[ www.MillyThill.net ]

Milly Thill

mtcoverfront.jpg(75 KB)

a) E Wuert mat op de Wee - Alain Atten

b) Dem Leben nicht fremd - Michel Schmitt

c) Ech soe merci... - Milly Thill

[Index] [Home]

E Wuert mat op de Wee

Ech wëllt, 't géife méi eiser Leit opschreiwen, wat s ‘an de Kannsdeg erlieft hun. 'T géif zum dacksten en anert Bild ewéi mat Postkaarten a Reklammen. 'T géif een dann eréischt gewuer, wat engem derwaert war a wat nët. 'T huet een der vill kannt, déi hätte kënnen erzielen, stonnelaang, klor a sécher, ma déi hun d’Aën zou gedin, ouni sech ze mellen. Si ware sech nët dichteg genug, fir sech zu Pabeier ze bréngen; vläicht hun s ‘och geduecht, 't ging keen näischt un. Duerfir as ee frou fir jiddereen, deen den Dréi fënt, ouni Schmant an ouni falsch Schimt. Elei hat nees eent de Kuraasch.

"Dir misst jo eppes dervu wëssen" huet d’Milly Thill gemengt, wéi et d’Saach laaschtbruecht huet. Ech duecht bal, ech misst, ma ech hat mer nët däermoosse vill erwaart, wou ee sech dra géif begéinen. 'T as deemools ee friem laascht deem anere séng Dir komm, an 't hat ee mateneen dach Kënneger eng Onmass. Vun der Géigend guer nët ze schwätzen. 'T wäerd mer nët nach eng Kéier geschéien, datt e Këpp Gewan, e Stéck Bësch, en Trapp Haiser nees esou lieweg gi wéi elo — an engem Streech, wou ech mech nëmmen nach op de Griewer saumen. Ménger Mamm hir Hemecht hun ech esou nees matkritt, vu Gesinn an Héieren zielen, ech hätt dër e sëllechen erëmkannt, och wann d’Buch se nët mam Numm géif nennen. 'T sin se — wann ech s’och vu soss enger Säit kennen. Eng gutt Deel Naupen a Stauten hu s’och a méngen Aën, déi denen dote gläichen. Duerfir wousst ech iwwrem Liesen erëm dacks, wat kéim.

Déi Ouljer, déi Rieder, déi Menster — do huet eent s ‘ofgemoolt, ouni se ze fierwen oder ze schwäerzen, uechter den Dag, uechter d’Joër, eent no der Kéier. Wien deem Bild ës géif wëllen, deen héil sech selwer mat der Nues; 't schwätzt kengem zuleed. Wie sech erëmfënt, dee weess, datt en et nët fir eng Kéier am Grapp hat. Allenenne spiirt een: Do stungs de selwer nobäi... 'T hätt dech mat kënne geroden, an 't hätt nët wéi gedin. Däermoosse roueg kuckt alles een un, dat engem säint war: Wann ech am Liese géif der, Fëschbech’ no schrécken, ech kéim mer bal vir wéi dee chinesesche Moler, deen a säi Bild eragoung a sech dra verluer huet: Mir huet et eppes bruecht, dat Buch vun der Syr: Ech wäerd nët deen eenzege sin. Alain Atten

[Index] [Home]

Dem Leben nicht fremd

In einer bunten und breitgefächerten Palette läßt Milly Thill die dörfliche Welt im Syrtal, wie sie bis in die unmittelbare Nachkriegszeit hinein bestanden hat, aufleuchten. Die hier vorliegenden Aufsätze lassen nicht irgendeine Erinnerung aufleben, auch nicht nur persönliche Schul- und Jugenderinnerungen, sondern veranschaulichen eine Erlebniswelt, die viele Generationen, ob im Syrtal oder anderswo im Luxemburger Land, geprägt hat. In dieser Welt kommen manche Schichten der luxemburgischen Volksseele zum Ausdruck: Die diese Seele bestimmenden und kultivierenden Einflußquellen — so etwa Elternhaus, Dorfmilieu und Nachbarschaft, Kirche und Pfarrei, Schule und Jahresrhythmus — werden als Erlebnisfaktoren deutlich herauskristallisiert. Namentlich im Volksbrauchtum werden sie geschichtlich greifbar.

In vielen seiner Äußerungen hat dieses Brauchtum eine religiös-kirchliche Dimension: In einfachen Zeichen, Gesten und Symbolen macht es innerste Erfahrungen des Lebens deutlich. Es siedelt sich an um Knotenpunkte des menschlichen Lebens und die im Kirchenjahr gefeierten Erlösungsgeheimnisse. Auf dieses Leben, näherhin das gemeinschaftliche Leben als Ort des Glaubens, möchten die abwechslungsreichen Schilderungen von Milly Thill hinweisen. Das Volksbrauchtum, das sie widerspiegeln, läßt erahnen, daß Gott mit seinem Erlösungsgeschenk dem Leben nicht fremd ist, vielmehr mitten im Lebensvollzug anwesend sein möchte: Religiöses Brauchtum ist ein lebendiges Element von Glaubens- und Lebenserfahrung in der menschlichen Gesellschaft.

Es soll nicht mit Nostalgie auf die Jahre, die Milly Thill in ihren Aufsätzen aufleben läßt, zurückgeschaut werden, da sie der Vergangenheit angehören und infolge des Gesellschaftswandels vom Pluralismusfieber einer zusehends stärker säkularisierten Welt abgelöst worden sind: Nicht Nostalgie, sondern realistische Bewertung oder Einschätzung dessen, was die Erinnerungen dem Leser zugänglich machen, drängt sich bei der Lektüre des Buches auf. Wo früher in einem Dorf dank Brauchtum, vitaler Volksfrömmigkeit oder gottesdienstlichem Leben unter den Menschen ein dichtes Beziehungsnetz ermöglicht und gefördert wurde, hat heute des öfteren Anonymität oder Berührungsangst sich ausgebreitet. Wo bleiben heute die gemeinsamen Werte, wo liegt die sammelnde Mitte? Wo bietet sich in einer Welt des Machbaren, die dem Leistungsdenken zutiefst verpflichtet ist, noch Sinn für Gratuität oder Zweckfreiheit an als entscheidende Voraussetzung zur Fähigkeit, echte, durch Brauchtum geprägte Feste zu begehen und die Menschen zusammenzuführen?

Vor allem in dieser Perspektive dürften die von Milly Thill geschilderten Erlebnisse und Erinnerungen, indem sie eine noch nicht allzu weit entfernte Vergangenheit aus der luxemburgischen Lebenskultur festhalten, eine wichtige Besinnungsfrage aufwerfen und tiefere Überlegungen zum Stellenwert des Brauchtums in der heutigen Gesellschaft fördern! Michel Schmitt

[Index] [Home]

Ech soe merci...

Datt dëst Buch ze Stand koum as, verdanke mir zu engem gudden Deel dem Schrëftsteller an Dichter Dr. Nicolas Heinen:

Fir de 40. Anniversaire vun der Rundstedtoffensiv hat ech méng Erliefnësser vum "Hellegen Owend 1944" esou zoufällegerweis publizéiert: Laut deem huet mäi fréieren Normalschoulprofesser mir dës Zeile geschriwwen: "Der Aufsatz im Sonndesblad erfreute durch die Fülle und Präzision der Details und durch die Intensität der Atmosphäre: Man glaubte sich selbst mitten drin, im Geschehen: Ich würde mit Genuß zehn solcher Aufsätze lesen.
A bon entendeur salut
Nicolas Heinen"

Doropshi koum ech an en intressant Gespréich mam Professer. Hien huet du drop bestanen, ech misst mäi Schreiftalent notzen an onbedéngt méng Erliefnësser aus der Krichszäit zu Pabeier bréngen: Esou historesch Fäën diirften nët verluer goen a missten eisem Jonktem an denen nächste Generatiounen zu gutt kommen.

Abee, de Stee koum un d’Rullen, Ech hun ugefuangen "aus der Schoul ze schwätzen". Den Här Heinen hat séng gellech Freed drun an huet mech op Trapp gehalen. Enges Daags, wéi ech esou eng zéng Erliefnesgeschichte geschriwwen hat, huet hie mech wéi iwwerrompelt a vun engem Buch geschwat mam eventuellen Titel: "Aus engem klengen Dueref". Mäi Professer hat mech zerguttst erféiert. Vun esou engem Risiko wollt ech awer näischt wëssen. — Regelméisseg hun ech weider Erliefnësser, je no der Saison an och aus der Zäit vu virum Krich, publizéiert. Ech selwer hat elo ferm drun ugebass an hun nët méi lacker gelooss. D ‘Situatiounen, déi ech beschriwwen hun, koumen esou intensiv a mir erop, wéi wann ech se jhust gëscht erlieft hätt. Dat huet mir perséinlech vill Freed gemat. Derbäi haten och vill Lieser hire Spaass drun.

"De Schwéngskapp, deen näischt weit an d’Schwäi mat den zwéi Schwänz" hun de Professer Heinen mam ganze Gesiicht laache gedon. Bäi "Allerlee ëm sixty-six" huet de Professer a sech era geschmunzelt an de Kapp gerëselt. — "Wéi ech fir d’éischt zu Fouss an d’Oktav gaange sin" war déi lescht Erliefnesgeschicht, déi ech méngem Professer virliese konnt: Ech hun no der Lektür wéi laang gewaart bis hien opgekuckt huet. Hie war geréiert an huet verleë gefrot, wéivill Geschichten ech bis elo geschriwwen hätt. "24" konnt ech him op deem Dag bezeien: "Abee, du läis nach ëmmer richteg, fuer esou weider an denk un däi Buch!" — Dat war dee leschte gudde Rot, deen ech vu méngem Mentor kritt hun.

De 7. Mäerz 1989 as hien an d’Éiwegkeet gaangen: — Getrei séngem Opdrag hun ech weider geschriwwen. Mat 51 authenteschen Erliefnesberichter, aus ménger Kandheet um Duerf, hun ech déi Zeri ofgeschloss. Dovu sin der eng Dosen nët publizéiert a nëmme reservéiert gi fir d’Buch.

"Mission accomplie!" wëllt ech nu méngem Professer Nicolas Heinen voller Dankbarkeet a Freed mellen. Vläicht géif hie mam Schiller äntweren: "Nun soll das Werk den Meister loben, doch der Segen kommt von oben ". Sou soll et sin!

Mäi Merci riicht sech awer och un den Här Staatsminister Jacques Santer, den Här Minister René Steichen, délégué vum Ministère des Affaires Culturelles, an un den Här Minister Marc Fischbach vum Ministère de l’Education Nationale fir hir moralesch a finanziell Ënnerstëtzong bei der Publikatioun vu méngem Buch. An deem Sënn gëllt och ganz besonnesch en opriichtegen an häerzleche Merci dem Här Henry J. Leir.

E weidere Merci geet un de Präsident vun der "Aktioun Lëtzebuergesch", Heng Rinnen, an un déi vill léif Leit a gutt Frënn, déi mech bei ménger Méi gestäipt an encouragéiert hun. E grousse Merci gëllt méngen Elèven, classe de fin d’études complémentaire, zum gréissten Deel portugiesesch Kanner, déi ganz begeeschtert an exellent méng Erzielongen illustréiert hun. Op déi intressant Manéier as et mir pädagogesch gegléckt, si iwwert eis Sprooch, mat an eis Lëtzebuerger Geschicht a Kultur, an eis Traditiounen a Gebräicher, eranzehuelen a si dorun z'intresséieren.

Bäi ménger gudder aler Mamm entschëllegen ech mech, datt ech si, géint hire Wëllen, esou dacks mat an d’Rampeliicht gezunn hun. Duerfir verdéngt si e spezielle Merci.

Ofschléissend soen ech den Ouljer Leit an denen aus der Emgéigend am Syrdall merci fir all hiirt léift Versteesdëmes. Ech hu jo nët nëmmen "aus der Schoul geschwat", mä, ménger wärrech, aus hiren Haiser an aus hirem Duerf.

Vun 1932-1949 hun ech zu Oulje gewunnt. Wat ech an dene Joren do erlieft hun, as an dësem Buch niddergeschriwwen. Als Erkenntlechkeet widmen ech Iech, léif Ouljer, Äere Kanner a Kandskanner, dëst Buch. Milly Thill
10.8.1990

P.S. D’Autorin léisst hiren Deel um Bënëfiss vum Buch der "Ecole de base" zu K. D’jabasso Nouna, Burkina-Faso iwwer "Chrëschte mam Sahel" zoukommen.


Zeechnong: Milly Thill

mtcoverback.jpg(67 KB)

©

by Éditions de l'Imprimerie Saint-Paul s.a.
Luxemburg 1990
ISBN 2-87963-104-1

[ www.MillyThill.net ]