[ www.MillyThill.net ]

1940 - 1945 --- DEEL: IIb

Milly Thill

mtcoverfront.jpg(75 KB)


41. Ėm d'Muttergottes vu Lėtzebuerg an d'Oktav am leschte Krich
42. Vu ménger Hamsteraktioun... am leschte Krich
43. Vun allerlee preiseschem Gedeessems... am leschte Krich
44. E preiseschen Opnamexamėn am Joėr 1944
45. Eng Typhus-, Jabo- a Wėlosaffär virun der Liberatioun an den 12. Sêptember 1944
46. Aus der Zäit wou d'Amerikaner am Land waren
47. Helleger Owend 1944 "Silent Night, Holy Night... Adeste Fideles"
48. Allerlee ėm "Sixty-six"
49. Sylvesterowend 1944 — Neijooschdag 1945
50. Ėm allerlee Krichsoffall
51. Ėm d'Sprangprėssioun vun 1945

[Index] [Home]

41) Ėm d'Muttergottes vu Lėtzebuerg an d'Oktav am leschte Krich

1943! 1944! D'Preise ware schons ze laang déi verhaasste Meeschter an isem Land. Vill Lėtzebuerger souzen an de Prisongen a goufen an de Kazetter zu Doud gepisackt. De Gauleiter hat is Jongen am beschten Alter an d' "Wehrmacht" gezwongen. Vill vun hinnen hun hiirt Liewe missten a Russland oder u soss enger préisescher Front loossen. Muenecher waren am Maquis ėnnergedaucht. Anerer souze verstoppt op denen onméiglechste Plazen uechtert d'Land an hu mat hire Frėnn a stänneger Doudesgefor gelieft. D'Emsiidlong as op vollen Toure gelaf an huet d'Leit nėt méi roueg schlofe gelooss. Wiirklech, d'Lėtzebuerger hun eng schrecklech Zäit matgemat!

D'Stėmmung uechter d'ganz Vollek war gedréckt. Vu London aus, iwwert d'BBC, hun is Ministere versicht de Leit vun heiheem Courage ze maachen. Mä si hate gutt schwätzen, si ware wäit vum Schotz. Eleng der Groussherzogin Charlotte hir Stėmm huet bei de Lėtzebuerger Gehéier fond. Si eleng konnt iwwerzegen, datt enges Daags d'Fräiheetssonn géif erėm iwwert iist Land schéngen. Am Häerz huet jiddfer gudde Lėtzebuerger fest doru gegleeft, mä d'Zäit gouf is laang a kee Mėnsch wosst wéi a wéini mir de Preise géife lass gin. Duerfir, déi Angscht an Ongewėssheet luch wéi eng Laascht op dem Lėtzebuerger Vollek

An all deėr Nout wire vill Leit wankelmiddeg gin an hätten nėt esou daper duergehalen, wa se nėt hir Hoffnung op d'Muttergottes vu Lėtzebuerg gesat hätten. Hir hu si all Misär a Suergen am Gebiet uvertraut. Si war jo is "Tréischterin am Leed" an d'Patréinesch vum Lėtzebuerger Land. Dag fir Dag si Lėtzebuerger an d'Kathedral gepilgert an hu virun der Mamm vu Lėtzebuerg geknéit. Hiirt Bild huet éng Éiereplaz an isen Haiser ageholl, as mat an de Bunker, un d'Front, an de Prisong a mat an d'Emsiidlong gaangen.

D'Muttergottes huet déi Léift an dat Vertraue belount. Si huet de Lėtzebuerger ėmmer erėm nei Kraaft a frėsche Mutt geschenkt, fir hiirt Leed ze droen, duurch all déi batter an däischtcr Stonnen. An dat klengt Lėtzebuerger Vollek huet et fäerdeg bruecht, daper an eneg zesummen ze stoen an de Preisen de Bass ze halen.

A speziell an der Oktavzäit hun d'Häerzer vun de Lėtzebuerger Leit erėm héich geschloen.- Mä och an déi helleg Traditioun hun d'Naziėn erakommandéiert. D'Oktav gouf quasi onméigléch gemat. Keng Pilgerzich sin ageluegt gin, an d'Prėssioune ware verbueden. Maximum eng Dose Leit hun diirfen zesummen iwwert d'Stroosse pilgeren. Tėschent den Haiser, an Duerf a Stad, war et verbueden haart ze bieden. Bäi Fligeralarm gouf d'Kathedral zougemat an d'Leit hu missten an d'Ėnnerstänn an d'Kasematten lafen. Waren d' " Amiėn" an der Nuecht mat hire Bommer iwwert d'Land geflunn, da bloufen d'Kathedraalspaarte bis mueres zéng Auer gespaart.

Trotz all deėr Schikanen hun d'Lėtzebuerger sech nėt ofhale gelooss a raffinéiért, wéi si da geleėntlech kėnne sin, hu si eng Hannerdiirche fond, fir hir Oktav feierlech a fromm ze halen an denen hellege Versprieche vun hire Virfueren och a schwéieren Zäiten trei ze bleiwen.

Wéi op Paroul gouf uechter d'ganz Land, vun der Wemperhaardt erof bis op Rodange a vu Rousport eriwwer bis op Pärel, doheem, an alle Kiirchen a Kapellen Oktav gefeiert.

Och zu Ouljen hu mir matgemat. Isen neie Paschtouer, den Här Wiltzius, war Feier a Flam, fir Oktav a sénger éischter, provisorescher Par grouss ze feieren. Duerfir huet hien no Ouschteren 1943 e Kannerchouer opgebaut. E puer Mol an der Woch stunge mir am Härenhaus ėm den Harmonium an hun eng ganz Rėtsch al an néi Muttergotteslidder ageprouft.

Deen Dag éier d'Oktav ugaangen as, gouf du an iser Kiirch e speziellen Altor, virun der Kommuniounbänk, opgeriicht. D'Massendénger, mat Hilgesch Jhosi un der Spėtz, ware ganz


Zeechnong: Paula Antunes

abberdéngeg. Si hun dem Här an der Sakristei gehollef, de Bujhi vun de Liichteren ofgebotzt, d'Schelle geschauert an d'Raachfässer propper gemat. Duerno hu si dem Emil séngem Franz eng Hand ugepaakt a Bänken, Kėschten an Dill erbäigeschleeft. Géint der Owend hun de Gréiwe Rėnn an de Feessen du ise "Votivaltor" opgeriicht. Dee gouf mat himmelbloė seidenen Dicher a mat Tapiėn agekleet Dofir war d'Härejoffer zoustänneg! Wéi si der Muttergottes deen houbeschte Rack ugedon huet, stonge mir zu enger halwer Dose Medercher ronderėm an hu mat Respekt déi gėlle Kroun, den Zepter an de Schlėssel gereecht. A wéi d'Muttergottes dun op deem neien Altor stung, matten an der Kiirch, du ware mir ganz begeeschtert. D'Massendénger hun déi zwéin zwielefaarmeg Liichteren an eng ganz Parti Käerzestänneren opgesat. D'Marceli an d'Norma, d'Rosi, d'Nathalie, d'Martha an ech, mir sin duerch d'Duerf gerannt an hun Äerbel voll Blummen aus de Gäert erbäibruecht. D'Joffer hat schons déi wäiss Hortensestäck vum Kommuniounsdag opgestallt. Elo goufen nach Vase voll rout Tulpen a blo Vergissmeinnichter opgetiirmt, a wéi duerch e rengen Zoufall stung is Muttergottes elo an nationaler Blummepruecht; roud-wäiss-blo, prett, fir mat Oktav ze feieren.

Aplaz vun "Wie unsere Väter flehten", dat d'Preise verbueden haten, hu mir vum Duxall erofgesongen: "Et as vun alen Doen, gutt Lėtzebuerger Aart, bei d'Jesusmamm ze goen, wann d'Liewe béis an haart".

Véierzéng Deg laang gouf Oktav an iser Kiirch gefeiert. All mueres war eng "Ave spes nostra"-Mass. A jiddereen, dee sech fräi maache konnt, war do dran. Mat isem Schoulmeeschter, dem Här Jacoby, hu mir Medercher aus dem neie Kannerchouer begeeschtert um Duxall gesongen. Owes an der Oktavandacht ware mir erėm um Dill. D'Kiirch war een Owend wéi deen anere struppvoll Leit. "Klagt in Leid" krut d'Muttergottes all Dag ze héieren. Ziirden Albert huet d' "Laurentanesch Litanei" op all Melodiė virgesongen an de "Consolatrix Afflictorum", deen de ganze Gesank stėmmeg virgedroen huet, huet d'Leit am Häerz déif ergraff.

Leider hu mir nėt diirfe mat der Prėssioun an d'Kathedral pilgeren. Trotzdeem sin op isem Pilgerdag muenech Ouljer mam Zuch an d'Oktav gefuer, an anerer sin a klenge Gruppen zu Fouss gaangen. Mat hirer enger halwer Dosen hun ech mech och mat op de Pilgerwee gemat. Well d' "Englänner" déi Nuecht nees iwwer is geflu waren, si mir eréischt géint halwer sechs doheem fortgaangen.

Ėnnerwee hu mir haart zesumme gebiet a wéi d'Härejoffer et gewėnscht huet, fir ise Paschtouer, deen zu Dachau souz. Fiels Alice as fir hire Jhoss, deen a Russland luch, gepilgert. Giwesch Änny, Gréiwe Maria, den Hilgesch Papp, de Wilgés Nickela an ech, mir alleguer wosste fir wien a fir wat mir ėnnerwee waren. Duerch d'Dierfer huet jidderee stėll fir sech gebiet. Et war schons helliichter Dag wéi mir iwwer de Findel koumen. Do war décke preisesche Betrieb. Zaldote sin op Motorrieder mat Siddekar laanscht is gerannt an hun is schamper bekuckt. Ganz bestėmmt war ise Rousekranz hinnen en Dar am A. Fir dene preisesche Gefierer aus de Féiss ze kommen, si mir am Gänsemarsch iwwert de Summerwee getrėppelt, bis erof an d'Neiduerf. Elo war et komplett mam Bieden eriwwer. Mir ware frou, wéi mir d'Kathedraalstir gesinn hun. Bäi der Schlassbréck hu mir mat enger Parti Lėtzebueger an de Prisong erofgekuckt an hun déi politesch Inhaftéiert am Haff trėppele gesinn. D'Joffer fung un ze kräischen a mir haten och d'Häerz déck.

An der Stad war keng Oktavstėmmong. Bäim Gilly a virum Palais hunge gräisslech Hakekräizfändelen a preisesch Zaldote waren iwwerall ze gesinn. Wéi mir bei der Kathedral ukoumen, stung eng Hällewull Leit virun dem Portal. Mir wosste jo fir wat. Gedėlleg hu mir mat all denen aneren do gewaart. Et gouf nėt vill geschwat, well preisesch Zaldote stungen op Wuecht. Wéi déi schwéier Kathedraalsdir endlech opgung, gouf et Gewulls, mä dobannen hun s'alleguere Plaz fond. D'Muttergottes stung um Votivaltar a war schéi mat Blumme gerėscht. Mä d'Geliichts war schappech an d'Kathedral war nėt a Festdaagsstėmmong, wéi soss an der Oktav, virum Krich. E Gléck, datt d'Uergel eng fredeg Nott an deem hellege Raum opklénke gelooss huet, well d'Ave Spes nostra-Mass war ganz einfach, ouni feierleche Glanz! D'Leit hun doudeescht virun der Muttergottes geknéit an hir all hiirt Leed geklot.

Ech war op eemol ganz getouft iwwert déi traureg Oktavstėmmong an der Kathedral. Hei huet een déi Kéier esou richteg gespuurt, wat fir eng Laascht um Lėtzebuerger Vollek luch. Oktav am Krich!

Wat eng Chance, datt mir d'Oktav awer esou schéi feiere konnten an iser Kiirch zu Ouljen, am leschte Krich!

[Index] [Home]

42) Vu ménger Hamsteraktioun...
am leschte Krich

An deėr uerger Krichszäit hun déi echt Lėtzebuerger zesummegehale wéi Klackestoff. Een as deem aneren zou Hėllef komm, wann Nout um Mann war.

Op déi Aart a Weis hu mir doheem och is gutt al Bekannten aus der Stad nėt am Stach gelooss. An ech jonkt Kand gouf mat an déi Aktioun verwéckelt. Zwee Joėr laang sin ech, aplaz vu ménger Mamm, ze soen all Woch eng Kéier an d’Stad gefuer an hun zwou Familjen, eng Woch iwwer déi aner, mat Proviant versin.

Denen enge Leit hire Jong souz am Gronn am Prisong. Wa Besuchsdag war, huet séng Mamm him a sénge Kollegen, mat der frėscher Wäsch, Eesses wéi Botter-, Zoossisschmieren an Äer an de Prisong geschmoggelt. Ee Gischtje war bestach gin an huet en Deel vun de Wueren agesäckelt, éier eppes fir d’Jongen ofgefall as. Aus deėr Ursaach hu missten eng zerguttste Kantitéit vu Liewesmėttel erbäigehamstert gin, déi d’Madame Désiré Jacquemart sech nėt eleng verschafe konnt.

Mir hun is duerfir bäi gewėsse Bauereleit ėmsinn, hun hinnen alt allerlee aner Gefällegkete gemaach a kruten, op déi Manéier, Botter, Äer a Miel fir is Stater Bekannten. Dat war dach alles nėt esou einfach, a méng Mamm huet misste muenech Renken a Kéiere gebrauchen a vill Zäit derfir hiergin.

Ech sin dann nomėttes, wou mir jo keng Schoul haten, zu Fouss vun Ouljen op Rued gaangen a mam Zuch an d’Stad gefuer. Meeschtens hat ech eng oder annerhallef Dosen Äer, zwee Pond Botter an uewendrop nach eppes aus dem Gaart an der Posch.

Et war nėt komplizéiert de Wee an der Stad ze fannen. Ech sin duurch d’Al Avenue, déi am Krich "Bahnhofsstraße" geheescht huet, gaangen, laanscht d’Molkerei erop a geschwėnn duerno bäi der Madame Jacquemart ukomm. Déi war natiirlech ganz frou, wann ech komm sin. Si huet mech hire "gudden Engel" genannt. Ech krut ėmmer gläich Limonad oder Framboise a soss eng Schnekegkeet servéiert. Da wosst si mir esou vill interessant Saachen z’erzielen: vu fréier, vu méngem Grousspapp, dee mam Päerd vu Greiweldéng an d’Stad koum a säi Wäin an hiirt Hôtel geliwwert huet... dann huet si mir vun hirem Josy aus dem Prisong erzielt, vun de Preisen, déi niewendrun an den Herz-Jesu Pateren hirem Klouschter gehaust hun, vun hirem gudden Déngschtmeedchen, dem Kätty, dat hir och Proviant aus dem Éislek matbruecht huet a vum Théo, hirem Jhosy séngem Kolleg, dee si bäi sech an d’Haus geholl hat, fir nėt missten Zėmmeren un e preisesche "Feldwebel" ofzegin... — Ech hun hir dann och erzielt, wat sech esou an dene Krichsdeg bäi is um Duerf ofgespillt huet. Ech weess, dat d’Madame Jacquemart dacks vill mat mir gelaacht huet... Op alle Fall, ech hu mech och ėmmer gefreet, fir bäi si ze goen a fir duerno an der Stad ze trėppelen an d’Buttécker ze kucken.

An der Wakanz sin ech meeschtens muergens dohi gefuer. Ech konnt da méi Wuere mathuelen, well da war ze soen nach keng däitsch Polizei fir Hamsterkontrollen ėnnerwee. Ech hu bäi Jacquemarts mat ze Mėtteg geess. Mm, dat huet mir ėmmer gutt gefall, well an deem herrschaftlechen Haus as et stiedsméisseg, dat heescht méi houfereg, erofgaangen, an ech hun da gemengt, ech wir op der Kiirmes! Ech hun ėmmer méng bescht Manéiere bewisen... an hun dach nach muenecher do bäigeléiert. —

Eng Kéier sin ech komm, wéi d’Madame Jacquemart jhust wollt op d’Corniche "pilgeren". Si huet mech matgeholl. — Wéi mir do ukoumen, hun ech mech gewonnert iwwert dee schéine Panorama vun der Stad, mä dee Muerge gung et ėmt de Prisongshaff... Mir stungen do, mat ongeféier enger Dosen aner Lėtzebuerger, ze waarden... All déi Leit hu ganz bedréckt dragekuckt an op déi däischter Prisongspaart gestuerkst, déi géint zéng Auer opgaangen as. — D’Gefaange sin een nom aneren an deen Haff mat der héicher Mauer komm an du, hannerteneen am Krees, eng Véierelstonn ronderėm gaangen. Si hate Prisongsgezei un a ware vu Wiechter bewaacht. — D’Leit op der Corniche hun hinne mat Nuesschnappecher gewénkt a genėschelt Zeeche gemaach. D’Madame Jacquemart hat hire Jong gläich erkannt, well hien huet sech d’Nues gebotzt, wéi hien zur Prisongsdir erauskoum an as sech duerno mat der Hand iwwert säi Kapp gefuer. Dat war d’Zeechen, dat hie mat sénger Mamm ofgemat hat. — Esou laang wéi d’Prisonéier hir Tir ronderėm gaange sin, stungen d’Leit, ouni e Wuert ze schwätzen, op der Corniche an hu kee vun denen do ėnnen aus den Ae verluer. D’Madame Jacquemart an nach muenech aner Leit hu sech geschnäizt an d’Tréinen aus den Ae gewėscht — Ech gouf ganz traureg... a méng Kannerséil huet esou richteg verstanen, wat esou vill Lėtzebuerger an deėr Nazizäit hu missten erdroen. Ech hun dat absėnst Erliefnes ni vergeess... Wéi d’Paart am Gronn erėm zougemaach gin as, sin d’Leit op der


Zeechnong: Joâo Gomes

Corniche dach e bėsse getréischt fortgaangen: si wossten, dat hire Prisonéier nach nėt an d’KZ verschleeft gi war... — Déi aner Famill, déi ech proviantéiert hun, huet am ‘Rousegäertchen’ zu Hollerech gewunnt. Fir de Wee bis dohinner ze fannen, war fir mech eng quookleg Affär. Duerfir as méng Mamm e puer Mol mat mir dohinner gaangen. Duerno hun ech et eleng riskéiert: duurch d’Nei Avenue erop, laanscht dat grousst Gebei mat dene villen Hakekräizfändelen, wou de Gauleiter säin Haaptquartéier opgeschloen hat, iwwert d’Nei Bréck, laanscht dat Lazarett mat dene ville Rout-Kräiz-Ween am Haff an dene sėllechen däitschen Zaldoten an deem héige (Konvikts)-Gebei, dann d’Escher Strooss of, wou ech bei enger Metzlerei riets agebéit sin a geschwėnn duerno bei Arnoldys ukomm sin.

Do war ech och ėmmer wėllkomm mat ménge gudde Wueren. D’Madame Arnoldy huet déi gedeelt mat hiren Ėmgesidelten. Vun deėr gudder Wuer huet si Kuch gebak an no Leubus geschéckt. — Mat hirem Jacqueline, dat ee Joėr méi jonk war wéi ech, hun ech mech gutt verstanen. An de Wakanze sin ech souguer en etlech Deg bäi hinne bliwwen. Et war do alles anescht wéi bäi mir doheem. Si hun op engem Quartier um zwete Stack gewunnt, hate kee Gaart a keng Wiss, an hir Kanéngercher souzen am Ställchen op hirem Balko. D’Jacqueline hat e Spillzėmmer mat ville Poppen an Teddybären, eng kleng Epicerie, e Piano an en Dillendapp, dee Musek gespillt huet. Am léifsten hun ech a sénge ville Geschichtebicher gewullt a gelies: duerfir huet den Här Arnoldy, deen héich Stécker op mech gehalen huet, och ėmmer behaapt, ech géif eng Schouljoffer gin... D’Jacqueline war méi verspillt a virun allem ganz sportlech, gouf och spéider eng Turnprofessorin. Hatt as mat mir an de Park op d’Klunsche gaangen, op denen et mir schlecht gin as, huet mech matgeholl an d’Badanstalt, wou hatt an deem grousse Baséng geschwommen an héich vum Sprangbriet erofgesprongen as. Et wollt mech Rollschong léiere fueren, wat ech awer nėt esou séier bekäppt hun. Ech si léiwer mat him Wėlo gefuer: am Quartier ronderėm, duerch d’Märeler Wisen, iwwert de Geesseknäppchen, op Zéisséng a laanscht d’Péitruss erėm. Dat war flott an interessant, an ech hun doduerch e gutt Stéck Stad kenne geléiert. Ech krut och vill Gebäilechketen a Saache vum Här Arnoldy erkläert, wann hie mech owens laanscht den Heenzepark an déi grouss Schoul an der Stroossbuerger Strooss rėm op d’Gare geleet huet. Op déi Manéier war méng Hamsteraktioun eng gutt Schoul fir mech...

Natiirlech hu méng virwėtzeg Schoulkomeroden hannert mir gefuerscht, wat ech all Woch an der Stad verluer hätt. Mä dat hun ech hinnen nėt verroden. Muenecher vun hinnen hun du allerlee Ursaachen erfond, an et koum esouguer sou wäit, datt mir duerfir an e schlecht Liicht gerode sin... Méi wéi eng Kéier hu verschiddener mir et wollten Angscht maache mat de preiseschen Hamsterkontrollen... Déi si mir och alt begéint, mä si hun dat klengt Meedchen a Rou gelooss. Eng Kéier awer gouf ech zu Rued op der Gare kontrolléiert. Ech hat deemools eng flappeg Chance: méng Posch war voll Gardebounen an Zalot... ! Enges Daags hun ech awer och gesinn ewéi Leit hir Wuere beschlagnahmt kritt hun, a wéi eng Fra hir gehamstert Äer dem "Wachtmeister" virun d’Féiss fale gelooss huet...!! Wéi gesot, esou ganz ouni Risiko war méng Hamsteraktioun nėt, mä ech si kurajhéiert virun an d’Stad gefuer.

Mat der Zäit gouf ech och do ėmmer méi kėnneg an ech hu mäin "Exploratiounskrees" alt méi wäit ausgezunn. Sou war ech dann eng Kéier dorėmmer an der Groussgaass wéi et "Fliegeralarm" gouf. O Mammelikanner, du sin ech gerannt fir bis a Jacquemarts ze kommen, well ech wosst, datt elo keen Zuch géif fueren! Wéi ech iwwer d’Passerell koum, huet d’Sireen fir d’drėtte Kéier getut... Beim Schwender stungen däitsch Zaldoten, déi d’Leit an den "Unterstand" gedriwwen hun. Et as mir soss näischt iwwreg bliwwen, wéi matzelafen: de Grėnnesche Bierg erof, an éierens bäi der Gräinskapell an d’Kasematten eran. Wat eng Affär! Do war ech du mat enger Wull Leit zesummen an dene fiichten a mėffleche Fielsekelleren. Eng daierlech Luucht huet e bėsse geliicht. Bei der Paart luche Sandsäck opgekéipelt. Spueten a Piochen, Fässer mat Waasser stungen dorėmmer. Déi meescht Leit souzen op Bänke laanscht de Maueren an hu sech zimlech roueg verhalen, grad ewéi och déi däitsch Wuechtzaldoten. Virschrėften, déi grouss un de Fielswänn ugeschloe waren, hun et och verlaangt. D’Zäit gouf is alleguer awer laang... Ech hu mech weider nėt opgereegt, well ech wosst, méng Mamm kréich gemellt, datt de Siwenauerzuch wéint "Fliegeralarm" Verspéidung hätt.

No annerhalwer Stonn hun d’Sirenen erėm gehault: den Alarm war eriwwer. D’Paart as opgemaach gin, an d’Leit si séier auserneegerannt. Ech si poulriicht op d’Gare gebėselt, wou de Waasserbėlleger Zuch nach e gudde Strapp gewaart huet. Géint halwer néng koum ech owes doheem un. — Et war elo Mee 1944. D’Stater Gare gouf bombardéiert a méng Hamsteraktioun huet missen agestallt gin. — Leider as et du spatz am Spint bäi ise Frėnn an der Stad gin... an dene leschte Krichsméint. Si hun et iwwerstanen... an hun all is Hėllef bis haut nach nėt vergeess.

Bäi der Madame Jacquemart hun ech e gutt Ėnnerkommes fond, wéi ech op de Fieldgen an d’Schoul koum, an d’Pensionnat am Summertrimester 1945 nach vun den Amerikaner besat war.

[Index] [Home]

43) Vun allerlee preiseschem Gedeessems... am leschte Krich

An der Besatzongszäit gouf et ze soe keen Dag ouni preisesch Propaganda. Dat war fir d’Lėtzebuerger "preisesch Gedeessems" vun deem si nėt vil gehalen hun a mat deem heemlech vill Uz gemat gouf. Mä aus dem Geck gouf dacks batteren Eescht. An dann as muenech Lėtzebuerger den Häppche gaangen.

Do war mol virop dat veruffe "Winterhilfswerk". Mat deėr verfluchte bleche Béchs hun is Leit missen eemol des Mounts, op engem Sonndeg Muergen, Geld sammele goen fir preisesch Familjen z’ėnnerstėtzen, déi an Nout waren, dat heescht, wou de Papp an der Front fir d’"Vaterland" gekämpft huet oder d’Mutti fir de "Führer" déck am Asatz war. Et kann ee sech jo denken, datt d’Lėtzebuerger carrément refuséiert hun, fir do bäizesteieren a sech hierzegin, fir mat deėr bleche Béchs vun Haus zu Haus heeschen ze goen an dobäi nach esou kitscheg Ofzeechen als Belounong auszedeelen. Et gung nėt laang, fir dogéint de Kapp ze weisen. D’Preisen hun nämlech Lėscht gefouert, wie wat gin huet. Déi sech laanscht gezunn hun, koumen op d’"schwaarz Lėscht": déi Sprooch huet d’Lėtzebuerger ziddre gedon, well dat konnt enges Daags Prisong, Kazett oder Ėmsiidlong heeschen. Fir dat ze verhidden, huet alt jiddereen an de Beidel gegraff a Maansleit wéi Fraleit si mat der Béchs gereest, wann den Tour un hinne war: op déi Manéier as dann d’Kiirch am Duerf bliwwen.-

Mat weider preisescher Propaganda gouf natiirlech ferm bäi de Kanner ugesat. Dat gung besonnesch iwwert d’Schoulbicher mat all deem preisesche Quatsch, deen do dra stung. Dernieft gouf mat "Anschauungsunterricht" hir Propaganda lieweg gemat a Feindsbiller opgebaut. Esou e flappegen Opzock war z.B. d’Ausstellong "Sowjet Paradies", déi d’Schoulen aus dem ganze Land hu missten an d’Hal um Lampertsbierg kucke goen. Ech weess, wéi mir deemools, an der Keelt, e ganzen Dag duerfir zu Fouss, am Zuch an am Tram ėnnerwee waren. Wat mir do gewise kruten, war gräissleg, schänterlech. Do gouf de Spott mat Russland a sénge Leit gemat, datt et dem Faass de Buedem ausgeschloen huet: matten an enger Wėldnes waren aarmséileg russesch Häipen opgeriicht. Bannenan huet et ausgesin ewéi an engem Schwäistall. Doran hun onziviliséiert Leit mat hire Béischten a Kanner gehaust, nieft Sėffer a Reiber, déi mat Säwelen an Aaxten openeen duergaange sin. Ech weess, datt d’Grujhelen engem de Réck aus gelaf sin, virun dene "liewege" grujhelegen Zeenen a Maansgréisst. Ech erėnnere mech och nach, datt ech mir jorelaang Russland a séng Leit esou virgestallt hun, an datt ech d’Bolschewiken, wéi d’Preise d’Russe genannt hun, fir Wėller gehalen hun.

Natiirlech hat den Hitler jo ferm wėlles, Russland z’eruwweren an dann...—Mä, wéi du am Wanter 1942 déi däitsch Wehrmacht bäi Stalingrad am Schnéi stéche bliwwen as, du gouf iwwerall uechter iist Land eng grouss Sammlung vu gudde waarme Saache fir déi Zaldoten ofgehalen. Zu Rued bäim "Jakob" waren zwou grouss Fėnstere voll nei wėlle Schalen, Strėmp, Kledercher, Hiemer, Pulloweren, Händschen a Kapen ausgestallt. Mattendra stung en däitschen Zaldot als Mannequin a getarnter schnéiwäisser Uniform, dee gutt waarm gekleet war an déckeg pelze Stiwwelen unhat, esou wéi ech der nach ni gesinn hat. Deem konnten d’Zéiwen nėt erfréieren. Mä wéivill Zaldote sollen dann esou gutt gekleet gewiescht sind? — An der Fėnster niewendru ware gebrauchte wėlle Saachen ausgestallt. Et huet geschéngt, wéi wann déi Wueren de Preisen nėt schéi genuch wiren an nėt géifen an d’Front geschéckt gin.

Ech hu fond, datt si allerlee kriddeleg wären an datt heiheem, an deėr kaler Wanterzäit, muenech Leit déi waarm Saachen nach hätte gutt gebrauche kėnnen. Vill Haiser ware schlecht gehėtzt, well de Brennes war knapp a rationnéiert. Holz aus dem Bėsch gouf et nėt vill pro Stot. Duerfir si mir Knėppele rafe gaangen. D’Kuelen an d’Briquetten hu misste ferm gespuert gin. Dowéint haten d’Preisen de "Kohlenklau" ageféiert. Deen hung iwwerall dorėmmer op grousse Plakaten. Wéi en Houseker huet en e Fanger gemat, well mir vergeess haten d’Diren zouzemaachen an d’Hėtzt, duurch offe Fėnsteren, erausfléie gelooss hun. Witzeg, nėt wouer!, — Ma sécher! "Alle Räder müssen rollen für den Sieg": dorėms as et gaangen!

Do war esouguer de "Kartoffelkäfer “ deen och nėt zum "Endsieg" bäigedroen huet. Fir deen ze verdillegen an doduurch eng besser Grompererekolt ze kréien, hu mir missten am Summer, op bestėmmten Deg, mateneen iwwert d’Gewan duerch d’Gromperereihen trėppelen an déi eekleg Kiewerlécken zu Honnerten an Dausenden a blechen Dousen asammelen. Et war vill Jux domat verbonnen. — Doheem hu mir d’Hénger mat deem klengen, donkelbronge Gedéiesch gefiddert, mä op eemol hat iist Fiedervéi es och genuch dovun. D’Kiewerlécke stungen hinnen zum Krapp eraus a mir wosste soss näischt méi dermat unzefänken, wéi s’am Feier ze verbrennen. Domat hate mir dem Hitler da sécher e Gefale gemat...?

Preisesch Gedeessems! Dozou huet och d’Téisammele gehéiert. Vum Fréijor uns hun d’Schoulkanner misste regelméisseg all Woch Téi plécke goen. fir déi däitsch Zaldoten un der Front an an de Lazaretten ze kuréieren. Ech erėnnere mech u Kierf voll Meekräitchen, Hielenner, Haartnol, Mullebutzen a Buchaker, déi mir op de Schoulspäicher geschleeft an do gedréchent hun. Et war vill Larifari mat dem preisesche Gedeessems verbonnen. Ise Schoulmeeschter, den Här Jakoby, war nėt begeeschtert vun all deem Geméchels. Hie wosst am beschten, wat mir alles an der Schoul verpasst hun duerch dee preisesche Kapes. An dobäi huet hien nach an dene leschte Krichsméint e grousst Leed gedréckt: säin eenzege Joug, de Roger, e flotte Student, war vun de Preisen agezu gin a luch éierwou un der Front. Duerfir war et dem Här Jacoby och égal, ob mir déck oder dėnn Poretten a Muurten am Schoulgaart, tėschent dem Härenhaus a Giwesch, gezillt hun. Hien huet sech méi Suergen ėmt de Roger gemat. Dat war fir dee gudde Mann méi wéi preisesch Gedeessems. (Leider huet hie säi léiwe Roger ni méi ėremzegesi kritt...)

Fir is Kanner gouf et och nach anere preisesche Jhirimiri, deen is elle géint de Stréch gaangen as: an dat war d’"Hitlerjugend". Bis 1942 hate mir is mat allerlee Renken a Kéieren derlaanscht gedréckt. Mä du gouf et enges Daags décken Eescht. D’Aarbéchter an d’Beamte sin déi éischt forcéiert gin, hir Kanner an d’"HJ" unzemellen. Si krute mat dėtt an der Däiwel gedrät... Schliisslech blouf hire Kanner weider näischt méi iwreg, wéi Donneschdes nomėttes op Rued ze reesen.

Do waren d’"HJ"-Versammlongen an der "Ortsgruppe", dat heescht an isem gudde Bäcker Salli séngem Haus. Dat haten d’Preise beschlagnahmt, nodeem déi jiddesch Famill sech aus dem Stėbs gemat hat. — Mir Ouljer koume schons gläich a Konflikt mam "Ortsgruppenleiter", well mir um selwéchten Nomėtteg, vun zwou bis dräi Auer, Religiounsunterricht haten an duerfir eng déck Stonn ze spéit an d’"Hitlerjugend" koumen. Mir goufen zu Rued schif bekuckt an och vun isem Här. Deen huet du enges Daags op d’Zänn gebass an de Katchėssem geréckelt. Doropshi sin d’Bauerekanner iwwert is hiergefall a wollten is de Preis unhänken. Mir kruten décke Buttéck ėnnereneen. — Ménger wärrech, si hate gutt schwätzen... mä et huet nėt méi laang gedauert, du hu si kleng bäigin an hire Bak gehalen! D’Ėmsiidlong as ugaangen... doropshi si se ze soen alleguer mat op Rued gereest. — Mir waren elo eng déck Häerd vu Menster, Rued an Ouljen an der "HJ" zesummen. Mir goufen allerlee preisesch Lidder geléiert, krute Filmer gewisen an an dene schéinsten Téin vum "Führer a vum "Vaterland" erzielt. Den "Ortsgruppenleiter" koum is dacks besichen. Hien huet is dann dat Blot vum Himmel versprach, wa mir géifen... Am Summer hu mir elo missten an Uniform untrieden: eng schwaarz Jupe, eng wäiss Blouse an ėmt de Koll e schwaarze Kėpp, deen no vir vun engem ronne Knout aus Lieder zesummegehale gouf. Esou gerėscht si mir a Rei a Glidd duurch Rued paradéiert an hu schmasseg preisesch Lidder vum "Westerwald" a vun der "Lüneburger Heide" gesongen. Wann e kėnnege Mėnsch mech gesinn huet, hun ech mech zu Doud geschuemt. — Lues a lues gouf een du méi raffinéiert an et huet een et gemaach, wéi nach muenech aner. Et huet ee stėnterlech misste bäi den Zänndokter goen. et war ee gefall, d’Nues huet engem ėmmer geblutt oder et hat een de Bauch wéi: jee, d’Uursaache waren hei fir ze gebrauchen... Fir nėt ze vill opzefalen, as een dann emol erėm eng Kéier luusse gaangen... Am Summer 1944 waren d’Versammlongen e puer Mol um Betzder Schlass. Do haten d’Preisen e "Bund-Deutscher-Mädel-Ausbildungslager" ageriicht. Eng Parti preisesch Gréidelen hun do e schéint Liewe gefouert. An déi hu probéiert is ze wéckelen... mat engem lėschtege Programm vu flotte Spiller: am Schlass, hei baussen am Park, am Bėsch an owes bäi engem romantesche Lagerfeier. Dat wir jo alles nėt esou oniewe gewiescht, wann et näischt mat preiseschem Bluff a Geméchels ze donge gehat hätt. — Deemols hu mir, ganz ongedėlleg, op d’Amerikaner gewaart...

Wéi déi du endlech komm sin, haten, iwwer Nuecht, déi preisesch Gréidelen um Bėtzder Schlass an iwwerall dorėmmer sech duerch d’Latte gemat...

a mir waren, op der Dot, dat preisescht Gedeessems lass. Gott säi Dank!

[Index] [Home]

44) E preiseschen Opnamexamen am Joėr 1944

Et war e gliddeg waarme Sonndegnomėtteg, ufanks Juli 1944. Eng grouss an eng kleng Waliss louche gepaakt niewent der Schoulmapp op dem Weenchen. De ganze Bagage huet mäi Brudder gehollef vun Oulje bis op Rued féieren an an den Zuch eropgin. Mäi Papp konnt is nėt hėllefen, hie war zu Ehrang "dienstverpflichtet". Duerfir as méng Mamm eleng mat mir iwwert d’Stad op Walfer gefuer.

Wat war dann do lass? — Abee, well méng Primärschoulzäit eriwwer war an ech Léieri wollt gin, hun ech missen, eng Woch laang, en "Aufnahmeexamen" fir an d’"Lehrerinnenbildungsanstalt" zu Walfer maachen.

Mat is as eng ganz Hickecht vun esou Medercher aus dem Zuch geklommen, begleet vu Mammen oder soss engem. All hu se de selwéchte Wee ageschloen: vun der Gare aus no lénks, duerch e Park, an dat grousst Gebai — d’Walfer Schlass — wou d’Preisen déi "Lehrerinnenbildungsanstalt" ageriicht haten. Wéi mir do ukoumen, war an dene laange Gäng e schéint Gewulls a Geschnadders vun esou ongeféier honnertfofzeg jonke Medercher. Studentinnen aus der "LBA" a " Bund Deutscher Mädel"-Uniformen hu sech ėm d’Examenskandidatinne gekėmmert an hinnen op "hochdeutsch" hir Uweisunge gin. Fir déi néideg Formalitéiten hu mir am Büro vum preiseschen Direkter misse passéieren. Duerno hun d’Begleetpersounen is misse verloossen. Et war mir déck ėm d’Häerz, wéi méng Mamm mir hir lescht gutt Rotschléi gouf a mir äddi sot. Op alle Fall hun ech mech duerno ėnnert all dene frieme Medercher ganz verlooss gefillt. Vill vun hinnen hun déck getéint, wéi wann si schons méi wéi Bescheed wéissten iwwert d’"LBA" an den Examen. Ech hu ganz verdaddert nogelauschtert.

Mir goufen opgeruff an op d’Schlofsäll verdeelt. Ech koum op den drėtte Stack, ėnnert den Daach, am Mėttelbau. Et war e groussen Dortoir mat esou drėsseg Better an dräi laange Reien, a mansardéiert Fėnsteren, aus denen ee stoensfouss nėt konnt eraus gesinn. Ech weess nach ganz genee, wat fir eng Plo et fir mech war, méng zwou Walissen déi vill Trapen erop ze schlefen. A wat fir eng Blamage gouf et fir mech, wéi ech se opgemaach hun. An der grousser Waliss war méi Proviant wéi Gezei. Méng gutt Mamm hat mir e ganze Kranzkuch, an Tranche geschnidden Ham, e Glas Gebees, eng hallef Dosen haartgekachten Äer an hausgebake Kichelcher agepaakt. Mäi Gott, wéi eng "Führerin" dat gesinn huet, huet si d’Ae grouss opgerappt a mir de strammen Uerder gin, dat "Fressen" aus dem "Schlafsaal" verschwannen ze doen. E ganzen Trapp Medercher stung ėm mech ze grinsen an ze laachen. Ech krut Tréinen an d’Aen. "Wär ech dach nėmmen erėm gutt doheem", hun ech geduecht. Ech gouf d’Schlucksen nėt meeschter, wéi ech mäi Bett hu missen eleng opzéien an d’Ėnnerwäsch areien an e Schiefchen, dee mir zu e puer Medercher gedeelt hun. Eng aner "Führerin", d’Steffi, huet sech dunn ėm mech a mäi Proviant gekėmmert. Ech hun dierfen alles an e Spint niewent dem "Eßraum" leėn. D’Steffi war léif mat mir a voll Versteesdėmes. Ech hu mech dorophin erėm e bėssche berouegt. Um Steffi hat ech och eng kleng Stäip, wann de preiseschen Drill mech an d’Labrente bruecht huet.

Virum Owendeesse war den éischte groussen Appell. Elo waren all Kandidatinnen agelaf a kaséiert. D’"Heimleiterin" huet is mat "Heil Hitler" wėllkomm geheescht. Duerno huet si eng Ried iwwert de "Führer" gehalen. Sou vill "Schéines" wosst si vun deem grousse Frėnd "der deutschen Jugend" z’erzielen. An déi Frėndschaft misste mir mat "treuem Dienst für Führer, Volk und Vaterland vergelten". Leider hu mir missten an d’Hänn klatschen. Leider ware verschidde Medercher och ganz begeeschtert...!? — Duerno krute mir e sėlleche "Verhaltungsmaßregeln" fir Disziplin an der "LBA" an am Examen agetriichtert. Beim Nueteesse wollt mir näischt den Hals erofrėtschen., — Duerno si mir nach duerch dee schéine Park spadséiert. Ech si mir wéi verluer virkomm. A wéi enger Himmelsrichtung louch mäin Dierfchen? Et war mir esou bosseg: schons hun ech verlaangert... Am "Schlafraum" war ufanks vill Zodi. Du koumen zwou oder dräi "Führerinnen", déi mat is do geschlof hun, uerdenéieren, mir missten is am "Gemeinschaftswaschraum" vu Kapp bis Fouss wäschen, an dat "nackt". Folleglech, grouss a kleng mateneen: puddelnakeg, plakeg! — Déi meescht vun is hu gelungen dragekuckt. En etlech onverschimte Stécker hate keng Komplexer, sech am Adamskostüm z’exhibéieren. Déi sech gezunn hun, goufe vun de "Führerinnen" als "Unschuld vom Lande" vernannt. Ech hun och zu dene gehéiert. — Wéi mir an de Better louchen, gouf kontrolléiert. ob mir keen Hiem vun deem Dag ėnnert dem Nuetsrack unhätten: dat wir aus hygienesche Grėnn nėt zouléisseg. Nujee, dat war na nėt esou oniewen, well et war terribel waarm op dem Juck. Ech konnt laang nėt aschlofen an deėr Hėtzt, am friemen Eisebett... a vu Verlaangeren.

Méindes muergens gung et schons um halwer siwe lass mat: "Guten Morgen! Aufstehen, zwanzig Minuten Frühsport im Park! Turnpantoffeln, kurze Hose und Hemdchen!" Duerno ware mir waakreg fir d’"Fahnehissen". Bei der Meditatioun ėm den Hakekräizfändel gouf gesongen: "Die Fahne hoch!" an "Deutschland, Deutschland über alles, über alles in der Welt!" Déi feierlech Zeremonie gung esou all Muergens hei iwwert d’Bühn. Herno hu mir is missten tommelen, fir is ze wäschen, unzedongen an d’Bett ze maachen.

Um Kaffisdėsch huet de preisesche Schluutche mat Kamėss nėt zum beschte geschmaacht. Et gouf erlaabt, vun isem Proviant mat un den Dėsch ze bréngen. An hei elei: et waren nach Medercher do mat Zoossiss, Ham a Kuch. Duerfir versteet een och, datt, mėtten an der Woch, d’"Heimleiterin" eeschtlech veriergert war, well e Meedchen heem geschriwwen hat: "Der Kost ist hier zum Kotzen."

An elo dann zum Kär vun der Saach: den Opnamexamen. Ech weess mech nėt méi un alles z’erėnneren, mä nach u villes: virun allem un dat, wat mech terribel opgereegt huet a wou ech gemengt hun, ech hätt mech ongeheierlech blaméiert. Den Exame gung u mat Däitsch. Mir hu missten esou eng Aart Aufsatz schreiwen, dat heescht e Bericht iwwert iist Liewen doheem. am Duerf oder an der Stad, iist Verhältnes zur Schoul an zur Kiirch, méi genee zum Schoulmeeschter an zum Paschtouer, is Beschäftegung an der Fräizäit, is Aktivitéit an der "Hitlerjugend", is Menung oder Astellung zum "Großdeutschen Reich" an iist Gefill zum "Führer Adolf Hitler". — Mir as de Schweess ausgaangen, wéi ech mech hu missten duerch déi verflixten Affär, hallef éierlech an hallef verlugen, duerchbäissen.

No all Fach gouf de Sall gewiesselt. Dat Plėnneren an dat Gerees no lénks a riets, duerch déi laang Gäng vun der "LBA", war fir mech einfacht Kand aus deėr klenger Duerfschoul e groussen Duercherneen. Méi ewéi eng Kéier hun ech mech verlaf. Gott sei Dank sin alt nach esou "verwalten Dickelcher" dorėmmer gejhauft: d’"Gruppenführerinnen" hun is "Einfaltspinsel" genannt.

Nomėttes war bäi erbäermlecher Hėtzt den Examen an der "Rechtschreibung": et gouf e gepeffert Diktat. Dat huet mech nėt aus dem Gläichgewiicht gehäit, mä duerno huet d’Noerzielung "Der Mäusebussard" mech un d’Wackele kritt. Esou e Wuert hat ech nach ni héieren, a wéi ech endlech erausfond hun, ėm wat et géif goen, hat ech vu lauter Opregung vill Detailer verpasst. Mä ech krut dach nach eng passabel Geschicht zesummegebastelt. Den zweten Dag war d’Mathematik un der Rei: mäi " Lieblingsfach". Ech si bal schwaach gefall, wéi et mat (a2+b2)=(a+b)(a+b) an xy=z lassgaangen as. Si hun dat Algebra genannt, fir mech war et griechesch. Mä d’Medercher aus der "Hauptschule" hun eppes dovu verstanen. Et waren der awer nach a méngem Fall. Mir sin dunn an eng Spezialgrupp agedeelt gin a krute Rechnungen iwwert Grondoperatiounen a "Raumlehre". Domat konnt ech mech erėm opfänken. Am Nomėtteg war Sport a "Leibeserziehung" an deėr batterer Julisonn op der Wiss, vis-à-vis vun der LBA. Déi meescht vun is waren doriwwer ganz begeeschtert, ech nėt. Et war "Hitlerjugendgedeessems", wéi mäi Lėtzebuerger Schoulmeeschter et genannt huet. Duerfir huet kee Geturns op isem Stonneplang figuréiért. Mat dem preisesche Schoulmeeschter si mir an den Turnstonnen Téikraider an dé Bėsch sammelen oder Gromperekiewerlécken an d’Stécker fänke gaangen. — Mä hei an der "LBA" gouf grousse Wäert op d’"Leibesertüchtigung" geluecht. Am "Weitsprung, Hochsprung, Staffellauf, Tauziehen, Bockspringen, Kugelstoßen", wéi dat alles op preisesch geheescht huet, gouf dichteg rivaliséiert tėschent dene verschiddene Gruppe mat Nimm wéi "Adler, Falke, Löwe, Tiger" asw. Ech gesi mech nach wéi ech de Ball mat Schmass hu misste rietshändeg geheien. Well ech lénkshändeg sin, as de Ball hannerzeg geflunn, an dat dräimol noeneen. Beim Sprangen an d’Sandkaul sin ech um Hėnneschte gelant, a beim Héichsprong as d’Lat prompt erofgetrollt. Ech war eng "Toz" fir d’Grupp vun de "Panther". D’Tréine ware mir ganz no, well ech war ėnnerlech esou opbruecht géint all dee preisesche Quatsch. Et war mir wiirklech baang, ech kéint duerch dat blöd Turnen am Examen duerchfalen.

Deen aneren Dag waren d’naturwėssenschaftlech Fächer un der Rei. An der "Erdkunde" krute mir eng Landkaart vum "Deutschen Reich" mat dräi Haaptflėss, Bierger a Stied anzezeechnen. Dat war kee Problem fir mech.

Eng Primel an eng Bei waren detailléiert ze beschreiwen an ze mole fir d’"Naturkunde". All déi Kenntnėsser hate mir aus dem décke "Realienbuch", dat esou schwéier an isem Schoulsak gewiėn huet.

Am Physiksall, wou et esou komesch gericht huet, war ech verwonnert iwwert déi vill Fläschen, Dėppercher an Apparate fir d’"Naturkunde".

Déi héichste preisesch Téin si fir d’Geschicht ugeschloe gin. Do hun engem déi grouss Helden aus dem "Tausendjährigen Reich Deutscher Nation" misse bekannt sin. Duerno gouf, ewéi all Dag, de "Wehrmachtbericht" feierlech gelies, a mir hu missten déi preisesch Militäroperatioune lokaliséieren an analyséieren. An der Nordsee hate si erėm absėns vill feindlech "Bruttoregistertonnen" versenkt an a Frankräich hu si sech nach dout "gesiegt", trotzdeem d’Amerikaner si Dag fir Dag e Stéck méi "Heim ins Reich" gejot hun. Et koum du ee Muergen, wou mir déi komeschste Saachen hu missen op Blieder ukräizen, molen, numeréiren asw. Ech hun deemools nėt verstanen, wat si domat wollten, mä haut weess ech, datt dat allerlee Tester waren. Mir goufen och nach alleguer, ee Meedchen nom aner, bäi den Direkter geruff. Op "hochdeutsch" hun ech missten explizéieren, fir wat ech gäre Léierin géif gin. Ech war opgereegt, mä den Här war awer frėndlech, an ech hat den Androck, wéi wann hie mat mir zefridde gewiescht wär.

Een Nomėtteg war fir Zeechnen a Sange reservéiert. Et war nėt schwéier, eng Vas mat Blummen ze molen. Ech hun nach heemlech ménger Nopesch virugehollef. Mä an der Musek war mir d’Nouteliesen onbekannt. Vill Medercher haten domat keng Schwiregketen, well si schons an de Conservatoire gaange sin. Munnecher konnte esouguer Piano spillen. Ech hu mech mat ménger gudder Stėmm erausgerappt. Ech weess, ech hu flott a richteg gesongen: "Horch, was kommt von draußen rein, holahi, holaho".

Dee leschten Nomėtteg gouf eppes ewéi eng "Propaganda-Parade" duerch Walfer opgezunn. An iser Sportsuniform, d.h. an enger schwaarzer Béxelchen, enger wäisser Blouse, a Stitzecher an Turnschlappen, si mir ewéi Hitlerjugendmedercher, mat ise "BDM-Führerinnen", am Schrack "eins, zwo, drei, vier" duerch d’Sonn marschéiert. Dobäi hu mer schmasseg preisesch Lidder gesongen. Ech war doudmidd wéi mir am Bėsch op dem Steseler Bierg ukomm sin. Do hun déi verschidde Gruppe misste Spiller a Sketcher fir de leschten Owend virbereden. Ech erėnnere mech, datt dat e juxegen Ofschloss gi war. Ech weess och nach, datt deen Owend d’Steffi Piano gespillt a schéi gesongen huet.

Esou as déi laang Examenswoch erėmgaangen. Mä vun all deem Drill an denen Opregunge war ech kierperlech um Hond. Et war awer nach eng Saach doru schold. Vun dene sechs Nuechte waren der dräi, wann nėt véier, vu "Fliegeralarm" ėnnerbrach. Wat huet dat bedeit, wa matten an der Nuecht d’Sireen um Daach, jhust iwwert isem Dortoir, opgehault huet? — Dann hu mir alleguer missten aus dem Bett an de Keller goen oder an den "Unterstand", wéi d’Preisen dat genannt hun. Wéinst strenge "Verdunklungsvorschriften" hu mir missen ouni Luucht, jhust mat enger aremséileger Täscheluucht, déi vill Trapen erofpilgere bis an dee grousse, verwėllefte Keller vum "Walfer Schlass". Do hu mir is dann an is Bettdecken agewéckelt an op d’Bänke laanscht déi gewäisste Mauere geduckelt. Vun dobaussen, aus dem Himmel erof, war dat onheemlecht Bromme vun den "Englänner" (esou sin déi englesch Bommer déi Zäit genannt gin) bis an de Keller ze héieren. Ech hat ni Angscht, mä vill Medercher aus der Stad a vu Betebuerg, déi schons Bombardementer erlieft haten, hu geziddert an esouguer gekrasch. Op alle Fall war de "Fliegeralarm" eng schrecklech Belaaschtung an der Examenszäit. Meeschtens huet den Alarm vun halwer eng bis eng Auer dräi gedauert. Mir hun alleguer opgeotemt, wann d’Sireen den Alarm ofgeblosen huet. Da si mir dréideg d’Trapen erop getiirkelt, doudmidd an d’Bett gefall an direkt erėm ageschlof. Muergens duerno as dann de Programm vum Dag eng hallef Stonn méi spéit ugelaf.

D’Resultat vum Exame gouf is samschdes muergens am grousse Sall, deen "Aula" geheescht huet, matgedeelt. Vill vun dene Medercher, déi ufanks esou getéint haten, ware méi roueg gin, anerer bloufe vum Ufank bis un d’Enn "siegesbewußt": déi waren all e bėsschen "ugehaucht". Ech hun zu kenge vun denen zwou Categoriė gehéiert. Leider hun ech dee ganze preisesche System vill ze vill eescht geholl an duerfir déi ganz Woch duerch vill ze vill Angscht ausgestanen. Dee schroen Drock as vu mir gewach, wéi mäin Numm opgeruff gin as. Ech war also bei denen, déi den Exame bestanen haten. An trotzdeem konnt ech mech mol nėt richteg doriwwer freėn... Wéi méng Mamm mech ofhuele koum, gouf et erėm Tréinen...

Nees doheem ze sin, war eng Erléisung. Mä ech koum, ewéi ee seet, iwwert kee Stréihallem méi. Ech hat beim Eesse keen Appetit, an ech hu mech nėt an der Rei gespiirt. Den Ouljer Leit as opgefall, wéi bleech a spizeg ech gi war. Mäi Schoulmeeschter war am Leed fir mech. Hien huet ménger Mamm geroden, mech gutt opzefidderen.

Et koum dunn d’grouss Wakanz, an ech hu mech lues a lues erėm erkritt.

Gott sei Dank hun ech nėt brauchen an déi preisesch "Lehrerinnenbildungsanstalt" ze goen, well am September d’Amerikaner is vun deem preisesche Regime liberéiert hun.

[Index] [Home]

45) Eng Typhus-, Jabo- a Wėlosaffär virun der Liberatioun an den 12. September 1944

Et war ufanks September 1944. D’grouss Wakanz war zou Enn. D’Primärschoulen haten esou leedlech dorėmmer ugefaangen. Déi grouss Schoule sollten och déi Woch duerno hir Paarten nees opmaachen.

Méng Waliss war esou wäit gepaakt, well ech sollt jo als Interne zou Walfer an d’"Lehrerinnenbildungsanstalt" anzéien.

Iwwert dem Lėtzebuerger Land luch d’Hoffnong op d’Liberatioun an ze gläich d’Angscht vu Krichsgefor. D’Leit waren op schrecklech Evenementer a virun allem op Evakuatioun gefaasst. Si hun all fir Haus an Haff gebaangt. Vill sin a Panik geroden an hun déi gelungensten Tricken ėnnerholl. Hir wäertvoll Schätz sin an Heeknäpp, Stréikäscht, Fäschekéip a Rommelskaule verstoppt gin. Sou hate mir dann och iist hausmaacher Léngent an enger grousser hėlzener Kėscht, nieft Giwesch hire Wäertsaachen, am Schoulmeeschter séngem Keller agemauert. D’Dir vun isem Räzhäische gouf verbarrikadéiert, fir is lescht Provisioune vu Speck, Zoossiss an Ham ze retten. Am Gaart hun ech gehollef en déift Lach gruewen, wou mir is Wäin- a Branntewäinsreserv begruewen hun. Hautdėsdaags muss ee schmunzeleu iwwert all déi Méckepéilerei, mä deemools war et de Stréihallem un deen is Leit sech ugeklamert hun.

D’Waarden op d’Stonn vun der Liberatioun war bal nėt méi z’ erdroen. Et war iwwerall Noriichtespär, an duerfir sin déi verwurrelst Krichsnouvellen duurch d’Ländchen zirkuléiert. Eemol huet et geheescht, d’Amerikaner wire schons zu Arel, dann as gemiirwelt gin, si wiren a schwéier Gefechter mat de Preisen ėm Lonkech verwéckelt, asw.

Zu Oulje konnte mir, an dene Septemberdeg, aus éischter Quell, konstatéieren, datt d’Preise ferm um Réckzuch waren. Op der Eisebunnslinn Lėtzebuerg - Waasserbėlleg - Tréier hu sech chaotesch Zoustänn ofgespillt. Drop an derwidder sin Zich un Zich duebelgleiseg, dat heescht, zur selwéchter Zäit, op zwee Gleiser, ouni ugemellt, via "heim ins Reich" gerullt. Einfach Zaldoten hun d’Lokomotiven dirijhéiert. Mat oder ouni Signalzeeche si se iwwert d’oppen oder zoue Barriär gerullt. Op Marchandisezich hu si no Däitschland gerett, wat nach ze rette war: an derbäi munnech gestuele Wuer. Et sin awer och vill Lazarettzich passéiert, wou hannert de Fėnsteren traureg an daierlech Gesiichter erausgeluusst hun. A wéi et den Hitlertruppen ėmmer méi un de Pelz gaangen as, hun si nėt méi genuch Lazarettzich opbruecht. Du koumen einfach Gidderzich, wou op der Lokomotiv e Roud-Kräiz-Fändel gefladdert huet. Krėppel a blesséiert Zaldote luchen op Stréi an de Waggoėn, wou baussendrop a grousse Buschtawen — wéi e faulen, onbaarmhäerzege Witz — geschriwwe stung: "Räder müssen rollen für den Sieg."

Vun Däitschland erop koum ze soe keen Zuch méi. Duerfir konnte vill "dienstverpflichtet" Lėtzebuerger sech nėmme mam Zuch bis op Tréier, beschtefalls bis op Waasserbėlleg, duurchklappen. Vun do aus sin da muenecher zu Fouss nuets laanscht d’Eisebunn geschlach komm: si hu misste verdäiwelt virsiichteg sin, fir nėt als Déserteur op der leschter Etapp an d’Fräiheet, vun de Preise geschnappt an erschoss ze gin.

Ėnnert esou en Ėmstänn koum enges Nuets och mäi Papp mat engem Kolleg, doudmidd an hongreg, doheem un. Si waren zu Ehrang bei engem ongeheierleche Bombardement nach jhust esou eschappéiert. Déi zwéin hu vum groussen Duerchernee profitéiert, fir sech duurch d’Bascht ze maachen.

Kee Mėnsch huet diirfe gewuer gin, datt mäi Papp doheem wär, well dat wir de Kotténg fir d’Preise gewiescht. Fir deem Risiko ze entgoen, huet mäi Papp décidéiert, sech krank ze mellen. Ech sollt op Gréiwemaacher fueren an him bäi isem Hausdokter e Krankeschäi siche goen. Dat huet is op déi gutt Iddi bruecht, mech zu Walfer an der Schoul och krank ze mellen. Ech sollt duerfir mir gradesou en Attest vum Dokter Clees ausstelle loossen.

Freides, den 8. September, sin ech gläich nom Mėttegeessen, mat méngem Wėlo, no Maacher gefuer. Ech hun de Wee aus dem FF kannt an hu mech ze soe gefreet, iwwert d’Landstrooss ze jabelen. — Et war e schéine sonnegen Hierschtdag. D’Bauereleit hun dorėmmer am Groum geschafft. Näischt hätt u Krichsgefor erėnnert, wann nėt vereenzelt preisesch Gefierer mir begéint wären. Si ware mat Äscht a Gréngs getarnt, fir datt si nėt esou séier vun den amerikanesche "Jaboen" vum Himmel aus an Uecht geholl a beschoss gi sollten. Am Fong gouf et mir duerfir awer e bėsschen onheemlech.

Nujee, ech koum gutt beim Dokter Clees un. De léiwen alen Här hat mir eréischt am Juni e Gesondheetsattest fir den Opnamexamen ausgestallt. an nodeem ech him mäin Uleies virbruecht hat, huet hie fond, datt ech zėnterhir allerlee spizeg gi wir. Ouni vill Gedeessems ze man huet hien zwee Krankeschäiner geschriwwen — ee fir mäi Papp an ee fir mech. Dobäi huet hien häerzhafteg gelaacht an zu mir gesot: "Bong! Déi Kéier muss ech hinnen erėm eng säfteg ophänken, d’Preise beléien as ebe keng Sėnn: däi Papp an du, dir hut den Typhus: maach dech heem a suergt, datt d’Preisen eech nėt kréien!"

Ech wollt awer nach duerno wäiss Brout, mat Ticketėn, beim Bäcker Lettal kafen, mä d’Gefaacher waren eidel. Beim Metzler Schmidt krut ech och näischt fir méng Fleeschticketėn. Ouni mech nach weider dorėmmer se saumen, hun ech mech op Heem zou gemaach.

Am ‘Kalebierg’, deen ech zu Fouss, niewent méngem Wėlo erop gaange sin, koume Leit mat engem vollgestapelte Weenchen de Bierg erofgefuer. Si hu verschotert dragekuckt ... an e komeschen Androck gemaach. Déi Maacher, déi op den Haustrape souzen an op de Fėnstere luchen, hate gläich erausfond, datt dat "Lėtzebuerger Preise" waren, "déi sech mat Sak a Pak aus dem Stėbs gemaach hun. Onbaarmhäerzeg si si iwwert déi Leit hiergefall, hu se verspott a vernannt. Déi zwee Kėnnercher hannert dem Weenchen, hu sech bäi der Mamm verdréckt. Mir huet et leed fir si gedoen. Ech hun déi traureg Zeen mäi Liewe laang nėt vergeess.

Vun der ‘Maacher Knupp’ erof as mäi Wėlo séier an de Wecker Gronn gejhitzt. Um Himmel, iwwert dem Bėsch, hun ech e preisesche "Storch" kreesse gesinn. Geschwėnn duerno as en amerikanesche "Jabo" duurch d’Luucht gepaff an as hannert dem Bėsch verschwonnen. Gläich drop huet et erbäermlech gerabbelt. "Gedaggedagg". Ech si vum Wėlo erofgesprongen an hu mech hannert ee Bam geduckt. Ech hu gemengt, dat Geschéiss wir iwwert mir, an et war mir nėt méi egal. Dee ganze Spektakel huet nėmmen e puer Minuten ugehalen, duerno war et ronderėm roueg: an de Wisen an op der Landstrooss war keng lieweg Séil wider bäi nach no.


Zeechnong: Pascal Reimen

Ech sin erėm op mäi Wėlo geklommen an hu fatzeg gedréckt, fir séier bis no Bierg ze kommen. Vun do aus hun ech eng déckeg schwaarz Wollek an der Luucht gesinn, déi vun Ouljen eropgezunn as. O Mammelikanner, wat soll da geschitt sin?

Op eemol hun ech e puer preisesch Zaldote vu wäitem komme gesinn. Et war mir nėt méi eendun. Mäi Gott, wann déi mech elo unhalen a méng Poschen duurchwullen... a méng Krankeschäiner fannen! — Wat ech hinne méi no komm sin, wat et mir méi daddereg gouf. Trotzdeem sin ech daper laanscht si gefuer. Ech war ze soe schons hannert hinnen, wéi ee mech um Gepäckdréier gerappt a gejaut huet: "Halt, Fahrrad her!" Ech si bal vum Wėlo ėmgekippt an hun hie ganz Chrėscherlech ugebiedelt: "Nein, ich muß nach Haus, ich komme vom Arzt, mein Vater hat den Typhus." Doropshin huet de Preis mäi Wėlo lassgelooss, huet geflucht an as sénge "Kampfgenossen" nogelaf. "Jesus, Maria, Jousebett, elo hat ech awer Chance!" hun ech gegrommelt, sin eenzock op mäi Rad gesprongen, aus dem Suedel gaangen a séier op d' "Banzelt" zougerannt. Wéi ech tėschent dem ‘Nures’ an dem Dännebėsch erauskoum, luch Ouljen a schwaarzem Damp viru mir an et huet eekleg no Polfer gestonk.

Méng Elteren hun opgeotemt, wéi ech doheem ukomm sin. Ech gouf gewuer, datt si am Keller souzen, wéi e preisesche Munitiounswon an der ‘Weid’ vun den Amerikaner beschoss gin as. Déi ganz Charge war an d’Lut geflunn an de Won verbrannt. D’"Besatzung" hat d’Gefor zur Zäit erkannt, d’Gefier am Plang gelooss a sech am Wisegruef verstoppt. Méng Schoulkomerodin, Ziirde Marie-Josée, déi do d’Kéi gehitt huet, hu si och an Deckung geruff. a si huet mat erlieft, wéi am Kugelreen ee vun den Zaldoten en Arem ewech gerass kritt huet.

No all dene schuddregen Noriichten hate mir d’Affär vun de Krankenattester bal vergeess. Ganz opgereegt hun ech méng Wėlosgeschicht erzielt an hun duerno eréischt d’Dokteschzertifikaėn aus der Posch gezunn. Den Typhus huet is all de Schreck aus de Glidder gejot a fir d’Gelaachs gesuergt. Mä d’Freed huet nėt laang ugehalen. De "Storch" war schons erėm an der Lut an huet seng Kreesser iwwert dem "Nuresbėsch" gezunn. Gläich drop as de "Jabo" säin Ziel ugeflunn an et huet erėm gerabbelt. Mir sin an de Keller gerannt, hu Rei a Leed erweckt a gemengt, et wir iist Lescht. Wéi mir erėm aus dem Keller erauskoumen, hu mir gesinn, wéi et iwwert der ‘Banzelt’ gedämpt huet: e puer preisesch Munitiounsween waren och do a Brand geschoss gin. Wéi gutt, datt ech nėt méi mam Wėlo ėnnerwee war!

Iwwert d’Syrbréck koumen dunn e puer preisesch Zaldoten. Gläich ware mir all am Haus verschwonnen, hun d’Dir zougespaart an hannert de Ridonge geluusst. Um ‘Tréier Wee’ koum jhust dem Emil säin Zénon an hire Jhull mat der Päerdskutsch. D’Preisen hu si ugehalen a wollten hinnen hire schéine Biddi ofhuelen. Et gouf e fiirchterlecht Gejäiz a Geros. D’Päerd huet gescheit, sech opgebeemt, de Preis bal ėmgerannt an as a vollem Galop iwwert de ‘Pofferléckswee’ duurchgebrannt. D’Preise ware paff a si verdaddert de Biereg aus viru gaangen. Den Zénon an de Jhull konnte vu Chance schwätzen. —

Mäi Papp wollt hinne vun dobaussen nokucken. Méng Mamm huet gebiedelt, hie sollt dach, ėm Gottes wėllen, dobanne bleiwen. Iwerdeems koum ee vun de Preisen laanscht is Dir geschlach, as an is Wäschkichen era gaangen, huet méngem Papp säi Rad geklaut, sech drop gesat an as laanscht d’Bunn no Betzder fortgerannt. Mai Papp as zur Dir erausgestiirmt, huet dem Preis nogejaut..., mä et war ėmsoss. — An deem Abléck kėnnt en anere Preis, op Bėrtesse Jhäng séngem Wėlo, de Biereg erofgerannt an as deem aneren nogefuer... via "Vaterland". Méng Mamm huet mäi Papp an d’Haus eragedriwwen. Ech sin d’Bakes séier zouspäre gerannt, fir datt mäi Wėlo nėt och nach sollt geklaut gin. De Rescht vun deem schrecklechen Dag huet kee vun is sech méi virun d’Dir gewot.

Samschdes, den 9. September, war e rouegen Dag. Mä Sonndes, den 10. September, war erėm der Däiwel lass. Zu Eeschwėller, zu Iernster an iwwerall ronderėm hun d’amerikanesch "Jaboen" propper Botz gemaach. An der Houmassenzäit huet et och erėm zu Oulje gestėbst a gerabbelt, wéi wann d’ganz Dueref géif an e Koup geschoss gin. D’Leit sin zur Kiirch eraus fortgelaf. Ech erėnnere mech, datt mir Kanner is ėnnert d’Duxallstrap verfuusst haten an datt de Paschtouer eleng d’Mass um Altor viru gehalen huet. — Am Nomėtteg waren déi amerikanesch Opklärungsfliger e puer Mol hannert de Preisen hier, déi op de Stroossen ėnnerwee waren, fir "Heim ins Reich". All Kéier si mir an de Keller gerannt, wann d’Maschinnegewierer geknaddert hun. Do war et is dann nėt méi egal. Mäi Brudder huet gekrasch an ech hu geziddert wéi Espelaf. D’Mamm huet gebiet a mir hun zesumme Rei a Leed erweckt, well mir hu gemengt, is lescht Stonn hätt geschloen. Ménger wärrech, mir hun déi Deg Doutangscht ausgestanen! Mä endlech war et esou wäit. Dėnschdes, den 12. September, as op een Zock e Stuurm vu Begeeschterong duurch Oulje gaangen, a wéi aus engem Mond huet et geheescht: "D’Amerikaner sin do!" — Gläich hu rout-wäiss-blo Fändelen un den Haiser an op dem Kiirchtuurm gefladdert. All Leit waren op de Been, koume wéi e Schwarem iwwert d’Syrbréck gerannt, bei is laanscht, hellop de ‘Kéisbierg’ aus, op d"Banzelt’ zou. Vum Duerf aus hate si gesinn, datt amerikanesch Tanks iwwert d’Landstrooss gerullt kéimen. Op déi Nouvelle si mir du och matgerannt. Bäi Holzen Nick hu mir bis an d"Banzelt’ gesinn. Wiirklech, do koume se, d’Amerikaner! Endlech ware se do. Entelech hat d’Stonn vun der Liberatioun geschloen.

Wéi mir uewe bäim Dännebėsch ukoumen, as déi éischt amerikanesch Jeep is entgéint gerannt komm. Min hu Kreesch gedoe vu Freed a sin op si lassgejhauft. Mä, d’Amerikaner hun nėt réagéiert op is Ausgeloossenheet. Déi Zaldoten hun doudeescht dragekuckt an haten hir Maschinnegewierer prett, fir ze schéissen. O mei, dat hate mir is nėt erwaart! — Mir si viru gerannt bis an d"Banzelt’. Do waren déi Fluesswėller och schon agetraff. An d’Amerikaner koume mat hire schwéiren Tanks, een um aner, iwwer d’Landstrooss gerullt. Mir hu Kreesch gedon, hinne gewénkt an an d’Hänn geklappt. Is Häerzer sin iwwergelaf vu Freed an is Ae ware voller Tréinen. D’Tanks hun elo stallgehalen, op Kommando vun hiren Offizéier, déi an enger Jeep mat Funkinstallatioun souzen. Am Ament goufen d’Tanks vun de Leit ewéi erstiirmt. D’Amerikaner hun d’Deckele vun hire Panzer opgemat an hu mat de Käpp erausgeluust. Min hun hinnen zougejubelt. Blumme sin hinnen entgéint geflunn an de Waalz Nick huet hinnen e kräftegen Tusch op séngem Saxophon geblosen. Duerno huet hien d"Hemecht’ gespillt a mir hun alleguer aus déifstem Häerz matgesongcn. Déi Freed, déi mir dee Moment mat den Amerikaner erlieft hun, as nėt ze beschreiwen. Déi Stonn vun der Liberatioun kėnne mir ni vengeessen.

D’US Tanks sin elo viru gerullt op Bierg zou. Mir stungen do si unzestuurksen an hinnen ze wénken. Vu Rued erfort koume si nach an engem laange Convoi mat Camioėn an allméigleche Gefierer. Si ware ganz anescht equipéiert wéi d’Preisen. Och d’Zaldote ware vill méi labber an hirem gelungene Militärgezei. Elo hu mir is déi laang Borschte méi genee konnten ukucken, well schons hu Jeepe gehalen an Zaldote sin dorėmmer zirkuléiert. Si kruten Drėppen ugebueden, déi si awer refuséiert hun. Dogéint kruten d’Kanner deen éischten "U.S. Chewing-gum" ze gesinn an ze schmaachen. Wéi mir erėm, géint der Owend, doheem waren, sin och déi éischt Amerikaner zu Oulje selwer zirkuléiert.

Is Häerzer sin ewéi iwwergelaf vu Freed an is Ae ware voller Tréinen, wéi mir denen éischten Amerikaner zougejubelt hun. An déi Lėtzebuerger, déi dat erlieft hun, kėnnen dat grousst Ereegnės vun der Liberatioun ni vergeessen.

[Index] [Home]

46) Aus der Zäit wou d’Amerikaner am Land waren

No der Liberatioun am September 1944 war op alle Gebidder groussen Duercherneen an isem Ländchen. Näischt huet richteg fonktionnéiert, well de Knich war nach nėt eriwwer.

D’Schoulen haten néierens ugefaangen. All Schoulgebaier ware mat Amerikaner beluegt. Vill Léierpersonal war nėt méi op séngem Posten, déi preisesch "Schulleiter" hate sech aus dem Stėbs gemat... a muenech Schoulmeeschter a Léierin, déi an Däitschland "dienstverpflichtet" waren, haten d’Liberatioun nach nėt erlieft. Jee, kuerzėm, et war alles drėnner an driwwer am Schoulwiesen.

Zu Ouljen huet ise Schoulmeeschter, den Här Jacoby, versicht, a Schouttesch hirer beschter Stuff muergens e bėssche Schoul ze halen. Ech war nėt méi derbäi, well ech aus der Primärschoul eraus war. Ech konnt och nėt op Walfer goen an d’"Lehrerinnenbildungsanstalt", déi jo nėt méi bestanen huet. Wouhi sollt ech dann elo an d’Schoul, d.h. an e Lycée goen?

Fir op de Léierinsberuf lasszesteieren koum de Fieldgen a Fro. Et war schwireg, gewuer ze gin, wéi et an der Stad mat deėr Schoul géif ausgesin. Duerfir huet ee missen dohinner sech ėmfroe goen. Mä dat war komplizéiert an denen Deg vum Duercherneen. Et as nach kee Persounenzuch gefuer, den Tėlefon- a Bréifdéngscht huet nach nėt fonktionnéiert, an zesoe kee Mėnsch am Duerf hat en Auto.

Isen Här Paschtouer Wiltzius huet den Här Zeimes, deen nach zu Dachau am KZ souz, ersat. Hie war esou hėllefsbereet an huet sech ugebueden, mat mir mam Wėlo op de Fieldgen ze fueren. Min kruten e "laissez-passer" vum Buergermeeschter a vun engem amerikanesche Leitnant fir dėsen Drénglechkeetsfall ausgestallt.

Et war en dréiwen, niwwelegen Novemberdag, wéi mir géint der Mėtteg is op de Wee gemaach hun: e Wee vu 25 km, dee mir an der Oktav zu Fouss gepilgert sin. Um Enn vum Duerf hu mir déi éischt amerikanesch Späre misse passéieren. Bis op d’Nopeschduerf Rued un den Syr gung et ouni Schwiregketen. Wéi mir du awer op d’Landstrooss koumen, dat heescht op d’Haaptstrooss vu Lėtzebuerg op Gréiwemaacher, as der Däiwel lassgaangen. Een "US-Convoy", mat Jeepen a Camiônėn, no deem aneren as laanscht is gerannt. Et war zesoen onméiglech, um Rad ze fueren. Op alle Fall si mir deen ale knubbelege Sennéngerbierg zu Fouss niewent dem Wėlo eropgaangen, fir eng Zäitchen aus deem ongeheierlechen Trawolt eraus ze sin.

Beim "Golf" goufe mir vun den "MP" ugehalen. Ise "laissez-passer" as kritesch ėnnert d’Lupp geholl gin. Mäi Begleder huet sech gutt op "English" verdedegt. Mir hun dierfe virufueren, mä nėt wäit duerno, um ‘Findel’, war schons erėm Kontroll mat dem selwéchte Gedeessems. Eng drėtte Kéier goufe mir virum Neiduerf kontrolléiert. "Go on!" hu si gesot an terribel iwwert is gelaacht.

Ech erėnnere mech nėt méi, wéi mir duerch d’Stad bis op de Fieldge komm sin. Ech weess awer nach ganz genee, datt dat grousst Schoulgebai wéi eng Kasär ausgesin huet: de ganzen Haff war ronderėm vu Jeepen an Trucks belagert, an dobannen an dene laange Gäng huet et gewibbelt vun GIs.

Den Här Wiltzius an ech hun e gudde Sträppchen an engem schéinen Zėmmer, engem Parloir, gewaart bis eng Schwėster komm as. Si war d’"bonne mère", wéi deemools d’Directrice vun deėr Schoul an dem Pensionnat genannt gin as. Ech hat nach ni esou eng Schwėster vun no gesinn. Si huet sech frėndlech mam Här Paschtouer ėnnerhalen an iwwer déi onméiglech Zoustänn an hirem Haus batter geklot.

Du gung Rieds iwwert mech, méng Elteren a méng Primärschoul. D’"bonne mère" huet mech genee vu Kapp bis Fouss gemustert. Mir as d’Häerz bal an d’Schong gefall. Wéi den Här mech als gutt Elève a braavt Kand gelueft huet, hat ech mäin Intelligenz- a Moraltest domat gutt bestanen. — Jo, sou war dat zu deėr Zäit. — Dono as déi responsabel Schwėster vun der Septième erbäigeschellt gin. Ech hu si nach a beschter Erėnnerong, well si war ganz léif mat deem klenge verdadderte Meedche vum Land. Si huet vu Bicher geschwat wéi Mortreux an Tresch, déi ech misst kréien, déi een néierens ze kafe kréich an nėmme kėnnt bei Stodenten opdreiwen. Wéi d’Schwėster dun erausfond huet, datt ech zur Preisenzäit heemlech franséisch Privatstonne vu méngem Schoulmeeschter Jacoby kritt hat, huet si gemengt, da kėnnt ech jo op der Sixième ufänken: altersméisseg hat ech duerch de Krich schons bal zwee Joėr verluer. Mä de Problem luch beim Engleschen: dees hat ech nach keent geléiert. Den Här Wiltzius huet du virgeschlon mir doranner ze hėllefen, wat och geschitt as a wat nach begėnschtegt gin as duerch d’Amerikaner, déi jo an allen Duerfhaiser aquartéiert waren. Wéi mir de Fieldge verlooss hun, gouf d’Schwėster is de Rot, mir sollte versiche gewuer ze gin, wéini d’Schoul géif wiirklech ugoen. Bis dohi sollt ech fläisseg doheem léieren, well d’Krichskanner hätte villes nozehuelen.

Monter an erliichtert sin ech op méngem Wėlo aus der Stad eraus iwwert d’Polvermillen heem gerullt. Ech hat d’Gefill, mäin Opnamexamen hanneru mir ze hun.

Vun iser Heemrees muss ech awer nach eppes verzielen, wat ech ni vergeess hun. Et war schons géint der Owend, wéi mir erėm um ‘Findel’ passéiert sin. Déi selwécht MP-Kontroll huet de Paschtouer a mech erėmerkannt an is d’Zeeche gin, weiderzefueren. Mä et war bal nėt méi méiglech. Kilometerlaang Caravannė vun US-Tanks a Caterpillars hun is iwwerholl an a stännegem Schreck gehalen. D’Camiône mat oppe Baatsche ware vollgestoppt mat blutjonken Amerikaner am "battledress" mat Helm, Flėnt a Maschinnegewier. Si hu Kreesch gedon, gelaacht a gestikuléiert. Et muss e lėschtegt Bild fir si gewiescht sin, wéi si is um Wėlo jabele gesinn hun: de Paschtouer an der laanger Soutane an hannendrun dat jongt Kand. An enger schaarfer Kéier bei Sennéngen as eng Jeep, déi mat schwaarzen Zaldote besat war, bis op e puer Zentimeter un is erugefuer, wéi wa si is wėllten iwwerrennen. Den Här Wiltzius as vum Rad erofgesprongen, ech krut nėt gebremst a si rupp an hie gerannt. Allenzwee si mir mateneen an iwwereneen an de Rampli getrollt. D’"niggers" (esou goufen déi Schwaarz deemools vun hire wäissen US-Kollege genannt) hu gebirelt a sech gediebelt vu Laachen... Wéi mir zwee is aus deėr Doudsgefor gerett haten, verstin ech nach haut nėt. Mir hu gemengt, et wir e Wonner geschitt, datt mir mam Liewen dervukomm waren. De Schreck souz is nach deeglaang an de Glidder. — Et as sech liicht virzestellen, wei frou méng Elteren an d’Leit am Duerf waren, datt mir owends erėm gutt dohėem ukomm sin. Deen aneren Dag huet den Här Wiltzius schons Englesch mat mir geléiert. Ech krut vill Spaass drun a konnt geschwėnn e puer Brocke mat den Amerikaner schwätzen. An der Rundstedtoffensiv, wéi mir d’Haiser voll U.S. Militär leien haten, koum d’Englesch mir zou paass.

Am Mäėrz 1945 sin ech du erėm eng Kéiėr mam Wėlo, a mat ménger Mamm, an d’Stad gefuer, fir eppes Neis iwwert de Schoulufank gewuer ze gin. Mir hun déi Kéiėr kee "laissez-passer" méi gebraucht, mä et war kėng manner geféierlech "Himmelfahrtsrees". An isem Land war d’Rundstedtoffensiv eriwwer, d’Amerikaner waren iwwert d’"Siegfriedlinie" schons wäit an Däitschland eran, ma d’Preisen hate sech nach ėmmer nėt ergin. Duerfir waren d’"Truppenverschiebung" an den "Nachschub" nach méi intensiv. Méng Mamm an ech haten och vill Angscht op deėr "Odyssee" ausgestanen, mä et war is glécklėcherweis näischt geschitt.

Um Fieldgen huet du schons eng Cinquième fonktionnéiert, déi op den Normalschoulconcours virbereet huet. No Ouschteren sin och d’Courė fir d’Sixième ugaangen: awer nėmme fir Externen. Duerfir hu mir och nach dee selwéchten Dag bei gudde Stater Frėnn e Kaschthaus an en Ėnnerdaach fir mech gesicht. An esou hun all Medercher, déi vum Land op de Fieldge koumen, missen en Ėnnerkommes fannen, well d’Amerikaner haten nach ėmmer dee ganzen Deel vum Pensionnat besat.

Wéi d’Schoul dun ugaangen as, waren op der Sixième ongeféier 35 Medercher vu verschiddensten Alteren an Niveauėn, zwėsche véierzéng an zwanzeg Joėr, zesummegewiirfelt: déi eng koumen aus der "Hauptschule", déi aner aus einfache Lėtzėbuerger Duerfschoulen, vill haten e preisescche "Schulleiter", a munnecher waren e puer Joėr iwwerhaapt nėt an d’Schoul gaangen, well si nėt an der "Hitlerjugend" waren, an esou weider. Op alle Fall, et gung ouni Opnamexame lass, ma den Départ war ongeheier schwéier fir d’Elèven an hiirt Léierpersonal.

[Index] [Home]

47) Helleger Owend 1944
"Silent Night, Holy Night... Adeste Fideles"

Héije Schnéi läit iwwer Duerf a Flouer. Déck Äiszäpp hänke laanscht d’Kullange vun den Haiser an den Deech erof. D’Syr an d’Roudemer Baach si bal ganz zougefruer.

D’Chrėschtklacke laude feierlech iwwer is roueg Diirfchen. D’Metten, déi wéint der Rundstedtoffensiv am spéiden Nomėtteg, virum Hellegen Owend, gehale goufen, sin aus. Déi Ouljer Leit an hir Evakuéiert kommen aus deėr äiseger Kiirch eraus. Si renne schėtzeg op heem zou, well si hun all d’Féiss an d’Nuese kal. Mä hir Häerzer si waarm an déif ergraff. Esou Metten hate si nach ni erlieft.

Eng Hällewull Amerikaner souzen a vollėm "Battledress" op de Knéien an deėr schéiner Chrėschtmass. Ise Paschtouer, den Här Wiltzius, huet esouguer fir si e gutt Stéck vu sénger Priedegt op englesch gehalen. D’Boys hun d’Hänn gefaalt an doudeescht nogelauschtert: si waren éierens der Häll ėm Baaschtnech lieweg entwutscht, mä si wosste ganz genee, datt d’Doudsgefor fir si nach guer nėt eriwwer wär. —

Zu Oulje selwer war zwar keng direkt Front, mä baussent dem Duerf op "Kollwent", hannert Hilgesch an dem Ėm, stungen déck amerikanesch Kanounen. Déi hun nuets hir schwéier Geschėtzer op preisėsch Stellongen, ėmt Iechternach an d’Ėmgéigend, ofgefeiert: mir sin dann an de Better an d’Lut gefuer a konnte vun Angscht a Schreck bal keen A méi zoudongen.

Mä, wat war dann elo bant de Metten am Duerf passéiert? — Abee, ėsou eng dausend amerikanesch Zaldote waren an allen Ecken an Ennen aquartéiert gin. Dozou hat de Buurg Jhampir, als Gemengeschäffen, séng Awėllegong gin, obschons dat klengt Dierfche mat nėmmen zweehonnert Awunner a grad esou villen Evakuéierten aus der Muselgéigend a mat all denen hirem Véi, bal aus allen Néite geplatzt as. Wir déi Aquartéierong nėt méiglech gewiescht, dann hätten d’Amerikaner ganz einfach Ouljen evakuéiert, esou wéi ronderėm is, Betzder, Bierg a Flueswėller.

Elo haten dann d’U.S. Jeepen all Stroosse verstoppt. D’Camiônėn hullen an den Häff, ėnnert de Schäpp, an de Scheieren a laanscht d’Mėschtekaulen. Schwéier Tanks haten d’Feldweėr an all Stroossen, déi aus dem Duerf erausgefouert hun, verbarrikadéiert. Rout-Kräiz-Ween hulle virum Wäschbur. Am Schoulhaff war an engem groussen Zelt eng Feldkichen ageriicht an de Schoulsall luch struppvoll Militär-Proviant. Op der Mille stongen Neger-Zaldoten mam Gewier, Fouss bei Mol, an hu keng Minn verzunn. Ronderėm d’Auer goufe vun hinnen Offizéier bewaacht, déi do hiirt Quartéier opgeschloen haten.

Aus alle Scheieren a Schäpp hun elo Amerikaner erausgeluusst. Keen Heeknapp blouf verschount. Esouguer d’Späicher an d’Kellere ware vun hinnen a Beschlag geholl. Iwwerall ronderėm an de Gaassen huet een nėmme méi amerikanesch Gejhadders héieren. As enzwousch e Meedche laanscht gaangen, da waren d’Boys um Dill: hu gelaacht, gepaff, Witze gerass a Kreesch gedon: "Hello, darling, how are you? Come on, kiss me!" Ménger wärrech, dat war mir eng Stėmmong am Duerf: dee rengsten exoteschen Zauber! Bäi is doheem, am Gardehaischen, op der Barriär, gung et och héich hir, wéi mir aus de Mette koumen: fėnnef Amerikaner hate sech an iser Stuff installéiert an dräi luchen der niewėndrun an deėr klenger Eisebunnsbud. Jėsessekanner!

Op iser Kachmaschin stung dat grousst Wäschdėppen. D’Waasser huet dra gekacht a gedämpt an d’Borschten hun hiren Helm domat voll geschäfft. An der Kiche bäim Waassersteen hu si sech gewäsch an de Baart gemaach. D’Ėnnerwäsch gouf gewiesselt, op e Koup virun is Bakes gehäit, Benzin drop geschott a verbrannt. Papp a Mamm sollte sech mat Kräizer senen, wéi se déi Verschwendong vun deėr gudder Wuer gesinn hun. Mä is Boys hun dat ganz an der Rei fond. Et gouf sech elo erausgefiizt, mat allerlee Parfumėn ageriwwen an d’Hoėr mat Brillantine gewichst. — Du hu si sech erėm wéi ziviliséiert Mėnsche gespiirt a si goufe quiitschvergnügt.

Si koume sech virstėllen: de Sergeant-chef Bernard Bonk, de Mister Nic., George, Delbert, Tom, de Bob Longfellow an de John a Jack Campbell: e lauter bluttjonk Kärelen. Mäi Papp, dee bant de Metten doheem bliwwe war, hat schons Frėndschaaft mat hinne geschloss. Mat séngem Kauderwelsch vun Englesch wosst hie sech mat hinnen ze verstännegen. Om Dėsch stung d’Branntewäinsfläsch an hien huet hinnen d’Gliesercher, eent nom aneren, voll geschott. Den Nic huet him op d’Schėller geklappt a gesot: "Good Papp, good Schnaaps! Merry Christmas!"

Wéi is Amerikaner du erausfond hun, datt ech e bėsschen "English" konnt speaken, du ware si begeeschtert. Ech hun zwar nėt alles verstanen, wat si hannen an der Strass ronderėmgedréit hun, mä ech hu mech derduurch geklappt a mir goufe mateneen eens.

Op isem Kichendėsch stung eng Hällewull vu Béchsen a Blechkėschten, déi voll Cakes, Chocolates a Candies waren. Hir Familjen haten hinnen déi "Christmas-gifts" aus Amerika eriwwer un d’Front geschéckt. Mm, dat huet richteg no Kleesje gericht! D’Boys hu méngem Brudder a mir d’Gräpp an d’Täsche voll gestoppt an zu is gesot: "That’s for you, take it, eat it." — Mir zwee hu geschmunzelt, well esou e Koup Séissegketen hate mir de ganze Krich nėt ze gesinn an z’eesse kritt.

An der Tėschenzäit war et Nuecht gin. De Papp huet de Känki op de Stuffendėsch bruecht: dat war deemools is Geliichts, well an dene Krichsdeg gouf et néierens Elektresch. Ech hun e puer Käerzen um Chrėschtbeemchen ugefaangen, awer nėmme véier, fėnnef: déi waren och rar an hu misste gespuert gin.

Is Amerikaner sin aus an a gebėselt. Wa se vu baussen eragerannt koumen, hu si sech vu Keelt geschuddert, si séier op den Uewen zougerannt an hu sech en Ament virdru gewiirmt. De Bob an den Nic koume bäi d’Mamm an hu vun engem "Christmas-dinner" mat "fried potatoes" geschwat. Ech hu missten zu Hėllef kommen an dolmetscheren, wosst awer nėt richteg, wat si ėnnert "American fries" verstanen hun. Et huet mir geschéngt, wéi wann et eppes wéi Fritte wär. O Mammokanner! Gewėss, Gromperen hate mir jo fėlleg, mä wouhier d’Fett huelen! — No laangem Zécken huet d’Mamm hiirt lescht Dėppe Schmalz erausgeréckt. Et gong lass! D’Boys hun d’Grompere geschielt, an Dalere geschnidden an all dat Fett an d’Dėppe gemat. Méng Mamm sollt e Schlag kréien, wéi all hiirt preziéist, gutt Schmalz geschmolz as an esou, wéi si gejéimert huet, "verschwéngst" gin as. Wéi ech de Kärelen ze verstoe gin hun, si misste méi spuersam dermat ėmgoen, hu si gelaacht an de Kapp gerėselt.

An deėr Bants as mäi Papp mat enger Ham an d’Kiche komm. Hien huet s’opgeschnidden a sech nėt gi bis e gehéierege Koup deėr schéinster Flaatschen um Plättel luchen. Duerno koum hie mat enger Konkel Viz an e puer gudder Fläsche Wäin aus dem Keller. D’Mamm huet den Dėsch an der Stuff gedeckt, esou wéi wa Kiirmes wär. Donnerwetzki! Et hu misste Still bäigeréckelt gin, wéi d’Boys sech mat ugesat hun. Si hu gelaacht a sech gefreet ewéi kleng Kanner. Hire Chefsergeant koum awer nėt un den Dėsch: hien huet Wuecht virun isem Haus, bäi der Barriär, gestanen. Hien hat den Déngscht iwwerholl, datt séng Boys konnte "Christmas" an enger Famill feieren, bal wéi doheem. —

D’"American fries" hun extra gutt geschmaacht. D’Boys hu fond, datt d’Ham "delicious" wär. De Muselwäin, vun deem si behaapt hun, e wir "sour", hu s’awer nėt stoe gelooss. — Si goufen ėmmer méi lėschteg a gespréicheg. Mir kruten du eraus, datt si vu St. Vith erof koumen an zwéin Deg zu Schėtter luchen. Fotoėn an Adressė vu schéine Medercher waren de Bewäis. Mir kruten duerno eng ganz Parti Biller gewisen vun hire Leit aus Amerika. Mir hun is gewonnert iwwert hir Haiser, déi ganz anescht waren ewéi bäi is, hu Mond an An opgerass iwwert hir déck Autoen, hir "Cars", vun dene si ganz begeeschtert geriet hun. — Iwwerdeems koum d’Mamm mat enger Schossel voll agemaachte Mirabellen. Déi hu mir is elo gutt schmaache gelooss. Mir waren alleguer frou an hu bal gemengt, mir wire Famill mateneen.

Op der Dot steet de Papp vum Dėsch op a fängt un ze sangen: "Stille Nacht, heilige Nacht." — Is Zaldoten hun d’Ouere


Zeechnong: Paula Antunes

gespėtzt. Si sange mat: "Silent Night, Holy Night." Gläich drop as de Jack Campbell opgestanen a séngt mat enger prächteger Stėmm, déi duurch d’ganz Haus a bis eraus op d’Strooss an d’Chrėschtnuecht geschaalt huet: "Adeste Fideles ... Venite Adoremus." Mir alleguer souzen do stėll... an déif ergraff...

Duerno gung et viru mat schéinen ale Chrėschtlidder vun dėser an deėr Säit vum grousse Pull, dem Atlanteschen Ozean.

Wéi du ise Marcel, deen deemools eréischt zéng Joėr hat, sech nėt méi fléiwe gelooss huet a mat sénger klorer Bouwestėmm en neit Lėtzebuerger Chrėschtlidd, dat de Paschtouer Nik Biewer hie geléiėrt hat, gesongen huet: "Et kléngt e Lidd vu Bierg an Dall", du koumen is alleguer Tréinen an d’Aen. De Jack huet duerno mäi Brudder op den Arem geholl, bis un de Plafong gehuewen a geruff: "Merry Christmas, God bless you, God bless us."

De Chef-sergeant war och elo bäi is an der Stuff an huet behaapt, hien hätt dee "singer-boy vu Vienna" schons haut de Mėtteg an iser Kiirch dat Lidd "solo" héiere sangen. Dat huet gestėmmt.

Et war elo zéng Auer an de Bernard Bonk huet Feierowend gebueden. Hie gouf op der Wuecht vum Jack Campbell ofgeléist.

Op méngem Bruder sénger Kummer sin zwéi GIs an d’Bett gekroch an dräi an e Schlofsak um kale Buedem erageschlach. Méng Mamm hat hinnen eng waarm Bull a gewiermten Zillen dra gestach. Dat huet de Boys extra gutt gedon a si soten zur Mamm: "O thank you, good mamma, we don’t forget it." — Wiirklech! Si hun et nėt vergeess... a mir och nėt... Deen Helleger Owend vu 1944 as an d’Annalen agaangen:

"Stille Nacht, heilige Nacht"
"Silent Night, Holy Night".

[Index] [Home]

48) Allerlee ėm "Sixty-six"

Vun Helleger Owend 1944 u bis eran an de Februar 1945 war iist Gardehaischen, wéi all Haiser zou Ouljen, mat amerikaneschen Zaldoten vollgestoppt. Fėnnef Mann héich hun op méngem Brudder sénger Kummer gehaust a geschlof an dräi Käerelen niewendrun an der Eisebunnsbud. Hautdėsdaags kann ee sech kaum virstellen, wat dat fir e Rummel an den Haiser war. Jiddefalls bei is doheem haten d’GIs eng grujheleg Wull op hirem Zėmmer an hun is e formidable Knascht an Duurcherneen a Kichen a Stuff gemat.

Hire Quascht vun Tornėschteren, Gamaschestiwwelen, Schackoen, Gamellen a Proviantkėschte luch an allen Ecken. D’Mantelbriet war iwwerluede mat hire gefidderte Joppen a fiichte Mäntel. Hir Flėnten, Patrounerimmer a Munitiounsratiounen hat jiddferee vun hinnen ėmmer op deėr selwéchter Plaz, lénks a riets vun de Schief, verschanzt, a kee vun is huet diirfen dee geféierleche Klimbim uréieren. — Der Mamm sin d’Borschten am meeschten op de Su gaangen, wa se mat hire Stiwwele voll Bulli a Schnéi an an aus getratscht sin. Mä dogéint war näischt ze wėllen, mir hu misste mat deėr Hädewull a mat hire gelungenen Naupen eens gin.

Trotzdeem waren "is" Jongen awer häerzensgutt Kadetten. Et war hinnen näischt un d'Häerz gewuess, well hir Ratiounen hu se glat ewech is ausgedeelt. Mäi Brudder an ech krute masseg "chocolate, candies and chewing-gum". D’Mamm gouf mat Seef an de Papp mat ganze Staange "Lucky Strike", "Camel" a "Philipp Morris" agedeckt.

Dobausse war et déi Zäit schwaarzkal, mä bäi is dobannen am Haus war et schuckeleg waarm. Duerfir huet mäi Papp extra gesuergt. Fėnnef Feieren hat hien z’ėnnerhalen: op der Kummer an an der Stuff kruten d’Dauerbrenner Gelpe voll Anthrazit ageschott, an der Wäschkichen an an der Bud goufen d’Stiwwelsuewe mat Kok vollgestoppt an d’Kachmaschin as mat Holz an Eierbriketten zum Glouse bruecht gin. Mueres war de Papp schons mat Zäit op, fir d’Uewen ze botzen an d’Feieren erėm unzestėppelen. Da waren d’"boys" och gläich op de Been a si mat hiren Täscheluuchten trapop an trapof gebėselt. Wa si duurch méng Kummer koumen, hun ech de Kapp ėnnert d’Decke gestreckt a gemaach, wéi wa keen am Bett léich... An der Kichen hu si de Papp mat "Hello, good morning, how are you, pappa" begréisst. Doropshi gouf et eng staark Muergesdrėpp, déi si ėnnerwee fir an d’Feldkiche gutt waarm gehalen huet. Déi Zäit, wou si fort waren, hu mäi Brudder an ech ausgenotzt, fir is beim Waassersteen an d’Rei ze maachen. Duerno hu mir is getommelt, fir zur Zäit an d’Mass ze kommen. Et war nach hallef däischter an zimlech onheemlech, wann d’GIs is träppweis begéint sin an aus Scheieren a Schäpp erausgeschlach koumen. D’Duerf an, schons vu Knäppjes un, koum is dee gehäerzte Geroch vun "eggs and bacon" entgéint. Bei der Militärkichen, déi am Schoulhaff opgeschloe war, si mir bal nėt duurch déi Hällewull vun Zaldote komm. Déi eng stungen do mateneen ze quaselen an déi aner hun hire "breakfast" erageschloen. An de Wiirtschaften war och schons décke Betrieb, an an der Kiirch hate vill Amerikaner sech fir d’Mass afond. Och ise Mr. Bonk, de Chef-sergeant vun ise Jongen, war regelméisseg derbäi an huet sech driwwer gefreet, datt de "Father", him a sénge Komroden eng léif englesch Usprooch gehalen huet.

Eng Auer néng war dann de grousse Rassemblement: bäi Millesch, Theis an Ditzen. D'Jeepen, d’Camiônen, d’Funk an d’Lazerettween stonge prett: hir Motoren hate sech schons an der Keelt waarm gelaf. D’Offizéier koume gefuer an hun diskrete Kommando gin. D’GIs hu sech agebokelt a si mat hirem militäresche Gebėndels op d’Gefierer geklommen. Et huet engem leed fir si gedon. D’Duerfjonge stungen do, hinnen nozekucken... d’Hänn an den Täschen. Munnecheree wollt wėssen, wouhin d’Rees géif goen, ma dat gouf kee Mėnsch gewuer. Wéi de Convoi zum Duerf eraus war, hun d’Hėnn opgehale mat billen. Oulje war elo nees wéi ausgestuerwen. Vereenzelt Jeepen an Trucks sin dorėmmer patrulléiert, ma soss war näischt lass... an dat matzen an der Rundstedtoffensiv!... vun deėr mir ze soen näischt gewuer gi wären, wa se nėt op der Millen iwwert hire Radio e puer dėnn Noriichten opgefaangen hätten: et hat soss keen aner Haus Elektresch, an et koum kee Mėnsch aus dem Duerf eraus an eran. Tanks hun d’Weė blockéiert. Hannert isem Haus, op ‘Poffeléck’, stung och esou e Kalibber. Do hun d’Bouwen, ise Marcel a séng Komroden, sech daagsiwwer opgehalen. Jee nodeem, wéi si mat de "boys" befrėnnt waren, hu si diirfen am Tank aus an a klammen. — Ech hun déi Zäit meeschtens hannert de Bicher gesees an haaptsächlech Englesch geléiert. D’Mamm hat hir Hänn voll, fir am Haus opzeraumen an ze botzen. Mat Schrecken huet si an Uecht geholl, wat is Jonge schons alles dorėmmer zem Onwee gemat haten. Resolutt goufen d’Nippsaachen agespaart, d’Teppecher opgerullt, de Kanapee mat Gedichers an de Kullissendėsch mat Toile-ziree zougedeckt, déi gutt Still op d’Kummer geschleeft, d’Kichestill an d’Summerbänk an d’Stuff erageholl. — Op dės oder déi Manéier hun d’Leit sech alleguer missten ze hėllefe wėssen, well do wou d’Amerikaner eleng gehaust hun, huet et schaufel erausgesin. Gewėss, dat ware Klengegketen am Verglach mam richtege Krichsschued, mä ‘t huet awer verdrėsslech gemat!

Nujee, wann is Amerikaner géint der Owend all monter "heem" koumen, konnte si sech erėm am properen Haus de Brede maachen. Si ware meeschtens steif vu Keelt, hun hir Stiwwelen an den Eck gehäit an déi hallef erfruere Féiss bäi de waarmen Uewe gestreckt. De Papp koum gläich mat dem "Schna-a-aps" an huet hinnen d’Träipen am Leif erėm opgewiirmt. D’Mamm huet Kaffi opgedėscht, an d’Jonge sin erėm lieweg gin.

Hire Chef huet sech, wéi all Owends, un den Dėsch bäi de Känki gesat, d’Photo vu sénger schéiner jonker Fra, dem Dorothee, viru sech geluegt an hir e Bréif geschriwwen. Hie war eréischt am Mee bestued an deen Dag drop agezu gin. Séng "boys" hun déi Zeremoni respektéiert a sech aus der Stuff verzunn. Si goungen an d’Wäschkichen, wou de Papp hinnen e Kessel voll Waasser gewiirmt hat. Do gouf sech elo gutt gewäsch an erausgefiizt. Iwwerdeems hu mir an der Kichen ze Nuecht geess. Duerno war den Dėsch an der Stuff erėm fräi, an d’Boys koumen, gutt parfuméiert, an d’Uucht.

De Papp hėlt d’Kaartespill erbäi a weist et ise Boys. Op e groussen Eisenbunnsblock schreift hien "66" a seet hinnen: "That is the name of that Kaartespill, you play mit me." D’Boys hu verstanen a jäize mateneen "Sixty-six! — O.K.! — Let’s go on, pappa!" De Papp stéckt d’Kaarten a verdeelt se. Am Ament halen d’Jongen d’Kaarte schons "comme il faut" an den Hänn. Et geet lass. De Papp spillt Häerzer Zéngchen op den Dėsch a seet: " Elo on you, Bob." — "What card, pappa?" — "Egal", äntwert de Papp a weist him mam Daum, dat huet eent oder eng geheescht. Den Nic. an de John, jiddferee vun hinnen, gin eng Kaart eraus. De Papp zielt zesummen an zéit se an. Et as säin éischte Streech. Mä dat muss hien hinnen explizéieren. Hie weist mat de Fanger an d’Amerikaner bekäppen, datt de "king", wéi si de Kinnek nennen, "four" wäert as. D’Damm gouf eng "queen", den As en "ace" an de Bauer e "Jack". Do hat ise Jacques et, a mir hun is e Bockel gelaacht. De Papp moolt hinne fir de Jack eng Null op de Block. "O.K.! Nuts!" ruffen is Jongen. "Asou, Null as Nutts", mengt de Papp. Ech geheien d’Kaz vu méngem Schouss a komme bäi den Dėsch, hannert de Papp, geschlach. "Nutts", dat war mir och eng nei. D’Boys an de Papp halen drop, datt ech soll dolmetscheren. Mä ouni Dictionnaire (deemools war esou eppes néierens opzedreiwen) war dat och nėt esou einfach. Ech weess, datt ech aus engem Streech e "Streik" gemat hun. An dem Papp as et schons guer nėt op eng Grimmel ugaangen. "One" gouf on’, "five" war ‘fiff’ an "twenty" as 'tunti’ gin. Egal wéi, d’Spill as viru gaangen. "Allright, boys", huet de Papp drop an derwidder behaapt.

D’Kaarte fléie schmasseg op den Dėsch. Is Jonge kommen op Zack a fannen den Trick eraus. Léier keen alen Af Grimmasse schneiden a keen Amerikaner Kaarte spillen, well déi hun d’Gegämbels am Blutt! Si laachen, is Jongen, a spaassen drop an derwidder. De Papp keimt iwwerdeems a muss sech op d’hėnnescht Féiss setzen, fir et mat hinnen opzehuelen.


Zeechnong: Silvio Marques

Esou gung dat e puer Owender op déi selwécht Aart a Weis erof. Wéi ėmmer hun d’Kanounen, déi hannert dem Duerf opgestallt waren, elle gedonnert an is ziddere gedoen, mä mir haten is schons e bėsschen doru gewinnt... De Papp an d’Boys hu monter viru Kaart gespillt. Wéi et eng Kéier jhust héich hier gaangen as, fléit d’Stuffendir op, de Chef-sergeant stiirmt eran a rifft "Chicago" als "mot de passe". Wéi wann der Däiwel hannert hinne wär, sprangen d’Boys op, loossen all Kaarte falen, rennen op hir Gewierer lass, setzen de Chako op, erwėschen de Mantel an hir Munitiounskėscht a lafen een Zock zur Dir eraus... an d’Däischtert. Mir alleguer si schéin erféiert a lauschtere ganz gespaant. Et réiert sech näischt... mä vun is traut sech kee virun d’Dir.

No engem gudde Sträppche kommen d’Jongen op en Neis eran. Si tässelen hir Flėnten an de ganze Battaklang erėm op hir Plaz, kommen an d’Stuff bei den Dėsch, wéi wann näischt geschitt wär, a soen zum Papp: "O.k. pappa, let’s go on, once more, sixty-six!" Et war wiirklech näischt passéiert, dobausse ronderėm an op der Bunn, mä de Chef-sergeant hat séng Boys op d’Prouf gestallt. An de blanne Manöver hat gutt geklappt.

Sou onschėlleg gung et an der Rundstedtoffensiv, owes, bei is doheem, zu Ouljen, erof. Wat hate mir Chance géint villen aneren uechter iist Ländchen... an dene schreckleche Krichsdeg!

[Index] [Home]

49) Sylvesterowend 1944 — Neijooschdag 1945

D’Jar vun der Liberatioun gung mat héijem Schnéi an déckem Äis, matten an der Rundstedtoffensiv, op en Enn. Géint Sylvesterowend koumen d’amerikanesch Zaldoten, déi elo schons eng Woch bäi is aquartéiert waren, vun hiren deeglechen a geheime Krichsexploratiounen, hannert der direkter Front, zréck an hiren Ėnnerdaach, bäi is doheem.

Si waren dätsch an nėt esou äerdeg wéi soss. D’Schackoėn, d’Flėnten an hir ganz Munitioun koumen op hir Plaz an d’Ecken, an all hire Bataklang vu Militärgezei gouf un de Krop gehaangen. Duerno hu si sech an der Wäschkichen a bäim Waassersteen an d’Rei gemat. Haut gung déi Affär awer ouni Laachen a Gegecks erof. Dat as is gelunge virkomm. Et huet wiirklech geschéngt, wéi wann hinnen eppes Sėnnerleches iwwert d’Liewer gelaf wär. Esouguer dem Papp séng gutt Drėpp krut se nėt opgemontert. Schliisslech huet den Néckel eng kleng Explikatioun duerchgin: "Today, not a good day for us". Si haten also e schlechten Dag erlieft. Ménger wärrech, wat soll hinnen da passéiert sin, hu mir is gefrot!

De Mister Bonk huet sech erėm un de Stuffendėsch gesat a wéi all Dag sénger Fra geschriwwen. Mir as opgefall, wéi en op eemol iwwert dem Schreiwe sech d’Aė gewėscht an duerno d’Nues geschnäizt huet. De Jack souz um Kanapee an engem Gebietbuch ze bliederen. Den Néckel huet an der Zäitschrėft "Life" gelies, mä haut den Owend awer keng Witzen iwer déi lackeleg Moudepoppe gerass. Och an der Eisebunnsbud, wou et soss ėmmer extra héich hier gaangen as, war et schéi roueg. De Bob as nervös aus an a gebėselt an hat op eemol d’Klensch vun iser Kichendir am Grapp. Doropshin huet e sech selwer als "Meatball" tituléiert. De Papp koum mat der Zaang, dem Hummer an Tournevis erbäi. Dee laangen, dėnne Bob Longfellow, dee säin Numm waarhafteg nėt gestuel hat, huet mam Papp un der Dir gekniwwelt bis se d’Klensch erėm an der Rei haten. Duerno koum de Bob mat enger Staang "Lucky Strike" dem Papp merci soen.

D’Mamm huet zwou Äppeltaarten op den Dėsch bruecht. Si hat déi nom Mėttegeesse gebak, wéi d’Boys hir aus de Féiss waren. Duerno koum si och nach mat enger Schossel Crème: Sylvester sollt dach e bėssche gefeiert gin. Mä is Jongen hun nėt drop réagéiert. A wéi mir hinnen e Stéck Taart ugebueden hun, sote si: "No, thank you." — O mei, mir hun is lėschteg Borschten nėt méi erėmkannt. Si hun esou dépriméiert dragekuckt an hun is leed gedon. Mir ware schlecht drun a bal nėt méi sou kéng, is ze mucksen.

Schliisslech hun ech gewot, dem Néckel matzedeelen, datt ech elo wéisst, e Réi géif "deer" op Englesch heeschen an nėt "horse", ewéi ech gėschter owend ėmmer gemengt hun. Mat deėr Verwiesselung hat ech jo fir e schéine Furri gesuergt.

Et huet sech nämlech ėm dės Affär gedréit: Ise George an Delbert hate Wand dervu kritt, datt de Miller Jhos an hirer e puer vu séngen Amerikaner éirewou op d’Juegd gaange waren an e Réi geschoss haten. Dat war wouer, well ech hat mueres gesinn, wéi d’Millerin amgaang war, déi schei Stécker anzebäzen. Abee, elo wollten is Borschten och op d’Juegd goen, an zwar an den ‘Nures!’ Si hun de Papp allerlee ausgefrot iwwer dee Bėsch, dee jo nėt ze wäit vun isem Haus ewech luch. Ech hu missten dolmetscheren, hun awer nėt all Vokable gewosst an duerfir hinnen Huesen a Kanéngercher op e Blat gemoolt. Si hu mir esou eppes ewéi e Réi op de Pabeier gezeechent an ech hu prompt behaapt: "Yes, there are many horses." — "Horses?" hu si ganz erstaunt gefrot. "Yes, yes!" war méng Äntwert. Si hun een deen anere bekuckt,de Kapp gerėselt an alleguer laudenhaart gelaacht. Ech hu gespuert, datt ech mech blaméiert hat. Duerfir krut mäin dommt Gesiicht si nach méi un d’Laachen. Sapristi, hätt ech dach nėmmen en Dictionnaire! — De Jack koum mir zu Hėllef an huet e Weenchen hannerun d’Réi gezeechent. — Du gouf ech stutzeg a war elo ganz veronséchert mat méngen "horses"...

Daagsdrop, wéi ech bei den Här Wiltzius a méng englesch Stonn koum, sin ech gläich gewuer gin, datt ech aplaz vun de Réi, Päerd an den ‘Nures’ gesat hat. Ech hun du och missten doriwwer gutt laachen an dem Här verzielen, wat mir mat méngem Englesch, dat ech eréischt zėnter e puer Woche geléiert hat, passéiert war.

Nujee, mat deem Geschéck hat ech gėschter fir eng lėschteg Uucht gesuergt. An haut den Owend krut ech op dės Manéier is Jongen aus hirer Flemm gerappt.

De Bernd huet elo d’Oure gespėtzt, wéi ech dem Néckel vu méngem Irtom a ménger Verwiesselong geschwat hun. De George huet geschmunzelt an de Jack huet en Ament opgekuckt a säi Gebietbuch niddergeluecht. Den Delbert as an d’Bud gerannt, an am Nu stungen is Amerikaner all an der Stuff, ėmt mech, vun "deers" an "horses", dat heescht vu Réi a Päerd, ze rieden an ze plädéieren. Ech hat si elo gelėnd op aner Gedanke bruecht an och s’erėm un d’Laache kritt. Si koume lues a lues zou sech an hun elo der Mamm hir Taart a Crème eragefeiert.

Iwwerdeems huet du op eemol de Bob verzielt, wat fir e schrecklechen Dag si hanneru sech haten. Éirewou, laanscht der däitscher Grenz, ware si vun den Germans ugegraff gin. Dobäi gouf eng Parti vun hirer Trupp schwéier verwonnt a véier Komerode goufe vu preisesche Granaten a Stécker gerass. Dem Néckel sin d’Tréinen d’Baken erof gelaf, de Bernd as ausgaangen an all déi aner hun de Kapp hänke gelooss.

Ech hu mech geschuddert, an d’Mamm an de Papp konnte sech der Tréinen nėt erwieren. Keen huet méi e Wuert geschwat... Daat Leed, dee Krich huet is all bedréckt... Op eemol weist de George eng Kette mat Kräiz a Gielchen, déi séngem gefalene Frėnd gehéiert huet. De George sot, hie géif d’Ketten dem Jong sénger Mamm no Amerika schécken. De Jack huet is elo daat Gebietbuch a Fotoė vu séngem Komerod gewisen, den och bäi deem Ugrėff säi Liewen huet misse loossen.

Mir waren nach ėmmer wéi erschloe vun deėr traureger Krichsnoriicht. Schliislech as de Papp opgestanen, huet sech d’Aė gewėscht an d’Kaart erbäibruecht. "Allee, come on boys", sot hien "eng Partie sixty-six!" D’Boys hu sech opgeriicht an "o.k." g’äntwert. Mam Papp hu si sech un den Dėsch gesat, an et gouf gekaart. Schéi roueg gung et haut den Owend erof.

Iwerdeems hun ech mir d’Foto vun deem flotte Jong a sénger Famill virun hirem Holzhaus am Minnesota ugekuckt. D’Gebietbuch luch om Kanapee, mä ech war nėt esou kéng et unzeréieren. Ech si ganz traureg an d’Bett gaangen, konnt och nėt gläich schlofen, well...

Ėm Hallefnuecht sin ech erwächt, wéi d’Kanoune ferm mat Donneren am Gaang waren. D’Amerikaner hun de Preisen ėm d’Sauer an Iechternach e feieregt Neijäerche gewėnscht. Ėnnert mir, an iser Stuff, hun ech héieren, ewéi is Boys geruff hun: "Happy New Year, Mamma" — "Happy New Year, Pappa"!

De Papp huet "Prost Jack! Prost Nic!" anesouweider gesot an d’Glieser klénke gedon. D’Kanounen hu sech nėt gin, eng hallef Stonn laang. Dat huet fir vill Mėnschen e grujhelegen Neijooschufank bedeit. — Och déi Ouljer haten esou eng Sylvesternuecht nach nėt erlieft. Bäi is doheem hu se sech elo all an d’Better verkroch. Ob s’all gutt geschlof hun, glewen ech nėt.

Neijooschdag moies waren d’Boys schons fréi aläert. Wéi se vum "Breakfast" am Schoulhaff erėmkoumen, hu se Aerbel voll Proviantratioune mat heem bruecht. De Papp krut e Koup Zigaretten an d’Mamm Seef a Kaffi. Wéi se mech gesinn hun, si se mir mat Schockela a "Chewing-Gum" en "happy New Year" wėnsche komm. Och mäi Brudder koum nėt zum kiirzten.

Et war Sonndeg. Jhust wéi de Papp an ech wollten an d’Mass goen, koum eng Jeep bäi iist Haus gefuer. En Offizéier huet no deem "little girl of the railroad, who speaks English" gefrot. Dat war fir mech. Ech gouf gebraucht, fir bäi den Duerfleit ze dolmetscheren. Et war nėt déi éischte Kéier, wou der mech siche komm sin an ech mat hinnen Aquartéierong gemat hun. Amplaz an d’Mass ze goen, sin ech an d’Jeep geklomm a mat hinnen an eng ganz Parti Haiser gefuer, wou d’Zaldoten haut de moien d’Plaz geraumt haten a wou haut de mėtteg schons neier aquartéiert goufen.

Fir d’Mėttegeesse war ech erėm doheem an hat méng Saach gutt gemaach.

Wéi mir geess haten, koumen is Amerikaner an d’Haus eragerannt. Esou séier wéi de Wand hu si all hir Saachen an den Tornėschter agepaakt, de Mantel an de Schako ugedon, de Munitiounsrimm ugeschnallt, d’Gewier iwwer d’Schėller gehaangen an is "good bye" an "thank you, thank you" gesot. Mir hun Aėn an Oueren opgerass a konnten nėt begräifen, datt si hu missten op an dervun. O mei! Wiirklech! Is gutt, léif Jongen! Déi aarm Kärelen!


Zeechnong: Paula Antunes

D’Mamm an ech, mir hu misste kräischen. De Papp koum mat der Branntewäinsfläsch gelaf, mä d’Boys hate keng Zäit, fir nach eng Drėpp ze drénken. Wou war dann nėmmen den Néckel an den George? Den Jack an de Bob hun denen hire Bataklang, Hals iwwer Kapp, agepaakt an eppes vun "churchservice" gesot. De Sergeant Bonk huet der Mamm eng Enveloppe an d’Hand gedréckt an is gebieden, se eréischt opzeman, wa si fort wären. Op der Enveloppe stung: "thank you".

Éier mir is ėmsinn haten, waren d’Boys verschwonnen. Mir koumen is ės nėt zou... D’Mamm huet elo d’Enveloppe opgemat. Et luchen aacht Dollaren dran, an op engem Ziedelche stungen d’Nimm vun isen aacht amerikaneschen Zaldoten, déi vun Helleger Owend 1944 bis Neijooschdag 1945 e waarmt Heem bäi is fond haten a mat dene mir schéi Stonnen, matten an enger schwéierer Zäit, verbruecht haten.

[Index] [Home]

50) Em allerlee Krichsoffall

No der Liberatioun an och nach een, zwee Joer duerno sin d’Lėtzebuerger duurch moėr Zäite gaangen. Et war zwar näischt méi rationnéiert, mä vill einfach gebräichlech Wuere waren nėt am Handel an duerfir néierens opzedreiwen. Mä esou wéi mir am Krich is der Decken no gestreckt hun, wosste mir is och nom Krich ze hėllefen. Allenenne gouf sech mat muenechen amerikaneschen "Offall"-Wueren iwwer Waasser gehalen.

Verglach mam preisesche Militär, deem um Réckzuch alles ustänneg war, wat nėt ugeneelt an ugewuess war an dat ze soen näischt méi ze räissen an ze bäissen hat, hun d’amerikanesch Zaldoten am Floribus gelieft, vill verbėtzelt a verschwéngst, och allerlee gehandelt, gekoppelt an dorėmmer ausgedeelt. Vun hirer Mėtschgiewegkeet hun d’Kanner am éischte profitéiert.

Aus de Jeepen a vun den Tanks erof hun d’GIs is Rulloėn Zockerbounen a Knätschgummi an de Grapp gehäit. Mir kruten endlech erėm eng Orange an eng Banann z’eessen. Et gouf och Schockela, deen haarden an dene militärfaarwege mat Wuess iwwerzunnen Tabletten, deen is zeréischt esou extra geschmaacht huet, mä herno, wéi mir es och ze vill erageschloen haten, widderstanen huet. "Wann d’Meis sat sin, as d’Miel batter" kėnnt ee bal dozou soen. Sou war et awer nėt, d’Saach hat en aneren Hoken. An esou enger Tablett Schockela waren nämlech allerlee Vitaminen, Medikamenter an esou vill Kaloriėn ewéi en Zaldot an engem Dag gebraucht huet, fir "fit" ze bleiwen, wann hien nėt konnt vun der Militärkichen aus ravitailléiert gin. Abee, vun deem Arméischockela si mir op eemol krank gi wéi en Hond. Vill vun is kruten den Tommel-dech an eent oder dat anert Kand huet misse vun engem amerikanesche Sanitäter kuréiert gin oder huet ganz einfach keen esou e Schockela méi diirfen eessen.

Nu gutt, ofgesi vun de Kanner, déi op déi Manéier hir Gloscht e bėssche gestoppt kritt hun, gouf et kaum e Lėtzebuerger, deen nėt iirgendeppes vun den Amerikaner ergaddert hätt. Besonnesch déi, déi d’Chance haten, no bäi enger Feldkichen ze wunnen a sech e bėsschen unzeleė wossten, kruten hir Spėnnche mat allerlee Béchsen a Kėschten opgefėllt. Méi wéi eng Kéier koum dorėmmer "corned beef with beans" op den Dėsch. Muenech Saachen esou wéi Ketchup an Neskaffi, Mėllechpolfer an Äerpudder waren eppes ganz Neis fir is. Ananasjus an de Béchsen huet is d’Gloscht an de Mond gedriwwen. A vun deem schnéiwäisse mėlle Brout, dat d’Boys terribel verwouscht hun, goufen et Schmiere mat Orangen- an Aprikosegebeess, wat deemools e Genoss fir is gladdereg Meilercher war.

Do, wou d’Amerikaner a Scheieren a Schäpp eleng gehaust hun, blouf gewéinlech en décke Quascht vu Gezei a Gerėmpels leien, wa si ofgezu goufen. Am Fong hätte si alles missten an hirem Dépôt ofliwweren, mä dozou koum et meeschtens nėt. Natiirlech waren is Leit gläich hannendrun, hun opgeraumt, alles sortéiert, gewäsch a gefléckt. D’Léngten an de Gäert hunge geschwėnn duerno voll amerikanesch Kallzongen, Ėnneschtkledercher, Hiemer, Handdicher, Joppen, Boxen a Pulloweren, déi meeschtens mat amerikanescher Seef gewäsch gi waren. Déi fonkelnei Wuer war eng gutt Qualitéit, well nach jorelaang nom Krich si vill jong Borschten a Pappen an dene kakkis Klamotten dorėmmer gelaf. Besonnesch begiert waren de GIs hir gutt zolidd Liederschong mat Gamaschen. Fir esou e Puer ze kréien, huet dacks e Liter Branntewäi missten hierhalen. Reenmäntel oder esou eckeg Capen a wėllen Decke waren och vill gefrote Wuer. Nėt ze schwätze vun enger décker Tube Zännseef, déi "Colgate" geheescht huet, a mat deėr d’ganz Famill sech d’Gebėss emol ėrem grėndlech wäsche konnt. A mat Brillantinn, made in U.S.A., hu vill jonk Kärelen hire Buuscht blénkeg erausgefiitzt. Kaum eppes war awer vun de Maansleit méi begiert wéi Tubak an Zigaretten. Wat gouf nėt alles gemat, fir sech eng Staang "Camel" an, wa méiglech, och nach e Briquet ze verschafen. D’Bouwe waren op U.S. Täschemesseren aus wéi der Däiwel op eng aarm Séil. Fir d’Medercher as nėt esou vill ofgefall: mol eng F1äschelche Parfum an esou en neimoudesche "Bläisteft", dee mat enger Minn gefėllt gouf. Mäin éischte Bic, deen ech vum Mister Bonk kritt hat, hun ech versuergt wéi Gold.

Wann een dat esou erzielt, kėnnt ee mengen, mir wiren deemools dee rengsten Heeschepak gewiescht. Wien dat vun is denkt, dee versteet näischt vun deėr gelunger Zäit: e kann och nėt, well en huet et nėt erlieft.

Kurjéis as et awer och, datt esou vill vun dene Saachen, déi mir deemools nėt absėns geuecht hun, hautdėsdaags begierten Antiquitéite sin. Nom Krich luch méi wéi een amerikanesche Schako dorėmmer ėnnert engem Kullang an Hond a Kaz hun draus gesoff. Mat Gamellen an U.S. Läffelen a Forschetten, déi een zesummeklappe konnt, an déi een hautdėsdaags a Krichsmuseėn erėmgesäit, hun deemools d’Kėnnercher am Sand gespillt. Sou änneren d’Zäiten an d’Leit hir Iddiėn a Goûten.

Wéivill Bauere konnten nom Krich eng Jeep fir en Apel an e Stéck Brout opdreiwen. Rulloė stabile Maschendrot, deen a Mass dorėmmer luch, krute si fir e gudde Präis ze kafen an hun domat Pierchten agezénkt. A mat U.S. Zeltbaatschen hun d’Stréikäscht sech praktesch a liicht zoudecke gelooss.

Et gouf kaum en Haus, wou nėt op de Fėnsterbänke vun de Stuffen déi blénkeg geschauert Koffervase stungen, déi ronderėm den amerikanesche Kanounen opfond goufen. Et war esouguer Moud de roude Léiw drop agravéieren ze loossen. Haut sin dat gesichten Objetė gin.

An de Bėscher an op der Gewan goufe vill Kartuschen a Granate fond. Méi wéi eng Kéier sin tragesch Accidenter nach jorelaang nom Krich dorėmmer geschitt, well jonk Borschten a Bouwen, aus Virwėtz, un esou schaarfe Patroune gekniwwelt hun.

Mat bal esou enger Aart Krichsreliquiė war et mir an der Päischtwakanz 1945 och nėt gutt ergaangen: De Miller Emil a mäi Brudder hate bäi der Betzder Syrbréck eppes wéi e klengt Schėff entdeckt. Si hun et mam Weenchen heem geschleeft. De Miller huet festgestallt, datt et e preisesche Benzinreservoir war, aus deem Jägerfliger an der Luucht opgetankt goufen. De Monni Jhoss koum op d’Iddi’ zou all Säit eng eidel amerikanesch Benzinskan mat Drot drunzestrécken. Dat huet geklappt, well den Naachen huet sech um Millendäich direkt am Gläichgewiicht gehalen. Ruddere goufe gezwafft a schons sin d’Bouwen, den Emil an ise Marcel, am Paddelboot um Däich hin a hier geruddert. Déi zwéi ware gléckséileg... an de Monni Jhoss an d’Giedel stungen do ze schmunzelen.

Deen aneren Dag, wéi d’Neiegkeet vum Miller sénger Erfindong den Tour duerch d’Duerf gemat hat, koumen d’Bouwen an déi grouss Jonge bäi den Däich kucken. Si hun all verwonnert Ae gemat, wéi déi zwéin am Naache sech schons an dat déift Waasser laanscht d’Schléis gewot hun. Vun do aus si se schéi gemitterlech erop bis ėnnert d’Eisebunnsbréck gepaddelt, hun do gekéiert, koumen zréck bäi d’Schléis a sin d’,Roudemer Baach’ aus bis erop bäi Schouttesch Joseph geruddert. Dee stung do mam Kluef am Grapp an huet de Kapp gerėselt. Den Theophil koum am Sakschiirtech erbäigelaf a sot: "'t as dach nėt méiglech." — Op der Duerfbréck war e groussen Oplaf vu Virwėtzegen, déi gegeckst a krigéilt hun.

Virun allem Ziirden hir Jongen hun deem flotte Sport nėt richteg getraut. An de Miller Jhoss hat och op eemol Bedenkes. De Saubesch Nicki huet d’Schėff a säin Atelier kritt an d’Benzinskane goufe regelrecht ugeschweesst. Elo war fir méi Sécherheet gesuergt an de Fernand as och mat am Naache gepaddelt. De Millesch Romain an den Tärens Will hun denen zwéi Kapitänen en Ouer vum Kap erofgeschwat, bis se dann endlech och matgeholl goufen. D’Freed war grouss... an d’Bouwe ware verhext an hiren Naachen.

An der Päischtwakanz, wéi ech schons Studentin um Fieldge war, stung ech dann och bäi der Syr dene stolze Kärele vum Schėff nozekucken. Mäi Brudder wollt mech mathuelen, mä ech hu gezéckt. Schliisslech hat hie mech op eemol am Naache sėtzen. Ménger wärrech, et war flott! D’Bouwen hu sech mat mir gefreet a mech geschwėnn eleng paddele gelooss. Daagsdrop, nodeem Ziirde Marie-Josée an ech e puer Stonnen hannert dem Mortreux ze rechne souzen, si mir zwee an den Naache geklommen a mat grousser Begeeschterong op der Syr hin an hier gepaddelt.

Knuppen hir Inte si virun is op d’Säit geschwommen. Den Untert huet sech giergert a sech hannert d’Weide verzunn. D’Kiirch mat hirem stuppegen Tour huet sech am Waasser gespigelt. D’Syrbréck an d’Millen, dat rouegt Duerf, den ‘Nures’ an de ‘Widdebierg’ koumen is op eemol esou romantesch vir... — Schéin!


Zeechnong: Paula Antunes

Mä, kee Genoss ouni Verdross! Wéi mir d’Baach erop geruddert koumen, stung dem Emil säi Jhull op der Bréck. Mir zwee hun him gewénkt an is elo extra drugi mat Paddelen. D’Marie-Josée huet probéiert, sech méi héich an eventuell hannen op den Naachen ze sėtzen, well et wosst nėt méi wouhi mat sénge laange Been. An deem Ament as d’Schėff, flupsdech ėmgekippt a mir zwee si mat ėmgebutscht. Dat laangt Marie-Josée huet et fäerdeg bruecht séier erofzesprangen a sech ze retten. Mä ech war ėnnert dem Naachen ageklemmt a luch matzen an der Baach.

Ech hun e Kreesch gedon a krut de Mond voller Waasser. Du hun ech mat all ménger Force gestruewelt a gerappt, mä méng Bee waren am Paddelboot blockéiert. Ėmmer méi sin ech agesackt an de Bulli vun der Baach a sin am Nu am Waasser ėnnergaangen. Ech hun d’Leit héiere ruffen...

"Du erdrénks!" as et mir wéi e Blėtz duurch de Kapp geschoss... An deem Ablack huet eng staark Hand mech mat der Schėller erwėscht, mech aus dem Naache gerappt an aus dem Waasser eropgefėscht.

Et war dem Emil säi Jhull, dee mech gerett hat. — D’Dronkenelle si mir ausgaangen. Ech hu gehouscht a gehouscht, mech gediebelt a gerėselt: d’Waasser koum mir zum Mond, zur Nues an zou den Ouren eraus. Ech hu gemengt, ech géif de Geescht opgin. Mäin naasst Gezei huet u mir gepecht, et gouf mir kal an ech hu geziddert wéi Espelaf.

Ziirden Emma an Anna koume gelaf an hun d’Marie-Josée mat heem geholl. De Monni Joseph an den Theophil stungen ėm mech ze räsonnéieren an d’Maria huet mech mat an hiirt Haus geholl. Do krut ech sénges Gezei an eng gutt Tas waarme Kaffi. Wéi ech mech e bėsschen erkritt hat, sin ech an dene geléinte Kleder an a Schlappen, déi mir vill ze grouss waren, duerch Ziirden hire Wues heem geschlach. Doheem krut ech allerlee ze héieren... — Ech hu mech op méng Kummer verzunn an do Kalennere gedréckt: Wann dat Ongléck dem Marie-Josée a mir ėnne bäi der Schléis a bäim Däich geschitt wir, da wäre mir zwee ganz sécher erdronk... Do hätt kee Jhull mech aus der déiwer Syr erausgezunn... Ménger wärrech, mir haten deemools allerlee Chance! D’Paddelen mat deėr ausgedéngter Reliqui krut en Enn, sou wéi vill dees Krichsoffall, lues a lues, aus der Moud an dem Gebrauch koum.

Ech weess nėt, ob ech méngem Liewesretter je sou richteg merci gesot hun, wann nėt da wėll ech mech mat dėsen Zeilen erkenntlech weisen. Am Fong hätt de Jhull e Gielche verdéngt...

[Index] [Home]

51) Ėm d’Sprangprėssioun vun 1945

Päischtdėnschdeg, den 22. Mä 1945, waren déi Ouljer fréi op de Been. D’Musek as op Iechternach an d’Sprangprėssioun spille gefuer. Vill Duerfleit hu vun deėr Geleėnheet profitéiert a si begleet.

Et war déi éischt Sprangprėssioun nom Krich, an et hat Krämpes kascht, si sou séier erėm op d’Been ze kréien. Nämlech, am Krich haten d’Preisen all Lėtzebuerger Musécken opgeléist, villen hir Keess an hir Instrumenter konfiskéiert. An zur Zäit vun der Rundstedtoffensiv, wéi déi Uertschafte laanscht d’Musel, d’Sauer an de Mėllerdall evakuéiert a béis zerstéiert goufen, sin déi meeschte Strėmenter futti oder verluer gaangen. Et sin der esouguer an Amerika gelant.

Gott sei Dank war Ouljen dat éischt Duerf vu Gréiwemaacher erop, dat nėt evakuéiert gi war! An d’Musikante waren de Preisen op de Virzock komm: si haten hire Veräi selwer opgeléist, d’Keess hannerwands bruecht an d’Instrumenter, d’Kapen an de Fändel verstoppt. Um Liberatiounsdag koume si erėm zum Virschäin. Du stung de Waalz Nick mat séngem Saxophon als éischten Ouljer Musikant an der Banzelt an huet den Amerikaner e kräftegen Tusch geblosen. Duerno huet en d’Hemecht gespillt.

Well déi Ouljer Musikanten nach all hir Instrumenter haten, goufe si vum Seminärprofesser Donckel gefrot, fir op d’Sprangprėssioun spillen ze kommen. D’ganz Duerf war doriwwer begeeschtert, an d’Musikanten hu schons Woche virdrun, an hirem Bau, owes, fläisseg geprouft. Déi flott Melodie, déi duurch d’Stroosse geschaalt huet, wollt kengem méi aus dem Kapp goen. D’Kanner goufen och dervu matgerass an hun eppes vum Adam a sénge siwe Jongen matzesange gewosst. An een huet deem aneren erzielt oder virgemach, wéi zou Iechternach géif op déi Weis gedanzt oder gespronge gin: dräi Schréck viijhenzeg an zwéin hannerzeg. Dobäi misst ee sech mat engem wäissen Nuesschnappech um Noper unhalen. — Ménger wärrech, dat huet versprach lėschteg ze gin, an ze soe kee wollt sech dat laanscht d’Nues goė loossen! Mäi Papp an ech, mir waren och ugemellt, fir matzefueren.

Endlech war den Dag do. Schons mueres um sechs Auer stong Bertėssen hiren Trakter mam schwéieren Unhänger vun der Dreschmaschin parat bäim Museksbau, niewent dem Schoulhaff. D’Musikante koume vun alle Säite mat hiren Instrumenter erbäi. Päiffesch hir Jongen an de Miller Jhoss hun d’Bänken aus dem Proufsall op den Unhänger geschleeft. D’Musikanten hu sech als éischt placéiert. Duerno war den Tour um Paschtouer an un de Leit. Fir d’Kanner blouf nėt vill Plaz. Si goufen tėschent déi Grouss gequėtscht oder op engem säi Schouss gesat. "Besser schlecht geridden, ewéi stolz gegaangen!" hu Leit behaapt.

Punkt halwer siwen huet dem Emil säi Jhull op d’Tromm geschloen: dat war de Signal fir den Départ. De Saubesch Nicki huet säin "Zettelmeyer" ugekiirbelt, as dropgesprongen a lassgefuer: laanscht d’Schoul, wou de Schoulmeeschter an d’Madame Jacoby is Äddi gewénkt hun, du d’Bréck erop an erof, d’Duerf aus. Mir waren alleguer a beschter Stėmmong. D’Baureleit, déi an hire Ställ ze don haten an duerfir hu misste mat der Heibleifskäerche fueren, hu sech eng Boss voll gelaacht, wéi si déi lėschteg Fouer gesinn hu laanschtfueren.

E frėsche Wand huet is ėm d’Oure gefacht, wéi mir duerch d"Weid’ op Betzder gerullt sin. Iwwert dem ‘Nures’ as d’Sonn opgaangen an huet is e schéine waarme Päischtdėnschdeg versprach. An d’Natur stong an hirem prächtegste Fréijoorskleed.

Zu Wecker hu mir nach zwéi Simpathisante matgeholl. Et gung weider iwwer Biwer a Budler: lauter Dierfer, déi während der Rundstedtoffensiv evakuéiert waren. Vill Haiser hun nach ellen erausgesinn, well d’Amerikaner dora gehaust hun. Raschteg Uewepäifen hun dorėmmer aus kabottene Fėnstere gekuckt, an déck amerikanisch Kabelen hunge kéipweis laanscht d’Haiser an duurch d’Lut.

Zu Bech hu mir déi éischt Spure vun der Rundstedtoffensiv festgestallt. E Baurenhaus, dat e schwéieren Aschlag kritt hat, war mat Stall a Scheier komplett verbrannt. An déi aner Haiser haten ze soe keng Fėnstere méi, déi nach ganz waren. Wéi isen Trakter dono iwwert de "Geyeschhaff" erop gejhabelt as, hun déi zerfatzte Bėscher is verroden, wéi schlėmm et an deėr Géigend bant der Offensiv muss gerabbelt hun. D’Beem hungen no riets a lénks, ware gekäppt a luchen tėnnescht an tiewescht dorėmmer. Bommentriichter, Schėtzegrief, ausgebrannte preisesch Ween an en zerschossenen amerikanischen Tank hun is erféiert. An iwwerall hu Schėlter op d’Minnen an de Bėscher opmierksam gemat.

Éier mir op d’Iechternacher Haaptstrooss eragefuer sin, gouf eng Paus ageluecht. Is Schmieren hun elo gutt geschmaacht an de waarme Kaffi aus der Thermosfläsch huet is d’Träipen opgewiermt. Bäi de Maansleit huet d’Branntewäinsdrėpp duerfir gesuergt.

Wéi mir erėm virugefuer sin, huet isen Här eng Pilgerrees organiséiert. Mir hun de Rousekranz gebiet an den hellege Willibrord ugeruff... an enger laanger Litanei. A mir waren elo op eemol ganz eescht a fromm Pilger. D’amerikanisch Zaldoten, déi op Jeepen an Trucke laanscht gejhauft sin, hun dee komesche "Convoi" grouss bekuckt.

Géint halwer néng koume mir zou Iechternach un. Mir ware wéi geriedert. — Mä elo sin is d’Schuddréng de Réck erofgelaf, wéi mir dee Grauel an déi Verwüstong do gesinn hun. Déi eng Haiser waren total ausgebommt oder verbrannt, déi aner waren deelweis zerstéiert, hate grousseg Lächer am Daach, an der Fassad oder am Giewel. Vu Fėnsteren an Dire gung keng Ried méi, an déi meeschte Leit hun an de Kellere gehaust. Op der Maartplaz war de Chaos am gréissten. Mir as de Verstand bal stoe bliwwen... Wann nėt esou vill Leit dorėmmer gaange wären, dann hätt ee gemengt, et wir een an enger Geeschterstad. — Den,Dėnzelt’ war relativ gutt ewechkomm, mä d’Basilika luch ze soe komplett am Koup. Et war fir ze kräischen. — An döbäi wosste mir, datt grad vun Ouljen aus d’Amerikaner op Iechternach geschoss hun.


Zeechnong: Filipe Da Costa

Mir kruten elo gesot, mir missten is bäi der Bréck opstellen. Do war en terribel Gewulls, a vun der Bréck war nėt méi vill ze gesinn: si luch gesprengt an der Sauer. d’Zäit gouf is laang bis ise Grupp an d’Prėssioun erakoum. Vu wäitem hu mir déi bekannten Iechternacher Melodie gehéiert a mir goufe scho ganz juppeleg. Endlech war d’Rei un is. Ise Fändelsdréier, den Eengels Pir, as stolz virop marschéiert. de Gréiwe Feessen huet den Takt ugin, is Musikanten hun déck Bake gemaach an déi geckeg Weis flott a schmasseg aus hire Strėmenter geblosen: de Banzelter René op der Trompett, den Ziirden Emil op dem Tuba, de Gréiwen Theophil um Bigel, den Néckels Fons um Piston, de Buurg Scharel op der Trombon an all déi aner, déi sech dru gin hun, hiirt Meescht an hiirt Bescht. Nėt ze vergeessen dem Emil säi Jhull, deen op d’Tromm geknuppt huet an do marschéiert as, esou stolz wéi e Pohunn. A mir Ouljer Leit, d’"Supporter", sin hannert iser Musek gesprongen a gehopst. Et huet nėt laang gedauert, du hu mir geschwė geschweesst wéi Gecken. Wéi et ronderėm d’Maartplaz gung, krut een emol eppes vun deėr egenaarteger Prėssioun ze gesinn. Wéi war se esou lėschteg a fromm ze gläich! Ech war speziell verwonnert iwwert all déi frou Leit an deėr zerstéierter Stad. Ganz bestėmmt war daat d’Geschenk vun deėr éischter Sprangprėssioun nom Krich. —

D’Prėssioun as elo nėmme lues virukomm, well et gung déi héich Trapen erop an déi al Porkiirch. Ech hu misste vill laachen, wéi ech mäi Papp viru mir gesinn hun esou gelungen d’Träpplécken eropsprangen a wéi säin almoudesche Rucksak op séngem Réck matgehopst as. — Ech weess och nach, datt d’Trommelfell engem bal geplatzt as, wéi e puer Musécke mateneen an deėr klenger Kiirch gespillt hun. Wéi mir erausgespronge koumen, war d’Sprangprėssioun fir is rupsdeg eriwwer. Wéi schued! — Mir hun is de Schweess ofgebotzt an elo de Schluss vun der Prėssioun vun uewen erof gekuckt. Ze gläich hu mir nach eng Kéier vun do aus Iechternach, mat der Basilika, déi esou am Koup luch, gekuckt a bedauert.

No der Prėssioun ware mir méi duuschtereg wéi hongereg. Wéi mir aus allem Gewulls eraus waren, hu mir bei der Sauer gepicknickt. duerno hat ech mäi Papp "verluer". Et hat e laange Strapp gedauert bis hien erėmkoum, mat de Musikanten. Si waren alleguer a "Feststėmmong". A wéi mir sollte fortfueren, hun de Bertėsse Kamill an de Wildges Ern gefeelt. De Waalz Nick gung op d’Sich no hinnen, mä bis déi dräi is erėmfond haten, war is d’Zäit laang gin.

Op iser Heemrees si mir laanscht d’Sauer, op Waasserbėlleg zou, gescharjekelt. Du hu mir weider misste feststellen, wat dee Krich och do ise léiwen Diirfercher vill Blessė geschloen hat. An déi Säit am "Feindesland" huet et nach schlėmmer ausgesinn. — Mä d’Baureleit ware schons do äerdeg am Hä. Wéi mir si gesinn hun, du gung eppes bäi is lass. Mir hun déi aarm däitsch Leit mat ise bekannten ellene Wierder vernannt a si a Grond a Buedem verwėnscht. Jėsėssekanner, wat si mir fromm Pilger du aus der Roll gefall! Den Här Wiltzius huet versicht séng rose Porkanner ze zėssen, mä et konnt alles näischt déngen. Mir hu vu Wut gekacht. Jo, sou war dat jhust, an nach laang Zäit nom Krich. D’Lėtzebuerger konnte kee Preis méi richen. Et war ze verstoen, well den Hitler a séng Nazikomplizen haten isem Lėtzebuerger Land a Vollek esou fiirchterlech béis Wonnen zougesat, déi Päischtdėnschdeg 1945 nach offen a réi waren a ferm geblutt hun. — Déi Ouljer hun deen ellenen Tėschefall nach nėt vergeess, mä hautdėsdaags gėt sech awer derfir geschummt... Wéi gutt, datt d’Zäit Wonnen hele kann!

Géint der Owend koume mir doheem un a wosste vill z’erzielen. Eent as gewėss, d’Sprangprėssioun vun 1945 as an d’Annale vun der Ouljer Musek a vum Lėtzebuerger Land agaangen!

P. S.: Vun 1945 un as fir is alleguer am Lėtzebuerger Land eng nei Ära ugaangen. Et gouf d’Zäit vun der Rekonstruktioun... op alle Gebidder.

Op mech koum d’Studium zou... — an d’Jore "vun déi Säit der Syr" sin och op en Enn gaangen.

mtcoverback.jpg(67 KB)

©

by Éditions de l'Imprimerie Saint-Paul s.a.
Luxemburg 1990
ISBN 2-87963-104-1

[ www.MillyThill.net ]