo war ech och an esou enger verdäiwelter Affär verwéckelt... Ech koum Deg laang nët méi a mäi Fridd..

Den Här souz wiirklech am Prisong, am Gronn. Déi glungenste Saache sin am Duerf verzielt gin, all Leit waren opgereegt: keen Här méi zu Ouljen, keng Mass méi an iser Kiirch; sonndes si mir zu Fouss op d'Nopeschdierfer gaangen...

Geschwënn, no deem fatalen Ereegnes, koum d'Gestapo an d'Schoul. Wéi ekeleg huet si ausgesin an dene schwaarze Liedermäntel a Stiwwelen, an hiren héije grénge Kape mam "Reichsadler" vir drop! Ënnert dem Arem haten déi zwéin Naziën eng Liedermapp, wouraus si Ziedele geholl hun.- Et gung gläich lass mat der "Inquisitioun". Froen iwert Froen! Mir hun all geziddert wéi Espelaf an hu kee Mond opgedon. Du si mir all fatzeg ugegranzt gin an hu vun hinne mat "Umschulung" an "Erziehungslager" an Däitschland gedreet kritt.- Op hir hannerwenneg Froe krute si duerno munnech kurajhéis an opriichteg Äntwert, déi hinnen nët esou richteg an hire Krom gepasst huet. Vill Froen hu sech ëm e "Christkönigslidd" gedréit, dat mir dacks an der Kiirch gesongen hun a wou mir dann de rietsen Arem an zwéi Fanger, wéi zum Schwuer, ausgestreckt hun (d'Gestapo wollt domat den Uz mam Hitlergrouss an Uecht huelen). Déi zwéin Häre sin nach e puer Mol an d'Schoul komm, hun is hir Berichter virgelies an erëm nei Froe gestallt. Et war onméiglech fir is Kanner, an deem "Froe-jungle" e klore Kapp ze behalen.- Wat hat et dann och fir e Wäert: et war jo alles eng grouss Farce: blanne Manöver!

Doheem an am Schoulhaff gouf vill iwwert déi onheemlech Affär diskutéiert, mä et huet geheescht "oppassen"! Mir hate jo Spiounen ënnert is: Buschens Trinn a Mia, bei denen de "Schulleiter" gewunnt huet. Eng Kéier konnt ech mäi Mond nët halen an hun denen zwou preisesche Schoulkomerodinne virgehäit, si hätten de Paschtouer ugeschmiert... asw... Ech kruch vum Mia geäntwert: "Pass op, du geess geschwënn engem no!" - Den Dag duerno koum e Bréif vum "Ortsgruppenleiter" an iist Haus. Ech gouf op d' "Ortsgruppe" no Rued/Syr, am Salli säin Haus, geruff. Ech sin eleng dohigaangen. Do souz ech géintiwwer dem Ortsgruppenleiter. Hien huet mir méng "Sënne" virgehalen: Ech war als "Aufwieglerin" an als "deutschfeindliches Element" beschëllegt. Ech hu mech daper verdedegt virum "Gauleiter", dee méng Famill vu Menster nët konnt richen an zum gudden Deel schold dru war, datt mäi Papp zweemol an Däitschland "dienstverpflichtet" gouf. Den Ortsgruppenleiter sot mir, wann ech mech nët géif besser behuelen, kéim ech an eng däitsch "Erziehungsanstalt"! - Déi Warnung war nët op d'liicht Schëller ze huelen. A wéi déi meescht Lëtzebuerger hun ech vun do uns mäi Mond am Zam gehalen.-

Vum Här Zeimes sin nëmmen dënn Noriichten duerchkomm. Hie gouf am November 1942 veruurtelt. E puer Schoulkanner ware "pro forma", niewent de preisesche "Kronzeugen", als Zeie virgelueden. Ech war nët zitéiert gin. Wéi konnt et anescht sin: den Här gouf zu zweeanzwanzeg Méint "Zuchthausstrafe" kondannéiert. Hie souz déi meeschten Zäit am KZ Dachau, bis zur Liberatioun duurch d'Amerikaner den 29. Abrëll 1945.- Am Prozess war hie mat allerlee däitschfeindlechen Aktivitéite belaascht gin. D'Affär vun der "Arche Noah", déi de Steen un d'Rulle bruecht hat, war am Gewulls vu Beschëllegungen ënnergaangen.-

De "Schulleiter" Gierens, deen an der Schoul näischt méi wosst mat denen "dummen Luxemburger Schafsköpfen" unzefänken an deem d'Duerfleit feindlech gesënnt waren, koum no der grousser Wakanz nët méi erëm - D'Sûreté huet hien nom Krich bei Hermeskeil opgespiirt. Hien as zou Tréier a Verhéier geholl gin a sollt zur Rechenschaaft gezu gin. Fir deem z'entgoen huet hien e laange Bréif un den Här Zeimes geschriwwen. Hien huet séng Schold agestanen, mä huet behaapt, hie selwer hätt de "Pfarrer" nët ugeklot an ugeschmiert, mä de Busch a séng Duechter hätten dat fir hie gemaach. (- ? -) Hie géif séng Schold bereien an ëm Verzeiong bieden. Als geléierte "Malerkünstler" géif hien zwéin Tabloe vu je 30 m laang fir d'Kiirch vun Oulje molen, wann hien nët géif verfollegt gin. (- ! -) Dës Detailer huet den Här Zeimes laang duerno a séngem "Manuskript" matgedeelt.

Eent steet fest, den Här Zeimes huet, a Chrëschtlecher Nächsteléif, d'Uklo fir d'Verhaftong vu séngem Verréider réckgängeg gemaach.

[Index] [Home]

32) Zu Ouljen, den 29. Juni 1942!
en Zuch entgleist...

Op engem schéine Sonndegnomëtteg si mäi Papp an ech mam Rad vun Ouljen no Nidderaanwen, iwer Minsbech op d'Neihaische geklunschelt. Do hunge säfteg Kiischten un de Beem, mä mir krute keng ze kafen. D'Leit hu behaapt, den Erdrag wir vun de Preisen ofgeschat gin a si misste se zennereweis ofliwweren an dee knapse Rescht fir sech behalen. De Papp war doriwwer veriergert, a mir sin de Bierelergronn of, iwwer Éiter, op de Pläitréngerhaff gefuer. Do huet de Monni Vic d'Mëllech all Dag matewechgeholl an den Haffleit an engems och alt Kommissioune matgemat. Fir déi Gefällegkete krut mäi Papp séng Hamstertäschen um Rad schlubbervoll Kiischten, an ech konnt mir mäi Bäichelche voll stoppen. Doheem ware se och glécklech, wéi si sech un deër "gehamsterter Wuer" regaléiere konnten. Zwar huet d'Mamm gesuergt, datt si nach Kiischte behalen huet, fir e puer Bokale voll anzemaachen. Domat konnt si is d'Gloscht nom Séissen, dat am Krich esou rar war, e puer mol am Wanter stoppen.

Géint den Owend wollt de Papp nach an Huemes en Humpen huele goen. D'Mamm huet drun erënnert, datt hie misst fréi opston, fir mam "Bommeler" vu Rued aus, iwwer Tréier no Mettlach, an de Bauzuch ze fueren. De Papp huet dat schliisslech och agesin an as doheem bliwwen. Et war esou gutt dobaussen, a mir souzen zesummen op der Bänk virun der Dir. De Monni Lou vu Menster hat Nuetsschicht, an hie koum bäi is sëtzen. Hie wosst Nouvellë vum Néngauerzuch, dee mueres viru Manternach entgleist war. Déi lescht Voiture war aus de Schinne gesprongen. Glécklecherweis war kengem eppes geschitt, well d'Voiture war eidel. De ganze Sonndeg duurch gouf d'Gleis reparéiert an d'Zich konnten owes erëm lues driwwer fueren. De Monni Lou huet vu Sabotage geschwat... Wat sollt dat heeschen? Wie konnt da bei de Preisen et woen Sabotage ze dreiwen? A wuerfir e Persounenzuch sabotéieren? - De Bertësse Jhäng koum laanscht, an dat selwécht Gespréich gung erëm vu vir un.

Fir mäi Brudder a mech war et un der Zäit an d'Klapp ze goen. Op der Bänk hu se sech nach weider de Kapp zerbrach, iwwer déi glunge Manternacher Eisebunnsaffär.- A méngem Bauch hun d'Kiischte rumouert an ech konnt nach héieren, wéi Mamm a Papp d'Trapen eropkoumen. Is Kummerfënstere stungen howeiden op an deër waarmer Summernuecht. D'Zich, déi laanscht gerullt sin, hun is nët am Schlof gestéiert, well mir waren Dag an Nuecht un dee Spektakel gewinnt.

Mä kurz no Hallefnuecht huet e barbaresche Knuppert is alleguer erwächt. Wat der Däiwe1 war dat do? - Mamm a Papp sin aus dem Bett gesprongen an hu vun der Fënster erof mam Monni Lou geschwat. Mir kleng Kesselen hungen hinne gläich um Läpp. Déi aner Säit, a Knuppen, hun d'Joffer Lucie, d'Anna an den Alwiss d'Käpp och zur Fënster eraus an déi hallefdäischter Nuecht gestreckt. De Monni Lou hat séng Karbidslanter am Grapp an huet vum leschte Gidderzuch geschwat, dee grad laanscht gefuer war. D'Schlussignalluucht war jhust hannert dem 'Ziirdebierg' verschwonnen, wéi e fiirchterleche Ploufert d'Schinne vibréiere gedon huet. Deemno misst doënnen "am Saulach" eppes wéi eng Explosioun geschitt sin...-?

E puer Minutte méi spéit huet den Tëlefon an der Eisebunnsbud gerabbelt. De Monni Lou as drop gerannt an huet sech gemellt. Déi aus der Wecker a Rueder Gare hun nom Gidderzuch gefrot, dee schons e Sträppchen hätt missten zou Betzder laanscht sin. Si haten dee schreckleche Kraachert och héieren an hu sech doriwwer allerlee Kappzerbreeches gemat. An elo war nach e "Fronturlauber"-Zuch mat ongeféier dausend Zaldoten ugemellt.- ! - De Monni Lou krut den Uerder, op Betzder zou, d'Streck kontrolléieren ze goen. Mäi Papp huet sech ugedon an den Déngscht provisoresch iwwerholl. D'Mamm huet is an d'Bett gedämpt. Wéi de Monni Lou erëm war, huet de Virwëtz mech op en Neis erofgedriwwen an ech hun héieren, wat de Mann am Déngscht op Wecker a Rued tëlefonéiert huet.

Wiirklech, dee leschte Gidderzuch war 'am Saulach' entgleist. D'Lokomotiv, de Packwon an eng Parti Waggoë luchen opgetiirmt, anenee verwurelt, queesch an de futtisse Gleiser. En Duurchernee sonnergläichen, dee ganz gewëss Sabotage bedeit huet.- De Maschinist war mam Schreck dervu komm, mä den Zuchführer, deen de Rampli erof an d'Syr gefladdert war, war vu sech.


Zeechnong: Gloria Antunea

De Monni Lou hat säin Déngscht virschrëftsméisseg gemat, mä hie war ganz verdaddert... D'Streck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg gouf gläich komplett gespaart. Am Ament war Groussalarm op der ganzer Linn. Iwwer Tëlefon war näischt méi gewuer ze gin an et huet elo geheescht: "Maul halten! - Feind hört mit!"

De Papp as bäim Houdremonts Nick, dat heescht dem Monni Lou, an der Bud bliwwen. D'Mamm an ech sin erëm an d'Bett gekroch, mir konnten awer keen An zoudongen. Géint mueres fréi gung du den Zauber lass.- Zwéi preisesch Poliziste koumen um Motorrad laanscht d'Bunn an hu bäi is stallgehalen. De Monni Lou gouf an der Bud verhéiert a mäi Papp krut gesot, hie misst sech am Haus zur Verfügong halen. D'Mamm koum a méng Kummer a sot ganz opgereegt, ech sollt bieden, datt de Papp nët géif mat an de Prisong geholl gin. Ëm Gotteswëllen, gung elo dee selwéchten Zirkus erëm lass, wéi virun zéng Deg, wéi ise Paschtouer arrêtéiert gouf... !?! Vun deem Schreck hat ech mech nach nët erholl, an elo erëm dës Doudangscht. Ee Misär um aneren an deem Krich!

D'Preise koumen elo an is Kichen eran an hu mäi Papp an de Verhéier geholl. Hien huet misse genee ugin, wou hie sech sonndes owes opgehalen hat. Alles gouf vun hinnen notéiert. Duerno gungen se a Knuppen an hun den Alwiss verhéiert. De Scharels Jhemp, de Bertësse Jhäng a Camille koumen och un d'Rei. Wéi d'Preisen duerno mam Motorrad fortgefuer sin, koum ech d'Trap erofgeschlach. D'Mamm sot: "Wat eng Chance, datt de Papp gëschter Owend heiheem bliwwe war!" - De Papp huet kee Wuert g'äntwert... mä hien huet sech eng Drëpp erausgeschott.

Geschwënn drop koum laanscht d'Bunn, vu Betzder erop, e Gestapomännchen mam Spirhond, deen engem op der Spur war a poulriicht op de Monni Lou lass koum an un hie gesprongen as. Deen aarme Mann hat bal kee Spaut méi am Mond, wéi hie sech verdedegt huet, datt hie gläich nom Virfall d'Streck bis op d'Katastropheplaz kontrolléiert hat...- Den Hond huet sech op Kommando berouegt. D'Gestapo as ëmgekéiert an de Monni Lou as racksdeg op d'Haische gelaf...

D'Noriicht vum entgleisten Zuch hat sech wéi e Laffeier duurch Ouljen an d'Ëmgéigend ausgebreet. Déi éischt Virwëtzboken, déi duurch d' "Laangsyr" oder d' "Weid" bis bäi d'Steckaul' kucke gelaf sin, goufe vu preisescher Polizei stronzeg ëmgedréit. D'Strooss vu Betzder op Ouljen an d'Feldweër ronderëm d"Saulach' ware vun enger Hällewull "Wehrmachts"-zaldote gespaart. D'Baueren hun nët diirfen op hir Felder fueren an d'Kanner hate keng Schoul.- D'Syr, d'Bëscher, d'Hecken, d'Griechten an d'Gargullë goufe vun der SS mat hiren Honn duurchsicht. Bäi is um 'Tréier- a Pofferléckswee' hun zwéin Zaldoten alles ënner schaarfer Kontroll gehalen. Et war een nët méi sou kéng, virun d'Dir ze goen. Mä et sollt nach méi bont kommen.

Géint der Mëtteg war ganz Oulje vun de Preisen ëmzéngelt. An deem bockegen Duerf, wou se sech wéinst der "Pfaffengeschichte" um "Vaterland" gerächt haten, gouf jidder Haus, Stall, Scheier a Schapp duurchwullt. All Zaang a Schrauweschlëssel as den SS-Honn virun d'Nues gehale gin, well mat esou Handwierksgeschir waren d'Schinnen an d'Schwellen 'am Saulach' lassgeschrauft gin. Buerg Jhoss krut séng ganz Schmëdd op d'Kopp gehäit. Den Néekels Fons, Pitzen an Ziirden hir Jonge waren extra verdächteg Elementer. Den Emil, deen zoufällegerweis dee Sonndeg säi laange Baart ewech raséiert hat, gouf schaarf zupsonnéiert. De Päiffesch Jhull, dee sonndes owes 'an d'Saulach' un d'Kiischte goe wollt, wir de Preise ganz sécher als Schëllegen an d'Netz gaangen, wann nët dem Emil säin Zénon hien dovun ofgehalen hätt, well d'Kiischtebeem dee Summer keng Kiischte gedroen hun. Och den "Ortsbauernführer" gouf ënner Drock gesat, mä zou de Preisen hirer gréisster Roserei huet hiren éierleche "Landsmann" keen an d'Labränte bruecht. An der Schoul huet deeglaang duerno de "Schulleiter" Gierens geroost, an d'Gestapo huet d'Geschicht vun der "Arche Noah" mat der 'Saulach'-Affär verwéckelt.- Op alle Fall, d'Preise ware fochswëll an iwwerdeems wou d'Sich no dësem oder deem Schëllegen, op vollen Toure gelaf as, hu si sech drugi mat Opraumen op der Onglécksplaz. E Bauzuch koum mat engem schwéiere Kran dohinner, mä dee konnt nët vill do operéieren, well d'Waggoë luchen zum gréisste Deel ageklemmt zwëschen de Fielse vum 'Ziirdebierg'. Rotten aus der ganzer Ëmgéigend an aus dem Preiseschen hun Dag an Nuecht schwéier do gemuerkst. No annerhalwem Dag huet den Zuchverkéier erëm eegleiseg fonktionéiert. E Pendelbus huet fir de Persouneverkéier tëschent Rued a Betzder gesuergt. An zwéin Deg duerno konnten erëm d' "Räder rollen für den Sieg".

Mä d'Preise wollte sech deen Affront nët gefale loossen. An der Zeidong an op grousse Plakate gouf eng héich Belounong vun honnertdausend "Reichsmark" ausgesat, fir dat Verbrichen opzeklären. Wochelaang hu si viru spionéiert. Nach den 8. September, op Mariä Geburt, hat ganz Ouljen erëm "Hausdurchsuchung". Ech gesinn de Preis nach haut virun isem Schaf stoen, wéi hien der Mamm hire Bounekaffisproviant wollt beschlagnahmen. Jiddefalls, zu Oulje war fir grouss Opregong gesuergt. A wéi du am September d'Preisen ugefaangen hun ëmzesidelen, du gouf d'Angscht nach méi grouss.

Glungenerweis koum awer duerno keen Ouljer an de Prisong a gouf keng Famill ëmgesidelt. Et as bekannt, wiem mir dat ze verdanken hun...- Leider krut déi gutt Séil duerfir kee Merci nom Krich.- An de "Schëllege" vun der Sabotageaffär kruten d'Preisen och nët ze paken. Eng laang Zäit nom Krich si mir gewuer gin, wien den Zuch entgleise gedon hat. "Et war alt esou eng Saach"... gouf meeschtens dovu gesot. E Gléck, datt d'Preisen nët méi ferm zougeschloen haten...!

[Index] [Home]

33) Vun deër aler Rueder Kiirch...
am leschte Krich

Virun zéng Joër (1978) sin déi Rueder aus hirer aler Kiirch an eng nei agezunn. Déi al Kiirch war hinnen ze kleng gin, well d'Uertschaaft am Syrdall sech ëmmer méi vergréissert huet. E Gléck, datt déi léif al Kiirch awer am Duerf bliwwen as an datt si och nach an Éire gehale gët! Si verdéngt et, well si as e schéint Stéck aus der aler Zäit.

Mir as déi al Rueder Kiirch e Begrëff aus der Kannerzäit. Wéi dacks hun ech si op ménge Resen no Menster bewonnert. Si war sou butzeg am Verglach mat iser Ouljer Kiirch: hat esou eng niddreg, schmuel Agankspaart, kleng Fënsteren, op der Säit zur Strooss e groussegt Kräizerféx ënnert engem klengen Daach an, wat mir am beschten un der Kiirchelche gefall huet, en héijen a spatzen Tur. Deen huet esou richteg eppes Extraës aus deër Kiirch gemat. Ech hätt en am léifsten der Ouljer Kiirch opgesat, well deër hire stuppege, getéitschten Tur konnt mir nët gefalen. Fir wat hate mir nët och esou en héije, spatze Kiirchtur, deen een dach vu wäitem gesinn hätt? - Nuje, et war nun eemol esou, an déi Rueder Kiirch huet mech des weidere vu baussen ugezunn ewéi e Magnéit. Vu bannen hun ech si eréischt ze gesi kritt am Summer 1942. Wéi ise Paschtouer vun de Preise festgeholl gi war, hate mir eng Zäitlaang keng Mass méi an iser Kiirch. Mir hu missen op d'Nopeschdiirfer, no Betzder, Fluesswëller a Roudemer, an d'Mass an esouguer an d'Vesper goen. Op Rued, bei déi "Blechenhären" hu mir, déi "Ouljer Kéiskäpp", is nët higewot: déi waren is ze groussaarteg an nët fromm genuch. Et gouf ëmmer behaapt, zu Rued géife vill Leit iwwerhaapt nët an d'Kiirch goen. Dat war deemools eppes ganz Schlëmmes fir is Begrëffer. Esouguer ise Paschtouer huet vill doriwwer gekrigéilt, mä den Här vu Rued as awer ganz gutt mat sénge Porkanner gefuer. Dat huet is de Rueder Coiffeur ëmmer beweise wëllen. Hien, deen d'Kiirch ze soen ni vu banne gesinn huet, war awer "bon ami" mat dem Här Paschtouer an huet him och d'Tonsur gratis geschuer.

De Rueder Paschtouer, den Här Felten, war denen Ouljer keen Onbekannten. Op all Begriefnes war hien derbei an huet dann um Muttergottesaltar Mass gehalen. Mir hun hien och dacks bei séngem Haus op der Ouljer Strooss begéint an hun dann, wéi gewinnt, ganz brav "Glob sei Jesus Christus" gesot. Hien huet da säi grousse ronnen Hutt mat deër décker Flätsch gelicht an och alt emol e puer Wuert mat is geschwat. 1942 gouf hien du ise "Pfarrverwalter". Mam Wëlo koum hien op Oulje gejhabelt, fir is Kanner Unterricht ze halen. Do si mir awer nët gutt eens mat him gin. Hien huet d'Bibel nët esou interessant erkläert wéi isen Här Zeimes" hu mir gemengt, an de Katchëssem huet en is gedoe Wuert fir Wuert auswendeg opsoen. Wéi mir du eng Kéier tockeg a bockeg goufen, huet hien is gehéiereg gerëselt, a mir kruten hellege Respekt virum Rueder Här.- Well Ouljen elo un d'Rueder Par gekoppelt war, huet den Här Felten drop gehalen, datt d'Kanner an och d'Leit op Rued an d'Mass kéimen. Mä dat wollt denen Ouljer guer nët an de Krom passen. "Déi Rueder hu jo keng Plaz an hirer klenger Kiirch", hu si stäif a fest behaapt. Ménger wärrech, déi Ouljer waren aner Dimensioune gewinnt...! An déi meescht si brav virun op Betzder an d'Dekanatskiirch gefuer. Mä d'Kanner koumen nët laanscht Ruedt. Mir hun dem Här gefollegt a si sonndes zu enger ganzer Clique an der Rueder Kiirch opgekräizt.

Déi Rueder hu ganz verwonnert dragekuckt, wéi mir is duurch deen enke Klackentur an d'Kiirch eragequetscht hun. An e puer Schréck ware mir ënnert deem nidderegen Duxall erop, laanscht d'Fraësäit, bei dene klenge Kannerbänken. Elo stunge mir do, well Neiensen Trinn, Gaffinets Netty an esouguer Waals Olga nët réckele wollten a ganz vermengt dragekuckt hun.- Du koum de Paschtouer hannert dem Altar eraus an huet gesuergt, datt mir Plaze kruten. O Mammelikanner, mir waren nët gewinnt op esou nidderege Bänken ze knéien! Et konnt ee sech jo nët unhalen an et souz een drop wéi d'Kaz um Schläifsteen. Nujee, mir hun is dran ergin! Elo war dann d'Geleënheet do, fir sech d'Kiirch emol esou richteg vu bannen unzekucken. Deen niddrege Plafong war verwëlleft, déi déck Maure ware mat Blumme gemoolt, d'Statiounen esou butzeg an niddereg, an d'Altär waren am Holz geschnëtzt a mat Gold gerëscht. Dat war jo alles ganz anescht wéi an iser grousser Kiirch. An et war ze soen däischter dobannen, mä duerfir hun d'Käerzen awer och méi hell a méi schéi geliicht.

Wéi de Paschtouer a séng dräi Massendénger an de Chouer koumen, hate si bal keng Plaz virum Altar. Beim "Asperges me" huet de Brücks Corneille dem Här säi Chouermantel ënne mam Wutz erwëscht, héich gehalen an de Paschtouer duurch dee schmuele Kiirchegank begleet. Den Här koum sou no laanscht d'Leit, huet d'Biischt esou déif an de Wäiwaasseschkessel gezappt an is grëndlech genetzt. Theis Martha, Belsche Marceli an ech, mir kruten e Laachkrämpchen, deen den Här mat séngem strenge Bléck is am Ament verdriwwen hat.- "Introibo ad altare dei" huet et duurch déi kleng Kiirch geschaalt an d'Leit hu sech all bekräizegt. Um Duxall huet de Schoulmeeschter Malget d' "Uergel" dausche gedon. De Kuhns Jhangi huet feierlech virgesongen an de Gréiden Ujhee kräfteg ofgeholl. "Mea culpa, mea maxima culpa" hun de Binas Fons an de Scholtësse Luss lénks a riets zum Paschtouer hi gebiet. Sou haart huet een d'Massendénger ni an iser Kiirch héieren. Virun der Priedegt koum den Här bei de Muttergottesaltar, huet do virun is säi Massgewand ausgedon an niddergeluecht. Dunn as en déi quakeleg Trap erop op de Priedegtstull geklommen. D'Träpplécker hun erbäermlech gekréckelt. Mir hun doriwwer geschmunzelt... Esou e Spëktakel war dach nët an iser Kiirch. An der Priedegt gouf is d'Zäit laang an op der Bouwesäit sin Dommhete gemaach gin. Den Här koum vum Priedegtstull erof an huet iwwer d'Jonge gejaut. D'Mass gung virun. De Brücks Corneille huet elo d'Raachfaass op an of gejhummt an déi kleng Kiirch war gläich voll Wäirauch. Ei, dat huet wonnerbar geroch! Mä Schiltz Nathalie gouf bleech am Gesiicht an huet sech misse sëtzen.

An der halwer Mass huet eng Kläckelche gelaut. Déi gouf un engem Seel am Klackentur gelaut. Fir d'Kommunioun huet et Krämpes kascht, aus denen enke Bänken erauszekommen an no der Mass hun d'Knéien is gehéiereg wéi gedon. Ënne beim Wäiwaasseschpatt huet de Schoulmeeschter op d'Kanner gewaart. Hien huet sech ee vu sénge Bouwe gekroopt an deem der e puer erofgemeess.- Aha, dat war fir deen "Zirkus" bant der Priedegt!

Mir Ouljer hun is verschotert duurch d'Leit gedréckt, déi virun der Kiirch stungen. Do war de Stammet derbäi, den


Zeechnong: Viviane Deutsch

Ochse Bauer an de Barthels Ed, de Fridens Hari, de Mini an de Bina, de Wäiss Jhemp, de Forettes Nickela a René, de Birebam, de Wagenesch Nuckes an de Zechessë Papp. De Kuhns Jhangi an den Här May stunge beim Reider ze liesen. Ech hat ise Bréifdréier bal nët erkannt, well haut war hien nët an Uniform. D'Hoffmanns Joffere stunge bei hirem Graf ze bieden. Keups Anna huet mat Gaspars Margréit geschwat an d'Madame Leonardy huet d'Madame Schons nach ugehalen. Esouguer dem Coiffeur séng Fra, déi flott schick Haupesch Medercher a Jakobs Anna waren och an der Mass. An do hun déi Ouljer gemengt, déi Rueder géifen nët an d'Kiirch goen. Dat war dann alt nëmmen esou eng So.

Um Heemwee hu mir d'Joffer Useldéng iwwerholl. Si hat wéi ëmmer hiren Hittche schief opsëtzen, d'Posch ënnert dem Arem an as gemittlech do mat der Härejoffer getrëppelt. Hannert dem 'Spatzenhaff', wou mir erëm sou lues op is Mëscht koumen, gouf elo déck geriet. Leesch Jhoss wosst allerlee gelunge Geschichten vum "Kluckepitti" vu Rued a vum "Intepitti" vun Ouljen. O mei, dat war fir sech futti ze laachen, mä nët fir virunzezielen... a schons guer nët doheem, um Mëttesdësch! Fir de Rescht ware mir is awer allegueren eens, datt déi Ouljer Kiirch vill méi schéin a méi grouss wär wéi déi Rueder.-

Mir konnten zwar nët begräifen, datt keng Mass, keng Vesper a keng Andacht méi an iser Kiirch gehale goufen an datt ise Paschtouer am Prisong souz.

Nach dacks si mir op Rued an d'Kiirch gepilgert. No an no hu mir nach nei Sachen dobannen entdeckt an déi kleng Kiirch huet is ëmmer besser gefall. "Et as méi heemlech dra wéi an iser Kiirch" huet et op eemool geheescht, "an déi Rueder Leit si méi fromm a méi frëndlech, wéi mir ëmmer gemengt hun". War dat nët e klengt Wonner, dat déi al Rueder Kiirch am Krich ronn kritt hat?! - !

[Index] [Home]

34) Ëm eng Seefegeschicht am Wanter 1943

Wéi d'Preisen an isem Land Meeschter waren, hate mir Kanner nëmme muergens Schoul, vun aacht bis halwer eng: nomëttes hate mir fräi a kruten ze soen näischt doheem ze léieren an ze schreiwen. Et wir is vill Zäit fir ze spille bliwen, wann d'Elteren is nët ugehalen hätten eng Hand mat dorëmmer unzepaken.

Op déi Manéier hun ech missen enges Nomëttes ménger Mamm hire Wäschkessel mam Schlitt vun Ouljen no Jonglënster bäi de Blechschléier féieren. De Kessel huet geronnen, an d'Mamm konnt keng Wäsch méi dra kachen. An a véierzéng Deg sollte mir schluechten a Seef maachen, an duerfir as och de Wäschkessel gebraucht gin.- Ménger wärrech! Wat heescht dann dat? Abee, dat wëll ech iech elo verroden.

Am Krich war d'Seef, wéi nach esou vill aner Artikelen, rar a rationéiert. D'Seefepolfer war och rar an dobäi eng mannerwäerteg Wuer, déi d'Wäschgezei béis ugegraff huet. Vun Toiletteseef konnt een nëmme méi dremen an als Ersatz krute mir Rifseef. Dat war esou eng grogréngelzeg, rau Seef, déi engem op der Haut wéi gedon an een duurch hire sténkeche Geroch widderstanen huet.

Wéi dir wësst, kënnt een an der Nout op vill gutt Iddiën. Duerfir hu muenech fläisseg a besuergten Hausfraë sech dru gin an hu Seef gekacht. Méng Mamm war och vun deem Schlag. Si hat eng gutt Recette éierewou opgedriwwen. Dora gung Rieds vun Nitrophenueleg a Kolophonium, dat wëllt soen Haarz, vu Läinueleg an Ënzelt. Seefesteen a Fett waren a béide Rezepter déi zwee Grondëlëmenter: ouni déi bréngt ee keng Seef fäerdeg. Méng Mamm huet natiirlech op hir speziell Recette geschwuer an huet och domat zimlech gutt Seef fabrizéiert.

Op ee Kilo Seefesteen koumen aacht Pond Fett, dat heescht Ënzelt, Schwéngsgedäerms, Schwaarden, Träipefett, Gréiwe vun der ausgeloossener Schwéngsfieder an nach esou Uerze Schmalz. Zwee Zéngtel Liter Läinueleg a sechs Liter Waasser sin zesumme gekacht gi bis déi ganz Mass sech opgeléist huet oder, méi genee gesot, bis se vum Seefesteen opgefriess gin as. Duerno goufen aacht Liter Waasser lues a lues bäigeschott. Dee ganze Bulli huet stänneg misse geréiert an um Kache gehale gin. No annerhallef Stonn gouf e vum Feier geholl. Du huet sech eng brongelzeg Waassersupp op dem Buedem vum Kessel ofgesonnert. Déi as dann ausgeschott gin. Déi iewescht Fettschicht as erëm mat aacht Liter woodlechem Waasser an engem Pond Salz lues a lues opgekacht gin. Um Schluss huet méng Mamm den Haarz, dee mir Kanner vun den Dännebeemstämm erofgebréckelt a gesammelt haten, mat opgekacht. Dat huet dann der Seef dee gudde Geroch vu Wäirauch gin. (Glécklecherweis huet d'Mamm keen Nitrophenueleg bäigin, well deen as bekannt, fir Kriibs ze provozéieren an dat wossten d'Leit deemools nët.)

D'Seef war elo fäerdeg. Déi ockergiel Mass gouf an eng Form geschott, kal gi gelooss an a Stécker geschnidden. D'Mamm huet sech gemengt mat hirer Seefefabrikatioun. Mat ongeféier denen zwanzeg Stécker konnt si e Joër laang erëm Gezei wäschen.

Muenech eeler Mamm wäerd elo schmunzelen, well ech si un en erlieftent absënst Krichsexperiment erënnert hun, wougéint déi jong Generatioun de Kapp rëselt an déi "Krichsromantik" schwéier verstoe kann.- Et sief dann!

Jiddefalls hun ech missen der Mamm follechen an de Wäschkessel, dee geronnen huet, no Jonglënster féieren. Et war e wäite Wee fir e Meedche vun zwielef Joër: zweemol siwe Kilometer, duurch Keelt a Schnéi an deem schreckleche Wanter. Méng Mamm hat mir duerfir eng Belounung versprach: e Poesiealbum, deen ech schons esou laang gäre gehat hätt. Dat huet mir Mutt gemaach op deem beschwéierte Wee.

Ech hun déi "Expeditioun" ni vergeess. A wann ech hautdësdaags emol eng Kéier dee selwéchte Wee am Auto fueren, erënneren ech mech un déi Gedanken a Gefiller, déi mech deemools iwwerkomm sin.

Et war e kale, mä klore, sonnege Januarnomëtteg. De Wäschkessel war fest um Schlitt ugestréckt an ech sin äerdeg duurch d'Duerf no Roudemer getrappt. A Knäppjes as gedresch gin. Bäi Schouttesch as de gliddege Ballech aus der Brennerei gelaf, an d'Loft huet kräfteg no Quetschebranntewäin geroch. D'Mëschtekaulen hu gedämpt an de Piff as ënnert gielbrongem Äis an de Revären duurchgesickert. Déi verschneite Stroosse ware mat Kräsi an Äsche gestreet. Uewe bäi Thorns war d'Waasserledong zougefruer. Den Ditze Jhoss an de Fiels Zénon hun e Feier bäim Kulang gemat, fir de Rouer z'entdéien. Ech koum elo baussent iist Duerf. Do war nët gestreet an um Roudemer Wee war et schéi glat. A vun do aus hun ech méng Schoulkomerode jäizen héieren a gesinn, wéi si a Päifesch hirer Wiss mam Schlitt gefuer sin. De Bauch huet mir wéi gedon, mä de Poesiealbum, deen ech an der Nues hat, huet mech getréischt.

Zu Roudemer luch d'ganz Diirfche wéi am Wanterschlof. Bäim Schmatt gouf jhust e Päerd beschloen. Mä bäi Thäins, Pinnels, Freimanns a bäim Stronck war keng lieweg Séil dorëmmer ze gesinn. Hannert Roudemer gouf et nach méi laangwëlleg. Et gung liicht biergop, d'Strooss gouf ëmmer méi glat, an ech koum bal nët méi viru mat ménge geneelte Schong. Laanscht dem Wee war nët ze fueren, well do sin ech bis un d'Knéien an de Schnéi agaangen. Kee Gefier, kee Mënsch as mir begéint. Ech war mudderséileneleng ënnerwee.

Riets uewen am Hang as d'Weimeschschlass mir wéi e Gespenst virkomm. Déi verloosse Géigend an déi stëll Wanterrou hu mech bedréckt.- Ech hun u mäi Papp geduecht, deen zou Mettlach, an deër sibirischer Keelt, op der Eisebunn geschafft an an engem Bauzuch gehaust huet. Duerno koum mir ise Paschtouer an de Sënn, deen anzwousch am KZ souz. Vun him si méng Gedanken no Stalingrad geflunn. Vun deër Stad gung all Dag Rieds am "Wehrmachtsbericht". Do huet déi preisesch Arméi nach ëmmer "gesiegt", mä den "Englänner" huet de Konträr behaapt. An doheem an den Uuchte gouf erzielt vun ise Lëtzebuerger Jongen, vun


Zeechnong: Joâo Gomes

denen der esou vill zou Stalingrad agekesselt waren. Am ganze Land sin traureg Noriichte vun hinnen zirkuléiert. Vill Jonge sin do gefall, aner ware vermësst gemellt, an déi nach um Liewe waren, hu fiirchterlech Saachen erlieft a matgemaach. Mueneche waren an deër grujheleger Keelt d'Zéiwen, d'Fangeren, d'Oueren an d'Nuesen erfruer. Fiels Jhoss hat e Been verluer a luch éierens am Lazarett. Vum Scharels Jhoss, a Weltesch Jhempi, a Pitze Pol ware schons laang keng Nouvellë méi doheem ukomm. Mir huet et leed fir si gedon... Mäi Gott, wéini soll dee schreckleche Krich en Enn kréien? hun ech mech gefrot. A wéini soll is Groussherzogin erëm heem kommen? Virun e puer Deg, den 23. Januar, hat de Prënz Jhang iwwer d'BC is neie Courage gemaach...- Ech wollt mir och frësche Mutt maachen, fir op deër veräister Strooss méi séier virun ze kommen. Ech hun een Zock mäi Schlitt ugerappt... a luch ruppsdeg um Réckstrank. Ech koum erëm séier op d'Been, mä virun der Gonnerénger Kräizung hat ech nach eng Kéier d'Rad geschlon.

Endlech hun ech op Jonglënster gesinn. Dee léiwe "Schareli" koum mir entgéint gedosch. Beim Clement hun d'Seemaschinne geschiipst a frësch geschnidden Holz war héich opgekéipt. Hei an deem klenge "Stiedchen" war iwwerall Liewen a Betrieb.

De Blechschléier Boom huet mäi Wäschdëppen ënnersicht an huet gemengt, et wir nët esou einfach déi kapotte Plazen ze léiden. En neie Kessel wir jo nët opzedreiwen, duerfir wëllt hie säi Bescht maachen, fir en ze flécken. Ongeféier an enger Woch kënnt ech en erëm siche kommen.

Wéi ech am Butték esou ronderëm geviirwëtzt hun, gesouch ech Knäipen. Ech hun der direkt zwéi kaaft, obschongs d'Madame mir am léifsten nëmmen ee wollt verkafen; e gudde Knäip war och rar Wuer gin. Ech wosst dat, well méng Mamm huet sech misse mat engem radderege Gaudi ploen.

Elo hun ech mech op den Heemwee gemaach. Et war schons véier Auer passéiert. D'Sonn as esou lues hannert der Kopp verschwonnen an et gouf faméis kal. De Schnéi huet ënnert ménge Féiss gegrätscht, mäin Otem as zou Damp gin a méng Féiss hu mech geneelt.

Wéi ech erëm um Gonnerénger Poteau ukoum, war ech op der gewonnener Säit. Elo gung et biergof an ech hat kee Wäschdëppe méi um Schlitt. Eenzock hun ech mech dropgesat a schons sin ech iwwert déi veräiste Strooss gejhauft. Mäi Schlitt gung mat mir derduerch an ech kruch nët méi gerenkelt. Wéi ech bremse wollt, huet de Schlitt sech am Ament ëmgekéiert an ech hun d'Koplabunz am Gruef geschlon. Ech war gutt dervu komm, hun awer gezéckt mech erëm op de Schlitt ze setzen. Mä ech hu missten, well d'Strooss war een Äis. Elo war ech méi gescheit, hu vun Ufank u gebremst an doduerch de Schlitt an der Gewalt behalen. Jo, ech hat den Trick eraus. Am Nu war ech zou Roudemer ukomm. Méng Oureläppercher hu mech gepëtzt, méng Nues as gelaf a méng Fangeren hu mir trotz de Moule béis wéi gedon.

Hannert Roudemer war d'Strooss nët méi sou glat. D'Lidd vun der Lanter mam Lili Marlen huet mech op Ouljen zou begleet. Et war däischter wéi ech am Duerf ukomm sin. An den Haiser war néierens Luucht, well d'Fënstere ware viirschrëftsméisseg "verdunkelt". An de Ställ, wou d'Véi gefiddert an d'Kéi gestrach goufen, hun donkelblo Biren e schappegt Liicht gin. Keng lieweg Séil war an der Gaass. Et huet dorëmmer no Träipe geroch an ech gouf hongereg. Doheem stung d'Nuechteessen schons um Dësch: Gequellte Grompere mat Porettenzapp a gebroden Äppel. Ei, dat war ménges! D'Mamm war frou, datt ech erëm war. A wéi ech d'Knäipen ausgepaakt hun, huet si mech ëmäerbelt. Beim Eessen hu méng Bake gegloust. Ech hu verzielt a verzielt, mä op eemol si mir d'An zougefall. Ech hu mech an d'Bett gemaach an hun déi Nuecht geschlof wéi eng Rat.

Zwéin Deg méi spéit sin ech mäi Poesiealbum an d'Stad kafe gefuer. An eng Woch duerno war ech erëm no Jonglënster ënnerwee. Et war e bronkechen äiskalen Dag. D'Strooss war nët méi esou glat. Ech hat awer och Stutzen ëm méng Schong, eng Moff ëm d'Hänn an en décke Schal ëm den Hals an d'Oure gebonnen.

Beim Boom war de Wäschkässel fäerdeg. E Knäip fir d'Giedel vun der Mille gouf et nët méi ze kafen. Aus der Apdikt hun ech Seefesteen fir méng Mamm a Medikamenter fir d'Bertësse Guet matbruecht. Um Heemwee konnt ech mech nët op de Schlitt sëtzen, well d'Wäschdëppen d'Plaz ageholl huet. Mä ech war gutt gemutt.- Fir den Owend hat d'Mamm mir eppes Séisses versprach.-

Wéi ech doheem ukoum, huet et lackeleg an der Kiche geroch. D'Mamm war am gaang Karamellzockerbounen ze fabrizéieren... Am Krich war dat esou e grousst Gléck fir e Kand, datt et sech d'Bee stompeg duerfir gelaf wär.

[Index] [Home]

35) "Schwaarz" geschluecht..- am leschte Krich

Et war esou ëmt Liichtmëss an deem haarde Wanter 1943, wéi bei is doheem Schluechtdag war. Dat wir keng aussergewéinlech a geféierlech Affär gewiescht, wa mir nët zwee Schwäi matenee geschluecht hätten: dat eent war bei der "Viehzählung" ugemellt gin, sou wéi et huet misse sin, mä dat anert gouf heemlech mat erduerch gefiddert, fir "schwaarz" geschluecht ze gin.

Wéi ee weess, war dat schaarf verbueden am leschte Krich. Gouf een ugeschmiert oder vun de Preisen op frëscher Dot erwëscht, dann as ee béis an d'Labrente geroden: dat konnt an de Prisong oder an d'Ëmsiidlong féieren. Duerfir huet ee sech misse gutt an Uecht huele wa "schwaarz" geschluecht gouf. Mir hun dat och gemaach.

Mäi Papp, dee sech eng Woch "Urlaub" geholl hat, war um Schluechtdag selwer schons fréi aus de Fiederen. Et war nach stackdäischter, wéi hien an der Wäschkichen e Feier an deem niddregen Iefchen ugefaangen, de Wäschkessel bis uewen hi mat Waasser gefëllt an dichteg Kuelen nogeluegt huet, fir et un d'Kachen ze kréien. An iser Kichen huet och schons en déckt Feier an der Kachmaschin gebrannt. Zwee grouss Dëpper voll Waasser stungen op deër routgliddeger Plack.

D'Mamm war grad esou fréi an der Wier wéi de Papp. Si huet mäi Brudder a mech och méi fréi wéi soss opgeruff. Si sot is, mir missten aus de Féiss sin, éier d'Schluechte giff lass goen. Wéi mir zwee d'Trap erof an d'Kiche koumen, du huet d'Waasser an den Dëppen op der Kachmaschin gewaalst an d'Kichefënstere ware bannenan ugelaf vum Donst. Et war esou waarm do wéi an enger Bakstuff. D'Mamm huet is mam Kachläffel waarmt Waasser an déi emailléiert Wäschbittche geschäfft. Et war e Genoss sech an deër schuckeleger Atmosphär ze wäschen. Jhust is Mamm war nët gutt opgeluegt. Dat "schwaarzt" Schluechten huet hir Suerge gemaach. Derbäi as et hir guer nët gaangen, datt ee Schwäin huet missen an der Wäschkiche propper gemaach gin. Si huet duerfir alles do aus de Féiss geraumt an den Dësch mat engem alen Toile-ciré ofgedeckt. Wéi d'Ierz an der Wal as si tëschent dem Haus an der Wäschkichen hin an hier gebëselt, koum mat blogroe Mëllechdëpper erbäi an huet zwéi grouss Gromperekierf mat léngen Dicher ausgekleet. Wéi mir is fäerdeg ugedoen haten, huet si is d'Kaffisbräch erausgeschott. Mir souzen do ze läffelen, wéi de Knäppjes Leo an d'Kichen eragetappt koum.

Hie war schons parat, fir d'Schwäin ze schluechten: hat héich donkelgréng Stiwwelen un, e blot Schiirtech ëm säin décke Bauch gestréckt an e Sak ënnert dem Arem. Séng ronn Baken hu gebléit, a séng rout Nues huet gedrëpst. An iser Kichen huet et elo no Kéistall gestonk... Mäi Papp koum gläich mat der Branntewäinsfläsch an huet dräi Drëppen erausgeschott. Ech hu missen de Monni Lou an d'Eisebunnsbud ruffe goen. Dat war den Houdremonts Néck vu Menster, e gudde Kolleg vu méngem Papp. Hien hat dee Muergen Déngscht op der Barriär. Duerfir hate mir grad deen Dag, fir ze schluechten, erausgesicht. Mir konnten him trauen. De Monni Lou wosst, wat bei is lass wir an hien huet säi Mond gehalen.- Déi dräi Männer hu matenee geprost an d'Gliesercher gläich eidel gemaach. Mäi Papp huet se erëm gefëllt. Iwwerdeems huet d'Barriärs Klack gelaut, fir en Zuch unzemellen. Is dräi Maansleit hun een Zock déi zweet Drëpp d'Strass erofgekippt a si mateneen opgesprongen.

De Monni Lou as d'Barriär zoudréie gaangen. De Leo huet séng Messeren aus dem Sak gezunn an d'Äerm vum Pullover a Kleedchen eropgestrëppt. Mäi Papp huet ménger Mamm hir al Schipp ugedon, d'Karbidslanter an en Dëppen erwëscht, an as mam Leo an de Schwäistall gerannt. Si hu vun der Geleënheet profitéiert, op déi si gewaart haten: et war dat deen ugemellte Gidderzuch, deen aus dem 'Saulach' vu Betzder eropgedosch koum. Wéi e virun isem Haus laanscht gerullt as, hun is zwéi brav Gusse missten dru glewen an de Geescht opgin. Kee Mënsch krut déi mäerderesch Kreesch ze héieren, well den Zuch, mat all séngem Gedäisch, huet se iwwertéint.

Méng Mamm, déi och an de Stall nogelaf war, koum erëm mat engem Dëppe voll waarmem Blutt. Si huet séier dra geréiert, fir datt et nët klompeg gi sollt. Duerno huet si et an déi stengen Dëpper verdeelt. Ech hun d'An zougepëtzt, well dat donkelrout Blutt huet mech gëekelt. Mäi Brudder as zur Kichendir erausgelaf. De Papp huet hie séier erëm eragedämpt, wéi hien an de Leo ee Schwäin op d'Schluechtbänk virum Stall geschleeft hun. Dat zweet, dat "schwaarz" geschluecht gi war, gouf op d'Stousskar gelueden an huerteg virum Haus erduerch, no hannen aus, an d'Wäschkiche verschummelt. Et war nët hell an nët däischter dobaussen, mä glécklecherweis war keng lieweg Séil dorëmmer: ausgehol de Monni Lou.

Elo gung d'Geschënns un. Mäi Brudder an ech, mir hun hannert der Stuffefënster geluusst. De Papp koum an d'Kiche gelaf, huet kache Waasser aus dem Dëppen an d'Emeren an an e Biz geschott a séier bei d'Schluechtbänk geschleeft. Do huet hien dat gliddegt Waasser iwwert d'Schwäi lafe gelooss. Ménger wärrech, wat gouf dat en Damp an deër Keelt! - De Leo huet mat engem spezielle Messer dem Schwäin d'Buuschten erofgeschappt. Déck Pitsch si mam Waasser op de Buedem geschwommen. Et gouf eng brong Supp am Schnéi, déi lues op de Kulang zou gelaf as an do eng Schlierz gemaach huet. Mäi Papp huet der Mamm geruff, si sollt de grousse Kuerf mam Léngenduch erbäibréngen. Ouni ze zécken huet de Leo mat engem laange Messer dem Schwäin de Bauch opgeschnidden. Long a Liewer an all dat Gedäerms sin an de Kuerf gebonzelt. Blutt koum matgelaf an as am Schnéi veräist. De Papp huet gläich de Kuerf mat deër bluddeger Wuer an d'Wäschkiche geschleeft. Elo huet de Leo sech drugin, dem Schwäin de Kapp erofzeschneiden.- Iisst gutt Guss huet mir leed gedon.-

An der Tëschenzäit war et klor gin an Zäit, fir an d'Schoul ze goen. Doheem gung et mat der Aarbecht virum Schwäistall an duerno an der Wäschkiche weider.- Wéi mir no der Schoul heemgerannt koumen, du hung iist Guss un der Leder a war


Zeechnong: Filipe Da Costa

schons steif gefruer. Hannendru war de Schwéngskapp an engem eise Krop un e Ledersprass gekrämpt. Mir hun d'Rëpper um Schwäi gezielt: dat goufen déi säfteg Koteletten. - An der Wäschkichen hung dat "schwaarz" geschluechte Schwäin och schons un der Leder. De Papp war nach am Gaang de Buedem ze botzen, d'Wäschkëmp ofzeschwenken, d'Fënster vu bannen ze verbarrikadéieren a virun der Dir all Bluttspuren am Schnéi ewechzekappen. Duerno gouf d'Paart zougespaart.

Aus iser Kichen huet et lackeleg geroch. D'Mamm huet Long a Liewer nonee gemaach. Mm, dat war fir is eng Delikatess! Déi gouf eragefeiert... Do war mir eng Stëmmong um Dësch wéi op Kiirmesdag.-

Mä nomëttes, wéi d'Aarbecht erëm ugaangen as, war et manner gemittlech doheem an der Kichen an iwwerall am Haus. D'Schwéngsgedäerms huet misse propper gemaach gin: dovu gouf nämlech Seef gekacht. Duerno koumen déi dënn Däerm un d'Rei. Si goufen extra renglech gebotzt an deeglaang gewässert bis se fir d'Träipe gebraucht si gin. Et war dës Kéier duebel Aarbecht an et huet misse muenech Ëmgeréits nach hannerwands bruecht gin, éier den Här Birebam vu Rued, de "Wiegemeister", bei is laanscht koum.- Duerfir war d'Mamm geplot. wéi d'Pan an der Fuesent. Si huet nach dee selwéchten Nomëtteg eng Portioun Schwéngsfieder gemuel an ausgelooss, fir Schmalz ze kréien.

Géint véier Auer koum de Knäppjes Leo méngem Papp hëllefen d'Schwäi vun der Leder erofhuelen. Si hun et an d'Kichen erabruecht an et op en Duch um Buedem geluegt. Duerno gouf d'Baskill erageschleeft. Jësëssekanner, wat en Duurcherneen an iser Kichen!

De Leo huet d'Schluechtmesser an d'See geholl an dat gefruere Schwäin an zwou Halschechten an duerno a Véierel gedeelt. Du huet e vu jidder Deel e puer Kotelettë "schwaarz" erofgeschnidden... Et war eben elo e kuurzt Schwäin... an dat war gewonnen... well et gong drëm, d'Fleeschratioun nët ze laang gespaart ze kréien. Aus esou engem "Bedruch" huet kee sech Gewëssensbëss gemaach. An iwwerhaapt, am Krich war et Moud, datt d'Lëtzebuerger d'Preise beduxt hun, wou se nëmme konnten - Duerfir huet de Leo nach eng gestëbst. Hien huet eppes un iser Baskill gekniwwelt... - Mä, deen Trick hat is ellen a Verleënheet bruecht! -?-

[Index] [Home]

36) Vun engem Schwéngskapp, deen näischt weit, an engem Schwäi mat zwéi Schwänz...

D'Baskill stung prett an iser Kichen. Dernieft luch de Schwéngskapp an dat eent Schwäin, a Véierel geschnidden. Dobausse gouf et däischter. De Papp huet d'Lueden zougemaach an d'Fënsteren nach vu banne "verdunke1t", sou wéi d'Preisen et verlaangt hun. Hie war ongehalen, well de "Wiegemeister" nach nët passéiert war. An der Tëschenzäit huet hien der Mamm alt gehollef, eng Säit Schwéngsfieder duurch de Wollef dréien.

De Siwenauerzuch war jhust laanscht, wéi is Kichendir opgong an den Här Birebam endlech bei is ukoum, fir d'Schwäin ze weien, d'Gewiicht ze notéieren an et um preiseschen "Ernährungsamt" ze mellen. D 'Schluechtgewiicht gouf do verrechent, an d'Leit kruten da méintlaang, souguer e ganzt Jor duerch, d'Fleeschtickeë gespaart.

De "Wiegemeister" huet geklot, datt dee Méindeg vill Leit an der Gemeng geschluecht haten an hien duerfir absëns vill ze dongen hat. Mir waren elo déi lescht op sénger Lëscht. Ouni sech ze saumen, huet hie séng Bicher aus der Mapp geholl, de Brëll opgesat a sech fir säin Déngscht parat gemaach.

Mäi Papp huet dat éischt Schwéngsvéierel op d'Baskill geluegt. Den Här Birebam huet iwwer säi d'Brëll geluusst, mat méngem Papp d'Gewiichter zesummegezielt an d'Kiloë genee notéiert. Esou gung et weider bis déi véier Stécker gewië waren. Déi viischt Véierel hun esou ëmt uechtzéng Kilo an déi hënnescht ëmt zwanzeg gewiën.- Den Här vu Rued huet de Kapp gerëselt a sech gewonnert, datt dat Schwäi mat dene schéinen hënneschten Hamen nët méi schwéier wär. Hien huet der Sach nët getraut a verlaangt, datt de Schwéngskapp och misst gewië gin.

De Papp huet een Ablack gezéckt... an du gemengt, hie sollt dach nët esou genee sin, an e bësschen duurch d'Fangere kucken, well vum Kapp géif dach nëmme Jhelli gemaach gin. Mä de Meeschter huet sech nët erweeche gelooss,... a mäi Papp war forcéiert, de Schwéngskapp op d'Wo ze leën. Hien huet ganz hasseleg d'Gewiichter opgesat: zwéi Kilo, dräi Kilo! ... d'Baskill huet nët reagéiert ... véier Kilo?... d'Wo balancéiert... a schons war et ze vill. De Papp hëlt erëm ee Kilo ewech. D'Wo zéit nët un... De Schwéngskapp weit näischt, glat näischt... "Der Däiwel, wat heescht dat do?" rifft de Birebam. Mäi Papp gouf nervös. Hie fänkt erëm vu vir un. Bei zwéin an dräi Kilo markéiert d'Wo guer näischt... a bei véier Kilo as de Kapp schons ze schwéier.- De "Wiegemeister" gouf stutzeg, huet de Brëll ofgedon, mäi Papp schamper bekuckt a gejaut: "Héi gët gefuddelt, wéi?"

Ise Jacques gouf ganz verleën an huet bei sech de Knäppjes Leo bei der Däiwe1 gewënscht... Hien huet vun Donnerwiedere geknoutert, wéi de Birebam d'Gewiichter selwer op


Zeechnong: Silvio Marques

d'Baskill gesat huet.- Bis dräi Kilo zéit d'Wo och dës Kéier nët un, an de Schwéngskapp weit näischt...- "Do stëmmt eppes nët un deër Wo" seet de "Wiegemeister" ganz stronzeg. Hie gouf rosen, huet un der Baskill gerëselt, de Schwéngskapp erofgeholl an d'Wo ëmgekippt.-

"Hei hu mir d'Näischnotzegkeet" jaizt den Här vu Rued a weist e Gewiicht, dat de Leo mat enger Ficelle un en Hiewel ugestréckt hat.- Dem Papp blouf de Mond opstoen..., d'Mamm huet opgehale mat Wudderen a gouf rout am Gesiicht. Wat en Affront! A kee vun hinnen huet diirfen e Pippcheswiertchen verlaude loossen, datt dat dem Knäppjes Leo sénger Tricken ee wär.- Wéi deen éischte Schreck verquësst war, fong mäi Papp häerzhäfteg un ze laachen, huet dem Birebam op d'Schëller geklappt, hien ëm Versteesdëmes gebiedelt an him eng gutt Quetschendrëpp erausgeschenkt.- Mä de "Blechenhari" huet se ganz kamëss refuséiert an uerdenéiert, et misst op en Neis gewië gin.- D'Gewiicht ënnert der Wo gouf erofgeholl an d'Baskill an d'Gläichgewiicht bruecht. Mä elo krute mir is Britt, well um Enn vun der Farce hat jiddfer Véierel esou ëm dräi Kilo méi Gewiicht, an dee schéine Schwéngskapp huet ëm siwe Kilo gewiën...- Ise beflassene Beamten huet haargenee opgeschriwwen a behaapt, mir kënnte frou sin, datt hien is nët géif mat isem Gefautels beim "Ortsgruppenleiter" uschmieren. Dat war gewëss, a mir konnte soen, mir wiren déi Kéier nach mat engem bloen An dervukomm.-

Wéi dun den Här Birebam séng Bicher agepaakt a säi Brëll an d'Scheek gestach huet, koum néng Mann aus der Stuff erbei an huet him e puer Zigaren an d'Hand gedréckt. Hien huet d'An opgerass a mam ganze Gesiicht geschmunzelt. Déi Wuer konnt hien nët refuséieren.- Doropshi krut mäi Papp hien dach iwwerriet, de Kareli auszudrénken... An éier den Här Birebam zur Dir erausgong, huet hien duurchblécke gelooss, da misst hie jo awer, aus Gottes Baarmhäerzegkeet, eng Parti Kiloë manner ugin.- Bravo! Do hate mir alt erëm Chance. A wat konnt een am Krich nët alles mat Zigaren erreechen! Kuurz nodeem de Mossjö fort war, koum de Knäppjes Leo fir d'Schwäin, wuelverstanen, fir déi zwee Schwäin ze zerschneiden. Et goufen, wéi gebräichlech, erëm Drëppercher erausgeschott a mäi Papp huet bei der Mamm e gudde Kaffi bestallt. De Leo krut elo an allen Detailer erzielt, wat bei is geschitt war. Du fong deen un ze laachen, huet sech op d'Knéie geschloen, säin décke Bauch ugehalen a koum nët méi zou sech vu laachen. A mir alleguer hun elo misste matlaachen. An däerbants huet d'Mamm de Kaffi erausgeschott. Si hat Bounekaffi gemat, an et huet an der Kiche gericht wéi virum Krich. De Papp huet dem Leo eng Quetschendrëpp an de Kaffi geschott an elo huet et gericht wéi op Kiirmessonndeg nom Mëttegeessen. De Leo gouf ganz gespréicheg, an huet is verroden, wat zjar bei hinne passéiert war, wéi de "Wiegemeister" do war.

Si haten och zwee Schwäi matenee geschluecht: ee "schwaarzt" an eent, wat ugemellt war. Nomëttes, um Schluechtdag, hu si an hirer Brennerei gebrannt. Wéi dat esou bei hinne Brauch war, krut hien an hire Jhemp eng an de Biz. - Du koum de Birebam fir d'Schwäin ze weien. Hire Jhempes huet déi éischt Schwéngshalschecht op séngem Bockel aus der Rompelkummer op déi grouss Baskill an den iwwerdeckten Haff, tëschent hirem Haus an dem Geschäpps geschleeft. De Leo koum mat deër anerer. Wéi déi zwou Halschechten niewenee luchen, huet de Birebam Kreesch gedon: "Wat heescht dat do, e Schwäi mat zwéi Schwänz?" - Jesëssekanner, déi zwéi Bridder waren am Ament wéi fochsanniichter, hun d'Schwäin ugestuerkt a fongen un ze tuddelen. "Ech... du, ech nët... " An de Leo krut vum Jhemp (sou wéi hien sech ausgedréckt huet) eng fatzeg Panzrappecht. Du gong de Leo, rose wéi e Stéier, op de Jhemp lass...- De "Wiegemeister" as tëschent si gesprongen an huet déi zwéi Sträithunnen ausernee gerappt.- Wéi hir éischt Roserei sech geluegt hat, huet den Här vu Rued déi zwéin Ouljer Baure-Flappëssen ersierklech versäckelt. Et huet an der Gaass geschaalt, d'Honn bu gebillt an d'Marri koum aus dem Haus erbäigelaf. Et huet d'Hänn iwwer dem Kapp zesummegeschloen ewéi et dat Schwäi mat denen zwéi Schwänz do leie gesinn huet.

Natiirlech hun déi zwéi Klautercher du missten déi aner zwou Schwéngshalschechten och op d'Wo bréngen. Si hun dobei geflucht wéi d'Buuschtebënner, mä 't konnt se näischt déngen: si haten sech et selwer agebrockt...- Nach dee selwéchten Owend as d'Marri op Rued getrëppelt an huet Birebams e Kuerf voll Äer, Botter an Zoossiss an d'Haus gedroen. Zapristi, dat gong bei d'Gromperen! - An duerfir gouf hinnen nëmmen ee Schwäi mat engem Schwanz ze gutt geschriwwen.- War dat nët fir sech eng Boss ze laachen, wéi de Leo is vun hirem Gléck am Ongléck erzielt huet...? Mä duerno gung et un d'Aarbecht. De Leo huet d'Ärem eropgestrëppt a séng laang Messere geschlaff. D'Mamm huet den Dësch geraumt an ofgebotzt. Mäi Papp an de Leo hun dat "schwaarzt" Schwäin op de Schëlleren aus der Wäschkichen erageschleeft. Elo hate mir ze soe keng Plaz méi an der Kichen, a mäi Brudder an ech hu missten an d'Bett goen. Bis spéit an d'Nuecht gouf an iser Kiche gewuddert, geriet a gelaacht. Ech koum nët u mat schlofen...-

Den aneren Dag huet mäi Papp dee Koup Schwéngefleesch agesolpert. D'Mamm huet Koteletten agekacht a Pati gemaach. Hm,... wat waren dat dach Zäiten... am leschte Krich!

[Index] [Home]

37) Ëm "den Englänner" op der Ouljer Millen

Am leschte Krich, wéi d'Brout rationéiert a spezieli d'Wäissbrout knaps gouf, du as d'Millen zu Ouljen aus hirem Schlof gerëselt gin. Dag fir Dag koumen d'Baueren aus der ganzer Géigend mam Päerd um Teimer an d'Mille gefuer, fir hir Fruucht gemuel a Geescht an Huewer geschrot ze kréien.

De Miller war e Flautert, mä op séngem Handwierk konnt keen him en x fir en u virmaachen. Séng Kliêntell huet héich Stécker op hie gesat, well hien huet si éierlech bedéngt an hir munnech Ball Wees "schwaarz" gemuel.

D'Mille war fir is, als Nopeschkanner, eng Plaz, déi wéi e Magnéit ugezunn huet. Do war déi al Schléis, déi dem Miller d'Waasser aus der Syr a vun der Roudemer Baach gestaut, an den Däich an ënnert d'Mille geleet huet. Dat déif, däischter a geféierlech Waasser, dat ech ëmmer gefaart hun, huet d'Turbine vun der Mille gedréit. Bei Reen an Donnerwiedere war de Miller uerg geplot, fir d'Schléis richteg ze regléieren. Trotzdeem as et virkomm, datt d'Millen iwwerschwemmt gouf a wéi eng Insel am Waasser stong. Wat konnt een dann nët alles do kucken an erliewen! - An am Wanter wann et schankenhaart gefruer war, da sin ze soen all Duerfkanner, no der Schoul, bei der Schléis an op dem Däich geschlierzt a Schlittschong gelaf. A waarme Summerdeg haten déi grouss Jongen do eng herrlech Schwemm an déi méi kleng eng ausgezeechent Geleënheet, fir ze puddelen an d'Fësch ze dirängelen.

De Miller, deen ëmmer stëbseg ausgesinn a schalléckseg dragekuckt huet, hu mir de "Monni Jhoss" genannt. Hie war e Kannerfrënd an huet is dacks a sénger Mille Stoppches spille gelooss. Et weess een nët, wie sech am meeschten driwwer gefreet huet, wann hien is op de Säck mat der Fruucht an d'Millen eropgezunn, mam Kapp an d'Mielshaische gezappt, an de Geeschtekoup gekippt, zougeschëppt oder bonzënne bonzuewen an en eidle Sak gestach huet.

Bäi der Millerin ware mir, ise Marcel an ech, wéi doheem. Mir waren hirem Emil séng Spillkomeroden. A si war fir is "d'Giedel", däer näischt un d'Häerz gewuess war an déi is dacks Taart, Bond a Kichelcher gebak oder eppes Guddes gekacht huet. Dat war nämlech hir Spezialitéit. Éier si an hire Mann op d'Ouljer Mille koumen, war d'Giedel Kächen um Schlass zou Ansebuerg, an de Monni Jhoss war dem Grof an der Gréiwin hire Chauffeur. Ech hun ëmmer gären nogelauschtert, wa si is vum Schlass a vun hirer Herrschaft erzielt hun. De Miller an d'Millerin hu vill op franséisch matenee geschwat, speziell da wann déi kleng Kessele mat dene groussen Oueren nët alles sollte matkréien. A wéi d'Preisen d'franséisch Sprooch verbueden haten, huet d'Millerin sech nët eeschtlech dovu stéiere gelooss. De Monni Jhoss an d'Giedel, déi vill mam Grof an der Gréiwin duerch d'Belsch an d'Frankräich gereest waren an déi Kéip voll Bicher an Zäitschrëfte gelies hun, waren apaarti u Politik interesséiert.

An hirer Stuff hung eng grouss Landkaart, wou d'Giedel d'Länner, déi d'Preisen an de Sak gestach haten, rout gefierft hat. Mat Pünäsen huet si dem Rommel séng Afrika-Campagne op deër Kaart agezeechent a mat rouden a bloe Fiedem ëm d'Spéngelen erëm, dem Hitler säi Virmarsch a Réckzuch a Russland markéiert.

Ech war dacks derbäi an hun interesséiert nogelauschtert, wann d'Giedel de Baueren, déi an d'Millestuff bezuele koumen, d'Situatioun un de Fronten explizéiert huet. Si war ëmmer um Courant vun de leschte Krichsereegnësser. Nieft der Zeidong huet hire Radio, deen am Takeschaf stung, de "Wehrmachtsbericht" an dem Hitler séng "Kundgebungen" an hir Stuff bruecht.- Mä d'Giedel huet dat preisesch Getéins nët fir bar Mënz geholl, an de Miller huet den Uz mat all deër Nazi-Propaganda gemaach. Ménger wärrech, si wosste méi! Wa si engem Client traue konnten, dann hu si verroden, wat d'BBC gemellt hat.- Vill Leit haten déi Zäit nach kee Radio, a muenecher, déi Kanner am Haus oder e béisen Noper op der Dir haten, hun et nët riskéiert, e frieme Sender ze lauschteren. D'Preisen haten dat strengstens verbueden, an d'Leit koumen an de Prisong, wa se erwëscht goufen. Duerfir ware vill Lëtzebuerger frou, fir op der Millen Noriichte vum "Englänner", wéi is Leit déi Radiostatioun genannt hun, gewuer ze gin.

Waarhafteg, "den Englänner" war an der Nazizäit d'Stëmm aus der fräier Welt, d'Stëmm vun der Hoffnung op en Dréi an Erléisung! Et war déi eenzeg Méiglechkeet, objektiv Nouvellen iwwer d'Krichssituatioun gewuer ze gin.- D'BBC huet dat och als hir Missoun ugesin: hiren Indicatif aus der V. Symphonie vum Beethoven huet dat Zeeche V fir "Victory" gedeit an et duerch d'Welt gespillt... De Churchill huet dat selwécht Symbol mat séngen zwéi Fangeren, wéi en hellegen Eed, un d'Mënsche virugin.

Fir d'Lëtzebuerger huet sonndes muergens, um néng Auer, "den Englänner" eng speziell lëtzebuergesch Émissioun bruecht. Dann hun entweder d'Groussherzogin Charlotte selwer oder de Prënz Felix, de Prënz Jean oder e Mêmber vun iser exiléierter Regéierong geschwat. Fir si war dat nach déi eenzeg Méiglechkeet mat hirem Vollek a Kontakt ze bleiwen. A fir d'Leit heiheem war et eng helleg Stonn, no deër si verlaangert hun. Et war fir si de Stréihallem, un dee si sech wéi verzweifelt ugekrämpt hun, e Liicht an der Däischtert, dat de Wee op d'Liberatioun duerch d'Alliéiert gewisen huet. An dee bekannte Sproch:

"Haalt hinnen de Bass,
Dir gitt de Preisen erëm lass!"
as duerch d'Land gaangen an huet Courage gemaach. Natiirlech goufe munnech Lëtzebuerger dueropshi méi kéng, konnten hire Mond nët méi esou richteg am Zam halen an hun d'Preise provozéiert: leider huet méi wéi een dee Feelschotz mat séngem Liewe misste bezuelen.

Et as liicht ze verstoen, datt d'Nazië fochswëll waren iwwer déi BBC-Émissiounen. Mat allerlee Kaméidi a Gedruddels hu si probéiert, se z'iwwertéinen, sou datt et heiansdo bal onméiglech war, eppes ze verstoen. Duerwéinst hu si och eng Zäitchen, sonndes muergens, punkt néng Auer, den elektresche Stroum fir eng Stonn ofgespaart. Dat huet de Lëtzebuerger béis wéi gedon.

Den Ouljer Miller war da besonnesch stolz op séng Millen, déi hien nët am Stach gelooss an him de Stroum geliwwert huet, fir déi begierten Émissioun ze lauschteren. D'Millerin war da Feier a Flam, fir "hire" Leit déi Radiostonn ze rapportéieren an och ze kommentéieren. Mat der Zäit koumen ëmmer méi Leit op d'Millen, an et war opfälleg, wéi extra vill Leit aus dem Minett do aus an a gaange sin: war et fir eppes Neis gewuer ze gin, fir ze hamsteren oder fir... ? Je, et war eng Tatsaach, datt op der Millen allerlee lass war!

Et war ze soen och kee Geheimnis, datt do an der Uucht regelméisseg "den Englänner" gelauschtert gin as. De Bertësse Jhäng, den Zénon, de Leen an den Tin, déi allerlee Eisen dorëmmer am Feier haten, hun zou de Stammgäscht gehéiert. A mäi Papp, wann deen emol an "Urlaub" war, as hien a méng Mamm och alt op d'Millen "den Englänner" lauschtere gaangen. Hie war gespaant, fir mol eppes Aneschteres ze héieren, an am Stamminee ware si virwëtzeg, fir gewuer ze gin, wéi d'Stëmmong an Däitschland, ënnert dem Vollek, wir.- Ech hat ni gären, wa Papp a Mamm owes op d'Mille gaange sin. Da konnt ech nët gutt schlofen. Méng Fantasi huet an der Däischtert mir grujheleg Biller vu Prisong, KZ an Emsiidlong duerch de Kapp jhauwe gedon, well ech gefaart hun, méng Eltere géife beim Radio vun de Preisen erwëscht gin. Et war mir jhust e klengen Trouscht, datt ech gemengt hun, ménger Mamm kënnt näischt geschéien, well si, wéi et geschéngt huet, ëmmer beim "Englänner" getompt huet.-

Nujee, an deem Stil gung et eng laang Zäit op der Millen zou, bis op eemol, enges sonndes muergens, zwéi Mann héich vun der Gestapo d'Mille kontrolléiere komm sin.- Gott sei Dank hat den Emil se komme gesinn, an a leschter Minutt krut de Miller d'Katastroph ofgewiert. De Radio war op Berlin agestallt, d'Millen huet wéi ëmmer monoton geklabbert, an am Haus selwer war näischt Verdächteges dorëmmer, wéi d'Gestapo all Zëmmeren duerchwullt huet. Wuel huet virun der Millen de Molli wéi klorrose gebillt, am Stall huet d'Lili Marleen, der Giedel hir beschte Kou, sech nët gi mat Brëllen, ënnert dem Schapp hun d'Schnuddelhénger sech gëiergert an op der Wiss hun d'Gänsen nët opgehale mat Schnadderen! - D'Gestapo huet endlech hir Sichaktioun opgin an as hirer Wee gaangen. Op der Millen hu se alleguer opgeotemt... De Miller huet elo begraff, fir wat den Tärens Pir him, e puer Deg virdrun, ugeroden hat, méi virsiichteg op der Millen ze sin. Dee Mann, en éierlechen Däitschen, huet méi wéi eng Kéier d'Hand iwwer déi Ouljer gehalen. Jiddefalls no deër Gestapo-Affär huet de Miller d'Uuchten ëm "den Englänner" ofgeschaaft. D'Giedel huet guer näischt Neis méi gewosst a war kuerz gebonnen, wann een no eppes gefuerscht huet. Si hu kengem méi getraut. Esouguer den Emil huet nët méi diirfe mat is spillen. Wéi gelungen! Je, d'Stëmmung war ëmgeschloen op der Millen! Si war "miis" wéi iwwerall am Land, well de Leit gouf d'Zäit laang, an d'Preisen hun de Lëtzebuerger ëmmer méi béis zougesat. Munnech Leit goufe wankelmiddeg.- Déi versprachen Hëllef koum nët, a vu London aus hun is Ministeren och alt gelunge Saache behaapt; sou huet z. B. een eng Kéier ugekënnegt,


Zeechnong: João Figueira

all Lëtzebuerger, déi an der VDB wären, géifen nom Krich zur Recheschaaft gezu gin!!! - Dat war de Clou, dee beschte Bewäis, datt deen d'Situatioun vun heiheem glat nët verstanen huet. D'Lëtzebuerger waren doriwwer uerg opbruecht, an de Sproch gung duerch d'Land: "Si hu gutt schwätzen, si hu sech aus dem Stëbs gemat, sëtzen am Dréchenen a mir an de Labrenten." - Nujee, ofwaarden!

Muerges, de 6. Juni 1944, hun déi Däitsch d'Landung vun den Anglo-Amerikaner bekannt gin. Et war bal nët ze glewen, well "den Englänner" huet näischt gemellt. Wéi du, mëttes, um zwielef Auer, de Minister Pierre Dupong vu London aus d'Landung konfirméiert huet an d'Lëtzebuerger opgefuedert huet, roueg ze bleiwen, du huet déi fantastesch Nouvelle sech wéi e Laffeier am Land verbreet. De Lëtzebuerger as e Stee vum Häerz gefall.- Fir genee um Courant ze sin, souzen der vill de ganze Mëtteg beim "Englänner", esouguer, wann et huet misse sin, mat enger Decken iwwert Kapp a Radio.

Op der Ouljer Millen hu se geschmunzelt, blouwen awer weider virsiichteg. Si hu wuel gedon, well et koumen elo nach laang, schro Méint. D'Preisen hu wéi wëll ëm sech geschloen an nach vill Lëtzebuerger a Leed an Doud gedriwwen. Wéi d'Stonn vun der Liberatioun du endlech geschlon huet, stung e flotten, jonke Kärel - iwwerglécklech - op der Dir vun der Ouljer Millen.- Mir hun hien nët kannt, mä hien huet is all mam Numm genannt. Hie war de Jhosi Pütz vun Ueweraanwen, deen nët an d' "Wehrmacht" zréckgaange war an duerfir méintlaang beim Miller verstoppt war. Mir all hu Mond an An opgerappt.- Wéi war dat méiglech... op der Ouljer Millen? Abee, dat sollt dir och gewuer gin!

[Index] [Home]

38) Verstoppt... op der Ouljer Millen

Owes, de fofzéngte Februar 1944, huet de Jhosi Pütz sech onopfälleg vun doheem fortgemaach an as, an der Däischtert, vun Ueweraanwen iwwert Nidderaanwen a Rued-Syr no Oulje geschlach.

Am Dag war hie sénge Frënn an den Noperen Äddi soe gaangen, wel säi Mount "Erholungs- a Genesungsurlaub" war ofgelaf. Den anere Muerge sollt hien an aller Herrgottsfréi no Regensburg fortfueren, fir owes do an de Kasären unzekommen. Hie sollt dann erëm an d' "Wehrmacht" agereit an eng zwete Kéier un d'Front a Russland geschéckt gin. Mä de Jhosi hat sech geschwuer, do krich keen Däiwe1 hie méi ze gesinn.

Duerfir huet hien a séngem "Urlaub" all Hiewelen a Bewegong gesat, fir kënnen ze désertéieren. Et war ofgemat, datt, op deem Datum, hie sollt zou Pärel iwwert d'Grenz gesat gin. E puer Deg virdru gouf dat Esseg, well säi Passeur, e Jong vu Kautebaach, vun de Preise geschnappt gi war. Du huet dem Jhosi säi Papp verzweiwelt dorëmmer gesicht, fir hie bei der Famill verstoppt ze kréien. Mä dat war eng geféierlech a quookleg Affär.- Nodeems de Pütze Papp verschidden Ofsoe kritt hat, huet hien op der Ouljer Millen, bei séngem wäitlefege Koséng, ugeklappt. De Miller a séng Fra hun nët laang gezéckt a ware bereet de Jhosi bäi hinnen ze verstoppen.

Si ware sech eens gin, datt hie sollt op deem Februarowend bei hinnen ukommen. Dat huet och geklappt, jhust datt hien nët eleng koum. Säi Papp war bei him. Dee war him mam Wëlo nogefuer, hat hien an der 'Rouduercht' ageholl, a fir datt et sollt manner opfälleg a geféierlech sin, huet hie säi Jong tëschent den Dierfer zu Fouss begleet.

Op der Mille gouf nët vill Fisemattente gemaach. De Miller huet de Jhosi gläich op d'Kummer verschanzt. Den Emil luch schons am Bett an huet ferm geschlof. D'Giedel war drun d'Kéi ze sträichen, an den Tin huet d'Wallis gepaakt. Hien as den aneren Dag an Däitschland gefuer, wou hien Ëmgesidelter besiche sollt. De Papp Pütz huet sech nët laang gesaumt, as um Rad heem gejabelt an huet nach an deër selwéchter Nuecht dem Jhosi séng preisesch Uniform mat all deem Wehrmachtskrom am Gaart begruewen.

Wéi gewinnt, koumen elo, eng Auer aacht, d'Stammgäscht op d'Millen uuchten an "den Englänner" lauschteren. An däer Bants huet d'Giedel dem Jhosi eppes z'iesse bruecht an him un d'Häerz geluegt, nëmmen nët duerch d'Kummer ze trëppelen, well den alen hëlze Buedem ze vill kréckele géif. Den Emil gouf fir en Ament waakreg, huet de Jhosi verschlofen ugekuckt, sech ëmgedréit a viru geschlof.- De Jhosi huet sech op dat zweeschléifreg Bett derniewent geseess, wou hie sollt mam Tin schlofen. Hie wollt sech nach nët tässelen, well hie wosst, datt hien an dëser Nuecht keen A géif zou dongen. Hie war wuel frou, datt hien ënner Daach war an de Preisen eng gestëbst hat, mä séng Zoukonft war dach nach ganz ongewëss. - Dee Bouf do dernieft huet him schons Suerge gemaach. Sollt deen hien dach nët enges Daags verroden? - A wéi hien esou ëm sech gekuckt huet, as hien erféiert, well d'Kummer keen Auswee hat. Wouhi sollt hie fortlafen, wa Gefor op hien zoukéim? - An dee Betrieb op der Millen, déi vill Baueren, déi mam Päerdsgespann esou muenech Ball Fruucht a Miel "schwaarz" hin an hier verschummelt hun. Derzou wosst de Jhosi och Bescheed, datt de Miller déi vill Jongen, déi zou Déifferdéng am Hondsbësch verstoppt waren, mat Miel ravitailléiert huet. Wann d'Preise séngerliewen deër Saach déiten op d'Spuer kommen, da géif et brenzleg fir hien op der Millen...- Bei all dene schwaarze Gedanke sin dem Jhosi d'Schudderen de Réck erofgelaf. Et huet him an deem Ament onméiglech geschéngt, fir op der Mille verstoppt ze bleiwen Virun him war schons e Jong aus der Minettsgéigend do verstoppt, deen awer nët bliwwen as, well d'Mille mat all deem Rummel him ze vill onsécher geschéngt huet. Wéi du géint Hallefnuecht d'Uucht eriwwer war an de Miller all Diren zougeredelt hat, huet de Jhosi diirfen an d'Stuff erofkommen. Si hun d'Käpp zesummegestreckt an déi nei Situatioun duurchgeplangt. Den Emil sollt de mannste Problem sin. Säi Papp, den Tin, hat dee Lausbouf vun néng Jor ganz genee an déi geféierlech Affär ageweit an him agetriichtert säi Mond ze halen. Dat huet den Emil och fäerdeg bruecht..., hie gouf esouguer dee beschte Wiechter op der Millen (et soll mir an dësen Zeilen erlaabt sin, dem Emil, fir séng Daperkeet, e wuelverdéngte Luef auszespreechen). Dësweidere gouf op der Millen décidéiert eng zweet Stopp anzeriichten, an zwar iwwert dem Kéistall, am Heeknapp. Nach an deër selwéchter Nuecht hun de Miller Jhoss an den Tin iwwert der Raf an der Liicht en décke Koup Hee erausgewullt, hun d'Lach mat Bouloen ofgestäipt, sou datt do e maanshéie Verschlag entstanen as. Dohin misst de Jhosi sech verfuussen, wann et méi wéi brenzleg géif.- Géint de Muerge war de "Bunker" fäerdeg. De Jhosi huet e puer Mol trainéiert, fir esou séier wéi méiglech iwwert d'Raf duurch d'Liicht erop ze klammen, se vu bannen erëm zou ze drécken an dernieft sech opzeriichten an do an der Däischtert auszehalen... Dat sollt klappen...

Den Hoken an der Saach blouf awer d'Kummer ouni direkt Verbindung zum Bunker: et war zwar nëmmen den Hausgiewel dertëschent, mä. Op alle Fall, wann d'Preisen de Jhosi op séngem Zëmmer erwësche géifen, dann hätt de Revolver, deen de Jhosi ëmmer bei sech hat, de Problem misste léisen an de Millendäich hätt de Rescht erledegt.- Mäi Gott, wéi schrecklech! Jo, gewëss, esou ongeheierlech war et am Krich an et gung an esou engem Fall ëm Liewen an Doud! O Jëses, loosse mir dat Bescht hoffen! - Op der Ouljer Millen hu si missen de Laascht komme loossen.

Zou Ueweraanwe koum e puer Deg nom Jhosi séngem Départ déi däitsch Polizei bäi Pützen an d'Haus. Mamm a Papp hu sech ganz paff gemaach, wéi si héieren hun, datt hire Jong nët zou Regensburg an de Kasären ukomm wier. Si hun dem "Wachtmeister" eng Kaart gewisen, déi de Jhosi hinne selwer perséinlech geschriwwen hat, mat "Schöne Grüße aus Frankfurt", an déi de 16. Februar do ofgestempelt gi war. D'Polizei war doriwwer ganz verwonnert an huet gemengt, da wir hire Jong sécher an engem Fligerugrëff zou Frankfurt ëm d'Liewe komm. Doropshin hun d'Eltere sech ganz opgereegt an traureg verstallt. D' "Wachtmänner" hu sech ewech gemaach: de "Fall Joseph Pütz" war fir si erledegt. An der Tëschenzäit huet de Jhosi sech missen un d'Liewen an der Stopp gewinnen. Et war nët liicht fir hien, de ganzen Dag op der Kummer ze hucken. Mä wann hien dann un déi onmënschlech Strapazen an déi terribel Geforen un der Front a Russland geduecht huet, da war deen heien Zoustand nach dat bescht Lous.- Fir d'Zäit ze diebelen huet hie Romane gelies, d'Bicher vun der Millen nokontrolléiert, der Giedel d'Grompere geschielt an d'Geméis gefeet. Dem Miller, deem den Tubak de ganze Krich ni ausgaangen as, huet de Jhosi all Dag séng véierzeg Zigaretten, mat enger extraer Maschinchen, gedréit. De Rescht vum Dag huet hien dacks an de Plafong gestuerkst an d'Blummen un deër gesträifter Tapéit gezielt. Géint der Owend, wann et méi roueg op der Mille gouf, huet den Emil mam Jhosi, ouni vill ze rieden, mol Millche gespillt. No den Uuchten, wa kee Camion aus der Minettsgéigend ugemellt war a wa se op der Mille schlofe gaange sin an d'Duerf an déiwer Rou luch, huet de Jhosi sech erausgewot. Hien as dann eng gutt Stonn hannert der Millen iwwert d'Wiss spadséiert, fir e bëssche frësch Loft a Bewegung ze kréien.

Op déi Manéier sin d'Deg an d'Wochen alt esou lues erëmgaangen. Et war nach ëmmer keen Enn vum Krich an Aussicht. De Jhosi krut d'Flemm, huet awer misste Gedold behalen. Et waren him schons zwéin onvirsiichteg Zwëschefäll passéiert, déi glécklécherweis keng Suiten haten. Sou hat hien eng Kéier misse mat ugräifen, wéi eng Kou gekaleft huet. Wéi hien, ouni weider z'iwwerleën, vum Stall an d'Kiche gerannt koum eng Bittche waarm Waasser sichen, du stung hie mat sénge bluddegen Hänn an Ärem virum Bréifdréier. Den Här May huet verwonnert gekuckt, d'Zeidong op den Dësch geluegt an as, ouni e Wuert ze soen, zur Dir erausgaangen.- Eng aner Kéier souz de Jhosi am Stall um Haischen, wéi d' "Wasserschutzkontroll" an der Millen opgedaucht as.- Si hun näischt an Uecht geholl. Sou as et och denen anere Leit an all deër Zäit gaangen. Deen eenzegen, deen am Bild war, war de Paschtouer, den Här Wiltzius. D'Giedel hat dee geruff, fir datt de Jhosi séng Ouschteren hale konnt. Doduerch konnt näischt schif goen.

Mä kuerz duerno war bal alles drënner an driwwer gaangen. Et war op engem frënd1eche Sonndegmuergen, wéi d'Gestapo de Wee op d'Millen ageschloen huet. Den Tin as jhust do an der Afaart fir erof an d'Mille spadséiert. Hie war de Mann, no deem d'Gestapo gesicht huet. Hie krut vun hinne gesot, hie wir verdächtegt mat Waffen ze handelen an duerfir opgefuerdert, mat hinnen dorower op d'Millen ze goen.

Op der Mille war d'Giedel am Gaang ze kachen, an de Jhosi stung beim Waassersteen, virun der Kichefënster, sech de Baart ze maachen, wéi den Emil an d'Kiche gespronge koum an d'Gefor gemellt huet.

Am Ament war de Jhosi duerch de Rommelskeller, nieft der Kichen, am Stall verschwonnen. Den Emil as an d'Stuff gerannt an huet de Radio op Berlin agestallt. D'Giedel blouf bäi der Kachmaschin stoen an huet hir Kanéngchen ugebroden. De Molli as op d'Dir gelaf, huet déi zwéi Preisen ersierklech ugebillt, wéi den Tin mat hinnen erakoum a virun hinnen huet missen d'Trap op a séng Kummer goen...-


Zeechnong: Filipe Da Coata

Den Tin war op dat Allerschlëmmst gefaasst...- Wéi hien an d'Kummer erakoum, war déi eidel.- Gott sei Dank! - Den Tin huet sech bei séngem Bett virun den Nuetsdësch gestallt, wéi deen een Hitleragent ugefaangen huet d'Better auserneen ze geheien a wéi deen aneren am Schaf gewullt huet. An deër Zäit huet den Tin et fäerdeg bruecht, den Tirang vum Nuetsdësch ganz genëschelt erauszezéien, säi Revolver z'erwëschen an an d'Täsch ze steechen. Du war hien a si all op der Millen ze soen aus der Klam.

D'Gestapo huet viru gesicht, am Nuetsdësch, an der Kommoud... Den Tin gouf erëm virgeschéckt. Am Miller sénger Kummer, an der Stuff, an der Kiche gouf dat selwécht Geméchels a Gewulls opgefouert. Duerno hun déi zwéin an der Millen alles duurchschnoffelt, gungen an de Schapp, wou d'Hénger aus den Äschter opgeflu sin an der Giedel hiirt Fiedervéi gekäckst, gegackert a geschnaddert huet. Duerno koumen se an de Kéistall, sin d'Leder erop op den Heeknapp geklommen an hun d'Hee duerchwullt... Et war ëmsoss. Si hu keng Waffen an och soss näischt Verdächteges fond. No enger décker Stonn hu s'opgin a sin hirer Wee gaangen.

Wéi de Miller geschwënn duerno vum Stamminee aus Huemes koum, huet hie gläich gemierkt, datt eppes Sënnerleches passéiert war. Bäi der Giedel hiren Hellechen hu Käerze gebrannt... De Jhosi, deen elo eréischt huet diirfen aus séngem Bunker eraussprangen, war bleech wéi eng Läich. Den Emil war stolz wéi e Pohunn, well hien d'Gefor ofgewiert hat. Den Tin hat Tréinen an den An. Dem Miller as de Geck vergaangen, wéi hien héieren huet, wat alles bei hinne lass war... D'Giedel huet d'Zopp erausgeschäfft, mä d'Mëttegeessen huet kengem vun hinne richteg geschmaacht.

Eent war gewëss, op der Ouljer Mille ware si alleguer iwwerzeegt, datt eng gutt Nonn fir si gebiet hat.

[Index] [Home]

39) Vun de Kanéngercher... am leschte Krich

Virun e puer Deg hun ech an engem Stater Buttéck e klengt Meedche gesinn, dat e Kilo "Bergwiesenheu" fir séng Kanéngche kaaft huet. D'Hee war ganz nett an enger duurchsiichteger Tut verpaakt a war nët bëlleg. Ech war verwonnert doriwwer an hu mech mam Kand an e Gespréich agelooss. Hatt huet mir du ganz begeeschtert vu sénger Rassekanéngchen erzielt, dem sëlwergroe Fritz mat wäisse Patten, deen nëmmen extra Mäifelcher ze freesse kritt.- Ech hu geschmunzelt an un is Kanéngercher an der Krichszäit geduecht.

Déi goufen deemools nët esou verwinnt: si kruten nëmme rau a schlau ze freessen an hu sech awer prächteg opgedon. Si hu bäi der "Viehzählung" nët brauchen ugemellt ze gin, well hiirt Fleesch war gelungenerweis nët rationéiert. Duerfir hat ze son all Stot séng Kanéngercher. Zou Zegdausende souze si uechter d'ganz Land an de Scheieren, de Ställ an op de Schäpp. Esouguer an der Stad goufe si alt op Terrassen a Balkoe gezillt. Je, d'Kanéngercher waren an dene laange Krichsjaren héich kotéiert. A sonndes ware si duurchewech de fofzéngten Nouthëllefer an der Kichen an um Dësch.

Dowéinst krute mir doheem och enges Daags eng geblummelecht Kanéngchen, vu Schouttesch hirer Rass. Mäi Papp hat hir en hëlze Ställche mat droten Dire gezammert an en ënnert dem Héngerjuck, niewent dem Schwäistall, opgeriicht. Schons am selwéchte Summer huet déi léif Kanéngchen is mat enger Hällewull Klenger iwwerrompelt. An no enger Woch sin zéng häerzeg a mockeleg "Nickelcher" aus hirem Nascht gekrabbelt, hu sech ëm hir Mamm geduckelt an un hir genujhelt. Wann ee se hemele wollt, dann as déi Al op een zougesprongen an huet zerguttst gebass a gekraazt. An déi kleng Baangschësser souzen am Ament zesummen op engem Koup am Eck vum Ställchen. Lues a lues goufe si awer méi heemlech a koume bei d'hëlzen Trächelcher gesprongen, wa mir hinne Brout a Mëllech dran agebrächt hun.

Fir d'Kanner gouf et deemools näischt méi Interessantes wéi déi léif Kanéngercher. Stonnelaang konnte mir is mat hinnen amuséieren. Hat éierens eng "Karnéckel" gejéngért, da wosste mir et. Waren déi Kléng aus dem Nascht, da koume mir geschwënn déi néi Zort bewonneren. Mä eent war gewëss: jiddferee vun is huet gémengt, séng Kanéngercher wiren déi schéinst. Sou hu Leesch Jhosi a Feemi op hir sëlwergro Rass geschwuer, Tärens Martha an de Will ware begeeschtert vun hiren Huesekanéngercher, Schiltz Nathalie huet geschwäremt vu sénge wäisse Wiener mat dene rouden An. Beforts Pir war stolz wéi Oskar op séng pachschwaarz Aart a Päifesch Jhull huet sech mat séngem staarke Ritt gebretzt.- An dobäi haten déi apaartste Kanéngercher déi schéinsten Nimm. Ech erënnere mech nach mat Freed un ise witzege Max, deen de Männche gemaach huet, wann e gepaff krut. An op der Millen hat d'Giedel e Kratzenberg, e Ribbentrop, en Tinnes an e Scheel ënnert der Genn sëtzen.- Is jong Hickecht hat de Knuet esou gutt opgedon, datt si schons no e puer Woche keng Plaz méi am Ställchen hat. Si krut nei Kajittercher gezwafft, déi hannert dem Haus, beim Keller opgestallt goufen. An elo huet misse kéipweis Fudder fir déi Froossdäiwelen erbäi geschleeft gin. Do krute mir Kanner ze apperen.

Am Fréijor si mir nomëttes ausgezunn an hu laanscht dem Summerwee, déck Pitsch "Bettschësser" fir si gestach. An der Wakanz hu mir misste kraude goen, dat heescht, mir hu Kierf voll säfteg Gras a jonke Lisär an de Wise mat isen Hänn gerappt an hu Kabesblieder a Muurten aus dem Gaart erbäigeschleeft. Am Wanter kruten is kleng Frënn aplaz Gréngs eng Rommelescheif an eng Gaaschel Huewer. Owes goufe si mat Hee agedéckt a muerens huet d'Mamm hinnen ageweechte Broutkuuschten oder gekachte Grompereschiele mat Chrësch vermëscht, servéiert. Et war eng gelleg Freed isen aartleche Frënn nozekucken, wa si do souzen ze knabbelen a mat hiren donkle Krällenaen is esou treihäerzeg unzeblënzelen. Well mir is " Kanickelen" esou gutt gefiddert hun, si si séier deck a fett gin. Da goufe si meeschtens geschluecht. Et war dat eng traureg Affär, wann de Papp eng mam Schlawittchen aus dem Ställche gezunn huet, se mam hënneschte Laf an


Zeechnong: Marie-Josee Moreira

d'Lut gehalen a mat der flaacher Hand hir eng hannert d'Läffele gefacht huet: da war et ëm si geschitt. Obschons engem Tréinen an d'Ae koumen, huet een dach nach geluusst, wa si de Pelz iwwer de Kapp gezu kritt huet.- Déi bluddeg Kanéngche gouf dann een, zwéin Deg am kille Keller opgehaangen, sonndesmuerens mam Beilen a Portioune gehaen an am groussen eise Brotdëppen noneegemaach. Zur Ofwiesselong huet d'Mamm se eemol als Ragoût mat wäisser Zooss, déi aner Kéier mat bronger Zapp gekacht, gebroden oder agebäzt. Ganz gewëss war dat eng Delikatess, mä dene meeschte Leit hun d'Kanéngercher um Enn vum Krich zum Hals erausgehaangen. Et hat ee sech wéi d'Leed dra geess. Vill Leit wëssen och nach, datt an der Krichszäit d'Kanéngercher e begiirten Hamsterartikel waren, an datt mat hinne rar Wueren agetosch goufen. Sou konnte mir mat e puer deër Déiercher méngem Brudder fir d'éischt Kommioun eng Aremschleef, e wäisst Hiem a Lackeschong verschafen. An d'Modistin an der Stat krut och bäi deër Geleënheet eng Kanéngche fir der Mamm hire schicken, neie Feuterhutt.

Mat de Kanéngercherspelzer war am Krich nët allzevill unzefänken. Et sin der alt brede gelooss gin an an d'Wantermäntel ënnert d'Fudderduch agefiddert gin. Och goufe Suelen dervu geschnidden, fir an d'Schong ze leën an d'Féiss ze wiirmen. Mä Kanéngerchersjaquette waren deemools nach nët am Moud.

Vun Zäit zu Zäit koum d'Frächen aus dem 'Kalebierg' vu Gréiwemaacher, déi mat Stréi opgestoppte Kanéngerchershait asammelen. "Peelze, Peel-zee!" huet si da laudenhaart gejhaut. Ech erënnere mech nach esou gutt un hir bekannte Leier, déi duerch d'Gaass geschaalt huet. "Peelzee, Peel-ze!" Hir rabbeleg goureg Hënn hun ech och nach nët vergeess. Mir huet et ëmmer leed gedo fir d'Heeschefra a fir hir aarm Muppen, déi d'Zong eraushänken haten, wa se hir Fouer de 'Kéisbierg' eropgezunn hun. Ech krut méi wéi eng Kéiér doheem gejhaut, well ech heemlech fortgelaf sin an de Weenche gehollef hun drécken... bis bei Holzen Nick.- Wat Geschichten ëm is Kanéngercher, déi sech esou liicht zille gelooss hun an op déi een awer huet missen oppassen, datt si keng Kränkten erwëscht hun an datt kéng Inzucht opkoum. An deem Zesummenhank muss ech nach verroden, wat mir eng Kéier passéiert war.

D'Mamm war an d'Stad gefuer. Mäi Brudder an ech hu gemengt hir eng Freed ze man an hun d'Kanéngerchersställercher gebotzt. Well schéi Wieder war, hu mir eng Parti Kanéngercher an den Hiwwel, hannert dem Haus erausgesat. Mir hun is mat hinne gefreet, wéi si lëschteg dorëmmer gespronge sin a sech d'Gréngs gutt schmaache gelooss hun. De Baach Jhäng vu Menster, deen am Déngscht war, huet is e Fanger gemaach a geschmunzt wéi de Bock bei sénger Huewerkëscht.- Wat war dann, mir hun dach gutt op is Kanéngercher uecht gin! Éier is Mamm vum Zuch koum, hu mir déi léif Déiercher erëm an hir propper Ställercher agespaart.- Wéi d'Mamm héieren huet, wat lass war, krute mir zerguttst gejhaut. Mir hun nët esou richteg bekäppt, wat mir do verbrach haten. Mä, e puer Wochen duerno hu mir verstanen...- Zwou vun ise Kanéngercher hun ugefaange sech Woll auszerappen an en Nascht am Eck vum Ställche preparéiert. Soubal déi Kleng ukomm waren, huet d'Mamm de Scharels Jhemp ëm Hëllef geruff. Hie koum mat engem Sak... a mir hu missten dobanne bleiwen... Wéi mir d'Kanéngercher owes gefiddert hun, koumen den "Nuckes" an de "Schnuckes" nët bei den Trächelchen. Hir Kleng ware verschwonnen. Déi zwou Kanéngerchersmammen hun deeglaang gepauert... an ech och.

[Index] [Home]

40) Nët nëmme vu Schippelcher...
am leschte Krich

Et as bal fir ze laachen, wann ee bedenkt, datt am leschte Krich nieft de Kanéngercher och d'Hénger eng Roll gespillt hun.- Wie méi ewéi eng hallef Dosen um Juck oder soss entzwousch sëtzen hat, huet se missten umellen. Et gung nämlech ëm deem Fiedervéi séng Äer, déi all Woch hu missten op enger Zentral ofgeliwwert gin. Vun do aus as déi gesichte Wuer an d'Stied a besonnesch no Däitschland verschéckt gin.

Am grousse Ganze gung et zwar nët grad op een Hong an een Ee un. Mä déi Quantitéit Äer, déi no de Konte vun der "Viehzählung" bestëmmt gi war, huet missen ofgeliwwert gin. Do laanscht koumen d'Leit um Land nët. Et war och nët, fir sech dowéinst, vun de Preisen, an d'Fanger huelen ze loossen.

Bäi is doheem huet déi hallef Dosen Hénger also nët bräichten ugemellt ze gin. Dogéint huet et is awer Krämpes kascht e puer Zenner Fruuchtkäre fir si an och déi aner hallef Dose "schwaarz" Hénger opzebréngen. Ise Papp huet duerfir missten am Karschnatz hei an do bäi engem Bauer eng Hand upaken. Op déi Manéier hu mir is Hénger gutt duerch de Krich bruecht, a mir hun och keng Äer bräichten hamsteren ze goen. Dernieft as dann nach geleëntlech en Hunn oder Hong am Dëppe gelant.- Fir esou e Poulet an e puer Gackelcher hu vill Stater, an deër spatzer Krichszäit, muenech Kilometeren iwwer Land gemat. A mir dohéem hu missten all Joër nei jonk Pëllen an Hinnercher nozillen, fir nët deroonst ze kommen.

Dat gung deemools awer nët esou einfach wéi hautdesdaags. Et huet vill Méi kascht, déi léif Dickelcher grouss ze zillen. Soubal, am Abrëll dorëmmer, dat éischt Hong bréieg gin as, gouf et agefaangen an ënnert e Gromperekuerf an d'Däischtert gesat. D'Mamm huet da séier annerhallef Dosen Äer vun Tärens, der Millerin oder soss engem sénger Héngerrass zesummegetrommt. An der Däischtert, iwwert dem Schäi vun enger Käerz, huet si déi Äer ausgesicht, wou si bannenan eng wuessbar Kéng anuecht geholl huet. Um Kalenner gouf dann den Dag ugekräizt, op deem d'Hong gesat gin as an den Datum ausgerechent, wann den Nowuess géif ukommen.

Um däischteren ieweschte Späicher as an enger Këscht en Nascht mat Stréi an Hä gemat gin. Eng gutt Dosen Äer gouf drageluegt an d'Hong dropgesat. Sou mir näischt dir näischt huet dat bréiegt Stéck sech dat nët gefale gelooss. Et huet mat de Flilleke gefacht, mam Schniewel gepickt a gekluckst wéi klorrosen. Fir et op den Äer sëtzen ze behalen, gouf en ale Gromperekuerf d'ënnescht d'iewescht iwwert d'Hong an der Këscht gesat. War nei Liicht, dann as muenech Héngchen nët sëtze bliwwen. D'Bréiegkeet as him vergaangen an et huet d'Äer futti getrëppelt.

Meeschtens huet dat bréiegt Hong sech awer mat sénger neier Liewensweis offond an as fei brav op den Äer sëtze bliwwen. Fir datt et nët huet brauchen ze héngeren, krut et Kären a Waasser nieft d'Këscht gestallt. Dräi Woche laang huet is gutt Kluck hir Äer gutt waarm gehalen. Ausser der Mamm huet soss kee vun is diirfen op de Späicher goen, fir si nëmmen nët ze stéieren a vun den Äer erofzedreiwen.

Wann d'Zäit dann do war, wou d'Äer sollten ausgoen, huet d'Kluck ugefaangen onroueg ze gin, huet geschärt a gekluckst an eent oder dat anert Ee opgetéckt. Et gouf e Jhipsert a schons huet sech dat éischt Schippelchen aus der Schuel gestruewelt a war op der Welt. Geschwënn drop en zweet an en drëtt. Dat gouf e Gejhiips an e Geklucks am Nascht. Éierewou huet méng Mamm dat an Uecht geholl a sech bäi der Kluck afond. Si hat eng Kuebel mat engem Flanellsduch prett gemat, huet d'Kluck opgehuewen, déi naass Schippelcher aus dem Nascht geholl an an d'Kuebel geluegt. D'Kluck war klorrosen doriwwer. Fir se ze berouegen, sin een, zwee Schippelcher am Nascht gelooss gin. Ounideem koumen no an no nei léif "Bömmelcher" derbäi.

D'Mamm huet d'Kuebel mat de Schippelcher an de Schäffche vun der Kachmaschin gesat. Si huet d'Dir opgelooss an ech hun déi leif, butzeg Déngelcher diirfe bewonneren. Déi schuckeleg Hëtzt huet hinne gutt gedoen. Hir naass Plaimercher sin dréche gin an hu sech opgedon, wéi esou e léiwe Bällchen. Ganz äerdeg hu se gejhiipst a geschiipst a mat hire ronne Guckelcher geblënzelt. Ech hun dierfen esou e mockelecht Schippelchen op d'Hand huelen an et u ménge Bake léif drécken. Duerno hun ech et op de Buedem gesat, mä lafe konnt et na nët esou richteg, duerfir war et nach nët stabil genuch op de Been. Et huet elle gejhiipst an ech hun et séier erëm an d'Kuebel geluegt. Et ware schons weider "Déngelcher" derbäi komm. Déi dréche Schippelcher goufen an eng grouss Kartongskëscht gesat. Lues a lues blouwe se op hire Benercher stoen a si schons hin an hier getrëppelt.

Nom Mëttegeesse sin ech mat op de Späicher bäi d'Kluck kucke gaangen. D'Schippelcher waren elo all ausgaangen. Eent hat nach eng hallef Äerschuel op séngem Réck hänken. D'Mamm huet d'Kluck missten aspären, ënnert dem Kuerf, op dee s'en eisent Dëppe gestallt huet. D'Schippelcher goufen all erof gedroen. Déi frësch gebuere koumen an d'Kuebel an de Schäffchen an déi schons lafe konnten, goufen ënnert de Juck an en hëlzene Ställche mat enger droten Dir agespaart. Duerno as d'Mamm d'Hong siche gaangen. D'Plaume stungen deër fochswëller Kluckemamm zou Bierg. Si koum eréischt zou sech, wéi s'all hir Schippelcher am Ställchen erëm ëm sech hat. Mir hun hir Broutgrimmelen an e bëssche Mëllech dohinner gestallt a se du roueg gelooss.

Eng Auer véier si mir bäi de Ställche kucke komm. Ei, du sin d'Schippelcher ganz äerdeg ëm d'Kluck hin an hier spadséiert! D'Mamm huet se gezielt: véierzéng Stéck! D'Äer waren also alleguer ausgaangen an et war kee kränkerlecht Schippelchen an der Hickecht. Doriwwer gouf sech gefreet.

D'Kluck huet d'Broutgrimmelen opgepickt an de Schippelcher s'an hire Schniewel trëlle gelooss. Déi meescht vun hinnen hu sech awer schons selwer drugin: eng Grimmel mam Schniewel erwëscht, de Käppchen an d'Lut gehuewen a s'ofgeschléckt. A sou kleng wéi s'och nëmme waren, hu se sech dach schons ënnerenee gestridden, fir hire Mäifelchen z'erwëschen. Op eemol huet d'Kluck e sëlleche gekluckst an hir Flilleken ausgebreet. D'Hénkelcher si bäi si gelaf an hu sech ënnert si geduckelt. D'Kluck huet sech op si gesat a war zefridden. E puer Diekelcher hun nach erausgeluusst, déi aner hu geschiipst a gejhiipst, datt et eng Freed war hinnen nozelauschteren.

Een, zwee Deg huet d'Kluck misste mat de Schippelcher am Ställche bleiwen Duerno huet d'Mamm se stonneweis erausgelooss. D'Kluck as da mat hinnen an der schéiner Sonn ëm d'Haus spadséiert. Ech hu missten oppassen, datt se nët op d'Strooss getrëppelt sin. Elo kruten d'Schippelcher schons kleng Räiskärecher ze freessen, déi hinnen och gutt geschmaacht hun. D'Kluck war ganz besuergt ëm hir "Kënnercher" an huet keen u si erukomme gelooss.

No enger Woch gouf de Ställchen ze kléng fir déi aläert Hickecht. Si kruten hiirt Sonnert uewen um Schapp, laanscht de Poffeléckswee. D'Dir gouf grouss opgemat a mat engem hëlzene Briet verbarrikadéiert. Do konnten is Schippelchcr mat hirer Mamm am Stréi schären a sech an der Loft an an der Sonn opdongen. Ménger wärrech, et huet een d'Hénkelcher bal gesi wuessen! Mir hu schons d'Hinnercher erkannt un hirer Kräit an un deër hënneschter Fieder, déi esou kéng an d'Lut gestanen huet. D'Mamm huet der sechs gezielt a war nët onzefridden, datt méi Pëllercher drënner waren.

Nu gutt, zweemools des Daags sin ech d'Schippelcher fiddere gaangen. Du as mir dann, no e puer Deg, e schreckléche Malheur passéiert. Ech weess nët, wéi et gaangen as, mä dat Briet an der Dir as mir ëmgefall: flupsdech op d'Hénkelcher! -

D'Kluck huet erféiert gekäckst an as an den Eck geflunn. Zwéi, dräi, véier Schippeleher sin dorëmmer gerannt, hu gejhiipst a geschiipst, an all déi aner ware verschwonnen... De Schreck as a mech gefuer... Schliisslech hat ech nach de Courage, fir d'Dir ze lichen, mä, wat gesouch ech. méng doudeg Schippelcher.-

Een Zock sin ech fortgelaf... iwwert de 'Poffeléckswee' erof op den Eisebunnstipp, iwwert d'Gleiser bis an isen ënneschte Gaart. Do hun ech mech am Hiwwel hannert der Heck verkroch a verstoppt... Ech hu geziddert wéi Espelaf a fung un ze kräische wéi eng Muedeléin.

Hei souz ech elo wéi vu Gott an der Welt verlooss. E Schnellzuch as laanscht mech gedosch. Viru mir, déi aner Säit vun der Syr, luch d'Duerf schéi friddlech an der Sonn. Vun der Schléis erfort huet d'Waasser gedauscht an hannen an der Wiss hu Knuppen hir Inte geschnaddert.-

D'Tréine si mir d'Baken erof gelaf a méng Nues huet geschnuddelt... Esou konnt ech nët heem goen . Wat maachen? Ech blouf sëtzen... eng déck Stonn laang, vläicht och zwou; op alle Fall et huet mir geschéngt wéi eng Éiwegkeet. Op eemol koum den halwer Sechsauerzuch. Elo blouf mir soss näischt méi iwwreg wéi heem ze goen... an der Mamm et ze soen...-

Dozou koum et nët, well d'Mamm war ausser sech, huet gekrasch, as direkt mat mir op de Schapp gaangen an huet mir déi doudeg Schippelcher gewisen. Ech hun ugefaangen ze kräischen a si fortgelaf an d'Haus, op méng Kummer an hu mech am Bett verkroch.

D'Mamm huet verstanen, wéi leed et mir fir d'Schippelcher gedoen huet a koum nët op d'Iddi, datt ech d'Ongléck an der Schold wär. All méigléch Ursaache sin a Fro gestallt gin a jiddereen, dée bäi is laanscht koum, krut déi schlëmm Affär verzielt.

Wéi d'Nuetsklack gelaut huet, as ise Marcel aus dem Duerf erbäikomm. D'Mamm huet erëm ugefaangen ze jomeren. De Bouf wollt onbedéngt déi doudeg Hénkeleher gesinn, mä si ware schons begruewen. Hie koum dun op d'Kummer no mir kucken. D'Mamm war gläich hannendrun an huet gémengt, ech misst eppes zu Nuet eesse kommen.

Iwwer Dësch as is Mamm mam Gejéimers viru gefuer: sou vill hat si sech geplot mat dene schéinén Hénkelcher. An dat nächst Joër hätte mir keng jonk Pëllen, déi vill Äer géife leën ... a keng Hinnercher fir d'Festdeg um Dësch.- Keen Hong géif elo méi bréieg gin an et wir och ze spéit, fir nei Schippelcher, anesouweider... Mir wollt d'Schmier nët rëtschen an ech si bal vergaange vu Verdross. Éier ech schlofe gaange sin, wollt ech Faarf bekennen, mä ech krut et erëm mat der Angscht ze dongen.

D'Nuecht war laang fir mech, an den anere Muerge war ech an der Schoul nët mat de Gedanken derbäi... Nomëttes wéi ech bäim Här Jacoby an der franséischer Stonn war, hun ech eng Onmass Feler geschriwwen... Mäi gudde Schoulmeeschter huet sech gefrot, wat a mech gerannt wär. Op en Har hat ech him et gesot...

Wéi ech heemkoum, huet d'Mamm mech esou vun der Säit bekuckt... Et gouf mir weech ëm d'Häerz... Ech muss bleech wéi en Duch gi sin. Doropshi frot d'Mamm mech, wéini ech fir d'lescht bäi der Kluck an de Schippelcher gewiescht wär...

Am Moment fung ech un erbäermlech ze kräischen, hu mech virun d'Mamm op d'Knéie gesat a méng Schold bekannt.- Méng Mamm as erféiert a frot: "Mä wuerfir hues du mir dat nët gläich gesot?"

Ech konnt nët méi äntweren an nët méi ophale mat Kräischen. Trotzdeem war ech wéi erléist... Ech gouf nët gestrooft a krut nët gejhaut, mä d'Mamm hat sech dat nët vu mir erwaart... an huet näischt méi geschwat. Op eemol sot si, ech kënnt frou sin, datt de Papp elo nët doheem wär... a wann hien e Samschdech aus dem Preisesche kéim, diirft si him dat nët alles verzielen...

Deen aneren Dag gung d'Mamm bei d'Millerin. Wéi ech no der Schoul heem koum, as is Kluck erëm mat enger Dosen Hénkele ronderëm d'Haus spadséiert. Et ware "Kusinnen" aus der selwéchter Héngerrass, déi sech gläich matenee verdroen hun. An d'Kluck huet gekluckst a si ënnert hir Flilleke geholl wéi hir ege "Kënnercher".

Wéi war dat elo da méiglech gin? Abee, déi gutt Millerin hat op der Dot hiren zwou Klucken aacht Hénkelcher ewech geholl a si ménger Mamm mat heem gin.

D'Wonn war gepléischtert. D'Giedel war erëm eng Kéier de fofzéngten Nouthëllefer. Esou dacks war si dat fir vill Leit, vu wäit a breet... am leschte Krich.

Ganz ongeschuer gung ech awer nët grad aus deër Affär eraus. Nom Mëttegeessen huet d'Mamm mir gelënd an d'Gewësse geriet...

mtcoverback.jpg(67 KB)

©

by Éditions de l'Imprimerie Saint-Paul s.a.
Luxemburg 1990
ISBN 2-87963-104-1

[ www.MillyThill.net ]